Proclamation du gouvernement à l'occasion de la Journée de la commémoration nationale

Proklamatioun vun der Regierung [version luxembourgeoise]

En 1945 l'Humanité émergea de l’abîme dans lequel elle avait été précipitée par un régime barbare qui se fondait sur une idéologie discriminatoire et raciste.

Au Grand-Duché de Luxembourg, plus de 60 ans après la fin de la Seconde Guerre mondiale, le souvenir de cette période noire de notre histoire reste toujours vif. Parler de l'occupation nazie de 1940-1944, c'est évoquer les souffrances de la population luxembourgeoise, mais également sa résistance et sa volonté d'indépendance.

Aujourd'hui, la date du 10 octobre 1941 est célébrée comme Journée de la Commémoration nationale.

Moment de recueillement, elle permet à la communauté nationale de se rappeler avec gratitude les sacrifices de celles et de ceux qui se sont dressés contre la brutalité et l'oppression nazies. Leur témoignage, les marques profondes et indélébiles qu’ils ont laissées dans la mémoire collective du peuple luxembourgeois encouragent chaque citoyen à s'engager personnellement dans la construction et la sauvegarde de la paix et du bien-être social qui sont loin d'être des acquis.

Moment de réflexion, elle nous incite à questionner nos comportements et à avoir un esprit critique et vigilant à l'égard d'idées ou de concepts politiques et sociaux extrémistes. C'est avec respect que nous nous inclinons dès lors devant le courage et la détermination de celles et de ceux qui à une des époques les plus sombres de l'histoire se sont dressés contre l’envahisseur. Leur choix fut celui de l'humanité et de la liberté contre la barbarie et la dictature.

Moment de rassemblement et de rencontre, la date du 10 octobre 1941 favorise le dialogue entre les générations et permet ainsi de garantir qu’à l’avenir le désintérêt, l'insouciance et l'ignorance qui ont conduit à la catastrophe il y a 70 ans ne l’emportent plus sur la responsabilité que nous avons tous de préserver les valeurs qui fondent notre société.

Joignons-nous à tous ceux qui ont défendu les valeurs démocratiques et honorons les femmes et les hommes qui, par leur courage et leurs sacrifices, nous ont légué un avenir meilleur.

Luxembourg, le 11 octobre 2008

Les membres du gouvernement
Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Fernand Boden, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Lucien Lux, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Jean-Louis Schiltz, Nicolas Schmit, Octavie Modert

Haut de page

Proklamatioun vun der Regierung

1945 ass d'Mënschheet aus dem Ofgronn erauskomm an dee se duerch e barbaresche Regime gehäit gi war, e Regime dee sech duerch eng diskriminéierend a rassistesch Ideologie ervirgedoen huet.

Zu Lëtzebuerg ass d'Erënnerung un déi däischter Period vun eiser Geschicht och méi wéi 60 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich nach ëmmer lieweg. Wann ee vun der Nazi-Okkupatioun vun 1940-1944 schwätzt, dann heescht dat sech d'Leed vum Lëtzebuerger Vollek awer och säi Widderstand a säin Onofhängegkeetswëllen virun Aen ze féieren.

Hautdesdaags feiere mer den 10. Oktober 1941 als nationale Kommemoratiounsdag.

Deen Dag ass e Moment vu Besënnung. En erlaabt der nationaler Kommunautéit sech mat Dankbarkeet un d'Affer vun deenen z'erënneren déi sech géint d'Brutalitéit an d'Ënnerdréckung vum Nazi-Regime gewiert hunn. Hir Ausso an d'Spueren déi s'an der kollektiver Erënnerung vun de Lëtzebuerger hannerlooss hunn, fuerderen all Bierger op sech fir den Opbau an d'Erhale vum Fridden a vum soziale Wuelstand, déi nach laang net selbstverständlech sinn, perséinlech anzesetzen.

Deen Dag ass e Moment vun Nodenken. E bréngt eis dozou eis Gedanken iwwer eist Behuelen ze maachen an e kriteschen an opmierksame Geescht z'entwéckele vis-à-vis vun alle politeschen a sozialen Iddien oder Konzepter mat extremisteschen Tendenzen. Mat Respekt vernäipe mer eis virum Courage an der Entschlossenheet vun all deenen déi sech an enger vun den däischtersten Zäite vun der Geschicht géint den Okkupant gewiert hunn. De Choix dee si getraff hu war e Choix vu Mënschlechkeet a vu Fräiheet géint d'Onmënschlechkeet an d'Diktatur.

Deen Dag ass och e Moment vun Zesummekommen. Den Datum vum 10. Oktober 1941 ënnerstëtzt den Dialog tëschent de Generatiounen an en erlaabt domat datt an Zukunft d'Oninteresséiertheet, d'Oniwwerluechtheet an d'Ignoranz, déi viru 70 Joer an d'Katastroph gefouert hunn, net méi kënnen Iwwerhand huelen iwwer eis Responsabilitéit déi Wäerter z'erhalen déi d'Fëllement vun eiser Gesellschaft duerstellen.

Mir schléissen eis all deenen un déi d'demokratesch Wäerter verdeedegt hunn a mer éieren déi Fraen a Männer déi eis, duerch hire Courage an hir Affer, eng besser Zukunft hannerlooss hunn.

Lëtzebuerg, den 11. Oktober 2008

D’Membere vun der Regierung
Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Fernand Boden, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Lucien Lux, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Jean-Louis Schiltz, Nicolas Schmit, Octavie Modert

Dernière mise à jour