Journée de Commémoration nationale: Proklamatioun vun der Regierung

Journée de Commémoration nationale: proclamation du gouvernement (Version FR)

Zënter 60 Joer ass d'Kommemoratioun vum 10. Oktober 1941 d'Geleeënheet fir dem Lëtzebuerger Vollek säi Wëllen a seng Entschlossenheet, sech vun der Nazi-Diktatur ze befreien, ze wierdegen. D'Jore 1940-1945 ware gezeechent duerch d'Grausamkeeten déi den däitschen Occupant am Numm vun enger ënnerdréckender a rassistescher Ideologie begaang huet. Se hunn am nationalen Ënnerbewosstsinn eng grouss Wonn hannerlooss. De mënschleche Bilan war héich. Mee d'Schënner hunn et net fäerdeg bruecht d'Séil vun hiren Affer ze zerstéieren a si fir ëmmer verschwannen ze loossen.

Direkt nom Krich ass der Welt d'Ongeheierlechkeet vun dëse Verbrieche kloer ginn: 't ware Verbrieche géint d'Mënschheet. Fir all déi, déi d'Hitler-Diktatur materlieft hunn, waren de Krich, d'Liberatioun an d'Rekonstruktioun Tatsaachen déi se fir hiert ganzt Liewe gezeechent hunn. Haut gëtt d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich méi wéi jee duerch déi Fraen a Männer geprägt – an 't sinn der ëmmer manner - déi dës schrecklech Evenementer vum Zweete Weltkrich um eegene Läif materlieft hunn.

D'Etude vum Zweete Weltkrich ass fir déi, déi net direkt Zeie vun dësen Evenementer waren, trotz den däischtere Säite vun dëser Geschichtsperiod, eng Lektioun vu Respekt, vun Toleranz a vu Bridderlechkeet. Si erlaabt et eis gemeinsam Erënnerung z'erhalen, iwwer d'Fëllementer vun eisen demokratesche Wäerter nozedenken an d'Mënscherechter ze protegéieren. Aus de Léiere vun der Vergaangenheet versiche mer deene Jonken z'explizéiere wat hir Responsabilitéiten als zoukünfteg europäesch Bierger sinn. Esou wäerten de politeschen Extremismus a friemefeindlech Aussoen et net fäerdeg brénge sech an engem ëmmer méi vereenten Europa z'installéieren.

Den nationale Kommemoratiounsdag erlaabt jiddferengem vun eis sech mat Dankbarkeet virun der Beharrlechkeet vun all deenen ze vernäipen déi d'Verfolgung an d'Zerstéierung materlieft hunn. Haut soe mer hinne merci. Déi Fraen a Männer si Symboler fir Courage an Zivismus well si stungen um Ufank vun enger materieller a moralescher Rekonstruktioun, déi hiresgläiche sicht. Hiert Undenken an Éieren halen, heescht de Mënsch éieren.

D’Membere vun der Regierung

Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Fernand Boden, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Lucien Lux, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Jean-Louis Schiltz, Nicolas Schmit, Octavie Modert


Journée de Commémoration nationale: proclamation du gouvernement

Depuis 60 ans la commémoration de la journée du 10 octobre 1941 est l’occasion de rendre hommage à la volonté et à la détermination du peuple luxembourgeois de se libérer de l’oppression nazie. Les années 1940-1945 furent marquées par les atrocités commises par l’occupant allemand au nom d’une idéologie discriminatoire et raciste. La plaie laissée dans le sub-conscient national était considérable. Le bilan humain fut lourd. Mais les bourreaux échouèrent dans leur projet de briser l'âme de leurs victimes et de les faire disparaître pour toujours.

Dans l’immédiat d’après-guerre le monde découvrit les crimes d'une dimension innommable: les crimes contre l'Humanité. Pour ceux qui vécurent la dictature hitlérienne, la guerre, la libération et la reconstruction constituent des faits qui ont à tout jamais marqué leur vécu personnel. Aujourd’hui le souvenir de ces temps difficiles passe plus que jamais, alors que leur nombre diminue, par celles et ceux qui ont vécu les événements douloureux de la Deuxième Guerre mondiale.

Pour ceux qui ne furent pas les témoins directs de ces événements, l’étude de la Seconde Guerre mondiale est, malgré le côté sombre de ces pages de l’histoire, une leçon de respect, de tolérance et de fraternité. Elle nous permet de cultiver notre mémoire collective, de réfléchir aux fondements de nos valeurs démocratiques et de protéger les droits de l’homme. A travers les enseignements du passé, nous nous employons à faire comprendre aux jeunes leurs responsabilités en tant que futurs citoyens européens. De cette façon, les extrémismes politiques, les propos xénophobes ou racistes n’arriveront pas à s’enraciner au sein d’une Europe de plus en plus unie.

La Journée de la Commémoration nationale permet à chaque membre de notre communauté de s'incliner avec gratitude devant la ténacité de toutes celles et de tous ceux qui connurent les persécutions et les destructions. Nous remercions aujourd’hui ces femmes et ces hommes qui, symboles du courage et du civisme, furent à l'origine d'une reconstruction matérielle et morale sans précédents. Honorer leur souvenir, c’est honorer la condition humaine.

Les membres du gouvernement

Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Fernand Boden, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Lucien Lux, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Jean-Louis Schiltz, Nicolas Schmit, Octavie Modert

(communiqué par le ministère d'État)

Dernière mise à jour