François Bausch lors de l'ouverture de "l'Oekofoire"

"Mir befannen eis aktuell an enger déiwer ecologescher a sozialer Kris"

"Mir verdrängen oft, datt de Wuesstem och e Präis huet respektiv Konsequenzen déi mer mussen droen. Et wär allerdéngs falsch, dës laangfristeg Erkenntnis  duerch kuerzfristeg Konklusioune wëllen ze beäntweren. Mir befannen eis aktuell an enger déiwer ecologescher a sozialer Kris, a fir aus där erauszekommen, brauche mer (dat mag elo villäicht fir verschidde Leit paradox klengen) kuerzfristeg weidere Wuesstem, dovu sinn ech iwwerzeegt. De massiven Ausbau vun erneierbaren Energien, vu Leitungen an Infrastrukturen fir dës Energien ze transportéieren, féiert kuerzfristeg onweigerlech zu Wirtschaftswuesstem."
Madame Presidentin, Här President,

Léift Blanche, léiwen Théid,

Léif Kollegen an Kolleginnen aus Regierung an Chamber,

Dir Dammen an Hären,

Meng Ried haut op der Oekofoire ass fir mech net iergendeng Ried.

D'Ouverture vun der Oekofoire ass fir mech aus 3 Grënn e besonneschen Ulass:

1. well ech dësen entretemps traditionellen Event am September all Joer schätzen, well en e wichtege Bestanddeel ginn ass, fir d’Sensibiliséierung fir Lëtzebuerg méi nohalteg ze maachen; well et fir d'éischt ass, datt en Nohaltegkeetsminister mat grénger Bluttgrupp d'Oekofoiresried kann halen;

2. währenddeem ech an de leschten Deeg iwwert meng Ried nogeduecht hunn, ëmmer nees eng Persoun duerch méi Kapp gaangen ass, déi beim Opbau vun dëser Foire viru ville Joren eng wichteg Roll gespillt huet an se haut och nach gär géing spillen, eng Persoun déi mir perséinlech ganz no stoung, an déi och eng dynamesch Roll am Mouvement gespillt, eng Persoun déi leider vill ze fréi an ze jonk verstuerwen ass. Ech denken hei natierlech un d’Thers Bodé, deem ech och meng 1. Oekofoiresried well widmen.

Mme Presidentin, Dir Dammen an Dir Hären,

Dëst Joer fënnt d’Oekofoire an engem fir d'nohalteg Entwécklung zentrale Moment statt, esou gutt national ewéi international:

  • national an engem Moment wou mer elo duerch den Optakt vun der Prozedur vun de sektorielle Pläng Lëtzebuerg besser wëlle plangen an domat e Paradigmewiessel an eiser Entwécklung wëllen erbäi féieren;
  • international, direkt nom Klimasommet vun NY, deen den Optakt gemaach huet vun engem essentielle Joer  fir de Klimaschutz a wou mer hoffen, dass v. A. d’Klimakonferenz vu Paräis endlech Neel mat Käpp mécht an zu konkrete Resultater féiert, déi eise Planéit, eis Zivilisatioun och fir kommend Generatiounen ofséchert.

De Mouvement Écologique huet an sengem Avis zu de plans sectoriels zu Recht d'Wuesstemsdebatt opgeworf, an ech kommen duerfir och net derlaanscht, dozou hei e puer Wuert ze verléieren.

Generell ass et evident, datt eis Gesellschaft net kann onendlech Ressourcë verbrauchen, déi endlech sinn an dass mer duerfir mussen agesinn dass mer anescht mat eisem endleche Planéit a senge Ressourcë mussen ëmgoen. Mir kënnen deemno net onendlech weider wuessen.

Mir verdrängen oft, datt de Wuesstem och e Präis huet respektiv Konsequenzen déi mer mussen droen. Et wär allerdéngs falsch, dës laangfristeg Erkenntnis  duerch kuerzfristeg Konklusioune wëllen ze beäntweren.

Mir befannen eis aktuell an enger déiwer ecologescher a sozialer Kris, a fir aus där erauszekommen, brauche mer (dat mag elo villäicht fir verschidde Leit paradox klengen) kuerzfristeg weidere Wuesstem, dovu sinn ech iwwerzeegt. De massiven Ausbau vun erneierbaren Energien, vu Leitungen an Infrastrukturen fir dës Energien ze transportéieren, féiert kuerzfristeg onweigerlech zu Wirtschaftswuesstem.

De giganteschen Ëmbau vun eiser Mobilitéit, v. A. an den urbanen Zentre mat Ausbau vun Zuch, Tram, Bus, Car-sharing asw. féiert onweigerlech zu Wirtschaftswuesstem.

Déi grouss a wichteg Programmer fir déi energetesch Sanéierung vu Wunnengen oder administrative Gebaier féiert onweigerlech zu Wierschaftswuesstem.

A wat sozial wichteg ass, all dat wäert vill nei Aarbechtsplaze schafen.

Dem rezente Bericht vum Nicolas Stern no geet ervir, dass d'Mënschheet an den nächste 15 Joer muss 90 Billiounen Dollar investéiere fir Infrastrukturen, fir méi nohalteg urban – a ländlech Energie an Transportsystemer.

All dëst bedeit, dass mer economesch an deenen nächste 15 Jore weider musse wuessen, mee et ass dëst e Wuesstem, deen d’Transitioun mécht zu enger kompletter Entkarboniséierung vun eiser Gesellschaft. An dëst ass Grondviraussetzung fir en aneren, e méi ecologesche Gesellschaftsmodell.

Duerfir mussen déi grouss Investitiounsprogrammer an deenen nächste Joren am Déngscht stoe vum Ëmbau zu enger nohalteger Wirtschafts- a Liewensweis. An dem Sënn mécht de Wuesstem mir och keng Angscht, au contraire. An deem Sënn huet dës Regierung en ambitiéisen Investitiounsprogramm, deen si an den nächste Joere wëll ëmsetzen.

Dëst setzt awer viraus, dass den ecologeschen Ëmbau net als Réckschrëtt, mee als Chance fir besser Liewensbedingungen, fir e wirtschaftlecht Handelen, dat iwwert dat kuerzfristegt Profitdenken erausgeet, e wirtschaftlecht Handelen, dat am Déngscht vun der Mënschheet steet.

Kommt mir sinn éierlech, mir maachen haut eng Foire op, et ass zwar eng déi ecologesch ausgeriicht ass, mee et ass awer och eng Foire, déi op Konsum ausgeriicht ass, donc och op Wuesstem opgebaut ass. Hei gëtt awer op eng positiv Aart a Weis bewisen, datt ee ka méi nohalteg consomméieren, bauen, wunnen, sech déplacéieren, jo esouguer säi Geld ka placéieren an dass dat och nach Aarbechtsplaze schaaft an erhält. Mee et ass awer och eng Konsumfoire.

Ech wëll dann zeréckkommen op d'plans sectoriels an op d'Kritik, dass déi ze vill op Wuesstem opgebaut wären. Ganz sécher ass et derwäert, sech am Kontext vun de plans sectoriels och iwwert déi scho laang am Raum stoend Fro “wat fir e Lëtzebuerg wëlle mer fir Zukunft” ze ënnerhalen.

Mir sollen doriwwer diskutéieren, wou mer wéi a wéi vill solle wuessen.

Allerdéngs mécht mir den oft zitéierten 700.000-Awunner-Staat a sech nëmme Suergen, wa mer zu Lëtzebuerg esou wuessen, wéi mer dat an de leschten 30 bis 40 Joer gemaach hunn. D’Plans sectoriels solle jo grad dat änneren.

Et ass e Paradox, datt grad Lëtzebuerg, mat sengem beschränkten Territoire esou ouni Planung gewuess ass an domat seng Landschaften desastréis zerschnidden huet, seng Mobilitéit esou eesäiteg a schlecht organiséiert huet, säin héije Wuesstem esou schlecht geréiert huet. Mir sinn zwar an deene leschte Joren als Land séier materiell, an ech betoune materiell, méi räich ginn, mee mir hunn duerfir awer och en héije Präis u Liewensqualitéit, Aartestierwen an Zersiedlung vun eise Landschafte bezuelt.

D'Fro, wat fir e Wuesstem fir Lëtzebuerg, a wéi mer deen organiséieren, ass fir mech duerfir extrem wichteg. Wa mer dës Fro an engem nohalteg positive Sënn geléist kréien, da mécht den Zouwuess u Bevëlkerung mir och keng Angscht.

Dës Regierung huet duerfir endlech, nodeems virdrun nëmmen driwwer geschwat ginn ass, de politesche Courage gehat fir plans sectoriels an d'Prozedur ze bréngen.

Et ass scho kokass, datt grad e Land wéi Lëtzebuerg, dat eng dynamesch Entwécklung kannt huet, wéi keen anert EU-Land, awer nëmmen iwwert e ganz beschränkten Territoire verfüügt, esou ouni Planung,  esou récksiichtslos mat senge Landschaften ëmgaangen ass.

Grad dat klengt Lëtzebuerg brauch endlech eng gutt duerchduechte Landesplanung. Dat neit Landesplanungsgesetz vun 2013 war déi 1. Etapp, do ass de Kader gesat ginn. D'Plans sectoriels fëllen dëse Kader elo mat Inhalt.

Et geet drëm, den urbane Raum besser ze organiséieren, d'Wirtschaftsaktivitéite mat dem Alldagsliewen ze vernetzen, eis Mobilitéitsbedürfnisser besser ze organiséieren, an dat an engem méi grousse Respekt mat eise Landschaften. Dat ganzt bréngt de Leit, de Gemengen, de Betriber méi Planungssécherheet a wäert herno um Terrain och fir manner Konflikter suergen.

De Prozess, an deem mer eis elo befannen ass en oppenen, e partizipative Prozess. D'Regierung wëllt den och ganz eescht huelen, Debatten intensiv verfollegen, d'Avise genau studéieren an se an hire Conclusioune berücksichtegen.

Allerdéngs muss eppes kloer sinn:

  • déi landesplaneresch Gesamtapproche däerf net a Fro gestallt ginn, d.h. et muss herno eng besser, eng méi nohalteg a vernetzte Planung vun 3 Kärberäicher vun eiser Gesellschaft, Wunnen, Schaffen a Fräizäit derbäi eraus kommen.

Ech sinn och fest iwwerzeegt, datt, wa mer dat net hikréien, da riskéiere mer net nëmme schwéierwiegend Konsequenze fir eis Landschaften an eis Liewensqualitéit, mee da wäerte mer eis och wirtschaftlech kaum nach weiderentwéckelen.

Di 4 Pläng verfollege ganz kloer ausgewisen Ziler:

beim Transport ass et den Ëmbau zur Multimodalitéit, d.h. ewech vun der eesäiteger Fixéierung op ee Mobilitéitsmëttel; bei den Aktivitéitszonen ass et Planungssécherheet fir d'Betriber ënnert Konditioune vu Respekt vu Mënsch an Ëmwelt; Beim Logement ass et eng besser Verknëppung vu Wunnen a Schaffen an der Schafung vun erschwénglechem Wunnraum;

Beim plan sectoriel paysage ass et de Schutz vun eise Landschaften och fir déi kommend Generatiounen.

Déi 4 Pläng sinn openeen ofgestëmmt a solle just duerfir suergen, dass mer an deenen nächste Joren nohalteg wuessen.

Elo héieren ech lénks a riets, pôle d'échanges sinn net dran, P & R sinn net dran, asw. Ech wëll soen:  plans sectoriels halen net alles fest an ersetzen net aner bestehend national Konzepter, esou wéi z.B. de Modu.

Och d’SUP gëtt kritiséiert an et gëtt gesot, vill lokal Detailfroen- oder Problemstellunge wären net berücksichtegt ginn. Ech well just rappeléieren, dass am Kader vun de plans sectoriels just eng national SUP gemaach ginn ass, an dass déi net déi lokalspezifisch SUPen ersetzt, déi eventuell nach musse gemaach ginn.

An ech héieren och heimat géing d’ Gemengenautonomie a Fro gestallt.

Dozou well ech soen, dass ech éischtens iwwerzeegt sinn, dass déi Pläng de Gemengen au contraire Instrumenter an de Grapp wäerte ginn, déi hinne bei hirer lokaler Planung ganz nëtzlech wäerte sinn an zweetens, d’Gemenge net an dem Sënn autonom sinn, datt se net an engem nationale Kader agebett wären an do och national Verpflichtungen hätten.

Kommt mir notzen den aktuellen Diskussiounsprozess gemeinsam, fir d'Planungsfehler vun der Vergaangenheet ze iwwerwannen, an eis endlech déi richteg landesplaneresch Instrumenter ze ginn. D'Regierung wäert vun

Enn Oktober un, wann all Gemengen-Avisen era sinn, sech déi néideg Zäit huelen, fir bis nächste Summer d'Pläng an och déi reglementaresch Texter ze adaptéieren an ze präziséieren. Bei der Deklaratioun, déi ech als Landesplanungsminister an enger ëffentlecher Chamberssëtzung wäert maachen, kann da jiddereen nopréifen, wéi eescht mer Debattebeiträg geholl hunn. An da kënnt jo nach de legislative Prozess, ier d'Pläng obligatoresch ginn. An doriwwer eraus empfänken ech am Moment permanent Gemengen an de Camille Gira an ech, mir wandere vun enger Veranstaltung op déi aner fir eis der Diskussioun ze stellen.

Ech hat um Ufank gesot, d’Oekofoire géing um Hannergrond vun 2 wichtege Momenter stattfannen.

Den 2. ass den Optakt vun enger essentieller Verhandlungsronn fir en neie weltwäite Klimavertrag. D’Carole Dieschbourg ass grad zeréck vu NY, wat déi 1. Etapp vun dëser Verhandlungsronn war. Et gëtt hei net nëmmen drëm, fir  nei Klimaziler ze verankeren, mee bis September 2015 insgesamt nei Nohaltegkeetsziler festzehalen, mat dem Objektiv vun der Beseitegung vun der Aarmut an all hire Formen an eng nohalteg Entwécklung an all hiren Dimensiounen. Dëst ass en enorm ambitiéisen Objektiv, mee wann een déi villfälteg Krisen a Konflikter op eiser Äerd kuckt, musse mer dat hikréien. Eis Suerg muss sinn, drop hinzeweisen, dass d'Ëmwelt eng Viraussetzung ass fir all Entwécklung, dass Beseitegung vun Aarmut net ouni nohalteg Entwécklung geet an dass déi natierlech Ressourcë wesentlech si fir de Potenzial vun den Entwécklungslänner ze developpéieren.

D’Lëtzebuerger Regierung huet sech deene Länner vun der EU ugeschloss, déi alles wëlle maachen, fir datt e seriösen an ambitiéise Vertrag erauskënnt. Mir sinn eis och voll der Verantwortung bewosst, déi mir wäerten an der EU während eiser Presidence dat nächst Joer hunn an d'Ëmweltministesch leeft sech scho waarm fir dëse wichtege Rendez-vous.

Fir eis heiheem bedeit dat awer och, dass mir eis Hausaufgabe musse maachen, datt mir musse liwweren.

Mir wësse genau, wou eis Handlungspunkte musse sinn. Si leie v.a. an der Mobilitéit, beim Tanktourismus a bei der energetescher Sanéierung vun de Gebaier.

Duerfir wäert d'Regierung an den nächste 5 Joer ronn 1 Milliard Euro aleng an de schinnegebonne Verkéier investéieren. D'Kapazitéite vum klasseschen Eisebunnsnetz gi fir d’éischt zanter dem 2. Weltkrich massiv ausgebaut. D’Gesetz iwwert d’Verduebelung vun der Beetebuerger Streck ( Käschtepunkt 300 Mio) wäert Ufank Oktober gestëmmt ginn. Den Arrêt Pont Rouge mat der Zahnradbahn (Käschtepunkt 100 Mio) ass am Juni gestëmmt ginn. Déi 2 Projeten hat ech am Abrëll dëst Joer an der Chamber deposéiert, si sinn also banne 5 Méint duerch d'Chamber gaangen, e Beweis, wei wichteg dës Regierung, dës Majoritéit et mengt mam Ausbau vum ëffentlechen Transport. Derbäi kënnt dann nach de bal unanimme Vote der Chamber fir den Tram am Juni. D'Chamber huet deemno banne 6 Méint ronn 650 Mio Euro fir den Ausbau vum schinnegebonnene Verkéier gestëmmt.

Dës kolossal Investissementer wäerten d'Offer an d'Qualitéit vum ëffentlechen Transport wesentlech verbesseren a sinn eng Viraussetzung, fir dass mer eis Klimaziler kënnen erreechen.

Zum Tanktourismus huet d'Ëmweltministesch beim Professer Ewringmann eng Etude an Optrag ginn, déi eis soll Ausweeër aus dëser Petrolsfal esou gutt um finanziellen, ewéi och um technesche Plang opweisen.

A virun 2 Wochen huet d'Regierung an der Nohaltegkeetskommissioun vun der Chamber hier ambitiéis Ziler a Programmer a punkto Albausanéierung virgestallt. Mir wëllen domat Aarbechtsplazen ofsécheren an net Suen an d’Ausland schécken, mee heiheem investéieren fir eis Klimaziler z’erréchen.

 Madame Presidentin, léift Blanche,

 De Mouvement Écologique ass eng lieweg a konstruktiv-kritesch Organisatioun. Mir wäerten an den nächste Jore vill gemeinsam diskutéieren a ganz sécher wäerte mer och Momenter kréien, wou mer eis net eens ginn.

Dat ass awer net dramatesch, well éischtens hei an do seet de Mouvement wahrscheinlech esouguer Saachen, déi ech net ka soen. Ech sinn eben net nëmme Nohaltegkeetsminister vun deene Gréngen oder dem Mouvement Écologique, mee vum ganze Land, an duerfir ass et och meng Aufgab, hei an do Mëttelweeër am Sënn vum ganze Land ze sichen, an zweetens d'Regierung, d’Chamber an d'Parteie brauche kritesch ONGen, déi iwwert den Tellerrand vun der Alldagspolitik eraus, mat der néideger Distanz Debatte lancéieren a Positiounen anhuelen, déi unecken an a Fro stellen. Ech gesinn dëse gesellschaftlechen Drock, dës Mobiliséierung vu baussen als wichteg Energie un, fir weiderzekommen.

An dem Sënn freeën ech mech op spannend nächst Joren, op eng flott Zesummenaarbecht an ech wënschen der Oekofoire 2014 e vollen Erfolleg. (Et gëllt dat geschwatent Wuert.)

 

Dernière mise à jour