Nationale Kommemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung

Viru 65 Joer gouf fir d’éischte Kéier d’Journée de la Commémoration nationale begaangen. Zënterhir erënnert d’Land sech all Joer op dësem Dag un d’Affer vun der Besetzung vum Land.

D’Zuel vun deenen, déi sech deemols fir eis Freiheet an eis Onofhängegkeet agesat hunn, an déi eis dovunner kënnen zielen, gëtt ëmmer méi kleng, a mir gesinn deen Dag kommen, wou kee méi vun hinnen do ass. Dofir ass et fir all Lëtzebuerger an och fir all Nët-Lëtzebuerger, dee bei eis a Freiheet a Fridde liewt a schafft, eng Pflicht fir un déi ze denken, deene mir dat ze verdanken hunn.

70 Joer sinn et elo hir, datt bei der sougenannter "Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941, eng grouss Majoritéit dem Gauleiter, jidderee fir sech a schrëftlech gesot huet, datt hie Lëtzebuerger wär an datt Lëtzebuergesch seng Sprooch wär. Dat Bekenntnis zu Lëtzebuerg war gleichzäiteg een Nee géint Nazi-Daitschland a seng repressif Okkupatiounspolitik. D’Lëtzebuerger ware bereet, zesummen ze stoen an dem Okkupant d’Stier ze bidden. Wat dat u Courage an Engagement verlaangt huet, war um Ufank deene meeschten nët bewosst, mee wéi et drop ukoum, hu sie hir Fra an hiere Mann gestan. D’Resistenz vun de Lëtzebuerger huet ganz ënnerschittlech Formen ugeholl a war och mat ënnerschittleche Risike verbonnen. Mee eis Freiheet an eis Onofhängegkeet waren deen Asatz wäert. Déi Solidaritéit, déi deemols gewise gouf, war eppes Neies an eiser Geschicht a mir sollten net vergiessen datt Solidaritéit zwar eppes kascht, awer och eppes bréngt.

Dat huet leider net verhënnert, datt viru 70 Joer den Okkupant ugefaang huet, eis jiddesch Matbierger a Ghettoen a Lageren an Osteuropa ze verschleefen, wou sie bal alleguer ermuerd goufen, well eng mënscheveruechtend Ideologie dat esou wollt.

Dat huet och net verhënnert, datt nach kee Joer nom 10. Oktober 1941 d’Wehrpflicht fir déi Jonk vun de Joergäng 1920 bis 1927 agefouert gouf, wat vill weider jonk Affer kascht huet. Dat huet och net verhënnert, datt am Dezember 1944, een Drëttel vun eisem Land an der Rundstedt-Offensiv bal komplett zerstéiert gouf an d’Zivilpopulatioun de Schrecke vum Krich kenne geléiert huet.

D’Resistenz, déi sech den 10. Oktober 1941 gewisen huet, war d’Resultat vun der Astellung vun enger grousser Majoritéit vum Vollek an esou gouf et och baussent Lëtzebuerg gesinn a verstan.

Haut sollte mer un déi denken, déi a schwéirer Zeit e Beispill ginn hunn, an eis froen, wat mer vun hinne léire kënnen, wa mer haut eis Problemer hunn an no Léisunge sichen, hei bei eis, awer och an Europa.

Lëtzebuerg, den 30. September 2011

D’Mëmbere vun der Regierung

Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Nicolas Schmit, Octavie Modert, Marco Schank, Françoise Hetto-Gaasch, Romain Schneider

Haut de page

Depuis 65 ans, le gouvernement invite la population à se souvenir, le jour de la Commémoration nationale, des victimes de l’occupation de notre pays par le régime nazi.

Ceux qui se sont engagés pour notre liberté et notre indépendance et qui sont les témoins de cette période de notre histoire disparaissent au fil des années. Nous sommes conscients que le jour viendra où le dernier de ces témoins nous aura quittés. C’est pourquoi, les Luxembourgeois tout comme les Non-Luxembourgeois qui vivent et travaillent en paix et en liberté dans notre pays, ont le devoir de se souvenir de ceux qui ont jeté les bases de notre société fondée sur la paix et la liberté.

Le 10 octobre 1941, lors de la "Personenstandsaufnahme", une grande majorité de la population luxembourgeoise a fait comprendre au Gauleiter, chacun pour soi et par écrit, qu’il était Luxembourgeois et que le Luxembourgeois était sa langue. Cette déclaration constituait en même temps un Non envers l’Allemagne nazie et sa politique répressive d’occupation. Les Luxembourgeois étaient prêts à s’opposer à l’occupant. À ce moment, les conséquences pour chacun de l'acte ainsi posé n’apparaissaient pas clairement. Ils y ont fait face avec courage et détermination. La résistance des Luxembourgeois a pris différentes formes et leur faisait courir des risques de différente nature. Mais notre liberté et notre indépendance en valaient la peine. La solidarité qui se fit jour à ce moment était un fait nouveau dans notre histoire. Elle avait certes son prix, mais constituait en même temps un apport décisif pour notre société.

Malheureusement la solidarité luxembourgeoise ne put empêcher que l’occupant commence, il y a 70 ans, à déporter nos concitoyens juifs vers les ghettos et les camps situés en Europe de l’Est, où la plupart d’entre eux furent assassinés parce qu’une idéologie inhumaine le voulait.

La solidarité ne put éviter l’enrôlement forcé à partir de septembre 1942 des jeunes Luxembourgeois des années 1920 à 1927 avec son lot d'épreuves et de victimes. La solidarité n’a pas pu éviter non plus qu’en décembre 1944, un tiers du pays fut détruit lors de la bataille des Ardennes et que la population civile connut, à ce moment, les horreurs de la guerre.

La résistance manifestée le 10 octobre 1941 était révélateur d'une attitude profondément ancrée dans le cœur d'une grande majorité de Luxembourgeois. Cet acte de résistance fut interprété et compris comme tel à l’étranger.

Il importe aujourd’hui de penser à ceux qui ont su montrer l'exemple dans une période difficile et d'en tirer les leçons lorsqu'il s'agit, aujourd'hui, d'apporter des solutions à nos problèmes nationaux et européens.

Luxembourg, le 30 septembre 2011

Les membres du gouvernement

Jean-Claude Juncker, Jean Asselborn, Marie-Josée Jacobs, Mady Delvaux-Stehres, Luc Frieden, François Biltgen, Jeannot Krecké, Mars Di Bartolomeo, Jean-Marie Halsdorf, Claude Wiseler, Nicolas Schmit, Octavie Modert, Marco Schank, Françoise Hetto-Gaasch, Romain Schneider

Communiqué par le ministère d'État

Dernière mise à jour