Transcription des déclarations du Premier ministre et du ministre des Affaires étrangères lors de la conférence de presse

D’une perspective luxembourgeoise:

Jean-Claude Juncker: Mir gehéieren zu deenen déi mat deem Verhandlungsresultat wat mir erreecht hunn zefridde sinn. Mir gehéieren awer net zu deenen, mä där gëtt et jo och ee ganze Koup, déi séier enthousiastesch op dat Verhandlungsresultat do reagéieren. Mir sinn zefridde mat deem Verhandlungsresultat wat erauskomm ass a mat deem Mandat, deem quasi imperative Mandat wat d’Regierungskonferenz, déi vum 23. Juli un zesumme wäert trieden, kritt huet, well mer d’Substanzelementer vum europäesche Verfassungsvertrag gewahrt gesinn an deem Accord dee mer fonnt hunn.

Mä mir hunn awer och vill Elementer vu Bedaueren an dat Bedaueren niert sech un där Enttäuschung déi eis ass an déi doranner besteet, datt mer deen europäesche Verfassungsvertrag net erëm esou virgeluecht kréien, wéi en de Lëtzebuerger zu dem Referendum virgeluecht ginn ass. Dee Vertrag war besser wéi dësen an dëse Vertrag ass besser wéi dee vun Nice. Dëse Vertrag hält sech op an der Mëtt tëscht Nice an dem Verfassungsvertrag. En erlaabt eis net esouwäit an esou héich ze fléie wéi de Verfassungsvertrag eis et erlaabt hätt, mä en ass méi no beim Himmel wéi bei dem Buedem vun Nice. Trotzdem eist Bedauere bleift grouss, datt mer de Verfassungsvertrag an där Form net kritt hunn – net, well an deem neie Vertrag, dee sech ubahnt, d’Substanz net dra wier, déi ass nämlech dran, mä well mer, wéi mir fannen - mir zwee, an och d’Lëtzebuerger Regierung - iwwerflëssegerweis op eng Rei vu Saache verzicht hunn, déi kee gestéiert hätten an déi eppes mam Europa vun de Bierger ze dinn hunn.

La substance du traité constitutionnel est préservée

Jean-Claude Juncker: Wa mer also och verdrësslech driwwer sinn, datt mer deen europäesche Verfassungsvertrag - esou genannt an esou geschriwwen, obschonn dat kee Staatsgebilde zur Folleg gehat hätt - an der Endkonsequenz net kréien, hu mer dach awer d’Gefill, mir hätten de Mandat erfëllt, deen eise wär.

Dee Mandat huet zwou Sourcen. De Mandat huet als éischt Source d’Resultat vum Referendum vun 2005, wou d’Lëtzebuerger mat iwwer 56% Jo gestëmmt haten. An en huet als Source eng Délibératioun an eng Motioun vun der Chamberdebatt, déi den Ausseminister bestridden huet, wou mer opgeschriwwe kritt hu vun der Chamber woufir mir ze suergen hätten a woufir mir eis anzesetzen hätten.

D’Substanz vun deem Verfassungsvertrag ass erhal, a si ass an engem wéi ech fannen, séier beandrockende Mooss erhal. Fir d’éischt wëll ech mol soen, datt ee sech jo muss drun erënneren, datt fir mol ee Land esou erauszegräifen aus dem Grupp vun deenen déi Schwieregkeeten haten, Frankräich, ugetruede war, viru Méint nach a bis an déi lescht Wochen eran, fir ee Minivertrag ze maachen. An dee Minivertrag hätt doranner bestanen, datt ee sech just verstännegt hätt op déi institutionell Regelen: President vum Conseil, Reduktioun vun der Memberzuel vun der Commissioun an datt een op deen drëtten Deel vun deem Vertrag, dee jo besonnesch kontrovers behandelt gi war an eenzelne Referendumscampagnen, och heiheem, datt een op dee géing verzichten.

Genau dat ass net agetrueden. Den Här Sarkozy huet agesinn, datt vill Fortschrëttsdeeler an der Substanz am drëtten Deel vun dem fréiere Verfassungsvertrag ageschriwwe waren, déi hu mussen iwwerholl ginn, fir datt mer an Europa vun der Plaz kommen. Dofir ass dat kee Minitraité. Et ass an deem Sënn ee simplifiéierten Traité, datt mer ëm kee constitutionellen Ustrach méi ginn hunn, mä datt awer, wéi ech dat gesot hunn - dat geet op Franséisch besser wéi an eiser eegener Sprooch - een Traité simplifié compliqué hunn. Well en ass onendlech méi schwéier ze liese wéi dee Verfassungsvertrag vun deem d’Leit, besonnesch déi déi en net gelies haten, scho gesot hunn, e wier total onlieserlech.

Sur la Charte des droits fondamentaux:

Jean-Claude Juncker Mir si verdrësslech driwwer, datt d’Charta vun de Grondrechter net an alle Länner vun der Europäescher Unioun zur Geltung kënnt. Mir si frou driwwer, datt et eis gelongen ass, zesumme mat villen aneren, de juristesch verbindleche Charakter vun där Grondrechterklärung an deen neie Vertrag eranzeschreiwen, mä mir sinn net frou driwwer, datt dat an England net soll zielen. Och anerer di sech schwéier domat, mä déi hunn entretemps erkläert, datt se dee Grondrechtekatalog do fir hir Juridictioun akzeptéieren. Et ass d’Aufgab vun dem jetzegen englesche Premier, deen huet nach een Dag Zäit fir dat ze maachen an dem deemnächst folgenden, dem Gordon Brown, ze erkläre firwat datt am Süde vun der Insel Irland Rechter zielen, déi am Norde vun der Insel Irland net zielen. Mä ech well mech an déi Explikatiounszwäng do net erabewegen. Mä ech wéillt net missten erklären, datt am Kanton Miersch an am Kanton Klierf aner Gesetzer gëlle wéi an deenen 10 aner Kantonen.

[…]

Ech wëll zu där Charta nach dobäi soen, datt mir proposéiert hunn, déi aner waren domat d’accord, datt selbstverständlech déi Charta muss an hirer Versioun vun 2004 publizéiert ginn am Journal officiel vun der Europäescher Unioun. Et ass jo relativ witzlos iwwer en Text ze referéieren, dee néierens steet. Mä et ass d’Absiicht vun der lëtzebuerger Regierung als Annex vum Projet de loi, deen dee neie Vertrag, wann en da bis steet, soll an nationalt Recht iwwerféieren, déi europäesch Charta vun de Grondrechter unzehänken. Et ass d’Absiicht vun der lëtzebuerger Regierung déi Charta vun de Grondrechter och am Memorial an an der Press ze publizéieren […] fir kloer ze maachen, datt dat kee Spill ass, datt d’Leit musse wësse wann ee seet, dir hutt elo Rechter, datt een déi Leit och iwwer déi Rechter muss informéieren.

L’Euro devient un objectif de l’Union européenne:

Jean-Claude Juncker: Et ass eis gelongen, dat war lëtzebuergesch Propositioun, déi vu soss kengem gemaach gi war, mä déi awer vun Tugendhaften ëm den Dësch erëm ënnerstëtzt ginn ass, den Euro erëm a sengem Glanz, och a sengem perspektivesche Glanz ze rétabléieren. De Verfassungsvertrag hätt aus dem Euro en einfache Symbol vun der Europäescher Unioun gemaach - Fändel, Hymn, Motto, Euro ass d’Geld vun den Europäer, esou stoung et an deem Verfassungsvertrag.

Doduerch, datt d’Symboler gestrach gi sinn, wier den Euro einfach verschwonnen. Dofir hu mer an der Nuecht virgeschloen, fir den Euro zu enger Zilsetzung, zu engem Objektiv vun der Europäescher Unioun ze maachen. Esou datt deen neie Vertrag wäert soen, datt d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun de Wëllen hunn, ënnert sech, eng europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun ze grënnen, där hir Währung den Euro ass. Dat huet insofern Bedeitung, well domat all Memberstaaten, déi keng Dérogatioun hu par rapport zum Euro - dat sinn Dänemark an dat ass England - nach eng Kéier hire gemeinsame Wëllen zum Ausdrock bréngen, den Euro zum Normalfall an der Europäescher Unioun ze maachen an domat sech ee Ressort ze ginn, fir weltwäit méi wäit sprangen ze kënnen. D’ailleurs ass jo ënnert den Dësch gefall, datt mer vum 1. Januar un, zwee nei Memberstaaten am Euro hunn, nämlech hu mir décidéiert en Donneschdeg den Owend, datt Zypern a Malta vum éischte Januar un nei Memberstaate vun der Eurozon ginn. […]

Den Euro ass erstmaleg zu enger grousser Zilsetzung vun der Europäescher Unioun erkläert ginn. Dat huet seng weiderdroend Wichtegkeet iwwert den Dag eraus.

L’Union européenne aura un Haut Représentant pour la politique étrangère et de sécurité:

Jean-Claude Juncker: Et bleift dobäi, datt mer een europäeschen Ausseminister kréien, fir datt mer deen elo erëm eng Kéier héije Vertrieder vun der Europäescher Unioun fir Aussen- a Sécherheetspolitik nennen, deen awer all déi Kompetenze behält, déi ëm am Verfassungsvertrag zougewise gi waren an dee gläichtzäiteg, an dat ass wichteg, Vizepresident vun der europäescher Commissioun gëtt, esou datt den Aussecommissaire an der europäescher Commissioun entfält. An dofir nenne mer deen - am Géigesaz zu haut - och den Haut représentant vun der Europäescher Unioun fir Aussen- a Sécherheetspolitik, fir d’Konzentréierung an den Hänn vun enger Persoun a vun enger eenzelner Institutioun vun all deem däitlech ze maache wat d’Europäesch Unioun als Aussewierkung an als Aussentätegkeet wäert entfalen.

Et bleift - deen englesche Premier huet d’lescht Woch nach gesot dat géif verschwannen - bei engem diplomateschen Déngscht vun der Europäescher Unioun, deen eegestänneg, wann och mat klengen organesche Minilienen, de nationalen diplomateschen Déngschter wäert fir d’Europäesch Unioun selwer aktiv ginn an deen ënnert dem Kommando steet vun deem héije Vertrieder, deem europäesche Chefdiplomat, dee gläichzäiteg, nieft senger Capacitéit als Vizepresident vun der europäescher Commissioun och de Conseil vun de Ministeren déi zoustänneg si fir Auswäertsbezéiungen, dat heescht fir d’Bezéiungen zu de Länner ausserhalb vun der Europäescher Unioun, zoustänneg wäert sinn.

Dee neie Solana gëtt also Vizepresident vun der Commissioun, e présidéiert de Conseil fir auswäerteg Bezéiungen. En huet zu senger Verfügung ee Service diplomatique dee lassgetrennt ass vun den diplomatesche Servicer vun de Memberstaaten. E ka de Ministeren an dem Conseil européen Propositiounen maachen. Et ass also eng total nei innenarchitektonesch Miwwléierung vun där Funktioun.

Les droits des Parlements nationaux:

Jean-Claude Juncker: Mir haten natierlech eng gréisser Schwieregkeet mat eisen hollänesche Frënn, wéi et ëm d’Opstockung vun de Rechter vun den nationale Parlamenter gaangen ass. Mir selwer - Regierung, mä och eis Chamber - waren dogéint, datt de nationale Parlamenter een totalt Verweigerungsrecht géif ageraumt ginn. Nationalparlamenter sollen d’Aktioun vun der Europäescher Unioun net a priori stoppe kënnen.

D’hollännesch Regierung huet, contrairement zu deem wat se déi lescht Méint gesot huet, op déi rout-Kaart-Léisung verzicht, wou d’Nationalparlamenter, wieren se zu genuch gewiescht, alleng hätte kënnen driwwer décidéieren, ier mol de Conseil an d’Europaparlament an d’Berodung vun enger Initiative vun der Kommissioun agetruede wieren, déi Initiative hätte kënnen annuléieren. Dozou kënnt et net. Wa méi wéi 15% vun de nationale Parlamenter wéinst dem Net-Respekt vun dem Subsidiaritéitsprinzip enger Initiativ vun der Commissioun net frëndlech géintiwwerstinn, da kann déi nëmme gestoppt ginn, wa 55% vun de Regierungen déi Initiative stoppen. Dat heescht et ginn agespeist an d’Entscheedungssich vum Ministerrot a vum europäesche Parlament déi Positioune vun den nationale Parlamenter, d’Äntwert dodrop vun der europäescher Commissioun an d’Meenunge vum europäesche Parlament, ier et zu enger definitiver Klärung am Kader vum Ministerrot kënnt.

La coopération renforcée est facilitée:

Jean-Claude Juncker: Wichteg ass an eisen Aen och, déi Festleeung déi mer an der Verfassungsdebatt ni duerchgesat kritt hunn an déi doranner besteet, datt an Zukunft eng verstäerkten Zesummenaarbecht - Coopération renforcée - ka gemaach ginn, wann 9 Länner se wëlle maachen.

Am Verfassungsvertrag steet, wann een Drëttel vun de Länner wëll dee Wee goen, deen d’Majoritéit net ka matgoen, da kënne se dee goen. Mä et muss een Drëttel sinn. Dat heescht, wann d’Zuel vun de Memberstaate vun der Europäescher Unioun géif wuessen, misst et ëmmer een Drëttel sinn. Mir hunn elo festgeschriwwen, datt, egal wéivill Memberen datt d’Europäesch Unioun enges Daags wäert hunn, datt néng Länner kënnen eng verstäerkten Zesummenaarecht ënnert sech décidéieren, ouni datt se vun deenen anere kënnen dru gehënnert gi méi wäit ze goe wéi si dat wëllen. Dat halen ech fir eng wichteg Festleeung, well aus der Kombinatioun vun där Festleeung an dem Préambule vun deem ze kommende Vertrag, datt d’Europäesch Unioun ëmmer méi enk muss zesumme wuessen, aus dem Aschreiwe vun dem Euro an d’Obkjektiver vun der Europäescher Unioun an aus dem Zréckbehale vum Prinzip, datt an Zukunft 9 Länner duergi fir eng Coopération renforcée ze maachen, ergi sech Zukunftspisten, déi éischter integratiounsweiderféierend sinn, wéi datt se integratiounsstoppend wieren.

En matière de vote à majorité qualifiée:

Jean-Claude Juncker: Ech muss hei feststellen, ech wëll hei feststellen, ech stelle gäre fest, datt all Fäll déi mer am Verfassungsvertrag virgesinn haten, fir vun der Eestëmmegkeetsdécisioun zu enger Mehrheetsdécisioun ze kommen, unversehrt de Passage vum Verfassungsvertrag an deen neie Vertrag gepackt huet.

Et gëtt 51 Fäll - méi wéi am Vertrag vun Nice - déi an Zukunft mat qualifizéierter Majoritéit kënnen décidéiert ginn. Dat heescht, datt d’Europäesch Unioun eng regelrecht Effizienzsteigerung wäert erfueren, wat d’Schnellegkeet an d’Machbarkeet vun hirer Entscheedungsfannung ubelaangt. Wa mer also soen, an engem Europa wat méi grouss ginn ass, muss een no Méiglechkeet, do wou net Fundamentalinteressë vun de Staaten tangéiert sinn, mat Majoritéit kënnen décidéieren, fir kënne vun der Plaz ze kommen. Dat Zil ass an deem Verhandlungsmandat fir d’Regierungskonferenz erreecht ginn an dat fënnt och een Agank an deen neie Vertrag.

[…]

Ech hu proposéiert, dat hunn d’Kollegen akzeptéiert, datt bis 2014 de Vertrag vun Nice, wat d’Stëmmegewiichtung ubelaangt, a Kraaft bleift. Do huet Däitschland 29 Stëmmen, Lëtzebuerg huet 4 Stëmmen, datt vun 2014 bis 2017 de Prinzip vun der duebler Majoritéit a Kraaft trëtt. Do huet all Land eng Stëmm, mä Däitschland huet - well et méi Däitscher gëtt wéi Lëtzebuerger - an der zweeter Ofstëmmungsronn wiesentlech méi Gewiicht op d’Wo ze brénge wéi Lëtzebuerg. Dee Prinzip gëtt agefouert, à moins, datt ee Memberstaat freet bis 2017 nach d’Ofstëmmungsgewiichtung vun Nice zur Uwennung kommen ze loossen an dat muss dat Land froe wann d’Déliberatioun iwwert eng Directive ufänkt an net eréischt herno, wann et mengt elo géif et ufänke fir sech selwer schiefzegoen. Dat hunn ech proposéiert wéinst Polen a well mer mussen op deem Punkt vun der Plaz kommen, awer och wéinst Malta.

Une Union européenne toujours plus étroite:

Jean-Claude Juncker: Et gëtt eng Rei Saachen, déi net vill beliicht gi sinn an der nationaler an an der internationaler Kommentéierung déi lescht Deeg an op déi ech wëllt kuerz agoen. Dir musst gutt gesinn wat den Ambitiounsprofil vun der Europäescher Unioun ubelaangt, datt mer an deem neie Vertrag, deen elo kënnt, soe wäerten, datt d’Europäesch Unioun, esou wéi mer dat och bis zum Verfassungsvertrag gesot hunn, eng Europäesch Unioun muss ginn, déi ëmmer méi enk gëtt: une Union européenne toujours plus étroite.

Dee Passus hate mer am Verfassungsvertrag gestrach, well déi Ambitioun ersat gi war duerch d’Verfassungszil. Doduerch, datt dee Verfassungscolorit entspënnt, war et noutwenneg, datt een erëm op déi al Terminologie, déi hu mer vu Maastricht, zréckgräift, wou et heescht, datt d’Staaten, déi an der Europäescher Unioun sinn, d’Absicht hunn, déi Europäesch Unioun ëmmer méi enk ze maachen. Dat steet am Préambule vun deem neie Vertrag an dat huet eng grouss Wichtegkeet.

La personnalité juridique unique pour l’Union européenne:

Jean-Claude Juncker: Déi Europäesch Unioun kritt, dat hu mer bis haut net, dat steet awer am Verfassungsvertrag, d’juristesch Perséinlechkeet, d’personnalité juridique, single legal personality, an deenen zwee Verträg – an deem, deen d’Europäesch Unioun nei forméiert an an deem, dee sech de Vertag iwwert d’Aarbechtsweis vun der Europäescher Unioun wäert weisen, an dee grosso modo dem fréiere Vertrag iwwert d’Europäesch Gemeinschaft entsprécht.

Déi Tatsaach, datt d’Europäesch Unioun per se d’juristesch Perséinlechtkeet kritt, huet seng Importenz, notamment am Beräich vun der Aussepolitik a vum internationale Wierke vun der Europäescher Unioun, well d’Europäesch Unioun als solch, lassgeléist vun dem individuell z’iwwerpréifende Wëlle vun de Memberstaate, ka Partei ginn un internationale Konventiounen an un internationalen Arrangementer, wat mer haut just am Beräich vum Handel hunn, mä wat mer an anere Beräicher net hunn. Dat kritt also eng Extensioun. D’Explosioun vun der Europäescher Unioun via eege juristesch Perséinlechkeet um internationale Plang.

Sur la marche à suivre:

Jean Asselborn: Wa mir et also net fäerdeg bruecht hätten déi Décisioun ze huelen, hätte mir keng CIG, da wier den Zuch fort gewiescht bis 2009 e Vertrag ze hunn. Mir hunn elo dat Mandat definéiert, och do musse mir wëssen, dat Mandat ass esou definéiert, datt de Sputt extrem, extrem kleng ass. De Sputt no ënnen ass allerdéngs och extrem kleng, dat heescht et kann net manner gi wéi dat wat décidéiert ginn ass zu Bréissel.

Wat deen Délai ugeet […] de Juli soll elo déi CIG opgemaach ginn, den 23. Juli. Et soll da schonn den 8. an den 9. September een éischten Entworf virleien, dat ass a Portugal, an da soll de Conseil européen vum 18. an 19. Oktober soll dann entscheeden.

Mir musse wëssen, datt alleng fir d’Traductiounen, an déi Traductiounen dat si jo net iergendwellech Traductiounen déi musse gemaach ginn, dat si jo och Traductioune mat engem juristeschen Hannergrond, datt duefir 6 Woche gebraucht ginn. Dat heescht, wa mir wëllen um Enn vum Joer, wierklech kënne mat de Ratifizéierungen ufänken, also dat heescht Ufanks d’nächst Joer, muss den Oktober vun dësem Joer och deen Délai sinn, wou een da muss kënnen ofschléissen.

Ech wëll och hei vläicht ënnersträichen, datt elo an där Diskussioun déi kënnt, ech wäert mech op jiddefall duefir staark maachen, datt d’Ratifizéierungen déi am Joer 2008 stattfannen, datt déi och an enger gewëssener Zäitspann stattfannen. Mir wëssen, datt ee Land e Referendum brauch […], mä alleguer déi aner brauchen net, loosse mir soen, vu vireran, reng vun hirer Constitutioun e Referendum ze maachen. Mä onofhängeg och dovunner, misst ee kucken, datt een eng Zäitspann gëtt wou soll am Joer 2008 vun deene 27 Länner […] dann och ratifizéiert ginn.

Dernière mise à jour