Dernière modification le
Interview avec le ministre des Classes moyennes, du Tourisme et du Logement, Fernand Boden dans le cadre de la Semaine du logement
RTL Radio Lëtzebuerg: Mir hu wuel de Moien net Zäit op all Problemer am Wunnengsbau anzegoen. Duerfir just e puer Stéchwierder erausgepickt, wou ech Iech géif biede Stellung ze huelen. D'Regierung huet jo an de leschte Joren vill an deem Domaine annoncéiert. Mä wat gouf dann ëmgesat? Zum Beispill 27.000 nei Wunnunitéite goufen anscheinend an de leschten zéng Joer geschaf. Mä dat ass jo awer e Fait, datt wann een d'Präisser vun Haiser an Terrainen an den Zeidonge kuckt, datt dat zum Deel net ze bezuelen ass. Zum Beispill war annoncéiert ginn, de Staat géif Terrainen op de Wunnengsmart bréngen, fir esou d'Präisser ze drécken. Wéi ass et dann elo domadder? De Xavier Bettel vun der DP hat dat jo schonn den 1. Abrëll an enger parlamentarescher Fro ugeschwat a krut awer keng Äntwert. Firwat?
Fernand Boden: Jo, de Xavier Bettel huet den éischten Abrëll eng Fro gestallt, wéivill Terrainen de Staat op de Maart ginn hätt. En huet d'Fro awer un de falsche Minister gestallt. Wëll et ass net de Wunnengsbauminister, deen zoustänneg ass fir d'Terrainen ze verkafen, mä een aneren. An de Fait ass esou, datt de Staat ganz vill Efforte gemaach huet, fir d'Offer ze vergréisseren. Virun allem huet de Staat selwer bei Belval-Ouest a Belval-Nord grouss Projeten annoncéiert, déi elo am gaange sinn ëmgesat ze ginn. Um Kierchbierg ass Wunnengsbau geschaf gi vum Staat selwer. De Staat huet dem Fonds de logement eng ganz Rei vun Terraine verkaf, wou de Fonds de logement Lotissementer dorop mécht. Et ass ganz normal, datt et schwéier ass fir ze soen, wéivill Haiser sinn elo op deenen Terraine gebaut ginn, well wann een en Terrain versicht ze lotisséieren, dat dauert eng gewëssen Zäit, an dat ass ee vun de Problemer, dee mir eben hunn, datt d'Prozedure leider Gottes zevill laang daueren, ier ee vum Projet aus hinn och konkret Lotissementer ka realiséieren. Duerfir ass jo och e Gesetz gemaach ginn, en neit Gesetz, iwwer den Aménagement communal, wou eben méi liicht Prozeduren a méi schnell Prozedure sollen an d'Wee geleet ginn, fir datt aus de Projetë méi schnell kënnen Haiser entstoen.
Mä och wann de Staat elo Terraine schonn op de Maart bruecht huet oder wëll bréngen, also d'Präisser si jo awer nach net gefall, oder?
Dir hut et ugeschwat, d'Steieren. Wéi ass et dann mat enger seriöser Spekulatiounssteier fir ze verhënneren, datt d'Terrainen ze deier ginn, wat se jo elo scho sinn. Hei eng Remarque dozou vum Étienne Schneider, dem President vun der Biergerinitiative Wunnen, der Initiative déi sech fir bezuelbare Wunnraum asetzt. Hie seet zu der Baulandbesteierung.
Étienne Schneider (O-Toun): Do hate mir gemengt, déi misst een elo direkt aféieren, nodeem déi steierlech Mesuren den 01.01.2005 auslafen. Bon, do huet déi aktuell Regierung jo e Kompromëss fonnt, fir dat nach eng Kéier zwee Joer ze verlängeren. Do si mir eigentlech der Meenung, datt dat e Message an déi falsch Richtung eigentlech ass. Well mat de steierleche Mesurë bezuelen d'Spekulanten op hire Bénéfice, deen se maachen, nëmme méi ee Véierel vun de Steieren, déi se misste bezuelen. Dat heescht si ginn eigentlech belount fir hir Spekulatioun, déi si gemaach hunn, anstatt datt een se dofir bestrooft.
Ass dat esou? Geet dat an déi falsch Richtung?
A wéi wäit ass de Wunnengsbauminister bei der konkreter Ëmsetzung vum ominéisen IVL gefuerdert? Hei geet et jo ënnert anerem ëm Schaffen a Wunnen. Musse mir ëmdenken? Och beim Bauen?
No der Kritik vu virdru vun der Initiative fir bezuelbare Wunnraum, dann awer och e bësse Luef nach vum Étienne Schneider. Am Ufank wier ee bei Iech op Onverständnis gestouss. Dir wäert der Meenung gewiescht, datt net jiddwereen eng eege Wunneng misst hunn.
Dat heescht, déi Zesummenaarbecht wäert weider goen?
Fernand Boden: Déi ass ganz gutt. An ech mengen, mir hunn net den Här Schneider gebraucht an d'Initiative fir bezuelbare Wunnraum gebraucht, fir der Meenung ze sinn, datt et wichteg ass, datt jiddfereen kann een Eegenheem kréien zu abordable Präisser. Dat ass e Grondrecht fir d'Bierger. Dat hu mir ëmmer nach versicht ze verteidegen an ech géif scho soen, datt déi Zësummenaarbecht, déi effektiv bestanen huet an déi elo hoffentlech och weider geet, datt déi soll derzou féieren, datt jiddfereen mat Hand upéckt, Staat, Gemengen, Privatpromoteuren, fir wéi gesot d'Offer ze vergréisseren. Mir hoffen, datt dann déi Präisspiral ka gedréckt ginn, an datt d'Wunnen an d'Bauen hei zu Lëtzebuerg erëm méi gënsteg gëtt.
Fernand Boden, villmols Merci fir de Besuch de Moien am Studio.