Jean-Marie Halsdorf, Transcription de l'intervention du ministre de l'Intérieur et de l'Aménagement du territoire lors du débat de consultation sur l'IVL, Chambre des députés, Luxembourg

Herr President,
dir Dammen a dir Hären,

Haut ass eng Premiere eng éischt Déclaratioun vum zoustännegen Minister am Kader vun engem Débat de consultation iwert d’Ëmsetzen vum IVL, virausgaangen sinn, 5 Reuniounen als Virbereedung an ee Schlussbericht vun der zoustänneger Chamberkommissioun a mengen Aan misst een vun elo un all Joer desen Exercice widerhuelen.

Här Präsident,

d’interaktiivt Verkéiers- a Landesplanungskonzept, dat jo, an dat soll een op kee Fall vergiessen, um PdAT vun 2003 fousst, ass nach ëmmer an aller Mond, Entscheedung iwwert den Unisstanduert, rezent Diskussioun iwert e modernen, lichten stadteschen Tram hun dat bewiesen.

Mee wat ass zënter senger Presentatioun virun ronn 2 Joer, ausser Landes- a Gemengewalen an enger EU-Conseilsprésidence, geschitt a wei geet et weider ?

Tatsach ass datt, déi integrativ konzeptuell Idee, nämlech dass Wunnen, Schaffen, Transport an Liewensqualitéit am Kader vun enger schéiner a gesonder Ëmwelt eppes mateneen ze dinn hunn, fennt e groussen Konsenz.

Et gëtt méi vernetzt geduecht an politesch méi horizontal diskutéiert a geschafft wei virdrun.

Et muss een awer och feststellen dass net alles wat als IVL konform duergestallt gëtt, dat och ass.

Beim Stat an an der Regierung ass trotz villen Progrèen am interministeriellen mateneen, de jo eng conditio sine qua non fir d’Ëmsetzen vum IVL ass, nach net alles perfekt-nach vill gudd Koordinatiounsaarbecht ass noutwenneg mei et gouf e groussen Effort a punkto integrativt Virgoen. Mir bewegen eis zum gudden Deel op Neiland, an dat ganzt ass mat engem Méi un Aarbecht verbonnen. Mir riskéieren un eis strukturell Grenzen ze treffen, dat gëllt besonnesch fir Landesplanungsdirektioun.

Et ass wichteg sech de Méiwert, deen sech aus dem Ëmsetzen vum IVL ergëtt, virun Aën ze halen.

Nemmen mam IVL waerte mer am Stand sinn dem Wuessen vun eisem Land, nohalteg ze begéinen, dat héischt notamment méi dicht Bebauung, méi virsiichteg Flächenzersigelung, wëll laut OBS-Vergleicher vum Emweltministär, sin an den Joeren 1990 bis 1999 7.760 ha Land bebaut a verbraucht gin.

Dat mecht 862 ha pro Joer oder ronn 5 Fussballsterraien pro Dag.

Wann et esou weidergeet, gin bis 2020 iwer 12.000 ha weider Land verbraucht, waat dann vun 1990 un gekuckt quasi enger Verduebelung vun de bebauten Flächen geif entspriechen.

Mir kënnen op kee Fall esou weider fueren.

Hautdesdaags léien z.B. nëmmen bei enger landeswäit-duerchschnëttlecher Wunnengsdicht vun knapp 14 Wunnengen pro ha an mir erreechen just an den Haaptballungszentren vum Süden souwéi an a ronderëm d’Stad déi fir den ÖPNV wichteg Lat vun 25 Wunnengen pro ha.

Den demographeschen Wuesstem ass proportional vill méi staark ausserhalb wei innerhalb vun dësen Zentren an de leschten 30 Joer an luet gang, an dat ass nach ëmmer de Fall. (nëmmen e puer markant prozentual Steigerungsraten tescht 1991 an 2001 fir dest ze illustreiren : Letzebuerg, HESPER, Walfer, Esch, Suessem, Peiteng Dikrech an Ettelbreck manner wei 15%, Birmereng, Tënten, Esch-Sauer an Eschweiler mei wei 45 %).

An der selwechter Period ass et zou enger méi grousser Konzentratioun vun Aarbechtsplazen an a ronderëm d’Stad komm.

Dowéngst koum et zou enger Explosioun vun den automobilen Verkeierstreim, déi duerch Zuel vun de Frontaliën nëmmen nach verstäerkt gouf.

Et gouf hei keng Gesamtstrategie.

Wä mer wëssen dat mer op manst 4% all Joer wiertschaftlech wuessen mussen, fir eis Sozial- a Rentesystemer ze halen, genug Statsrecetten mussen hunn fir eis héich Ausgaben vum Staat ze decken, och esou och emol strukturell Kurskorrekturen no ënnen maachen mussen - wa mer wëssen, dass mer nach 100.000 Aarbechtsplazen méi bis 2020 schafen mussen, dat heescht, jee no Awunner- oder Pendlerzenario 60.000 bis 110.000 Awunner méi am Land ënnerbréngen mussen.

A wa mer wëssen dat mer zënter 2002 mat engem Plus vun ronn 20.000 Frontaliën weit iwwert dem Pendlerzenario aus dem IVL léien – (mir hun no nemmen 3 Joer schons 2,5 Joer Virsprong op desen Scenario vun 2002).

A wa mer duerch den IVL awer wëssen, dass desen Pendlerzenario längerfristeg deen manner gudden an nohaltegen Entwecklungswee duerstellt, dann ass et kloer, mir brauchen eng Stratégie: an déi heescht IVL.

Ouni IVL, ass Liewensqualitéit hei am Land an 10-15 Joer net méi garantéiert.

Mag sinn, dass aus enger reng sektorieller Perspektiv, wann een zum Beispill den Transport nemmen eleng giff kuken et och ouni IVL kéint goen, jo villäicht esou guer méi einfach a méi séier, mee dann awer bestëmmt op Käschten vun engem aneren Sekteur an esou engem Gesamtbilan wären kaum Synergien Plus-Valuën

Och wann den IVL-Ëmsetzungswee keen einfachen ass, ugefaangen an de Käpp vun de Leit, sou ass hien awer deen, deen am Endeffekt eiser Staatsentwécklung an eis selwer am meeschten bréngt !

Natierlech geet et mat dësem progressiven, integrativen Mentalitéitswiessel net duer, och wann dëst vernetzt a reimlecht Denken eng extrem wichteg Viraussetzung duerstellt.

Mir mussen ëmmer erëm an jee nom spezifeschen Schwéierpunkt d’IVL Prinzipien a konzeptuell Iwwerleeungen erklären, diskutéieren an héichhalen.

A genau dat geschitt jo och.

Dëst geschitt fir d’alleréischt bei de 4 sou genannten primären Plans sectoriels déi, niewt den regionalen Pläng an den Pilot-Projet’en, een vun de wichtegsten Ëmsetzungsschrëtt vum IVL duerstellen.

A grad elo a mei schwieregen Zeiten, wou groussen Handlungsdrock besteet, esouwuel am Wunnengsbau, a Sachen wirtschaftlech Entwecklung an domadder verbonnenen Terraien an Aktivitéitszonen, am Bereich vun der Mobilitéit, ouni dei et jo bekanntlech net geet, an natierlech och am Beraich vum Landschaftsschutz, ass et wichteg net jhust kuerzfristeg ze denken, ma och der längerfristëger Entwecklung am Kader vun der Landesplanung, mat hierer nohalteger, integrativer Approche, eng grouss Bedéitung zoukommen ze loossen.

D’Landesplanung kann nämlech hellefen, déi richteg Prioritéiten ze setzen an esou kënnen iwwert Zeitschinn Souen, vill Souen gespuert gin.

Als éischten vun dësen 4 wichtegen sektoriellen Pläng, kommen ech op de Plan sectoriel TRANSPORTS ze schwätzen, dee schons an der léschter Legislatur ugefange gouf. Et kann en dervun aus goen, dass Ugangs - Mëtt 2007 de fäerdegen Projet de Plan virleit, an an Prozedur goen kann, esou dass wann alles gudd virun geet, dëse Plang virum Enn vun dëser Legislatur a Kraaft trieden kann.

Duerch dësen Plang gin jo, notamment, Korridoren reservéiert fir déi laut IVL2 Verkéiersszenario zréckbehalen wichteg Verkéiersprojet’en am Schinnen- a Stroossebau.

Wann e Projet vun enger neier Strooss oder enger neier Eisebunnslinn am Plan sectoriel dran ass, heescht dat awer net automatesch, dat si och elo kann gebaut ginn!

All Projet muss weiderhin duerch déi national an europäesch definéiert Genehmegungsprozeduren lafen.

Sou analyséiert de Landesplanungsminister ëmmer nach op e bestëmmte Projet och sënnvoll ass, wéi eng Auswierkungen hien op d’Verkéiersverlagerungen an op d’Siedlungsentwecklung huet an, wéi eng Variant dann aus der Sicht vum Aménagement du territoire déi bëschten ass.

Gené esou préift den Ëmweltminister och weiderhin op eng nei Infrastruktur aus der Sicht vum Naturschutz an dem Ëmweltschutz kann genehmegt ginn oder net, a wann jo, wéi eng mesures compensatoires mussen realiséiert ginn.

Wat mir also mam Plan sectoriel erreechen ass, dat wann Prozeduren ofgeschloss sinn, d’Realiséierung vum Projet net méi duerch aner national oder kommunal Planungen kann blockéiert ginn.

Bei dësem Plang, sinn awer och nach e puer Hürden ze hueleneng parti Konditiounen, déi sollen erfëllt gin.

D’Noutwendechkeet heifunner besonnech am Kontext vum Tram kloer zum Virschein komm:

Et ass positiv, dass mer elo derbéi sin Neel mat Käpp ze maachen.

Mee et stellen sech Froen:

  • inwiefern ass den Tram kompatibel mam IVL.
  • Strukturell besteht heirunner am groussen a Ganzen keen Zweifel.

Am Detail mussen awer nach eng Parti Elementer grepreift gin, am Kader vum interministeriellen Arbechsgrupp vum plan sectoriel Transport an a Reckkopplung mam Monitoring vum IVL.

  • Et muss och gekläert ginn, wat an deenen Korridoren, déi am Plang reservéiert ginn, geschitt.
  • Op Zuch, en Train-Tram, e städteschen Tram oder e Bus fiert, a wei ongeféier d’Frequenz an d’Vitesse sinn.
  • Sie sinn entscheedend Parameter fir d’Attraktivitéit. Dësen Aspekt hat ech bei Geleenheet vum Débat iwert den Tram op deser Platz iwert d’Schinnenverbindung Esch-Letzebuerg besonnesch ënnerstrach.
  • Mee och fir de Stroossebau muss et kloer sinn wat fir en Typ vun Strooss gebaut gëtt, mat wat fir enger Kapazitéit, a wei schnell een do furen kann.
  • Niewt dësen Korridoren mussen och dei modern Garen, dei sougenannten Plate-formes multimodales explizit fir net ze soen prioritär an de Plang integreiert gin. Et handelt sech heibei em dei sou genannten Gares périphériques (Zeisseng, Houwald, Kirchbierg, Dommeldeng, souwei d’Gare centrale vun der Stad, d’Garen vun Esch a vun Belval-West, souwei dei och ganz wichtech Gare vun Ettelbreck fir d’Nordstad).
  • D’Iwerleenungen ronderem den Tram hu kloer gewisen, dass des Garen eng ganz entscheedent Roll beim fonktionneiren vun engem Gesamtkonzept fir den ÖPNV spillen.
  • Sie sin och een wichtechen Garant fir d’kompatibiliteit vum Tram mat dem IVL-Konzept, an sie missten als allereischten Prioriteit realiseiert gin.
  • An da muss d’Landesplanung an duerno d’Regierung am Dialog mat der Chamber an dene betraffenne Gemengen a Bierger, bei Transport-Projeten kënnen e Wuert beim Phasage de Réalisation matschwätzen,
  • a kucken op dësen Phasage, deen sech ursprénglech aus de sektoriellen Prioritéiten vun Transportministère op der enger, a vun Bauteministère op der anerer Säit ergëtt, landesplaneresch, dat heescht also och vis à vis vum Logement, den wiertschaftlechen Aktivitéiten an der Ëmwelt, sënnvoll ass.
  • Et ass awer och kloer dass dësen Phasage de Garant fir eng prioritär Entwécklung vum ÖPNV muss sinn.
  • Hei gëtt dann pragmatesch, eng éischt Phase vun prioritären Projeten definéiert, souwéi en ausgeklügelten Monitoring vum Plang festgeschriwwen, mat Hëllef vun deem dann a Reckkopplung mam Monitoring vum IVL déi nächst Phasen erausgeschielt ginn.
  • Am Kader vun dësem Monitoring kann dann och gegebenefalls décidéiert ginn Reservatioun vun engem Korridor opzeginn
  • Et ass nämlech kloer dass des Korridoren net ad infinite können fir aner Notzungszwecker planerech blockéiert ginn
  • Och de Langsamverkéier ass en Element vum Plan sectoriel Transports.
  • D’"Stadt vun de kuerzen Wéer" gëtt mat gudd funktionnéierenden Infrastrukturen fir Foussgänger a Vëlosfuerer Realitéit. An dësem Kontext sollen mer e Modal-Split viséieren, an dem d’Verhältnis vum net motoriséierten Verkéier zum motoriséierten Verkéier wesentlech verbessert gëtt.
  • Komplémentär heizou ginn éischt Jalloen a Richtung Harmonisatioun vum Parkraummanagement gesat, och wann een hei duerno wäert mussen speziell légiféréieren. Ech soen an dësem Kontext eppes ganz kloer : an urbanen Reim mat vergläichbaren Dichten a Verkéiersproblemer däerf keng Standuertpolitik fir Aktivitéiten iwwert de Parkingsschlëssel gemaach ginn !

Duerch dësen Plang sollen déi integrativ richteg Weichen a punkto nohalteg Transportentwécklung gestallt ginn mat dem Ziel 2020, 25% vun den motoriséierten Persounentransporter mam ÖPNV ze bewältegen an awer och de Prozentsatz vum net motoriséierten Transport staark an d’Luucht ze drécken. Wann een d’Entwécklung um Frontaliersmarché gesäit, ass et elo höchste Eisenbahn an allen Sënner vum Wuert fir richtech ze handelen.

Als zweet hu mer de Plan sectoriel LOGEMENT fir deen d’Préparatiounen Uganks 2005 ugefaang hunn a wou dank gudder Zesummenaarbecht mam Ressortministär den interministeriellen Grupp seier gebillt .

Hei ginn mir an dréi Modulen fir, déi zum Deel parallel lafen:

  • d’Aktualiséierung vun der Wunnengsbedarfsprognos vun 1993/94 dei schons sou gudd wei ofgeschloss ass,
  • d’Erstellung vun engem Wunnengsbauprogramm,
  • d’Erstellen vun engem integrativen Aktiounsplang.

Virun allem desen 3. Modul ass raumplaneresch relevant.

Bis Enn 2007 soll dann de Projet de Plan virleien esou dass, wann alles gudd geet, dësen Plang bis Enn der Legislatur kann a Kraft trieden.

Héimat soll genuch Wunnraum op gëeegenten Flächen entstoen a gläichzäiteg méi dicht Wunnformen réaliséiert gin, besonnesch op Platzen hei am Land déi prédestinéiert sinn fir Wunnraum, ze schafen, wéi zum Beispill an der Haptstad 166 ha, zu Strossen, 40 ha, Hesper 25 ha, Diddeleng 96 ha, Sanem 66 ha, Ettelbreck 26 ha, Erpeldange 22 ha, Echternach 19 ha - dëst machen 460 ha zesummen bei nëmmen 25 Wunneinhéiten um ha kréie iwwer 10.000 Wuneinhéiten eleng an dësen 8 Gemengen.

Et mecht kee Senn massiv Heiser do ze bauen wou den öffentlechen Transport kaum eng Chance waert hun effizient an attraktiv ze fonktionneieren, mee et soll prioritär an IVL kompatibelen Gemengen an op IVL kompatibelen Flächen gebaut gin. Mir ging dervun aus dass dese Plang hëlleft d’Präispiral um Wunnengsmaart an de Grëff ze kréien?

An dësem Kader mussen och à priori onpopulär Moossnamen, wei z.B. eng progressiv Grondbestéierung op Terrainen déi als Bauland ausgewisen sinn, awer net bebaut ginn, anzeféieren.

Dat neien Wunnengsbau awer e ganzen Koup Käschten wei zum Beispill Erschléissungskäschten, fir d’Kollektivitéit mat sech bréngt, gëtt an dësem Kader oft vergiess. Och hei sollen adéquat Begleetmoosnahmen am Plang definéiert ginn.

A genau dest geschitt jo elo ugesichts vun den akuten Problemer am Logementsbereich, wou de Premier jo an senger Ried iwert d’Lag vun der Natioun e ganze Pack vun urgenten Moossnahmen ugekennegt huet enner anerem och fir de Käschten Rechnung ze droen déi op d’Gemengen wéinst méi Logement zoukommen, wei méi Schoulen, nei an erweidert technesch Résauen, asw.. Ech well hei awer nemmen op dei landesplaneresch relevant Elementer agoen. Fir d’allereischt muss ech awer virausscheissen, dass esou lang wei de Marché sou ugespant an d’Preisser sou héich sin, en IVL kompatibelen Wunnengsbau kaum meiglech ass. Dofir muss kurzfristech, dat heescht op die next 10 Joer gekuckt, en landesweit iwerdurchschnettlechen starken Wuestum upeilen an erréechen fir secherzestellen, dass an der Gesamtmasse genuch zesummekennt fir de Marché an d’Preisser ze affekteiren. Doniewt ass et awer esou, dass IVL compatibel Gemengen prioritär opgefuedert gin fir am Kader vun desem Pakt fir de Wunnengsbau aktiv ze gin. Dofir kreien sie jo nach en keier 50% mei Geld fir gréisser Wunnengsbaupilotprojet’en schnellstens an Ugrëff ze huelen. De MIAT huet an iwer 35 Gemengen Zonen determinéiert déi sech speziell laut PdAT an IVL fir esou Projet’en eegenen. Hei sollen dann vill vun denen 10.000 zum normalen Wunnengsbaumarché neideschen supplementaren Wunnengsuniteiten an den nächsten 10 Joer geschafe ginn.

Et ass awer och kloer dass all nei Lotissementer, déi sech aus dem Wunnengspakt ergin, sech mussen un de Prinzipien vum PDAT an IVL orientéiren.

Drettens hätten mer deen och ganz wichtegen Plan sectoriel vun den wiertschaftlechen AKTIVITEITSZONEN deen parallel zum Plan Logement soll realiséiert gin an wou d’Bestandsopnahm deck am gangen ass.

Mir sin awer wat desen Plang ugeet an der kecker Situatioun well sein Erschaffen op der enger Seit op der Prioritéitenlescht vum Wirtschftaministär fir d’Verbesseren vun der Kompetivitéit vun eisem Land am Kader vun der Tripartit steht, an op deer anerer Seit et awer leider esou ass, dass obschons d’Konzeptstudie elo schons mei wei 1 Joer virleit, de Wirtschaftsministär, deem ech d’Presidenz Groupe interministériel ugebueden hun wat iweregens an der Logik vun all denen aneren sektoriellen Pläng ass nach keng Zeit hat sech em d’Lancéiren vum eigentlechen Planungsprozess ze këmmeren. De Groupe interministériel ass emol nach net gebillt.

Dobei sollen durch desen Plang déi néideg IVL taugleg Flächen fir d’Wirtschaft geséchert an dobäi besonnesch regional Zonen gefördert ginn. D’Wirtschaft soll dësen Plang neemlech als eng grouss Chance gesinn fir déi wiertschaftlech Entwécklungen, déi politesch an Zukunft sollen gefördert ginn, um Terrain sënnvoll a nohalteg kennen hin ze kréien mat der néideger awer verstänneger Flexibilitéit déi se dofir brauch. D’Gemengen sollen des regional Entwecklungsperspektiv mat Hëllef vun ausgeklügelten regionalen Verdeelerschlesselen schätzen léieren an esou op an net nohalteg Lokalentwecklungszonen verzichten.

Här Präsident,

Aktivitéitszonen waren a sinn wichteg fir d’Entwécklung vun eisem Land.

Mir sinn eis awer alleguerten eens, dat mir eng gewëss Surface vun neien Aktivitéitszonen brauchen fir d’wiertschaftlech Entwécklung vum Land ze ënnerstëtzen.

Mee wat wëlle mir genau:

  • Wéivill Hektar un neien Zonen brauchen mir dann, wouelwessend dass fir d’eischt muss gekuckt gin déi bestehend Zonen voll auszenotzen an gegebenenfalls auszebauen ?
  • Wou mussen se leien – a wéi enger Géigend, bei wéi engen bestehenden Betriber, bei wéi enger Verbindung (Strooss oder Eisebunnslinn)?
  • A wéi grouss mussen se sinn, fir dat se attraktiv ginn fir d’Betrieber, virun allem fir déi nei Betriber déi mir wëllen förderen ?
  • Mee och: wéi as et mat der Gestaltung

Am Kontext vum IVL ass et dann och wichteg ze froen:

Wéi ass d’Erréchbarkéit vun den Gewerbegebieter fir déi Leit déi do schaffen ? Wou sollen nei Zonen hikommen, fir dat mir de Verkéier op der Strooss esou niddereg wéi méiglech halen?

Wéi bréngen mir et fäerdeg, dat all d’Gemengen vun der Entwécklung profitéieren, egal wou déi nei Zonen schlussendlech hikommen?

Wéi garantéieren mir dat d’Aktivitéitszonen wiertschaftlech efficace géréiert ginn?

Wann ech all des Froen stellen (et gëtt der nach méi!) gesitt Dir, wéi komplex a komplizéiert dëst Thema ass.

Mir kennen awer net esou weider fueren wéi bis elo, dat heescht d’Gemengen weisen weiderhin, jiddereng fir sech, no alleng hiren Prioritéiten an Usiichten, kommunal Zonen aus –Resultat - groussen Fleckenteppech iwwert d’Ländchen massiven Zouwuess un Verkéier a villen onzefriddenen Leit ... an onzefriddenen Betriber!

E Beispill aus dem Norden: am Kanton Klierf

Héi léien 4 offiziellen Demanden vun Gemengen fir nei Zonen an zousätzlech 1 Demande vum SICLER fir eng Regionalzone fir an dat ass an enger ländlech schützenswert Regioun, déi elo schonns déi zweethéchsten Aarbechtsplazen pro Awunner am Land huet.

Bei all dësen néien Ausweisungbestriwwungen solle mer nët vergiessen, dass laut IVL nach ongeféier 1700 Hektar an den bestehenden PAGen ausgewisenen Zonen am Joer 2002 fräi waren.

Wat kann dann e Plan sectoriel hei änneren oder bewierken?

De Plan sectoriel wierkt op zwou Manéieren:

1. De Plang schaaft e nationalen (a regionalen) Kader fir déi zukënfteg Entwécklung. En definéiert d’Prioritéiten fir d’Ausweisung vun neien Zonen, den Typ vun Aktivitéit déi soll doranner kommen

Iwwert de Wee vun engem Règlement grand-ducal ginn d’Gemengen derzou bruecht dësen nationalen a regionalen Kader ze respecteiren. Se kennen näischt an hiren PAG décidéieren wat konträr wär zum Plan sectoriel.

2. Eng zweet Manéier, wéi de Plang wierkt, ass dat d’Zesummenaarbecht an den Dialog tëschent de Ministèren verstäerkt gëtt. A regelméissegen Sëtzungen vun engem interministériellen Aarbechtsgrupp kënnen déi konkret Problemer diskutéiert a geléist ginn, esou och d’Léisungen préparéiert ginn fir de regionalen Gedanken weider ze bréngen – besonnesch wichteg ass an dësem Kontext d’Zukunft vun der Gewerbesteier, vun hierer intelligenter Ëmverdeelung an der Méiglechkeet e regionalen Fonds ze schafen nieft dem heitegen „Fonds de dotation communal“.

Konkret liwwert de Plan sectoriel eis och eng éischten Kéier eng präzis Iwwersiicht iwwert déi bestoend a geplangten Aktivitéitszonen, hir Occupatioun an déi nach fräi Flächen.

Zesummen mam STATEC an den Vertrieder vun de Wiertschaftsverbänn wellen mir déi ökonomesch Entwecklungstendenzen analyséieren an doraus d’Ufuerderungen un d’Landesplanung bestëmmen.

Wann déi zukënfteg Besoinen bis méiglechst präzis definéiert sinn, ginn déi Flächen déi sech am beschten eegenen kartographesch festgehal an iwwert de reglementareschen Wee fir d’Wiertschaftsaktivitéit reservéiert.

Wann de Plang fäerdeg ass - "soen mer: haut an knapp 2 Joer" – hu mir d’Attraktivitéit vum Land als Wiertschaftsstanduert verbessert:

  • Mir hunn eng Iwwersiicht iwwert dat, wat wou besteet, dat wat verfügbar ass a wat nach verfügbar gëtt;
  • Mir hunn "Planungssecherhét" fir déi Betriber déi wëllen zu Lëtzebuerg investéieren.

Ech well awer hei och ganz kloer an däitlech soen, dass wat dësen Plang ugeet, et elo op kee Fall esou wäert sinn dass bis zu senger Fäerdegstellung näischt däerf geschéien. Hei wäerten sou schnell wei méiglech genügend Elementer virleien fir dass Projeten och während der Elaboratiounsphase vun dësem Plang kënnen realiséiert ginn,

Dëst gesäit een zum Beispill am Raum Stengefort – Kapellen wou et mir drëm geet eng regional Léisung ze fannen. Dofir huet d’Landesplanungsdirektioun eng Étude an Optrag ginn aus deeër sech elo esou eng Léisung ergëtt à condition dass d’Gemengen an natierlech d’Propriétairen vun den Terrainen matspillen. An dësem Fall géif d’Gemengenaktiviteitszone vun Grass iwwerflësseg an et keim zu enger regionaler Léisung déi sech aus 2 Elementer géif zesummesetzen: enger regionaler Vergréisserung vun der Zone vum Wandhaff an enger neier regionaler Zone bei Klengbetten. Well dëst 2. Element awer nëmmen wat d’lokal Erschléissung ugeet an Kooperatioun mat eisen belschen Noperen kinnt realiséiert ginn, géif sech hei eng formidabel Geleeënheet bidden fir no der dach vergëftener IKEA’s Debatt grenziwwergräifend Neel mat Käpp a punkto Landes- a komplementarer Wiertschaftsplanung ze machen,

Des Léisung ass méi ekologesch, méi regional, méi grenziwwergräifend a komplementar wei déi vun Grass an dofir sollten Stat a Gemengen vun elo un hei onbedengt un engem gemeinsamen regionalen a grenziwwergräifenden Strang zeien.

Och an der Zentrum-Nord Regioun deet sech e regionalen Aktiviteitszonen-wee op. Hei bidd et sech un am Kader vun der Nordstadkonventioun d’Zone um Rouscht, déi fir d’Luxlait gesicht ginn ass, schrettweis laangfristech zu enger grousser regionaler Zone auszebauen. Gekoppelt mat enger regionaler a fonktional komplementärer well wesentlech méi urbaner an tertiärer Zone Friedhaff well et ass kloer dass de 2 Zonen op kee Fall identesch sinn an deementspriechend verschidden mussen aménagéiert an ausgenotzt ginn hätt dann des Regioun a punkto Aktiviteitszonen dat neidescht Potential fir all d’Gemengen, zumindest vun Miersch bis an d’Nordstad, ekonomesch sënnvoll a nohalteg ze bündelen. Des Léisung géif och den Aktiviteitszonendrock vum Zentrum vun der Nordstad huelen, wou dann déi rar notzbar Flächen am Dall prioritär fir héichwäerteg an integrativ Stadentwécklung kinnten genotzt ginn.

Schliesslech wellen mer zesummen mam SICLER souwéi mam Emwelt- a mam Wirtschaftsministär an der Regioun Norden intensiv an de nächsten Meint no regionalen Leisungen fir Aktiviteitszonen sichen. Dest gesin mer als virgezunenen Projet Pilote par rapport zum sektoriellen Plang.

Wann mer des regional differenzéiert Approchen hikréien, ass d’Richtung fir de Rescht vum Land wat d’Aktiviteitszonen ubelaangt vigin, heidurch gëtt och déi schwiereg a ganz wichteg Aarbecht vun der Commission d’Aménagement an dëser dach heiansdo ondäitlecher Iwwergangsphase méi kloer.

Här Präsident,

Iir ech bei de 4. Plan sectoriel, deen vun de GRANDS ENSEMBLES PAYSAGERS, kommen, well ech awer an aller Däitlechkeet op déi nohalteg environnements Elementer vun dësen 3 Plans sectoriels hiweisen.

Bei deem vum Transport as et d’Ziel vum 25/75 modal Split besonnesch am Hibléck op Kyoto.

Beim Logementsplang as et de wichtegen Volet nohaltegt Ëmwelt- an energiefrendlecht Bauen

Beim Plang vun de wiertschaftlechen Aktivitéitszonen ass et immens wichteg dass keng onnéideg automobil Verkéiersstreim entstinn an sou weit ewéi méiglech den ÖPNV zum droen kënnt. - den Impakt op Ëmwelt a Landschaft esou geréng wei méiglech halen anop nohaltegt Ëmwelt- an energiefrendlecht Bauen vun Wiertschaftsgebéier pochen, ganz am Sënn vun Kyoto.

Dir gesitt also dass, ganz am Sënn vun der integrativer nohalteger Approche, och bei deenen sektoriellen Pläng déi sech net prioritär mat der Ëmwelt befaassen, d’Ëmwelt eng wichteg Roll spillt.

Des Roll ass natierlech nach méi grouss beim Plan sectoriel vun de GRANDS ENSEMBLES PAYSAGERS, wou d’Konzeptstudie virleit an deen och bis Enn 2007 als Projet de Plan soll um Dësch leien.

D’Approche fir eng Konzeptstudie ze maachen sollt hëllefen fir e Wee ze fannen, deen esouwuel den planerëschen an wëssenschaftlechen Uspréch engersäits an anerer Säits den politeschen, spréch den zäitlechen, Noutwennegkeeten, gerecht soll ginn, an dat an engem Kontext wou een mat enger ganz heterogener Datenausgangsbasis ze dinn huet an och, besonnesch mam Naturschutzgesetz vun 2004, eng nei bestoend Gesetzgebung muss berücksichtegen.

Et geet jo net dreems eppes ze maachen, wat een iwwert bestoend Instrumenter schonns kann maachen an et geet definitiv och net dorëms déi ze ersetzen. Ma et geet dorëms de Plan sectoriel komplementar zum bestehenden Instrumentarium ze notzen. De Plan sectoriel soll neemlech iwert sein Reglement grand-ducal eng gewëss juristesch Bindung entfalen un déi sech an enger éischter Linn déi öffentlech Planungen vun Stat an Gemengen mussen halen. Mir stellen eis an dësem Kontext vir gewëssen Reim iwwert de „Plan sectoriel“ e gewëssen Statut ze ginn deen een als Tëschenetapp kann gesinn, bis déi concernéiert Flächen dann iwwert lang d’Prozeduren vum Naturschutzgesetz e präzisen Schutzstatut kréien, an deem och dem Particulier kennen Servituden operluecht ginn, wat am Plan sectoriel esou kann sin.

Inhaltlech wäert et bei dësem Plan sectoriel dodrëms goen fir gréisser wäertvoll Fräiraim fir den Zweck vum Landschaftsschutz an der landschaftsgebonnener Erhuelung ze erfaassen, ze sécheren an ze entwéckelen an Weeër ze sichen fir se ënnereneen ze vernetzen an domadder och der Siedlungsentwécklung iwwert d’Gemengegrenzen eraus, wann et aus nationaler Siicht noutwenneg ass, Grenzen ze setzen. Den Akzent vun dësem Plang leit awer däitlech um Landschaftschutz wat net gläichzestellen ass mam klasseschen Naturschutz . Dat kann en esou illustréieren: duerch de Plan sectoriel get net déi eenzel Heck geschützt méi de landwirtschaftlechen Ensembel.

Et ass also esou dass déi 4 primär sektoriell Pläng zimlech parallel, also mat de neideschen integrativen Wiesselwirkungen a Reckkopplungen, nach an dëser Legislaturperiod erstallt an och, wann nëmmen méiglech, a Kraaft trieden sollen!!

Dëst verlaangt awer eng excellent interministeriell Zesummenaarbecht wou all, ech betounen all Ministère sech muss déi néideg Méi a Moyen ginn a sei bescht muss maachen. D’Kirchturmpolitik déi mir muenchmol bei de Gemengen uprangeren däerf och beim Stat net méi gëllen.

Zu dësen 4 groussen sektoriellen Planungsprozesser kommen dann nach d’PLANS DIRECTEURS RÉGIONAUX. Hei muss een wëssen dass dëst Instrument, wat um Pabeier villäicht dat wichtegst vun der Landesplanung ass, an der Praxis an esou engem klengen Land wei Lëtzebuerg schwéier, gudd an efficace unzewennen ass. Et geet hei näämlech dorëms een Instrument anzesetzen, wat zwar am Gesetz besteet, awer am Detail muss „ausgedaitscht“ ginn, éier et applicabel ass. Och hei kann dat net am lofteidelen Raum passéieren, ma mir mussen eng helle Wull vun Iwwerleeungen integréieren an een Planungsinstrument dat schlussendlech jo fir all Regioun eenheetlech an vergläichbar soll sinn, an gläichzäiteg awer esou upassbar soll sinn, dass et den ënnerschiddlechen raimlechen Ausgangssituatiounen an de Regiounen muss Rechnung droen.

Erlaabt mer op e puer allgemeng Aspekter anzegoen, déi am Zesummenhang mat der Uwennung vum Regionalplang wichteg sinn.

Fir d’éischt ginn et strategesch Iwwerleeungen unzestellen. Zum Beispill muss een kloer stellen op e Regionalplang méiglechst vill soll regelen an plangen oder op en sech op déi wesentlech Aspekter vun der Raumentwécklung soll konzentréieren. Wann een den éischten Wee aschléit heescht et séier, de Stat well alles dominéieren. Weiderhin besteet awer och déi ganz grouss Gefor dass de Regionalplang als Plang esou iwwerlueden gëtt mat fachplanerëschen Detailer, dass am Endeffekt keen méi weess, wat dann elo dat spezifescht vum Regionalplang iwwerhaapt nach ass. Wann een den zweeten Wee aschléit, dann riskéiert een dass séier gesot gëtt, dass de Plang vill Lücken huet an dowéinst näischt bréngt, respektiv net all Acteur wäert zefridden stellen. De gëllenen Mëttelwee ass hei ze sichen.

Heibei spillen Froen wéi "Ween wäert de Regionalplang duerno wei uwennen" an "Wat kann de Stat an d’Gemengen iwwerhaapt reglementaresch sënnvoll bewältegen?" eng wichtech Roll. Et ass dobei kloer dass de Regionalplang muss reglementéieren, soss brauchen mer keen. Mir hunn awer och e neit Gesetz vun der kommunaler Flächennotzungsplanung wat d’Laat ganz héisch leet, an mir wëllen natierlech net mat der Regionalplanung en Instrument schafen waat eis oniwwerluegt zousätzlech Regelungen operleet déi dann an der Praxis obsolet ginn well se eis all iwerfuederen. Déi richteg Balance ze fannen tëschent noutwenneger Reglementatiounen an noutwennegen planereschen Freiräim op de richtegen Platzen ass keng einfach Affaire, awer e wichtegen Usproch un dat neit Instrument vum Regionalplang.

Et muss een sech an dësem Kontext dann och kloer ginn , wei de Regionalplang besonnesch och inhaltlech mat den aneren Planungsinstrumenter déi schonns e festen Kader hunn, spréch am besonneschem den PAG, zesummespillt. Wei kann een déi zwee Planungsinstrumenter esou organiséieren, dass de Regionalplang regionalrelevant Weichen stellt, ouni awer de Gemengen all Autonomie Communale am Beräich vun der Flächennotzung ewech hellt . Et ass fachlech absolut noutwenneg, dass an Zukunft verschidden Décisiounen wat d’Flächennotzung ugeet um regionale Plang geholl mussen ginn. Mir wëssen awer och all, dass wann mer hei net de richtegen Mëttelwee fannen, d’Gemengen net wäerten mat op de Wee vun der Regionalplanung goen, déi mir als Landesplanung net kennen erzwéngen, ma wou mir op d’Verhandlung an schlussendlech och op d’Kooperatioun matt de Gemengen ugewisen sinn.

Et muss een sech awer och iwwerleeën wei een de Regionalplang als Instrument an och als Planungsprozess kann gestalten, fir dass de Regionalplang net just wäert Ausdrock sinn, vun dem klasseschen "Verdeelungskampf" tëschent de Gemengen, an och dem Stat an de Gemengen. An der Vergaangenheet huet sech dobäi oft net deen mat de beschten planereschen Argumenter, ma oft deen mat der beschter Uluecht duerchgesat. Wann de Regionalplang e reellen planerischen Mehrwäert soll duerstellen, muss hien awer virun allem den Ausdrock sinn vun enger gemeinsamer räimlecher Visioun fir d’Regioun, déi dann als Grondlag kann genotzt ginn fir am konkreten Plang déi sécherlech onausweichlech "Verdeelungsfroen" mei objektiv ze feieren.

All dës Iwwerleeungen sinn zesummen mat auslänneschen an nationalen Experten aus der Planung an der Praxis 2005 diskutéiert ginn, fir sécherzestellen, dass mer ufänken hannert dem villgebrauchten Begrëff "Regionalplang" eng ähnlech Konzeptioun ze verstoen. Op Grond vun den Erfahrungen an den Diskussiounen aus den leschten Joeren hunn mer dëst gewëssermoossen als eng Hausaufgab betruecht bei där mir zu de folgenden Schlussfolgerungen komm sinn:

1) De Regionalplang soll als Instrument opgebaut ginn, dat den Prinzipien vun engem "schlanken" an effektiven Plang Rechnung dréit. Dat heescht dass en nëmmen regional Bedeitendes soll regelen, an net dat wat op Gemengenniveau a gëeegenter Form kann gekläert ginn, ganz nom Subsidiaritéitsprinzip. All Ausso vum Plang muss en Zieladressat hunn, fir ze vermeiden, dass vill geschriwwen gëtt an keen sech ugesprach fillt. De Regionalplang soll steieren/orientéieren/dirigéieren, dat heescht och dass en nëmmen dat an de rechtsgültegen Plang ophëlt wat och wierklech kann gesteiert ginn.

2) An dësem Sënn soll de Regionalplang sech op d’Regelung vun der Siedlungs- an Frairaumentwecklung konzentréieren an op de Pillieren Siedlung, Infrastruktur an Fräiraum opbauen ginn. Dat heescht, dass een bewosst an eendeitegen Akzent leet op raum- an flächennotzungsrelevant Aspekter, fir déi och gülteg Regelungen ze fannen sinn, ouni dass den Regionalplang awer als regionalen Flächennotzungsplang ze verstoen wier, deen de facto giff d’PAG-en ersetzen.

3) An dësem Sënn soll de Regionalplang en Instrument ginn dat de Gemengen hëlleft beim Opstellen an der Beurteelung vun Pläng an Investitiounen ; dat déi interkommunal Ofstëmmung ënnerstëtzt; dat d’Acteuren bei der Analys vun de Potentialer a Restriktiounen fir déi raimlech Entwécklung vun enger Regioun an speziell och bei der Standortsich beréit; dat der Commission d’Aménagement d’Beurteelung vun Pläng erliichtert an och d’Ministèren beim Opstellen vun Programme an der Bewäertung vun Investitiounsprojeten ënnerstëtzt.

An dësem Sënn spillt en och eng bedeitend Roll wat d’Regionalfongen déi ech a mengem Pabeier iwwert d’territorial an administrativ Reform "Fonds de dotations à l’équipement communal (spécial)" genannt hunn well hien wäert hei mat den virgesinnenen an domadder eng verbonnenen "Contrats de développement régionaux" een vun den wichtegsten Steierungsinstrumenter duerstellen wat an d’Zukunft intercommunal a regional staatlech Equipementshellefen ugeet.

Mir sinn also nach net um Enn ukomm wat dës méi grondleeënd Aarbecht um Instrument Regionalplang ugeet. Se soll dann am Laf vun 2006 an e Reglement grand-ducal afléissen. Mir sinn mer eis awer och bewosst, dass vill Detailfroen och an der Praxis nach wäerten diskutéiert an duerchgespillt ginn well et eben ni eng absolut Sécherheet iwwert den Oflaf vun komplexen Planungsprozesser wäert ginn.

De Regionalplang vun der Südregioun wou jo schonns eng ganz Rei Viraarbechten gemaach goufen, wou et jo och deen éischten regionalen Syndikat gëtt wäert dann den Testfall sinn an hei wëllen mir dann, soubal wei d’Rumm vum Reglement grand-ducal steet an sech mam ProSud iwert d’Virgangsweis geenegt gin ass, definitiv richteg ukommen, wann meiglech nach virum Summer.

Eréischt wann mer zesummen mat PROSUD mat deem Plang planerech-fachlech iwwert de Bierg sinn, an déi Erfahrugswerter gesammelt hunn déi néideg sinn fir Feeler, zumindest eng gudd Partie, ze vermeiden, klammen mer méi déif an den 2. an 3. Regionalplang an, déi vum Westen an dén vum Centre-Sud wou och schon Viirbereedungsarbeechten laafen.

Des virsiichteg Ugehensweis erkläert sech awer och duerch d’Réforme territoriale et administrative wou et jo net ausgeschloss ass dat d’regional Landschaft sech an absehbarer Zukunft méi oder manner kéint veränneren, mat Ausnam vum Süden, deen sech an allen Iwwerleeungen als äusserst stabel erweist.

Well et also net méiglech a net responsabel ass all d’Regionalpläng mateneen ze maachen, ass d’Landesplanung derbäi, sou wei dat jo och am IVL steet, 2 planeresch Zoomen op déi wichtegst Zonen ausserhalb der Südregioun ze machen.

Et handelt sech hei em de SUD-WESTEN VUN DER HAAPSTADAGGLOMERATIOUN an em d’NORDSTAD.

Hei gouf mat de jeweilegen Gemengen eng Conventioun ennerschriwwen, déi beinhaltet, iwer déi nächst 5 Joer, partnerschaftlech an op eng koordinéiert an intégretiev Manéier am Anklang mam IVL Planungen an Entweklungen déi eng gemengeniwergreifend Bedeitung hun,ofzestemmen, ouni de Gemengen hier Fraiheet anzeschränken.

Am SUD-WESTEN VUN DER HAAPSTADAGGLOMERATIOUN geet et drëm den dynameschsten Raum vum Land, do wou d’Niewewierkungen vun der Entwécklung am geféierlechsten kenne sinn, esou ze gestalten dass d’Liewensqualitéit net de Bierg ageet an eng komplementär a sënnvoll phaseiert Entwécklung zu aner wichteg Deeler vum Land entsteet. Ech erënneren am Joer 2020 sollen héi 65.000 Léit wunnen, a méi éwei 80.000 Léit schaffen

An der NORDSTAD geet et drëm hei endlech eng fonktionnel, attraktiv a qualitativ héichwäerteg städtesch Agglomeratioun ze schaafen, esou dat en Pendant entsteet zur Südstad an der Haaptstad , een territorialen Rééquilibrage vum Land entsteht.

Et ass och kloer, dass des Planungen déi ungefangen hun, schnellstens durch konkret Pilotprojeten konkretiséiert gin fir den Driff am Prozess ze behalen.

Sou gët an der Nordstad eng Consultation rémunérée iwert d’Zentralachse Ettelbreck-Diekirch an de nëchsten Wochen lanceiert wou Elementer wéi een neien Nordstadlycée, eng Maison de l’Etat, een regionalen Centre d’Intervention, enger als Plate-forme multimodale augebauter Gare vun Ettelbreck an een Nordstadtram évaluéiert gin.

Am SW vun der Hapstadagglomeratioun get gekuckt e groussen gemengeniwergreifenden Projet-Piliote am städteschen Wunnengsbau ze lanceiren, an de Parkraummangement an dëser Regioun ofzestemmen.

All des Planungen laafen herno an de Regionalplang an an déi grenziwwergräifend ofgestëmmten PAGen vun dësen Gemengen, déi jo och bis spéitstens 2011 mussen erneiert ginn. Deen Timing ass also gudd well bis 2011 déi nei PAg domussen sin.

Här Präsident,

Bis ongeféier 2012 missten all d’Regionalpläng stoen, an beim Erstellen vun der nächster Generatioun vun Plans Directeuren wärt mussen eng Repondératioun vun de planereschen Schwéierpunkten zu zugonschten vun de Regionalpläng virgeholl gin, wouelwessend dass elo bei der éischter Generatioun d’Sektoriellpläng dach eichter dominant sinn.

Mir sin och nach net prett fir massiv an landeswäit Regionalplanung ze maachen well:

  • D’Konzeptarbecht ass erreicht knapps ofgeschloss, den Outil steet nach opp wackleche Féiss a muss sech nach beweisen,
  • Mir hunn keng Erfahrungswerter,
  • Ausser am Süden hunn mir nach keng regional Struktur
  • An mat der Réforme territoriale et administrative kënnen déi regional Rahmebedingungen nach méi oder manner staark änneren .

Sou passt eisen Phasage och gudd mat der Réforme territoriale et administrative iwwereneen déi de regionalen Niveau konsequent stäerken an communautés urbaines fir d’Haaptagglomeratiounen schafen wellt.

All des Iwwerleeungen weisen dat d’Réforme territoriale et aministrative elo, dann de Gros vun de Regionalpläng, eng richteg Démarche ass.

Här Präsident,

Nach e puer Wieder zu de Frichen

Zu Belval-Ouest, den éischten groussen IVL Pilotprojet

D’Landesplanung bleiwt weider staark engagéiert op politescher Koordinatiounsebene.

Dest as net ëmmer einfach, well fir mateneen an efficace ze schaffen, sech oft zevill op Klengegkeeten behaapt get.

D’Landesplanung déi hei politesch mat hirem Minister eng wichteg Roll spillt huet awer konkret vun allen implizéierten Acteuren um Terrain am mannsten ze soen. Dësen Déséquiliber gëtt bei dësem éischten groussen IVL Projet ëmmer méi däitlech.

D’ursprünglech Aufgab vun der Landesplanung, neemlech d’Erstellen vum Masterplan, ass jo erfëllt. Wann een elo wëllt dass d’Landesplanung weider soll koordinéieren, da muss een hier och déi neidesch konkret Moyenen ginn an hir Roll deementspriechend respektéieren.

D’Regierung huet och volontaristesch-dézentral, 2 vun den 3 Unisfaken definitiv op Belval décidéiert grad dofir heescht hei Phaséirung dass et besonnesch schnell weidergoen soll.

E Wuert zu Diddeleng

Zou Diddeleng ass d’Landesplanung bereet fir déi nei Arcelor Friche mat der Gemeng e Masterplan ze erstellen an sie ass och prett, soubal wichteg praktesch an technesch Elementer wei den Assainissement am Kader vum Iwwergang vun der Friche a Staatshänn gekläert sinn, d’Planungs-Koordinatioun fir d’Revalorisatioun vun de Terrainen ze iwwerhuelen.

Och op der Friche vu Wolz sinn Saachen geschitt. Sou gouf am Laf vun 2005 de Masterplan, deen vum MIAT cofinanzéiert gouf, presentéiert D’Reconversioun vun der Friche, muss esou geschéien, dass Woltz senger Roll als regionalen CDA voll a ganz kann gerecht ginn well et eng ganz wichteg raimlech-komplementär Roll am Norden vum Land vis-à-vis vun der Nordstad spillt.

D’Landesplanung huet och en interministeriellen Aarbechtsgrupp, wou och d’Gemeng Fiels dran war, koordinéiert fir eng tragbar a nohalteg Entwécklung vum Ensemble paysager vu Meesebuerg hinzekréien.

Am Sënn vum IVL ass gekukt ginn éwei en héichwäertegen a schützenswerten ländlechen Raum kann sënnvoll, am Interessi vun der Gemeng an der ganzer Regioun, entwéckelt ka gin. Eng Décisioun drängt sech op well d’Schlass a seng Dependancen an engem schlechten Zoustand, an d’Famill verkafen wellt mam Risiko dass, wann néischt Gréisseres a Kohärentes geschitt, den Domaine kinnt verkommen oder a fill verschidden Hänn falen a dann nach manner accessibel wéi elo kéint sinn.

Hei wäert an de nächsten Wochen dem Regierungsrot Rapport maachen an eng Alternativ proposéieren.

An dësem Dossier stellt sech Fro op sënnvoll an exemplar Projeten am héichwäertegen a schützenswerten ländlechen Raum der öffentlecher Hand eppes wäert sinn oder net?

Zenter kuezem leeft och de Monitoring vum IVL, Fro’en éwei a wat vir eng Richtung ass eist Land derbäi sech territorial ze entwéckelen?

Sin mer am Pendler- oder am Awunnerscenario, Wéi ass et mat Model-Split?

Wat leeft eventuell schief par rapport zum Modell deen mer eis mam IVL ginn hunn ?

Dës Froen gin héi analyséiert.

Den Daag wou mer Äntwerten hun, kënnen eventuell Kurskorrekturen en temps utile virge holl ginn fir esou eis nohalteg raimlech Entwecklungslinn net ze verléieren.

Och waert desen Monitoring eng ganz wichtech Entscheedungshellef fir d’Prioriteitensetzung wat d’Realisatioun vun wichtegen Projeen am Transportbereich, zum Beispill beim Tram, mee och soss duerstellen.

Enn 2007 kennt dann en eischten Rapport de Monitoring.

Schliisslech bléift nach deen vir de ganzen Ministère villäicht wichtegsten Dossier, d’Reforme territoriale et administrative, wou d’Landesplanungsdirektioun fir de rouden Fuedem ganz am Sënn vum IVL zoustänneg ass, se ass derbäi d’Backgroundmap fir d’Communautés de communes oder d’Gemengefusiounen a fir d’Communautés urbaines ze finaliséieren.

Des soll als Diskussiouns- an Iwerleungsbasis ( wei kinnt d’Land an d’Zukunft ausgesinn) an méi enger spéider Diskussiounsphase op den Dësch vun der Spezialkommissioun vun der Chamber kommen, wann aner wichteg Elementer, wei d’Missiounen vun de Gemengen an der Zukunft, gekläert sinn.

Den Dossier vun der Reforme territoriale et administrative ass, en wesentlechen Schrëtt beim Schafen vun de noutwennegen Kaderkonditiounen fir eng nohalteg konkret Ëmsetzung vum IVL.

Ech well hei net virgreifen, well Aarbechten sin nach oll am Gaang.

Här Präsident,

Well d’Ëmsetzen vum IVL komplex ass, mecht et Senn d’Chamber all Joer iwwert all déi domadder verbonnen Planungsdossieren am Kader vun enger Chambersdebatt informéieren, fir ze weisen wei mer virukommen mee och wou et net geet a firwat.

Déi eenzel Planungen ginn och am Laf vun de nächsten Méint am Kader vun verschiddenen Öffentlechkeetsaktiounen mat den Experten am Detail presentéiert fir dass d’Leit, besonnech och d’regional Acteuren, souwei déi interesséiert Acteuren an Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft, mat Zeiten gesinn wou mer hin wëllen a wéi.

Hei gëllt et iwwerall dat wat ech gären den "territorial Thinking" nennen ze förderen.

Mee d’Entwécklung vun eisem Land, vun eisem Territoire gët ëmmer méi vun jenseits eisen Grenzen beaflosst , wat sech op d’Ëmsetzung vum IVL nidderschléit. Dofir ass et eminent wichteg an e grenziwwergräifenden Aménagement eranzekommen.

Mat der Lorraine hunn mir virun kuezem en Aarbechtsgrupp mat der Zilsetzung grenziwwergräifend Planung hinzekréien agesat. Mat Wallounien sin mer op engem ähnlechen Wee a mat Däitschland sinn d’Kontakten gudd, hei steet den Dossier Merterter Hafen un Schlussendlech ass den IVL als Entwecklungskonzept och ganz op der Linn vun der europäescher Raumplanung an seng Ëmsetzung als solch och eng Aart Projet-pilote am Kontext vun der europäescher Politik vun der territorialer Kohesioun. Mir sinn sécherlech net déi Éischt déi an des Richtung schaffen, mee mir kënnen mat déi Éischt sinn déi landeswäit mat sophistikéierten Planungsinstrumenter eis op de Wee vun esou enger moderner a nohalteger raimlecher Entwécklung beginn. Wann een weess wat fir eng allgemeng Entwécklung mir an Zukunft nach ustriewen ass dëst sécher net vu Muttwëll.

Den IVL ass och eng émolech Chance, én émolecht Instrument fir Lëtzebuerg prett ze machen, fir déi grouss Erausfourderungen déi sech eisem Land stelle wärten, am Interesse vun eise Bierger effizient ze begéinen.

Dernière mise à jour