Tram léger: le Conseil de gouvernement émet un préjugé favorable

Lors du briefing de presse à l'issue du Conseil de gouvernement du 10 mars 2006, le Premier ministre, Jean-Claude Juncker, a mis en évidence que le gouvernement en Conseil a émis un préjugé favorable en faveur du projet d'un tram-léger dans la Ville de Luxembourg:

"Mir hunn an engem méi laange Gespréich, an dat verschidde Kollegen intervenéiert sinn, eis fir d’éischt mat der Problematik Tramm duerch d’Stad Lëtzebuerg beschäftegt. Iech alleguer ass a lieweger Erënnerung, datt ech a menger Regierungsexplikatioun vum 12. Oktober vum leschte Joer gesot hat, ech wier der Meenung duerch d’Stad sollt een Tramm fueren.

Ech stelle fest, no deene gemeinsam vun der Stad Lëtzebuerg a vun der Regierung gestalteten Aarbechte vun enger Aarbechtsgrupp déi agesat gi war, sech esou eppes wéi ee Konsensus erausbild vun den effektiven Acteure vun der Transportpolitik zu Lëtzebuerg, datt déi Léisung vum liichten Tramm, deen op lëtzebuergesch Tram léger heescht, sech am gaang ass ze bilden. Ech begréissen dat ausdrécklech, datt Stad a Staat à même ware sech am Kader vun deenen Aarbechten sech esou openeen zouzebewegen, datt eng Léisung zumindestens vum Haaptverkéiersproblem an der Stad Lëtzebuerg sech lues a lues ofzeechent. Den Här Transportminister hat am Laf vun der Woch eng Pressekonferenz zu deem Thema gehat an en huet dobäi État gemaach vu sengem Préjugé favorable fir d’Realisatioun vun deem Projet.

Mir hunn eis deen et longum et largum haut de Mueren nach eng Kéier ugekuckt an d’Regierung hirersäits als Regierung huet och ee Préjugé favorable wat déi Optioun vum Tramm leger ubelaangt.

Et fannen elo Gespréicher statt mat alle concernéierten Acteuren, nach eng Kéier, y compris d’Chamber vun den Deputéierten a während deene Gespréicher muss sech erausstelle wéi IVL-kompatibel déi ugestriefte Léisung ass. Et muss sech erweise wéi déi Léisung sech op de Modellsplit auswierkt, 75 /25. Dir kennt déi Problematik. Et muss ee kucke wéi ee sech a Froe vum Finanzement kann eenegen. Et ass ganz evident, datt hei selbstverständlech och ee substantielle Beitrag vun der Stad Lëtzebuerg muss kënnen erwaart ginn, well et geet jo haaptsächlech ëm d’Léisung vun engem Verkéiersproblem an der Stad Lëtzebuerg, datt ee muss kucke wéi ee Privatfinanciere mat un ee Finanzéierungsdësch kritt, fir datt déi dach awer konsiderabel Finanzéierungslaascht ka bevölkert ginn an et muss sech och aus deene Gespréicher, aus deene Consultatiounen, aus deene Berodungen, weidere Berodungen erginn, wéi dann den Zäitplang ass bannent deem een déi Léisung do, géif ee sech dann definitiv op se eenegen, ka realiséieren.

Ech si gudder Hoffnung, datt mer op all deene Punkten do eng Eenegung wäerte fannen an déi Eenegung gëtt och der Regierung méi liicht doduerch gemaach, datt de finanziellen Impakt iwwer Jore vun dëser Léisung däitlech méi niddreg ass wéi de finanziellen Impakt vun all anere Léisungen déi ënner proposéierter oder votéierter Form um Dësch leien an dofir gesinn ech deene Gespréicher, notamment mat der Stad Lëtzebuerg, mat vill Hoffnung entgéint."

Voici l'extrait du Conseil de gouvernement du 10 mars 2006:

Les membres du gouvernement ont eu une discussion approfondie sur l’extension du réseau ferré dans la Ville de Luxembourg. Suite à la présentation du projet retenu par le groupe de travail ad hoc, le gouvernement émet un préjugé favorable aux propositions de ce dernier, tout en insistant sur le fait que des discussions approfondies devront être menées avec la Chambre des députés pour ce qui est de la compatibilité de ce projet avec les lignes directrices du plan IVL (Integratives Verkehrs- und Landesplanungeskonzept), ainsi qu’avec les autorités de la Ville de Luxembourg, notamment en ce qui concerne l’apport financier de ces dernières.

Dernière mise à jour