Le Premier ministre et ministre des Finances Jean-Claude Juncker commente la situation socio-économique actuelle au Luxembourg

Lors du briefing à la presse suite au Conseil du gouvernement du 10 mars 2006, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a commenté la situation socio-économique actuelle au Luxembourg. Il y a abordé les dossiers d'actualité, tels que TDK et Villeroy et Boch, ainsi que la compétitivité luxembourgeoise et l'impact de la globalisation

Les dossiers d’actualité

"TDK mécht zu Lëtzebuerg hir Produktiounsanlagen zou, well TDK sech weltwäit aus der Produktioun vun CDen a vun DVDen zréckzitt, ënner anerem och well se sech méi bëlleg kann approvisionnéieren op anere Produktiounsstanduerter weltwäit a well et zu engem dramatesche Präisverfall vu 46% am leschte Joer komm ass, wat déi Produkter ubelaangt déi TDK hirstellt. Souguer wann déi Leit déi op der TDK schaffe fir null Frang de Mount géife schaffen, hätt déi Anlag, wann deen Argumentaire vun der TDK stëmmt an dee schéngt mer ze stëmmen, missen zougemaach ginn. Et kann een also net soen, datt d’Indexéierung schold ass, datt d’Aarbechtsrecht schold ass, datt dëst oder dat schold ass. Schold drun ass eng Evolutioun déi sech op de Weltmäert gemaach huet an déi einfach TDK zur Usiicht komme gelooss huet, si soll sech aus deem Produktiounsgeschäft do zréckzéien. Da soll ee mer elo net erkläre kommen, dat wier wéinst dem Aarbechtsrecht a wéinst dem Kënnegungsschutz oder wéinst dësem oder deem Arrangement alleng, datt TDK hir Anlagen zu Lëtzebuerg géif zoumaachen. Dat stëmmt ganz einfach net."

[…]

"A bei Villeroy & Boch Faïencerie si jo och exogen Facteuren, extern Facteure par rapport zur Lëtzebuerger Situatioun, déi an der Haaptsaach deen drastesche Personalofbau - do geet et jo net ëm eng Schléissung wéi an deem méi dramatesche Fall nach vun der TDK - gefouert hunn. Mir sinn an deem Beräich vu Porzelläin kee besonnesche Fall an Europa, well an Europa sinn an de leschte Jore 47,5% vun den Aarbechtsplazen am Beräich vun der Porzelläinindustrie ofgebaut ginn. Alleng an Däitschland, Villeroy as jo och ee Grupp dee ganz vill an Däitschland täteg ass, sinn nobäi 50% vun den Aarbechtsplazen déi lescht puer Jore reduzéiert ginn.[…] Tatsaach ass, datt alleng aus China, am éischte Semester vum Joer 2005, wat d’Valeur vun den Importer déi vu China hir no Europa agefouert ginn, sech ëm 150% no uewe bewegt huet. Alleng um däitsche Maart gëtt véier mol méi Produkter, Porzelläinsprodukter aus China consomméiert wéi Produkter aus däitscher Produktioun. Elo gëtt mer oft gesot, do géif ee jo déi negativ Konsequenze vun der Globaliséierung erkennen an dat stëmmt jo och zu engem Deel. Anerersäits ass et am Fall vun dësem Land esou, datt eis Industrie no China an de leschten 10 Joer méi wéi 1000% méi exportéiert, wéi dat virdrun de Fall war, also an op der Globaliséierungsschinn tëscht China a Lëtzebuerg, däitlech Gewënner ass vun deem Virgang, deen een eng Revolutioun kann nennen, dee mer do observéieren."

La compétitivité au Luxembourg

"Et ass ouni all Zweifel richteg, datt mer zu Lëtzebuerg an Termë vu Kompetitivitéit par rapport zu aneren europäesche Länner, och par rapport zu eisen direkten Nopeschlänner an deene leschte Joren eis Positioun net verbessert hunn, mä éischter verschlechtert hunn. Ech wiere mech awer bei aller Richtegkeet vun där Ausso géint den Androck dee geschürt gëtt, wéi wann d’Zoumaache vun TDK an de Personalofbau bei Villeroy & Boch eenzeg an alleng verschëld wieren duerch eng méi schlecht sech entwéckelnd Wettbewerbspositioun vu Lëtzeburg a vun der Lëtzebuerger Industrie par rapport zum Ausland a par rapport zur Behandlung am Ausland vun deenen do nationalen Industrien.

[…]

Mä ech wiere mech dogéint, datt déi Virgäng bei TDK a bei Villeroy & Boch, déi fir déi betraffen Arbeitnehmer katastrophal sinn a regelrecht tragesch Auswierkungen unhuelen, datt dat zum Virwand geholl gëtt bei alle Kompetitivitéitsproblemer déi mer hunn, fir een Diskurs z’entwécklen deen déi zwee Virgäng do eenzeg an alleng reduzéiert op eng Perte vu Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Industrie par rapport zum Ausland. Ech soen net, datt mer eis kompetitiv net mussen ustrengen. Ech soen ausdrécklech, mir mussen eis kompetitiv ustrengen. Ech si radikal dogéint, datt een dramatesch Virgäng am industrielle Beräich notzt a regelrecht mëssbraucht fir Raisonnementer unzeféieren, déi mat der realer Situatioun vun deene Betriber ëm déi et geet, näischt ze dinn hunn."

Le Luxembourg et la globalisation

„Mir hunn eng Tendenz, heiheem wéi iwwerhaapt an Europa, d’Globaliséierung als een einseitege Prozess z’erliewen. Esoulaang wéi d’Globaliséierung eis et erlaabt eise Bruttoinlandprodukt ze steigeren an eisen Exportmassen z’augmentéieren an eisen Aussenhandel positionell ze verbesseren, liesen ech an héieren ech zu Lëtzebuerg wéineg Kritesches iwwert d’Globaliséierung. An esoubal wéi mer mengen an der Globaliséierung ee Virwand ze fanne fir z’erkläre, firwat datt bei eis Evolutiounen an déi aner Richtung stattfannen, gëtt déi Globaliséierung verdäiwelt. Ech gehéieren zu deenen an Europa déi der Meenung sinn, datt d’Globaliséierung muss sinn, a gläichzäiteg zu deenen, déi strikt der Opfaassung sinn, datt d’Globaliséierung muss encadréiert sinn, datt se muss maitriséiert sinn an datt se net däerf à terme zu enger Ofsenkung vun eise sozialen Niveauen féieren.

[…]

Wann ee sech deem verspäert, där Globaliséierung, dann erduld een, erleid een déi sougenannten negativ Ausflëss vun der Globaliséierung. Wann ee sech net aktiv a se involvéiert, kann een net bénéficiéieren a profitéiere vun deenen onendlech gewuessenen Ofsazopportunitéiten, déi sech duerch d’Globaliséierung, notamment am asiatesche Raum erginn hunn an dofir muss een an deem Globaliséierungsenjeu sech richteg positionnéieren. A richteg positionnéieren heescht, datt een aggressiv op den Aussemäert virstelleg ass an datt ee probéiert negativ Konsequenze vun der Globaliséierung op d’Lëtzebuerger Realitéit esouwäit wéi méiglech ofzefiederen. An eng vun de Méiglechkeeten, déi mer an Europa hunn an déi mer och hei zu Lëtzebuerg hunn ass, datt mer a Beräicher probéieren eis däitlech méi séier wéi anerer, notamment am asiatesche Raum, virun ze entwéckelen, wéi mer dat eigentlech kënnen, wa mer an deene Felder do inaktiv bleiwen. Dofir kënnt der Fuerschung a virun allem der applizéierter an der industriell applikabler Fuerschung eng erhéichte Bedeitung zou an dohir och dee Regierungsdiskurs deen zanter Méint sech verstärkt huet fir a Richtung vu Recherche och op eis wirtschaftlech Realitéit an op de Kreess vun eisen Opportunitéiten ausgeriichtete Rechercheeffort däitlech ze steigeren.“

Dernière mise à jour