Le Premier ministre Jean-Claude Juncker, invité de l'émission "Background" sur RTL-Radio Lëtzebuerg: la situation économique au Luxembourg au centre des discussions

Le samedi 29 octobre, le Premier ministre a été l'invité de l'émission Background sur RTL Radio Lëtzebuerg. Les sujets abordés lors de l'émission étaient la situation économique au Luxembourg, le chômage, le régime de l'assurance-maladie, la Securité sociale, l'avenir des chemins de fer luxembourgeois, l'intégration des étrangers dans la société luxembourgeoise ainsi que l'actualité européenne.

Ci-joint vous trouverez la transcription des principaux propos du Premier ministre.

Situation budgétaire
Chômage
Assurance maladie
Sécurité sociale
Avenir des chemins de fer luxembourgeois
Intégration des étrangers
Sommet informel de Hampton Court

Situation budgétaire

"Wann een an enger méi schwiereger Situatioun ass - nodeem ech och an der Chamber gesot hat, mir géifen net mat zwee Oueren an der Kris stiechen - da muss een, wann een an d’Kéier fiert, méi lues maachen, nodeem een e gudden Tempo op der gläicher Streck behalen huet, an an der Kéier erëm Gas ginn, fir datt een erëm e Rhythmus vum Fueren erëm kritt, dee gutt ass fir jiddereen. Dofir hale mir d’Investissementer héich am Budget vum Joer 2006. Dofir zéie mir eis net zeréck aus wiesentleche Secteure wou staatlech normativt Zoupaken gefrot ass."

(...)

"Wat mir brauchen, si konsensorientéiert Gespréicher, wou een d’Mattmaache vu jidderengem brauch, wou d’Regierung muss bréngen, wou d’Sozialpartner musse bréngen, wou mir Verständnes vun de Leit fir d’Zilsetzung vun deem behalen, wat mir ze maachen hunn."

(...)

"An ech setzen op de gesonde Mënscheverstand vu jidderengem, op dat néidegt sozialt Gefill och vu jidderengem, an op d’Bereetschaft den Noutwennegkeete vun der ekonomescher Efficacitéit Rechnung ze droen, fir datt mir alleguer zesummen déi Saach do an de Grëff kréien an op déi richteg Bunne kréien. D’Regierung muss selbstverständlech zum Schluss vun alldeem hier Verantwortung huelen. Dofir ass ee gewielt, an dofir spieren ech mech och mandatéiert vu ville Leit hei am Land. Et ass een ni mandatéiert fir egal wat ze maachen. Mä et ass ee mandatéiert dofir, fir ze probéieren dat bescht ze maachen. Dat probéiere mir."

(...)

"Ech wier frou, a meng Frënn an der Regierung och, wa mir deen Diskussiouns- a Virbereedungsprozess bis an d’spéit Fréijoer fäerdeg hätten, soudatt mir bei der Erklärung zur Lag vun der Natioun, déi d’nächst Joer, d’Joer 2006 am Mee, virgeluecht gëtt, kloer kënne soen, zu wat fir Conclusiounen datt mir komm sinn. Conclusiounen, déi sech jo lues a lues opbauen, iwwert déi mir och d’Chamber wëlle regelméisseg informéieren. Dat ass net nëmmen eng Saach vun de Sozialpartner, d’Parlament ass selbstverständlech och hei mat implizéiert."

(...)

"Net nëmmen d’Regierung brauch Visiounen, dat heescht Usiichten an Asiichten. Et soll ee mat dem Terme Visioune vläicht e bësse lues maachen. Mir si keng Generatioun méi vu ganz grousse Visiounen, mä vu staarken Asiichten an Usiichten, a vun Iwwerzeegunge gedroe, musse mir sinn. An de Courage gëtt vun der Regierung gebraucht, e gëtt vun deenen, mat deene mir diskutéiere gebraucht, an e gëtt och, wann et em d’Mattmaache vun de Leit geet, vu jidder eenzelne gebraucht. E Land gëtt jo net nëmme regéiert vun deenen déi an der Regierung sinn. Regierung ass e kollektive Begrëff fir d’Verbesserung vun den Zoustänn mëttel- a laangfristeg am Land, an do si mir alleguer gefuerdert.

An ech sinn och iwwerzeegt, bei aller Roserei déi mir wahrscheinlech och kréien, a bei aller Diskussioun a Kontroversen iwwer dëst an iwwer dat, datt d’Leit, wa jidderee mat sech selwer schwätzt, a sech mat der Situatioun beschäftegt, ganz gutt verstinn, datt mir net einfach kënnen esou viru maachen. Net well mir elo net direkt géifen eens ginn domat, dat ass schwiereg genuch, mä well déi, déi no eis kommen net méi géifen eens ginn. Dat muss een am Bléck hunn."

Chômage

"Ech halen un deem Ziel vun der Vollbeschäftegung fest, andeem ech et e bëssen ëmbeschreiwen. Vollbeschäftegung heescht net, datt all Moment jiddereen déi Aarbecht huet, déi e gäeren hätt. Mä d’Zil vun der Politik an d’Zil vum Zesummeliewe vu Wirtschaft a vun Aarbecht muss et sinn, datt jiddereen zu all Moment, wann e wëlleg ass ze schaffen, eng Perspektiv behält um Aarbechtsmaart, datt keen definitiv ofgeschriwwe ka gi vun der Kollektivitéit, net nëmme vun der Regierung. An ech behaapten ni, datt nëmmen een dee schafft eppes wäert ass. Mä ech behaapten awer, datt een dee schafft, ëmmer weess wat e wäert ass. An dofir geet et mir och em Dignitéit vun der Aarbecht. Aarbecht dat ass eppes, an déi déi länger Zäit keng hunn, déi geroden aus dem Trëtt an aus dem Schrëtt, an dat kann een net einfach als eng Fatalitéit begräifen. Sech net einfach soen, dat ass eben esou. Et muss een all Kräfte bündelen, fir datt jiddereen Zougank zu der Aarbechtswelt, an domat zu engem wertvolle Stéck Liewe behält."

(...)

"Mir hunn e relativt komplett Arsenal a Saachen offensiver Beschäftegungspolitik, bal méi komplett wéi déi Länner, déi zwee oder dräi mol méi Chômage hu wéi mir. Mir hunn eppes hei am Land net gemaach, wat se nun awer alleguer ronderëm eis maachen, besonnesch och déi Länner, déi hiere Chômagesaz staark no ënne konnte bréngen, mir hunn am Aarbechtsrecht keng wëll Reforme virgeholl, well mir der Meenung sinn, an ech bleiwen däer Meenung, esou laang wéi ech Politik maachen, datt Aarbechtsrecht och do ass, fir ze schützen, fir eigentlech Chancëgläichheet a Rechtergläichheet, Opportunitéitsgläichheet fir jiddereen um Aarbechtsmaart hirzestellen.

Mä mir dierfen aus däer Tatsaach, datt hei am Land, déi déi regéieren net déi brutal Aarbechtsmaartflexibiliséierungsmoossnahme virgeholl hunn, net doraus Schlussfolgerung zéihen, datt mir net bräichten am Zäitalter vun der Globaliséierung, déi haaptsächlech positiv Effeten huet, mä net nëmmen, eranzewuessen. Datt mir eis kënnen zerécklehnen, dat soen ech fir d’Acteuren um Aarbechtsmaart, dat soen ech och fir d’Acteuren an der Politik. A mir mussen et fäerdeg bréngen, déi Instrumenter déi mir hunn, wesentlech besser ze notzen, net ëmmer deen einfache Wee ze goen."

(...)

"Et brauch ee Verfeinerung vun den Instrumenter, an et brauch een d’Iwwerpréiwe vun den Instrumenter déi bestinn. Ech ginn Iech e Beispill, et deet mir e bësse wéi esouguer, datt ech dat Beispill muss ginn. Mä ech hu selwer, den Här Biltgen huet och vill Instrumenter agefouert, fir datt jonk Leit, déi keng Aarbecht hunn, vorübergehend beim Staat oder bei de Gemenge géifen ënner Dach kommen am Kader vu spezielle Kontrakter, déi am Regelfall och gutt bezuelt sinn. Dat war geduecht, fir datt déi Jonk net dobaussen op der Strooss géife sëtzen, mä datt si géife schaffen, an duerch d’Schaffe géife sech dat Rüstzeug zouleeën, wat se bräichte fir um Aarbechtsmaart weider ze kommen. Ech stellen awer fest a ganz ville Fäll, datt esoubal wéi déi jonk Leit an esou engem Beschäftegungsverhältnis sinn, wat also vorübergehend soll sinn, wat eng Bréck sollt bauen, tëscht däer Situatioun an däer se sinn, an dem Zougank zum Aarbechtsmaart, datt déi ganz oft iwwerhaapt net beméit sinn, fir eng Aarbecht ze fannen. Datt se beim Stat oder bei de Gemengen op Plaze sëtzen, net méi beschäftegungsfäeg ginn, mä eigentlech manner mobil ginn, well se denken, ech bleiwen hei sëtzen, ech maache meng Aarbecht, an da kréien ech vläicht déi Aarbecht, déi ech elo hei hunn, definitiv. D’Employabilitéit, wéi dat heescht, d’Beschäftegungsfäegkeet, huet also éischter ofgeholl wéi datt se zougeholl huet. Dat musse mir iwwerpréiwen."

(...)

"Insofern ass jo och dat Wuert vun der Vollbeschäftegung nuancéiert ze betruechten. Et gëtt weltwäit considéréiert, datt eng Aarbechtslosenzuel vun 2-3% Vollbeschäftegung ass, ech hunn och dat ni richteg akzeptéiert, mä dat ass awer déi Definitioun mat däer mir mussen eis ausernee setzen.

Da muss ee gesinn, den Aarbechtsminister huet dat jo och dëser Deeg e puermol gesot, denken ech, datt vill Leit vun deenen, déi elo zu den Aarbechtslose gezielt ginn, viru Joeren nach guer net zu den Aarbechtslose gezielt hunn. Mir hunn ee Gesetz iwwer d’Beschäftegung vun eisen handicapéierte Matbierger gemaach, an dofir schreiwen déi sech och elo, wat jo éischter gutt ass, fir datt se kënne vermëttelt ginn, a grousser Zuel um Arbeitsamt an. Déi sinn natierlech net esou liicht ze vermëttele wéi anerer. Mir hunn eng Reform gemaach vun den Zougank zur Invaliditéitspensioun. Wäit iwwer dausend Leit, déi Invaliden, déi fir den externe Reklassement am Recht vun der Économie sech bereet halen, stinn haut an de Chômagestatistiken, déi fréier net dra stoungen, déi waren an der Invalidepensioun. Mir hunn eppes dausend RMG Bezéier, vun deene mir gären hätten, esoubal wéi sech d’Geleeënheet bitt, datt se géife schaffen, déi haut um Arbeitsamt ageschriwwe sinn, well mir gären hätten, datt déi och erëm Zougank zum Aarbechtsmaart fannen. Et si ronn zwee dausend Leit haut an der Statistik, mä et si jo awer richteg Leit mat hirem Schicksal, déi fréier iwwerhaapt net an de Statistiken opgetaucht sinn. Dofir muss een déi Zuelen, déi elo genannt ginn, relativéieren ouni se ze beschéinegen."

Assurance-maladie

"Tatsaach ass, eng rezent OECD-Statistik weist dat, datt keen industrialiséierte Staat iwwer de Wee vum Budget esou vill zur Gesondheet an zur Krankheet, wann ech dat kann esou soen, bäidréit wéi de lëtzebuerger Staat, an néierens d’Participatiounen esou niddereg si wéi zu Lëtzebuerg. Dat wat elo décidéiert ginn ass vun der Unioun vun de Krankekeesse mat der Stëmm vum Regierungsvertrieder, ergo mam Accord vun der Regierung, ass eng Moossnahm déi absolut noutwendeg ginn ass, fir d’Konte vun de Krankekeesen am Joer 2006 ze équilibréieren.

Mir wëlle wéinst der wirtschaftlecher Lag, a fir d’Aarbecht net ze verdeieren, d’Cotisatioun vun de Leit a vun de Betriber net no uewen upassen, a ginn dofir de Wee iwwer eng Unhiewung vun de Participatioune bei den Dokteschvisiten a Consultatiounen, déi verglach mat deem wat am Ausland muss opbruecht ginn, all Verglach aushält, an dee keng Belaaschtung am Sënn duerstellt, datt mir zu Leeschtungskierzungen komm wieren. Mä et ass de Versuch iwwer dee Wee och d’Leit sech bedeelegen ze loossen a gläichzäiteg op d’Responsabilitéit vum Eenzelnen hin ze weisen, dee jo, meeschtens berechtegt, d’Mëttele vun de Krankekeesen an Usproch hëlt, an dat ass jo net déi eenzeg Moossnahm déi getraff gëtt, an et kommen och am Beräich vum Spidolsecteur, dorunner schafft de Minister, nach aner Moossnahme bei. De Minister huet dat ganz gutt gemaach."

(...)

Sécurité sociale

"De Staat wäert sech mat Sécherheet ni ganz zeréckzéien. Mä et muss ee wëssen, datt de lëtzebuerger Staat an domat de lëtzebuerger Staatsbudget eng Laascht ze droen huet, wat d’Finanzéierung vun der Sécurité sociale ubelaangt, déi d’Laascht vun alle vergläichbare Staaten an Europa iwwersteigt. Dat muss een einfach wëssen.

Alleng an d’Rentekeesen iwwerweist de lëtzebuerger Staat d’nächst Joer 901 Millioun Euro, dat sinn an ale Frang, dat versteet een nach heiansdo besser, obschonn den Här Frieden ëmmer rose gëtt, wann ech dat soen, 36 Milliarde lëtzebuerger Frang. Mir ginn a lëtzebuerger Frang d’nächst Joer fir Renten a Krankekeessen 5,6 Milliarde méi aus 2006 wéi 2005. Mir mussen einfach eng Kéier an aller Rou doriwwer schwätzen, well d’Ufuerderungen un de Staat, och wat d’Gesondheetskäschten ubelaangt, an do wëlle mir elo wierklech net spueren, dat ass jo wéi mir haut dramatesch erliewen, dat wichtegst an dat schéinst wat de Mënsch huet. Alleng déi Gesondheetskäschten déi klammen, do kann een net vill spueren. De medezinesche Fortschrëtt ass esou, datt en eppes kascht, d’Mënsche ginn ëmmer méi al an doraus muss een eng Rei vu Konsequenzen zéien, an et muss een zumindest driwwer schwätzen, wat dann déi staark Beanspruchung do fir aner Secteure vun der Politik heescht.

Mir hu jo awer och nach ganz vill aner Besoinen.An der Schoul zum Beispill, an der Aart a Weis wéi mir d’Kannerbetreiung maachen, an der Aart a Weis wéi mir méi sozial schwaach Gruppen och mat deenen noutwennegen Encadrementer vum Staat hier organiséiert kënnen entouréieren. Mir hunn haut schonn iwwer 2000 konventionéiert Posten, déi sech em déi Saache bekëmmeren. Dat sinn Elementer, déi lues a lues net méi kënnen esou wuessen, wéi se eigentlech musse wuessen, well de Budget ganz staark beansprucht gëtt, notamment duerch d’Sécurité sociale. Also, ech wäert mat Sécherheet, an d’Regierung och net, keng Rentekierzungen oder ähnlech Gelagertes virschloen, mä mir musse wëssen, datt mir doriwwer ee breed Gespréich brauchen, wat wäit an d’Zukunft era reecht."

Avenir des chemins de fer luxembourgeois

"Meng Aschätzung ass, datt eis Eisebunn keng Zukunft huet, wa mir net nei Gleiser befueren, wann ech mech kann esou ausdrécken. D’Liberaliséierung kënnt, mä mir sinn, den Här Lux an ech, géint d’wëll Liberaliséierung, a schonn total géint eng oniwwerluechte Privatiséierung."

(...)

Mir wëllen eng Eisebunn behalen, déi en héije Standard huet, fir déi Leit, déi mat der Eisebunn reesen, fir déi Leit déi bei der Bunn schaffen.

(...)

"Ech wëll dat just präziséieren, datt et net zu Entloossunge kënnt. Déi Leit nämlech, déi bei der Eisebunn a beim Staat schaffen, solle sech dat ëmmer gutt virun Aen halen, datt keen entlooss gëtt."

Intégration des étrangers

"Mir fällt op, am Gespréich mat de Leit, beim Kucken, wann ech duerch d’Stroosse ginn, datt sech déi lescht Joren eppes geännert huet, an datt eng Rei Leit bei äis komm sinn, déi sech net an deemselwechte Mooss integréieren wéi déi 10.000, an iwwer déi laang Streck gekuckt, Honnertdausenden, déi bei äis komm sinn. An doraus entsteet de Risiko vun de Parallelgesellschaften. A mir musse ganz gutt oppassen, datt et äis net geet wéi den Hollänner - ech gesinn äis ganz wäit vun esou enger Situatioun ewech, ech wëll dat direkt soen - datt mir äis abilden, mir géife flächendeckend an enger multikultureller Gesellschaft liewen, an dann op eemol feststellen, datt mir just an engem multikulturelle Stat liewen, an datt d’Leit dat net mat gemaach hunn, datt se sech net openeen zoubeweegt hunn. An ech mengen, fir dat an de Grëff ze kréien, muss een dat emol och atmosphäresch thematiséieren. Dat wollt ech bei der Ried vu virun 14 Deeg maachen."

(...)

"Ënnert engem volontaristeschen Integratiounskonzept ass ze verstoen, datt wa mir en neit Awanderungsgesetz wëllen, a mir wëllen en neit, well dat Gesetz vun 1972, déi sougenannte Loi Schaus, déi passt net méi an eis Zäit, datt mir äis da fir d’éischt mussen driwwer ënnerhalen, wat fir en Typ vun Immigratioun datt mir wëllen, a wéi mir déi Immigratioun, wann ech dat kann esou soen, organiséieren an encadréieren. Doriwwer brauche mir ee Gespréich an der Gesellschaft.

Eng Immigratioun, déi sech engem zwangsleefeg imposéiert duerch Evenementer, déi et an der Welt gëtt, oder duerch schlecht Liewensconditiounen déi d’Mënschen anzwous anescht hunn, dat ka keng gutt Awanderungspolitik ginn, well déi kengem Integratiounskonzept entsprécht. An dofir musse mir kucken, och mat deenen neie Länner déi, elo an d’Europäesch Unioun komm sinn, a wat fir Beräicher datt mir Leit aus deenen neie Länner wëllen hindirigéieren, co-dirigéieren, well se musse jo och matmaachen. Anstatt datt mir eigentlech relativ machtlos enger Situatioun entgéint kucken, wou ëmmer méi Leit bei äis kommen, ouni datt mir dat och atmosphäresch a vum Zesummeliewen hier kënnen adequat offiederen."

(...)

"Ech stelle mech mat aller Kraaft géint auslännerfeindlech Remarquen a géint auslännerfeindlecht Behuelen. Grad esou däitlech soen ech awer, datt déi Leit, déi bei äis kommen, och ee Schrëtt musse maachen. Et ass net nëmmen un deenen, déi éierens sinn, fir e Schrëtt op déi zouzemaachen, déi éierens hikommen. Déi mussen och - mir d'Lëtzebuerger - e Schrëtt op déi, déi vu méi wäit ewech hier bei eis kommen, zou maachen, mä déi mussen dat och bereet sinn ze maachen.

D’Element vun eiser Sprooch ass e wichtegt Element. Och an engem System wéi dem Lëtzebuergeschen, deen eigentlech e Sproochesystem ass, deen net nëmmen aus dem Lëtzebuergesche besteet, mä e besteet och aus dem Lëtzebuergeschen."

(...)

"Ech hätt och gären, datt d’Lëtzebuerger, Leit vun heiheem, wann ech kann esou soen, an der Industrie schaffen, an der Geschäftswelt schaffen, am Handwierk schaffen, do wou d’Real économie stattfënnt. Et ka jo net esou sinn, datt d’Lëtzebuerger sech lues a lues zréckzéien, an datt just Net-Lëtzebuerger do eng Beschäftegung fannen.

(...)

Mir si grouss ginn, mir si räich ginn, mir sinn dichteg ginn duerch d’Aarbecht och an der Privatwirtschaft, déi mir mat eisen eegene Leit gemaach hunn. Elo weess ech, datt d’Welt sech geännert huet, an datt mir och net Leit genuch hunn, fir an der Privatwirtschaft ze schaffen. Mä ech mengen, datt mir e bësschen Equiliber erëm mussen doduerch hierstellen, datt mir och an engem méi breede Mooss wéi bis elo den ëffentlechen Déngscht opmaache fir EU-Bierger. Dat riicht sech géint keen, dat ass eng Suerg, déi aus der Betruechtung vun der Zukunft, sech als Noutwennegkeet fir haut ofleede léisst."

Sommet informel de Hampton Court

"Dat wat do diskutéiert ginn ass zu London, sinn all samt und sonder, bis op ganz wéineg Ausnamen, Punkten déi mir an der lëtzebuerger Presidentschaft als Décisioune vun deem Europäesche Conseil schonn eng Kéier aktéiert haten. Wann elo gesot gëtt, et misst méi fir Fuerschung an Entwécklung gemaach ginn, wëll ech soen, datt mir dat am Mäerz 2005 schonn décidéiert haten, datt mir dräi% géifen zur Verfügung stellen. Datt d’europäesch Investitiounsbank direkt an indirekt 10-30 Milliarden Euro soll bréngen, fir an der europäescher Fuerschung ze investéieren, ass eng Propositioun déi mir am Juni gemaach hunn, an déi vu bestëmmtene Kollegen ofgeleent ginn ass. Et war gutt, datt mir déi Sitzung haten, mä wa mir eis déi puer Méint virdrun net, wat eenzelner ubelaangt, nieft dem Dill beholl hätten, hätte mir déi Sitzung net gebraucht."

Dernière mise à jour