Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker, invité de l'émission Background sur RTL Radio

Marc Linster: Gudde Mëtteg. Background am Gespréich haut also mam Premier Jean-Claude Juncker. Ee mouvementéiert Joer läit bal hannerun eis an déi lescht Wochen elo am Dezember verspriechen op der politescher Bühn och nach relativ spannend ze ginn. Zum Beispill muss jo nach de Staatsbudget gestëmmt ginn, grad wéi d’Tripartitesgesetz an d’Regierung hat fir dëst Joer och nach een Accord a punkto Eenheetsstatut versprach.

Francine Closener: Iwwert dës an aner Theme schwätze mer elo gläich mam Staatsminister. Wann Dir selwer Froen zur Regierungspolitik hutt, kënnt Dir bei eis uruffen, Telefonsnummer 1330. Eis Journalisten huelen Är Appeller entgéint a gi se dann un de Premier virun. Dir kënnt awer och eng SMS schécken op den 330 oder wéi gesot uruffen op den 1330, wéi gesot fir Froen oder Remarquë vun allgemengem Intérêt an net fir perséinlech Uleies.

Marc Linster: Iert et lass geet fir d’éischt awer nach d’Titele vun der Aktualitéit mam Corinne Folscheid.

[Noriichten]

Marc Linster: Background am Gespréich haut also mam Jean-Claude Juncker. Här Staatsminister, gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Marc Linster: Dir kënnt während der Emissioun Är Froen un de Staatsminister adresséieren, dat iwwer SMS op den 330 an och iwwert den Telefon 1330. Fir d’éischt awer dann elo mol bei eppes méi Labberes. Dir hutt, Här Juncker, de Mëtteg dobaussen op eisem Site vläicht ee grousst Zelt gesinn. Dee Kleesche kënnt haut bei RTL. Wann Dir nach géift un dee Kleesche gleewen, wat géift Dir Iech da wënschen? Een aneren Job? Een anert Vollek? Eng aner Regierung? Oder sidd Dir iere wonschlos glécklech?

Jean-Claude Juncker: Näischt ass richteg an dem Spektrum vun deem wat ech mer kënnt wënschen, virun allem keen anert Vollek, well ech fille mech mat deem breet an Harmonie, wat net onbedingt op Réciprocitéit berout. Ech hätt gären, datt een Niklosdag gutt ass zu de Kanner, well Kanner sinn eppes Wertvolles, et sinn d’Prënze vum Liewen a soulaang wéi se Prënze sinn an ier se mat de Schwieregkeete vun de Kinneken ze di kréien, soll ee gutt a léif mat e sinn.

Marc Linster: Kaddoe fir Kanner a Kaddoe vum Kleeschen, dat ass dat anert. Francine, du weess awer vun anere Kaddoen ze zielen.

Francine Closener: Kaddoen déi Regierung a Chamber de Leit dëst Joer maachen, stounge wahrscheinlech net ganz uewen op hirem Wonschziedel, Stéchwuert Tripartitegesetz, dee berühmte 5611 mat den neie Moossnamen zum Beispill a punkto Autosteier, Index an net zulescht Jugendchômage. Här Staatsminister, huet de Protest vun de Jonken Iech an där Envergure iwwerrascht?

Jean-Claude Juncker: Nee, enfin dach, en huet mech e bëssen iwwerrascht, well e komm ass zu engem Moment wou een net mat ëm gerechent hat, well ee mat Protest, ass en éierlech a spontan, ni rechent. Mä dat huet eppes mat de Kanner ze dinn, gesidd Dir. Déi Saachen déi elo décidéiert ginn an déi zukunftsorientéiert sinn, onofhängeg vun deem méi spezifeschen Aspekt deen déi Jonk betrëfft an deen och fir déi Jonk gutt ass, huet et mat der Zukunftsvirbereedung ze dinn. Entweder verbrutsche mer alles wat mer hunn elo oder mer halen et fir d’Kanner. Dat eent oder dat anert. Et ass méi einfach et elo ze verbrutschen, et ass méi schwéier et fir d’Kanner ze halen, well d’Kanner gi jo nach net wielen.

Francine Closener: Mä déi Jonk hunn dat awer vläicht net esou gesinn. Soss wier de Protest jo net esou grouss.

Jean-Claude Juncker: Nee. E war net esou grouss wéi d’Televisioun et gäre gehat hätt, mä e war awer grouss genuch, an ech halen net ganz vill dovun alles fir richteg ze fanne wat een Deel vun de Jonke mécht. Ech fannen, a) datt et gutt ass wa se, déi Jonk, sech manifestéieren. Et wier och gutt wa se géint den Honger an der Welt géifen démonstréieren, dat hu mir alt fréier gemaach an net nëmme fir déi eege Saach. Mä ech verstinn awer, datt ee sech fir seng eege Saachen asetzt. Mä b) hunn ech keng Ursaach e Recht ze ginn. Et sinn der jo genuch ginn an der Politik déi e Recht ginn. Ech ginn en net Recht.

Marc Linster: Mä deet et Iech net awer leed, datt Dir d’Remarque iwwert déi Jonk déi an d’Vakanz fueren am Plaz sech eng Aarbechtsplaz ze sichen, datt Dir déi Remarque, och wa se an de Faite vläicht stëmmt, ausgerechent zu deem Zäitpunkt gemaach hutt?

Jean-Claude Juncker: Entweder ass eppes wat ee seet richteg oder falsch. Dat ass net richteg oder falsch je nom Moment wou een et seet. Ech soen dat zanter dem September 1983 all Joer, datt vill jonk Leit, mä net all, hat ech gesot - vill mä net all. Ech hunn net gesot déi Jonk wieren alleguerte Lidderhanessen, dat ass vun anere behaapt ginn, och hei am Haus, net op Ärer Antenn. Ech hu gesot, an dat soen ech zanter 1983, datt et falsch ass wa jonk Leit sech eréischt am September, Oktober um Arbeitsamt melden, wa se schonn éischter hiren Diplom hunn. Déi déi Noexamen hunn an hiren Diplom méi spéit kréien, kënne sech selbstverständlech net melden, mä et gëtt der vill, mä net all, déi sech ze spéit melden. Dat ass näischt Neies gewiescht an et kann een ëmmer driwwer diskutéieren, wéini datt eppes klug ass, mä et schéngt jo esou ze sinn, datt vu Politiker erwaart gëtt, datt se nëmmen dann dat soe wat ass, wann et passt. Mä dat wat ass, dat passt ëmmer an dat huet och gepasst.

Francine Closener: Mä a villen anere Konflikter hutt Dir jo am Fong d’Situatioun débloquéiert, zum Beispill bei de Streikmenacë viru Jore vun de Plätterchersleeër oder vun de Luxairpiloten a méi rezent och elo bei de Verhandlunge mat de Proffen. Bei der Jugend war dat awer net de Fall, huet Iech do vläit awer d’Sensibilitéit gefeelt?

Jean-Claude Juncker: Mir feelt keng Sensibilitéit fir déi Jonk, mä ech ginn enger Rei vu Jonken net Recht. Wat ass dat fir eng Aart a Weis eigentlech déi hei bei Politiker agekloet gëtt a vum Premier verlaangt gëtt? Datt e jiddwerengem recht gëtt? Also ech weess och wat ee muss maache fir 90% vun de Stëmmen ze kréien. Dat besteet doran, datt ee jiddwerengem recht gëtt. Mä da musst Dir Iech een anere sichen.

Marc Linster: Ass dann dee Protest an Ären A wierklech géint dee Gesetzprojet geriicht gewiescht oder ass et awer och vläicht éischter een Ausdrock vun engem allgemenge Ras de bol oder engem diffusen Angschtgefill vun deene Jonke gewiescht?

Jean-Claude Juncker: Elo komme mer der Saach scho méi no. Ech mengen, datt enorm vill jonk Leit Angscht virun der Zukunft hunn an dat ass schonn eng Suerg an ee Liewensgefill wat ech och eescht huelen a wat ech mat awiewen an déi Aart a Weis wéi een zukunftsvirbereedend probéiert Politik ze gestalten. Ech menge wéi mir jonk waren, mir zwee, Här Linster, do hu mer net gefaart, datt mer keng Aarbecht géife kréien. Et huet zwar ëmmer, och deemols schonn, e puer Méint gedauert ier een eng hat, mä déi Angscht, datt ee géif laang Zäit ouni Aarbecht bleiwen, déi hate mer net. Ech mengen elo ass eng Generatioun am gaange grouss ze ginn, déi och doheem gesot kritt, datt et hinnen net esou gutt géif goe wéi et hiren Eltere gaangen ass, während mir, wéi mer jonk waren, eigentlech gesinn hu wéi eis Elteren alles gemaach hu wat méiglech war, fir datt et eis géif besser goen an et huet een och gesinn, datt et ëmmer géif besser goen. Dat ass ee fundamentale Liewensgefillswiessel, deen zu Lëtzebuerg manner Ursaach huet ausgeprägt opzetriede wéi an anere Länner. Mä déi Zukunftsangscht, déi muss een zur Kenntnis huelen an déi muss een och, am gudde Sënn vum Wuert, politesch behandelen. Dat wëllt soen, et mat ophuelen an d’Aart a Weis wéi een un d’Politik erugeet a wéi een d’Politik beschreift a wéi ee sech politesch ausdréckt.

Ech hale vill Elementer vun der Zukunftsangscht net fir gerechtfertegt an och fir wiesentlech manner dramatesch wéi dat - an eisem Alter fänkt ee jo schonn un esou ze schwätzen - wéi dat fréier war. Mir si grouss ginn am Gefill, datt et een Atomkrich kënnt ginn, mir si grouss ginn am Gefill, datt et an Europa kënnt Krich ginn, mir si grouss ginn am Gefill, datt d’Ongerechtegkeete géife virundaueren, mä mir haten net, wéi soll ech dat soen, déi individuell Liewensangscht. Mir hu gemengt eigentlech eis géif et gutt goen. Vill Jonker mengen elo hinne kéint et net méi gutt goen. Ech halen déi Zukunftsangscht fir esou breet net berechtegt, weess awer, datt ee sech domat muss beschäftegen a sinn och doriwwer net rosen, datt Jonker soe se géifen d’Zukunft net kloer gesinn. Datt Jonker soen, de Staat an heen alleng ass do fir eis Zukunftsangscht ze huelen, weist een Denke wat net an eis Zäit passt. De Staat kann net alles.

Francine Closener: D’Angscht virum Chômage spillt jo dobäi eng grouss Roll, mä trotzdem et gi jo awer nach ëmmer vill Aarbechtsplaze bei eis am Land geschafen, 12000 pro Joer ongeféier. 70% vun deenen Aarbechtsplaze ginn awer da vun Net-Résidente besat, haaptsächlech vu Frontalieren. Wat leeft da schief bei deene Jonken hei am Land? Si se liddrech oder schlecht forméiert, oder weder nach, oder béides?

Jean-Claude Juncker: Ass dat Är Meenung?

Francine Closener: Et ass eng Fro.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen éischtens, datt dat wat Dir beschreift net ganz richteg ass, obschonn d’Regierung dat och ëmmer beschreift. Richteg ass, datt ee groussen Deel vun den Aarbechtsplazen déi nei geschaaft ginn, vun Net-Lëtzebuerger a vun Net-Résidenten, also vu Leit déi net hei am Land wunne besat ginn. Richteg ass awer och, datt déi meeschten Aarbechtsplazen déi hei am Land fräi ginn, vu Leit besat ginn, déi hei am Land wunnen. Et gëtt jo och all Joer dausenden, zéngdausende Leit pensionnéiert. Déi Aarbechtsplaze gi jo och besat. Mir kucken ëmmer nëmme wéi ginn déi nei Aarbechtsplaze besat, mä déi déi do sinn, déi gi jo och besat.

Marc Linster: Mä et bleiwen awer eng Partie Résidenten déi net adequat si fir déi Plazen déi geschaaft ginn.

Jean-Claude Juncker: Richteg ass et, datt, a) vill Résidenten, vill Leit déi hei am Land wunnen, och jonk Leit, eng Aarbecht fannen. Richteg ass, datt eng Rei, besonnesch wa se net diploméiert, ergo qualifizéiert sinn, keng Aarbechtsplaz fannen. An noutwenneg ass et dofir, datt den Aarbechtsminister, sprëch d’Regierung, alles maachen, fir datt déi jonk Leit, virun allem wa se net, an deem Sënn wéi mer hei schwätzen, qualifizéiert sinn, méiglechst séier op d’Aarbecht kommen, un d’Aarbecht sech gewinnen an un d’Aarbecht gewinnt ginn, anstatt doheem ze sëtzen. An déi Politiken déi den Här Biltgen mécht, mat menger absolut voller Zoustëmmung, 150%, well et ass déi selwecht Politik déi ech gemaach hunn an esouguer wa se anescht wier, wier ech awer nach mam Här Biltgen averstanen, well ech weess, datt en d’Häerz op där richteger Plaz huet - an dat léisst e sech och net verréckelen, duerch eenzelnes wat elo behaapt gëtt - drëm beméit ass Aarbechtslosegkeet duerch Aarbecht ze bekämpfen, statt Aarbechtslosegkeet esou laang ze verlängere bis ee keng Chance méi huet eng Aarbecht ze fannen. A mat wéinegen Nuancë kann ech net erkenne wou d’Regierung hei an der Saach, well déi Saach ass jo gedeelt gi vu villen aneren, och wann déi sech elo net geäussert hunn déi lescht Wochen, mä dat ass eben esou, am Liewensgefill an an der praktescher Ausriichtung vun der Politik richteg ass.

Aarbechtslosegkeet bekämpft een net dodurech, datt ee jonk Leit doheem sëtze léisst, Aarbechtslosegkeet bekämpft ee konzentréiert dodurech, datt ee probéiert esou séier wéi méiglech jonk Leit an Aarbecht oder op Aarbechtsplazen oder a Beschäftegungsmoossnamen ze bréngen. All aner Politik wier falsch an iwwregens gëtt och néierens eng aner Politik gemaach, mam Resultatsënnerscheed, datt zu Lëtzebuerg d’Jugendaarbechtslosegkeet keen esou een ausgeprägt breede Problem ass wéi dat am Ausland de Fall ass, an de Chômage selwer och net esou grouss ass wéi am Ausland. An déi Länner, déi grosso modo bei eisen Aarbechtslosentauxe leien an déi déi lescht Jore wiesentlech méi héich waren, hu sech op eis Aarbechtslosentauxen erofbeweegt duerch eng Rei vu politesche Moossnamen, déi ech eisem Land an de Leit déi hei am Land schaffen iwwerhaapt net wëll zoumudden. Chômageindemnitéiten ze kierzen - an Däitschland kritt ee 60% vum leschte Gehalt wann een an de Chômage kënnt an et kritt een et net esou laang wéi zu Lëtzebuerg. Den onbefristeten Aarbechtsvertrag zur Ausnam ze maachen - 60% vun de Leit déi an Europa schaffen hu keen onbefristeten Aarbechtsvertrag méi. Zu Lëtzebuerg ass de Prozentsaz vun den onbefristeten Aarbechtsverträg enorm héich, läit nach ëmmer bei 80%. Wat hätte mer elo gären? D’Politik vun deenen aneren? Déi kann een zervéiert kréien, mä ech maachen se net oder déi Politik, déi mer probéieren duerchzesetzen, dat heescht d’Sozialstandarden ze halen, keng aarbechtsrechtlech Précariséierung erbäizeféieren a jonke Leit esou séier wéi méiglech zu enger Beschäftegung ze féieren. Also déi Jonk hu meng Sympathie eigentlech, wa se sech Suergen iwwert hir Zukunft maachen. Si hunn awer net meng integral Sympathie wa se dat bekämpfe wat d’Regierung a wat den Här Biltgen mécht. Déi hu se eben net.

Francine Closener: Här Staatsminister, d’Leit kënne jo uruffen, an elo just krute mer da gesot vun engem Nolauschterer deen ugeruff huet, dee wier een Universitaire, deen ass elo zwee Joer beim Aarbechtsamt ageschriwwen an e kritt keng Aarbecht. Déi Plazen déi ee beim Aarbechtsamt kritt, déi wiere fir déi déi manner geléiert hunn, wéi d’Universitairen huelen ech un.

Jean-Claude Juncker: Dat wat den Här Biltgen proposéiert, ass jo, fir datt een Universitaire, fir dat Beispill ze huelen, esou séier wéi méiglech eng Beschäftegung kritt - beim Staat, bei de Gemengen, an eenzelnen Entreprisen. Do gëtt keng Differenz gemaach tësch Qualifizéierten an net-Qualifizéierten. An dee qualifizéierten Universitaire zu Lëtzebuerg - ech weess net wat deen Här deen ugeruff huet studéiert huet, dat ass eng wichteg Fro, verstitt Dir. Um Arbeitsamt gëtt net all Professiounsausbildungsprofilgebung vermëttelt, well mer déi ganz oft net brauchen. Et muss een also ganz gutt kucke wat ee studéiert huet, fir ze kucken ob et da fir esou Leit iwwerhaapt eng Beschäftegungsméiglechkeet zu Lëtzebuerg gëtt.

Mä de Prinzip ass jo, datt, wann den Här Biltgen sech duerchsetzt mat sengen Iddien, deen Universitaire do net zwee Joer doheem sëtzt, mä zwee Joer a Beschäftegung ass, fir datt en duerch den Ëmgang mat Aarbecht sech déi Reschtqualifikatioun mécht, hätt en net déi richteg Qualifikatioun, fir eng definitiv Beschäftegung ze kréien. An d’Zuele weise jo, datt déi jonk Leit déi an esou Beschäftegungsmoossnamen erakommen och, wann dat am Privatsecteur stattfënnt, am Regelfall, nämlech iwwer 70%, 75% bal, och eng definitiv Beschäftegung an deem Betrib oder an engem anere Betrib fannen. Deen Här deen urifft, weist, datt et falsch ass, zwee Joer doheem ze sëtzen ouni an enger Beschäftegung ze sinn. Den Här Biltgen weist, datt et richteg ass esou Leit wéi deen Här deen ugeruff huet esou séier wéi méiglech a Beschäftegung ze bréngen.

Marc Linster: Nach eng lescht Fro am Kontext 5611, wat sot Dir dann zur Roll vum OGB-L am Sträit ronderëm dee 5611. An der Tripartite, respektiv am permanente Beschäftegungskomitee dréit en alles mat a wann et dann ëm d’Wurscht geet, wa géint d’Regierung manifestéiert gëtt, dann zitt den onofhängege Gewerkschaftsbond da beemol am Hannergrond d’Fiedem. Sidd Dir enttäuscht vum OGB-L?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net am OGB-L.

Marc Linster: Dat heescht Dir kënnt dat net novollzéien?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mam Här Castegnaro, mat deem ech mech jo hei an op anere Plaze regelméisseg zerschlo hunn, a wichtege Froen déi eist Land betraff hunn, esou laang wéi e President vum OGB-L war, ëmmer een Terrain fonnt wou ee sech konnt verstännegen. Ee Mann, ee Wuert. Heen an ech. An ech hätt gären, datt dat géif esou bleiwen, well wa Gewerkschaften net méi mat der Regierung kënne konzentréiert an der Substanz zesummeschaffen, ass dat net gutt fir déi Beschäftegt hei am Land an ass dat op Dauer net gutt fir d’Gewerkschaftsbewegung hei am Land. Eng Gewerkschaftsbewegung muss zouverlässeg sinn, muss Arrangementer mat dem politesche Pouvoir a mat de Patronen treffen an eng Gewerkschaftsbewegung ass net do fir anere Mouvementer nozelafen. Mécht se dat, verléiert se u Kraaft. Net direkt, dat mierkt een net direkt, mä op Dauer geet se de Kriibsgang. An dat ass net gutt fir déi Leit, déi hei am Land staark Gewerkschafte brauchen an d’Leit hei am Land, déi géint Loun a Gehalt schaffe brauche staark Gewerkschaften. Doriwwer soll den OGB-L intensivst nodenken.

Marc Linster: Et ass 20 op 12. Mir hu vill Appeler kritt a vill SMSen. Roby Sinner, Frank Kuffer mat engem klenge Résumé.

Roby Sinner: Virop an der Hitparade de Logement, dat ass ganz däitlech. Ee Mann mat enger Pei vu 4000 Euro schreift, hee kéint sech héchstens ee Bauterrain an Däitschland leeschten. Firwat ginn d’Präisser vun de Bauplazen trotz de ville Beméiungen nach ëmmer net zréck? Wéini gëtt et konkret Aktioune mat reelle Resultater?

Ee Sujet deen dës Woch jo ugepak ginn ass, firwat dauert et esou laang, bis een Dossier aus der Ëmweltverwaltung zréckkënnt? Mamer erstéckt am Verkéier, an elo nach déi nei Europaschoul, obwuel 70-80% vun de Schüler aus dem Oste vum Land kommen, reegt sech eng Nolauschterin op.

Méi generell dës Fro un de Premier, alles gëtt méi deier, och d’Gemengentaxen an d’Gehälter ginn zréck. Wou soll dat higoen? An deem Kontext d’SMS vun enger Wittfra mat enger klenger Rent an zwee Kanner, déi sech freet firwat si nach 400 Euro Steiere bezuele muss.

D’Regierung vernoléissegt den Norden. Wéini kënnt den neie Lycée op Ettelbréck a wéini de Contournement laanscht Feelen ?, Esou eng aner Doléance. Éischter ironesch d’Remarque, datt et wuel besser wier d’Kannerkréien net méi esou staark z’ënnerstëtzen, wann den Nowues herno ees an de Chômage kënnt.

Wéi, Här Staatsminister, haalt Dir nëmmen all déi Kritiken aus? Eng aner SMS: mäi Respekt, loosst Iech net ënnerkréien, schreift d’Marie-Paule a schliesslech ee Merci un de Jean-Claude Juncker fir seng Positioun vu gëscht am Briefing vis-à-vis vun der Kierch an der AIDS-problematik, ma firwat net 10 oder 20 Joer éischter? A bei den Telefone, Frank?

Frank Kuffer: Um Telefon, do war ganz vill den Aarbechtsmaart an de Chômage och ee Sujet, wou mer elo scho vill driwwer geschwat hunn och. Do huet et mol geheescht, d’Banken déi géife just nach Auslänner astellen oder op jiddwer Fall léiwer Auslänner astellen, wéi Lëtzebuerger. Dann huet och een Nolauschterer gemengt et wier un der Zäit fir Jonker am Virfeld, ier se an eng Richtung studéiere ginn, souzesoen eng Lëscht ze maachen mat Beruffer déi sënnvoll sinn an aner Beruffer wou de Maart vläicht schonn iwwerfëllt ass. An dann huet nach eng Fra gemengt, an de Beschäftegungsmesuren, déi Leit géifen e bëssen esou als dat Lescht betruecht ginn.

Vläicht nach e puer aner Sujeten erausgepickt, wéi steet de Staatsminister zu der Upassung vun der Steiertabell, esou wéi d’CGFP et elo ganz rezent gefrot hat? Eng Fro zum Fëmmgesetz, firwat gëtt et net verbueden, datt kleng Kanner iwwerhaapt a Wiertschafte ginn, Leit mat Puppelcher a Wiertschafte sinn? Dat misst och verbuede ginn, huet ee Mann gemengt. An dann huet et nach geheescht, a Saachen illegal Immigranten, do huet een Här gemengt, déi sollten elo net régulariséiert ginn.

Marc Linster: Komme mer mol op verschidde Saachen zréck.

Jean-Claude Juncker: Huele mer déi Froen elo alleguer der Rei no, oder wéi maache mer dat?

Marc Linster: Nee, ech wollt Iech dat elo gruppéieren, vläicht nach zum Aarbechtsmaart an zum Chômage, wann Dir nach do dozou eppes wëllt soen?

Jean-Claude Juncker: Also, ech war 17 Joer Aarbechtsminister. Verstidd Dir, dat ass keng einfach Aufgab. Well et huet een dofir ze suergen, an et ass ee bei wäitem net alleng fir dat ze maachen, datt d’Leit a Beschäftegung kommen an et huet ee mat deenen ze streiden, déi ee wëllt a Beschäftegung bréngen, ouni datt si wëllen esou a Beschäftegung bruecht ginn, wéi een dat gären hätt. An et leid een u ganz villen, nieft dem globale Problem, individuelle Fäll, déi een net gekläert kritt. Een Aarbechtsminister ass een - an dofir war ech dat gär an ech wier et haut och nach gär, wat net heescht, datt ech den Här Biltgen gären ewech hätt - dat ass een, deen an all Stonn mam Pulsschlag an de Betriber an um Aarbechtsmaart lieft. Dat ass keen neutrale Ministère. Dat ass een, wou ee sech muss total abréngen. Et gëtt kee Ministère, vläicht d’Éducatioun och nach, wou ee muss esou 24 Stonnen am Rhythmus vum Land a vu senge Leit liewen. An all Kéier ass een traureg, verdrësslech, huet een d’Flemm, wann een eng Situatioun, déi engem bekannt gemaach gëtt, net geregelt kritt. Obschonn déi meeschte Lëtzebuerger bei den Aarbechtsminister oder bei de Staatsminister komme fir ze soen, ech géif gär beim Staat oder bei de Gemenge schaffen, wat net geet a wat net brauch ze goen a wat net soll goen. D’Plaz, déi natierlech Plaz vun de Lëtzebuerger ass net beim Staat a bei de Gemengen. Si ass och do, mä si ass net nëmmen do an dofir maachen ech ni de Geck mat Leit déi keng Aarbecht hunn.

Ech fannen dat och zolitte Blödsinn fir ze soen, d’Regierung, den Här Biltgen oder ech mir géifen de Geck mat Leit maachen déi keng Aarbecht hätten. Mir si wahrscheinlech déi zwee hei am Land, déi di meeschte Leit kennen déi keng Aarbecht hunn an déi ganz genau wësse watfer vun hinnen och eng Aarbecht kënnte kréien, wa se sech géifen drëm beméien a watfer, datt sech trotz gréisstem Beméien net fäheg weisen eng Aarbecht ze kréien. A mir leiden dodrënner esouvill, ech wëll net soe wéi déi Leit selwer, dat wier Blödsinn, mä et ass eppes wat een net lassléisst. An ech hätt gären, datt gutt begraff gëtt am Land, an der Déift vum Land, datt dee Problem vun der Aarbechtslosegkeet, deen zu Lëtzebuerg jo bei wäitem net esou schlëmm ass wéi am Ausland, wat awer näischt hëlleft fir deen, deem näischt hëlleft dee keng Aarbecht huet, datt jiddweree sech muss dorëms bekëmmeren. Et ass dach eng Verrécktheet fir ze mengen, d’Regierung wier alleng zoustänneg dofir, datt d’Leit a Beschäftegung kommen. Mir hu jo och eng Wirtschaft, mir hu jo och Leit déi kënnen hëllefen, datt een op eng Aarbecht kënnt. Mir hu jo och Leit, déi kënnen engem hëllefen, fir datt ee besser gëtt, fir datt ee méi fitt gëtt, fir datt e méi flott gëtt fir eng Aarbecht ze kréien. Dat ass d’Aufgab vu jiddwerengem, dat ass net nëmmen d’Aufgab vum Här Biltgen, well dee mécht de Maximum vun deem wat e ka maachen.

Francine Closener: Mä et ass jo awer och vläit eng Fro vun der Orientéierung. Et huet virdrun ee gesot, en hätt gär eng Lëscht vun deene Beruffer wou Chancë si fir iwwerhaapt eng Plaz ze fannen. Misst dann net grad och an der Orientéierung méi gemaach ginn?

Jean-Claude Juncker: An der Orientéierung muss ëmmer méi gemaach ginn, mä och Orientéierung ass keng einfach Saach. Ech studéieren, wann ech dat kann esou soen, de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart a seng Leit zanter iwwer 20 Joer. Hätt ech virun 20 Joer gewosst wat een de Leit soll soe wat se solle léieren, dann hätt ech dat jo wahrscheinlech gesot. Hätt ech haut dat gesot, wat ech viru 4 Joer nach gemengt hunn, datt et richteg wier, da wier et haut wahrscheinlech scho falsch gewiescht. D’Welt ännert séier. Jiddwereen ass d’accord fir ze soen, datt alles séier ännert, mä keen ass d’accord fir fir sech selwer Schlussfolgerungen doraus ze zéien. Dat heescht, datt eis Formatioun an der Schoul - an dat mécht eis Formatioun jo an der Schoul, well eis Schoul, trotz alle Kritiken, jo awer Wiesentleches zur Verfügung hält fir jonk Leit hei am Land - d’Formatioun muss esou sinn, datt se duerch Weiderbildung an duerch speziell Méiausbildung zu Resultater féiert. An dofir gëtt et natierlech een intime Link tëscht deem wat an de Schoule geschitt an tëscht deem wat um Aarbechtsmaart geschitt. Mä et ass ze einfach fir ze soen, d’Schoul bereet net richteg op d’Aarbechtswelt vir. Si mécht dat selbstverständlech net. Et gëtt keng Schoul an der Welt déi dat fäerdeg bréngt oder et ass d’Aufgab vun der Regierung dofir ze suergen, datt jiddwereen eng Aarbecht kritt. Nee, d’Aufgab vun der Regierung ass et dofir ze suergen, datt déi allgemeng wirtschaftlech a sozial a finanziell Bedingunge vum Land esou sinn, datt maximal Chancen um Aarbechtsmaart bestinn.

An déi nei Aufgab vun der Politik, déi ech awer, mengen ech, scho virun 10 Joer entdeckt hat oder virun 20 Joer, ass fir de Lëtzebuerger ze soen, datt et keng Aarbecht gëtt, déi näischt wert ass. Déi Fassong fir d’Aarbechtswelt esou an Deeler anzedeelen, déi méi agreabel Aarbechten, déi guer net esou agreabel si fir d’Lëtzebuerger an déi aner Aarbechte fir déi aner, dat geet schief.

A mir mussen eis bewosst ginn an dat viséiert elo net speziell déi Jonk, dat viséiert eis alleguer, och mech, datt all Aarbecht déi gemaach gëtt eng Aarbecht ass déi hir eegen Dignitéit huet, déi mat engem grousse Costume vu Würde ëmkleed ass an datt een heiansdo muss eng Aarbecht unhuelen, déi engem net esouvill seet, déi engem net esouvill Spaass mécht, fir dann, vun do fortgoend lues a lues esou u sech an um Ëmgeréits ze schaffen, datt een an aner Aarbechtsplaze ka kommen. All Aarbecht ass besser wéi doheem ze sëtzen.

Francine Closener: Mä vläicht fäert een awer grad esou eng Aarbecht unzehuelen an esou enger Beschäftegungsmoossnam, well ee mengt den Image wier net gutt, de Patron géif een dann net huelen, wann een eng Kéier an esou enger Moossnam gewiescht wier, well een am Fong dann ee Stempel op der Stier huet, well een alleng keng Aarbecht fonnt huet.

Jean-Claude Juncker: Wann ech Patron wier, ech si jo och Patron e bëssen esou, dann huelen ech léiwer een a mäi Betrib, deen, anstatt doheem ze sinn an am Chômage ze sinn, sech an eng Beschäftegungsmoossnam gemellt huet oder dohinner, ouni ze meckeren, iwwerwise ginn ass, wou e geschafft huet, eppes bäigeléiert huet, gewisen huet, datt en un Aarbecht an u Weiderkommen interesséiert ass. Wier ech Patron an engem klenge Betrib, an ech si jo Patron an engem méi grousse Betrib, hunn ech vill Sympathie fir Leit, déi sech, obschonn se net zefridde si mat deem wat se do am Ufank ugebuede kréien, beméien iwwert dee Wee definitiv sech fir den Aarbechtsmaart ze qualifizéieren.

Marc Linster: De Roby Sinner an de Frank Kuffer hunn nach zwou Froen déi dozou passen, zu deem Thema.

Frank Kuffer: Ganz genee, et ass vill geschwat gi vun der Aarbechtslosegkeet bei deene Jonken, mä hei sinn zwee Leit déi ugeruff hunn, déi sech mam Chômage bei deenen eelere Leit beschäftegen. Do gouf gesot, d’Betriber probéieren d’Leit mat iwwer 50 Joer aus de Betriber erauszegeheien, an d’Parteien déi géifen da Politiker vun iwwer 70 Joer op Stroossbuerg schécken. An dann ass och nach eng Fra déi ugeruff huet, si huet gesot, si huet 42 Joer, hire Mann huet 50 Joer. Si hunn allen zwee keng Aarbecht. Et wier quasi onméiglech wann een an ee gewëssenen Alter kënnt, fir eng Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg ze fannen.

Jean-Claude Juncker: Ech si bal dankbar fir déi Fro, obschonn ech och déi Froen iwwert de Logement an anerer gären hei géif beäntwerten.

Francine Closener: Dat kënnt nach méi spéit.

Jean-Claude Juncker: Jo, jo. Enfin, et géif mech och wonneren, wann Dir dat géift ausloossen. Dir hutt och recht doriwwer ze diskutéieren. Kuckt emol, ech sinn dogéint fir Gruppen an der Gesellschaft géinteneen a Stellung ze bréngen. Dat ass ëmmer schlecht, an dofir ass eng Politik an eng Regierung an ee Premier net do. Mä Tatsaach ass dach awer, datt déi Leit iwwer 50 Joer, déi keng Aarbecht hunn, onendlech méi Problemer hunn am Liewen eens ze ginn, wéi déi Jonk. Onendlech méi Problemer, déi hu selwer Kanner, déi hu Schold op hirem Haus, déi wëssen einfach net wéi se et solle fäerdeg brénge fir um Enn vum Mount eens ze ginn. Mir liewen an enger total verréckter Gesellschaft an dat huet nu wierklech näischt mat der Politik ze dinn. Net alles huet mat Politik ze dinn. Bal wéineg wichteg Saachen hunn nëmme mat der Politik ze dinn. Mat der Politik am breede Sënn vum Wuert schonn, mä net mer der Regierungspolitik oder mat der Chamberpolitik oder wéi ëmmer datt een dat wëllt beschreiwen.

Mir liewen an enger verréckter Gesellschaft, déi sech iergendwann an de Klatzkapp gesat huet, wann ee 50 Joer al wier, da wier een al, da wier näischt méi mat engem unzefänken. Eng total Verrécktheet, Leit déi 20 oder 30 Joer laang geschafft hunn, déi d’Liewe gesinn hunn, déi Kanner groussgezillt hunn, déi sech hu mussen duerch d’Zäit bewegen déi mouvementéiert war, déi sech villes ugeeegent hunn duerch Liewenserfahrungen, déi gi beschriwwe vu villen an der Wirtschaft als Leit, déi manner wert wieren. Dat ass dee grousse Problem an eiser Gesellschaft, datt mer iergendwou, wéinst deem Jugendwahn dee mer hunn, an deen ee jo déi lescht Woche konnt intensiv besichtegen, vergiessen, datt et Leit gëtt, déi onendlech méi Problemer hunn.

Ech hunn a menger "Clientèle" tëscht 1000 Gänseféisercher, 100, 200, 300 Leit déi Kanner hunn, déi Schold op hirem Haus hunn, déi keng Aarbecht hunn an déi alles maache fir eng Aarbecht ze fannen an déi keng fannen, well iergendeen eng Kéier décidéiert huet, elo wieren se ze al. Dat ass de Problem, den Ëmgang mam Mënsch. An dee Jugendwahn dee mer do hunn, fir nëmmen deene Jonke Recht ze ginn an ze vergiesse watfer grouss, grouss Suergen aner Leit hunn, dat ass eng aner Verrécktheet, souwuel vun eiser Publizistik, wéi vun eiser Politik, wéi vun eiser kommentéiernder Begleedung vun deene Phénomènen an Epiphénomènen, déi mer an deene leschte Woche gesinn hunn. Déi eigentlech Problemer besti bei deene Leit, déi an engem Betrib entlooss ginn, well se ze al sinn an déi vu kengem anere Betrib geholl ginn, well se ze al sinn, obschonn de Staat onendlech vill Moossnamen, och finanzieller Natur, zur Verfügung stellt, fir deene Leit a fir deene Betriber déi déi Leit huelen ze hëllefen.

Also léiwer ee vu 55 Joer, dee weess wat am Liewe fir eng Musik gespillt gëtt, wéi ee vun 18 Joer, deen nach ni geschafft huet. A well dat esou ass, muss een deenen, déi méi jonk sinn, probéieren iwwer Beschäftegungsmoossnamen, falls se net direkt eng Plaz fannen, zu Aarbecht ze verhëllefen an et soll ee sech konzentréieren, wann ech glift, op déi Leit déi risegrouss Problemer hunn an déi onendlech méi grouss si wéi déi, déi déi lescht Woche beschriwwe si ginn.

Marc Linster: Esouwäit fir den Aarbechtsmarché, mir kommen no enger kuerzer Paus op de Logement, d’Verkéiersproblematik an natierlech op de Staatsbudget zréck.

[Noriichten]

Marc Linster: Mir fuere weider an eiser Diskussioun, haut mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. An ier mer op de Staatsbudget aginn, Francine, nach eng Fro am Kontext Logement.

Francine Closener: De Logement ass jo och een Thema dat d’Leit vill beschäftegt an et komme jo och vill SMSen a Froen an deem Kontext eran. Et ass a bleift ee kruziale Problem a vill gouf scho gemaach, dat hutt Dir selwer schonn dacks gesot, Här Staatsminister, mä eigentlech huet awer nach näischt esou richteg gegraff, d’Präisser bleiwen héich. Um CSV-Kongress virun e puer Woche sot den CSV-Fraktiounschef Michel Wolter, et misst ee sech iwwerleeën, ob de Staat net selwer Terrainen zum normale Präiss vum Marché sollt kafen. Stitt dir do hannendrun, hannert där Iddi?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn iwwert déi Iddi jo mam Här Wolter oft geschwat an hee wosst och schonn, wéi en se annoncéiert huet, datt ech géif do hannendru stoen, well mer einfach eng total aner Politik streckeweis brauchen, woubäi meng Angscht déi ass, datt och déi Politik, ech wëll et net hoffen a mir mussen se probéieren, zu deene selwechte Resultater féiert. Wat ass de Problem? Mir hunn net genuch Offer, a wee verdeiert den Terrain? Déi eng Lëtzebuerger verdeieren den Terrain, deen déi aner Lëtzebuerger wëllen hunn an d’Regierung kritt der an d’Gesiicht dofir. Vläit wier et mol gutt, datt déi, déi Terraine géife verkafen, mol géifen un d’Liewensbedingungen an un d’finanziell Bedingungen an d’materiell Bedingunge vun deenen denken, déi déi Terrainen musse kafen. Haut mussen dräi Generatiounen dat Gespuertent zesummeschären, fir datt jonk Leit kënnen een Terrain kafen. Den Terrain ass haut dat deiert ginn, net d’Bauen, well beim Bauen hu mer Onméigleches gemaach zanter 1991 wat d’steierlech Belaaschtungen ubelaangt, fir de Leit entgéintzekommen. Zu Lëtzebuerg kann een, och wann et heiansdo laang dauert bis ee seng Suen erëmkritt, fir 3% TVA bauen. Dat gëtt et a ganz Europa net a mir hunn déi deierste Baupräisser a mir hunn déi deiersten Terrainspräisser. Also mir maachen dat doten. Dat ass schwiereg. Ech hunn dat iwwregens viru 4 Joer schonn eng Kéier virgeschloen. Ech sinn iwwerzeegt, wann de Staat kënnt fir d’Terrainen ze kafen, da geet de Präiss dräimol an d’Luucht. D’Lëtzebuerger sinn de Lëtzebuerger selwer schlecht an de Staatsminister ass schold dodrun.

Francine Closener: Mä et kann ee jo awer bal net vun engem verlaangen, datt ee selwer säin Terrain zu engem vill méi niddrege Präiss verkeeft, nëmme well een ee gudde Mënsch ass?

Jean-Claude Juncker: Dach.

Francine Closener: Kann een dat verlaangen?

Jean-Claude Juncker: Et kann ee verlaangen, datt an engem Land wou Leit mussen zesumme liewen, déi hir Zukunft gemeinsam wëlle bestreiden, wou jonk Leit, jonk Famillen, een Terrain probéieren ze kréie fir d’Zukunft vun hirer Famill op deem Terrain stattfannen ze loossen, well si fënnt nun mol vill doheem statt, kann ee verlaangen, datt déi, déi hunn e bëssen op dat verzichte wat se zevill hunn, fir datt déi, déi net genuch hunn dat kréie wourop se ee Recht hunn als Bierger vun dësem Land. D’Regierung kann net alles maachen. Wann déi, déi deier Terraine verkafen, déi Terraine fir 30% manner verkafen, dann hu si vill méi Sue wéi mir 3 mol 12 zesummen.

Marc Linster: Dann een anert wichtegt Gesetz wat dëst Joer nach soll gestëmmt ginn, ass natierlech de Staatsbudget. Den Zentralstaat ass d’nächst Joer mat ëmmerhin 1 Milliard Euro weiderhin am Defizit an dat trotz Spuermoossnamen. Här Staatsminister, si mer also nach net um Enn vum Leidenswee ukomm? Hutt Dir fir 2007 eventuell nei Hiobsbotschafte parat?

Jean-Claude Juncker: Firwat sot Dir Leidenswee?

Marc Linster: Majo mir mussen eis jo awer e bëssen aschränken an de Rimm méi enk schnallen, hutt Dir och mol selwer scho gesot. Et kann net éiweg esou weidergoen.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, mir mussen eis e bëssen aschränken, mir mussen eis, andeem mer un d’Zukunft denken an un d’Zukunft vun deene jonke Leit denken, e bëssen zesummenhuelen, mä dat ass awer nach kee Leidenswee. Vergläicht mol wat heiheem geschitt a wat soss doruechter geschitt an da vergläicht Dir mol d’Schmerzensgrenze vun deenen engen a vun deenen aneren. Bei eis leien se heiansdo e bëssen no. Dat heescht awer net, datt et scho richteg wéi deet. Ech gesinn duerchaus d’Schwieregkeete vun deene klenge Leit, déi kleng Peien hunn, déi wéineg Revenuen hunn an déi méi grouss Schwieregkeeten am Liewen hunn, wéi déi, déi sech bekloen. Déi, déi sech bekloen hunn eigentlech net déi grousss Schwieregkeeten. Déi, déi sech net bekloen hunn eigentlech net déi grouss Schwieregkeeten. Déi schreiwe mir an heiansdo hunn ech Loscht, wann ech eenzel Communiquéë liesen, mol déi Bréiwer déi ech kréie vu Leit, déi wierklech schlecht dru sinn, well mir hunn aarm Leit hei am Land, fir déi mol ënner From vu Communiqué erauszeschécken.

Marc Linster: An déi hu keng Lobby.

Jean-Claude Juncker: An déi hu vill Leit déi sech ëm se bekëmmeren, mä déi hunn awer keng duerchorganiséiert an duerchstrukturéiert Lobby. Mir ginn am Joer eng Milliard Euro méi aus wéi mer zur Verfügung hunn. Mir hunn eis an der Tripartite, mat enger grousser konstruktiver Begleedung duerch d’Sozialpartner, déi ech dofir wëll luewen, och wann de Courage se elo heiansdo verléisst, probéiert déi strukturell Problemer déi mer am Budget hunn an d’Rei ze kréien. Mir kënnen net op Dauer méi ausginn am Joer wéi mer an deem Joer erakréien. Dorunner schaffe mer. Dat hu mer an der Tripartite gemaach. Et gëtt der Chamber, och wann elo a liicht ofgeännerter Form, proposéiert an domat musse mer virumaachen, well mir mussen d’Positioun vun engem Land halen, déi gutt ass. An d’Positioun vun engem Land ass gutt wann d’Budgetsdefiziter, fir eis ze staark, mä awer relativ schwaach sinn a wann déi ëffentlech Verschëldung relativ niddreg ass. Mir ginn hei am Land op eng Situatioun zou, déi jo net een eenzege Lëtzebuerger sech wëllt unhéieren an déi besteet doranner, datt op Dauer eis Alterfinanzéierungssystemer net ze bezuele sinn. A wann déi net ze bezuele sinn, dat gleeft keen, mä ech weess dat, datt dat esou ass, elo gëtt erëm gesot [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Gleewen Är Ministeren dat alleguer?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn den Androck, datt an der Regierungséquipe, méi an dëser wéi an där fréierer, well do war den Autismus an der Pensiouns- a Rentefro besonnesch ausgeprägt, awer net op der Säit vun der CSV, datt dat gesi gëtt als eng Schwieregkeet. An doraus ergëtt sech, nieft der Tatsaach, datt mer haut scho méi Suen ausginn am Gesamtbudget vum eigentleche Staat, net vun dem Gesamtstaat, mä am Gesamtbudget vum eigentleche Staat, doraus ergëtt sech, datt mer musse lues a lues Saachen a Suen op d’Säit leeën fir op déi nächst 50 Joer - déi Kanner liewe schonn, déi am Joer 2050 eng Pensioun solle kréien, déi si schonn do - datt dat nach opgeet. Dofir muss een, an dat ass net einfach, de Leit probéieren d’Saachen z’erklären. D’Leit ginn dauernd iwwerschott mat Nouvellen, d’Wirtschaft geet gutt. Dobäi ass zwee Drëttel vun dem Wirtschaftswuesstum alleng an eenzeg an alleng op d’Bankplaz zréckzeféieren. Et kommen onendlech méi Steieren era wéi geplangt war, dobäi gëtt quitschfidel alles duerchernee gehäit, einmaleg Einnahmen, d’strukturell Verbesserung vun Einnahmen a mir ginn zevill aus fir dat wat mer hunn a mir ginn zevill aus fir dat wat op eis zoukënnt an dofir ass et d’Aufgab vun der Finanzpolitik, an engem Moment wou eigentlech jiddwereen elo seet, wou ass dann elo d’Ursaach fir ze spueren, ze soen, grad wann et gutt geet muss ee spueren, fir datt een eens gëtt wann et erëm méi schlecht geet. An et ka ganz séier, wéi mer gesinn hunn am Joer 2001, méi schlecht goen.

Francine Closener: Mä mir liewe jo awer elo schonn e bësse méi laang, am Fong schonn zanter Joren, iwwert eise Moyenen. Sidd Dir awer nach ëmmer iwwerzeegt, datt Dir déi lescht Joren an der Finanz- a Budgetspolitik an och an der Steierpolitik awer alles richteg gemaach hutt? Waren zum Beispill d’Steiererliichterunge vun 2001, 2002 wierklech och elo, im Nachhinein gekuckt richteg oder hutt Dir do awer Zweifel, datt dat vläicht awer net dat Gielt vum Ee war?

Jean-Claude Juncker: Wa mer jo net um Radio wieren, géif ech jo elo haart laachen. Ech sinn de Moment confrontéiert mat der Fuerderung vu villen, fir d’Steiere vun de Privatleit erofzesetzen an dir sot mir elo, war et richteg [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: D’Upassung vun der Steiertabell?

Jean-Claude Juncker: Jo, dir frot mech elo, war et da richteg am Joer 2001 an am Joer 2002 d’Steieren erofzesetze fir d’Privatleit, déi jo elo alleguerte soen, mir géife gär manner Steiere bezuelen, an dat geet de Moment net, oder vun de Betriber, déi mer och erofgesat hunn. Hätte mer se net erofgesat, wiere mer an enger wiesentlech méi schlechter Situatioun wéi dat de Moment de Fall ass, well déi aner Staaten, bei méi héigen Defiziter, mä bei enger méi staarker Belaaschtung vun de Privatpersounen, setzen d’Betribssteieren erof.

Kuckt emol, déi Däitsch setzen, do ass jo d’SPD an der Regierung, dat ass jo déi däitsch Vertriedung vun der Weltrevolutioun, wann ech dat richteg an Erënnerung hunn, do gëtt d’TVA an d’Lut gesat: 19%. Bei eis bleift se op 15 Prozent stoen an d’Betribssteiere ginn erofgesat. Mir mussen och d’Betribssteieren an deenen nächste Joren, wéinst internationale Wettbewerbsgrënn, no ënnen adaptéieren, mä ech halen déi Politik déi mer gemaach hunn, dat wonnert iech jo net, fir richteg. Net fir an all Detail richteg, kee mecht am Detail alles richteg, mä mir hunn, wéi mer 2001 wirtschaftlech agesackt sinn, well weltwäit d’Finanzplazen an d’Boursë manner verdingt hunn - dat kann iwwermar och erëm de Fall sinn, et ass een Europresident dee schwätzt, wann ech mer dat hei däerf erlaben - hu mer de Budget, och besonnesch wat d’Investitiounsausgaben ubelaangt huet, einfach virugelaf, fir datt mer déi Wirtschaftskris net géife méi grouss maachen, mä méi géife verdéiwen. Déi Politik war fundamental richteg. Dat nennt sech eng antizyklesch Politik. Déi war europäesch ofgedeckt. Déi ass vun de Sozialpartner zu Lëtzebuerg begleed ginn. Et ass evident, datt déi Defiziter produzéiert. Wann een an der Kris probéiert Defiziter ze vermeiden, verdéift een d’Kris. Dat wierkt sech virun allem fir déi Akommensschwaach aus.

Wann een a wirtschaftlech gudden Zäiten, och wann dee Wirtschaftswuesstum zu zwee Drëttel vun der Finanzplaz gedriwwen ass, wat d’Lëtzebuerger sech eng Kéier mol musse soe loossen, datt dat zu zwee Drëttel d’Finanzplaz ass a wann et där schlecht geet, da geet et eis alleguerte méi schlecht. An den Zäite wou et wirtschaftlech besser geet, muss ee spueren, fir datt een an de wirtschaftlech schwaachen Zäiten déi staatlech Instrumenter kann alignéieren, déi ee brauch fir datt d’wirtschaftlech Aktivitéit staark bleift a fir datt d’Beschäftegung viru floréiert a fir datt de Chômage esou niddreg wéi méiglech ass. Dofir fannen ech déi Politik, déi jo déi vun der CSV a vun der DP war, fir richteg. D’DP wëll zu groussen Deeler näischt méi dovu wëssen, doriwwer schwätze mer d’nächst Woch an der Chamber. Dat kann, je nodeem wéi et kléngt, ganz monter bei der Äntwert ginn, well den Defizit 2004 war bis elo dee gréissten dee mer haten an et war dee leschte Budget vun där leschter Regierung. Déi Luusspätterei, fir an der Regierung ze sinn a wann een eraus ass, ze soen, et war d’CSV a fir wann een erakënnt ze soen, mir ginn era fir d’CSV an d’Knéien ze zwéngen, et ass ëmmer nëmmen d’CSV, et ass ëmmer nëmmen de Juncker, et ass ëmmer nëmmen de Frieden.

Francine Closener: Mä ass dat net dat normalt Spill awer vun der Oppositioun? Géift Dir et dann anescht maachen?

Jean-Claude Juncker: Politik, Madame, ass kee Spill, well et geet ëm d’Liewe vun de Leit an et geet ëm d’Zukunftsvirbereedung vun deenen déi no eis kommen. Ech sinn net géint ee gudde Witz, mä ech sinn dogéint fir d’Politik als ee Spill vun deenen enge géint déi aner ze verstoen. Mir si gewielt, ech och, a relativ gutt an ech well dat Vertraue wat d’Leit a mech setzen net enttäuschen. Ech wëll net vun der Lëtzebuerger Bühn oftriede mat engem Bilan deen net gutt ass. Ech géif gären, wann deen Dag eng Kéier kënnt, deen ass nach guer net esou fréi wéi Dir zwee wënscht [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Dat ass eng Ënnerstellung.

Jean-Claude Juncker: Jo, jo, enfin Ënnerstellunge ginn un dësem Mikro dauernd gemaach, dofir maachen ech der och mol eng Kéier. Ech hätt gäre wann ech fäerdeg si mat deem wat ech gemaach hunn, ee gutt Gefill an ee gutt Gewëssen an dofir dee Parteiesträit, un deem ech mech bedeelegen, wann et muss sinn, ass eng Saach. Hei geet et ëm d’Land, ëm d’Liewensbedingunge vun de Mënschen hei am Land, et geet drëm ob mer et fäerdeg bréngen, datt d’Kanner déi haut kleng sinn an déi jonk Leit déi am gaange sinn erwuessen ze ginn, datt déi een Optimum u Liewensbedingungen, u Liewenserwaardungen hunn, datt se eng Rei vun Dreem déi se hunn, wéi all Mënsch se huet, kënnen erfëllen. An da muss een dofir suergen, datt d’Situatioun an der Rei bleift. Mir hunn déi Defiziter eruwuesse gelooss fir net wirtschaftleche Schwong aus eisem System erauszehuelen, elo ass de wirtschaftleche Schwong do, elo muss gespuert ginn. Ech weess, datt kaum een dat versteet, et ass awer esou.

Marc Linster: A propos spueren, wann d’Regierung jo da konsequent ass an hirer Spuerpolitik an an hiren Aussoen, da misst et jo op alle Fall eng Nullronn gi fir d’Fonction publique oder fäert Dir do Kaméidi mat de Staatsbeamten?

Jean-Claude Juncker: Heiansdo mengen ech dir hätt hei op der Antenn keng aner Suerg wéi d’Rémunératioun vun de Staatsbeamten, dat kënnt ëmmer erëm an dat ass ee vun de Problemer [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Awer ee Problem deen d’Leit, déi net Staatsbeamte sinn, interesséiert.

Jean-Claude Juncker: Jo, jo.

Francine Closener: An och déi d’Staatsbeamte sinn.

Jean-Claude Juncker: Et interesséiert d’Leit also alleguer.

Francine Closener: Voila.

Jean-Claude Juncker: Dofir hunn ech schonn den 12. Oktober 2005, dat ass ee Joer hir, gesot, ech wier der Meenung, wéi d’Regierung och, datt mer elo eng Nullronn bei eise Beamte bräichten. An dat huet nu wierklech näischt domat ze dinn - an ech gesinn, datt dat scho lues a lues erëm opgebaut gëtt - datt een hei eng Offensive, hunn ech dëser Deeg héieren, op enger vun ären Antennen, där bebillerter, géint d’Fonction publique géif lancéieren. Wësst Dir, ech géif am Liewe jo guer näischt vun deem wat ech fäerdeg bréngen, fäerdeg bréngen wann ech net aussergewéinlech gutt Beamten hätt. An ech hunn aussergewéinlech gutt Beamten, déi mat mir zesumme schaffen, deenen ech zu méi Dank verpflicht sinn wéi si mir. Mä et muss een awer och gesinn, an dat ass awer keng Attaque op d’Fonction publique, datt déi Leit déi beim Staat schaffen eng sécher Aarbechtsplaz hunn a gutt bezuelt sinn, keng Moschwieren driwwer hunn ob se hir Aarbechtsplaz verléieren oder net. Ech wëll doraus net een Argument zéie fir ze soen, auf alle Zeiten bleift et elo bei engem Afréiere vun de Staatsbeamtegehälter, mä et muss een awer kucken a wat fir enger Zäit datt ee lieft, wat d’Problemer vum Land sinn an da muss ee sech deementspriechend um Verhandlungswee mat eise Staatsbeamten a mat hirer Gewerkschaft eenegen. Ech sinn och iwwerzeegt dovun, datt mer dat fäerdeg bréngen, well d’Fonctionnairë sinn am absolut grousse Regelfall fläisseg Leit an och Leit, déi hir Responsabilitéit als Staatsbierger ze droe wëssen an dofir mécht déi Verhandlungsronn mir keng Angscht. Mä ech hunn am Numm vun der Regierung gesot wat ze soe war, an da probéiere mer dat elo an d’Fassong ze kréien.

Marc Linster: Ier mer mat aneren Theme weiderfueren, wéi zum Beispill d’Schoul, nach eemol Reaktioune vun de Leit mam Roby a mam Frank.

Roby Sinner: Wéi all Kéiers wann de Premier bei ons op RTL ass, ginn et immens vill Reaktiounen, awer e bësse pêle-mêle. Wéi gesäit de Premier d’Situatioun vum Privatsecteur, deen einfach net mat de Gehälter an de Konditioune vun der Fonction publique ka mathalen, weder an der Pei nach zum Beispill bei de sëllege Feierdeeg?

Firwat dierfen d’Tankstellen op den Autobunnen durchgehend opbleiwen? Skandaléis dat Gedeessems vun de Proffessere fir eng Stonn méi ze schaffen, esou eng weider SMS. Statut unique, beklot sech d’Madame Hansen, datt kee Mënsch vun de Staatsbeamte schwätzt, just d’Aarbechter an d’Employéë géifen hei fir domm verkaf. Eng aner Fro, firwat gi Mammen déi net schaffen an de konventionéierte Crèchë bevirdeelegt? Wéini komme Radaren op d’Autobunnen? Wat hält de Premier vun de Wandmillen a wat vun onsem Rechtssystem? Wéi soll een Aarbechter dat maachen, wa seng Zënsen duerch zwou Haussen elo ëm 475 Euro an d’Lut ginn?

E puer SMSen och zum Jean-Claude Juncker perséinlech. Et gëtt Mercien, mir vertrauen an Är Aarbecht, ech si kee Fan vum Premier, ma ech sinn d’accord mat deem wat e bis elo gesot huet, mengt een aneren Nolauschterer. Awer och Messagen, datt de Premier schonn ze laang um Pouvoir wier, datt heen de Kontakt mat der Realitéit a mat de Leit verluer hätt. Frank.

Frank Kuffer: Wéi gesot et hunn och ganz vill Leit ugeruff, et muss een awer vläicht nach eng Kéier soen, et ass onméiglech natierlech datt de Premier op all déi Froen ageet. Soe mer vläicht awer nach, datt och nach zum Aarbechtsmaart awer nach vill Froe komm sinn, zum Beispill huet eng Madame gefrot, wéi et méiglech ass, datt de Staat oder d’Gemengen an d’Annoncë schreiwen, datt d’Leit solle manner wéi 40 Joer hunn, do géife jo awer och déi Eeler benodeelegt ginn.

Da gouf gesot, datt hei am Land och vill Aarmut ass, firwat hëllefe mer hei net genuch vläicht? De 700000-Awunnerstaat war ee Sujet. Vill Leit hätten hei Interessi drun, datt mer missten dohinner kommen, et sollt een dat net stoppen déi Entwécklung. An dann nach zum Logement, do gouf gesot, datt déi Situatioun déi mer elo hunn, esou gewollt ass. Wann de Präiss vu Bauland wier wéi an den Nopeschlänner, hätte mer all Joer 10000 nei Awunner, dat géifen da Problemer gi mat den Infrastrukturen.

Francine Closener: Gutt, Här Staatsminister, dat sinn effektiv elo vill Messagë beieneen. Huele mer mol [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech bleiwe bis 6 Auer hei, mä ech fäerten dir pakt dat net esou laang mat mir.

Francine Closener: Oh, mir packen et.

Marc Linster: Mir packen dat, keng Angscht.

Jean-Claude Juncker: Mir fueren, dat wëll ech de Leit dobausse soen, bis 6 Auer virun.

Francine Closener: Mä de Kleesche kënnt jo awer och nach de Mëtten. Dee musse mer jo och nach empfänken.

Jean-Claude Juncker: Da musse mer wäichen.

Francine Closener: Ech wollt awer op ee Message zréckkomme vun engem deen da mengt, dir wiert schonn ze laang um Pouvoir, dir hätt de Kontakt mat der Realitéit, mat de Leit verluer. Virun de leschte Chamberwalen hat dir gesot, méi wéi eng Kéier, dir hätt Iech net genuch gekëmmert ëm déi kleng Suerge vun de Leit. Wou hutt dir dat dann entre-temps geännert? Hutt dir dat geännert?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dat geännert, mä ech hunn et net esouvill geännert wéi ech gär geännert hätt. Kuckt mol, ech kréien - ech muss jo da vu mir schwätzen, da gëtt ëmmer gesot, e schwätzt just vu sech selwer, mä dir stellt mir jo Froen iwwert mech. Ech kréien all Dag schrecklech vill Bréiwer. Do si vill Domheeten dobäi, do muss ech mech net domat beschäftegen, mä do sinn all Dag och vill schrecklech dramatesch, tragesch Beschreiwunge vu Liewenssituatiounen dobäi. Wann ech, wat ech zwee, dräi Mol den Dag maachen, mech mat enger sou enger Situatioun beschäftegen, da sinn zwou, dräi Stonnen Dagesaarbechtszäit domat verbonnen. Ech kann also, mam allerbeschte Wëllen, net op alles dat agoe wat d’Leit mer schreiwen. Ech sinn deen éischten deen doriwwer verdrësslech ass. Ech probéieren dann d’Beamten déi ech hunn, oder de Médiateur dee mer agesat hunn oder anerer un deene Fäll z’interesséieren. Ech sinn doudverdrësslech driwwer, datt ech déi Saachen net ka selwer maachen. Ech ginn dat och un d’Sozialbüroe vun de Gewerkschafte virun. D’Leit solle sech a Gewerkschaften organiséieren wa se Problemer an hire Betriber hunn, mä ech kann dat einfach net maachen. Mä ech liesen dat. Kee Bréif deen u mech geschriwwe gëtt an deen ech och kréien, dat ass heiansdo net esou sécher, ass ongelies.

Wann d’Leit soen, eenzelner - dir hutt jo déi Fro do erausgepickt well et ware jo och anerer dobäi - ech wier do wäit vun de Leit ewech, weess ech net ob dat richteg ass. Ech hunn d’Gefill den Otem vun de Leit ze spieren, ech ginn duerch d’Stad, ech loosse mech, obschonn ech Ursaach hätt fir dat ze maachen, net polizeilech beschützen, well do heiansdo Situatioune kommen, déi awer net agreabel sinn an d’Leit schwätze mat mer. Ech lauschteren no. Ech hu meng Agenten am Land, wann ech kann esou soen, Kollegen, Frënn déi mer soe wat lass ass, Gewerkschaftssekretären déi mer soe wat geschwat gëtt, Leit aus dem Handwierk, déi mer soe wat geschwat gëtt. Also ech hu wierklech net d’Gefill an Europa deen ze sinn, deen op d’Leit géif erofkucken an deen net wéisst wat d’Leit géif ëmdreiwen. Ech weess dat scho ganz gutt an ech verzweifelen drun, datt ech déi individuell Fäll net alleguer ka selwer traitéieren. An ech wollt mech och nach eng Kéier bei de Leit dofir entschëllegen, datt dat einfach net geet, mä ech bekëmmere mech méi ëm déi Saache wéi fréier, well ech och heiansdo mierken, an dat ass jo eng Ongerechtegkeet ier et ugeet, datt wann de Staatsminister selwer éierens urifft, datt dann eenzel Saache méi séier viruginn. Genau dowéinst hu mer de Médiateur erfonnt.

Marc Linster: Dat heescht, déi kleng Suerge vun de Leit heheem déi interesséieren Iech wierklech méi wéi d’Weltpolitik op der internationaler Bühn?

Jean-Claude Juncker: Weltpolitik am ganz grousse Sënn vum Wuert, wësst Dir, dat interesséiert mech, well ech mat deene Jonge muss driwwer schwätzen. Mä do sinn ech ee klengen Hellegen an enger grousser Kierch. Wann ech mech zur Fro vun der Rakéitenofrüstung weltwäit äusseren, dann hält de Putin an de Bush, déi halen net direkt op ze otmen, iwwregens och net wann anerer sech dozou äusseren.

Nee, nee nee, déi kleng Problemer déi d’Leit hunn, dat sinn hir grouss Problemer an domat sinn et och meng grouss Problemer. Mä hir grouss Problemer fannen och an Europa, an der Welt statt an et muss een sech also ëmmer ëm déi Saache bekëmmeren an ech si jo net deen eenzegen an der Regierung deen dat mécht. Meng Kollege maachen dat och. Mir sinn alleguer op iergendeng Fassong, alleguer kleng Ombudsmänner. Dat ass zu Lëtzebuerg méi ausgeprägt wéi dat soss iergendwou ass an dat féiert iwwregens dozou, datt, mengen ech jiddwerfalls, d’Politik an d’Regierungsleit zu Lëtzebuerg iwwerhaapt net esou wäit vun de Leit ewech si wéi dat soss iergendwou de Fall ass. Dir hutt, wann dir et net hutt, sollt dir et, d’Mémoirë vum Här Schröder gelies an den Här Schröder, dat huet mer Freed gemaach, mat deem ech jo [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Ass et ee gutt Buch?

Jean-Claude Juncker: Streckeweis. Schreift, wat en impressionéiert hätt bei mir wier, datt ech an alle Sitzunge kënnt präzis gutt an zielorientéiert iwwert d’Problemer vu sougenannten einfache Mënsche schwätzen. Ech hunn dat als Luef emfonnt, mä déi Zort Luef kënnt jo ëmmer nëmme vun där anerer Säit vun der Grenz.

Francine Closener: Dir hutt dat elo ugeschwat, dir sidd jo vill am Ausland. Wann een elo zum Beispill dës Woch kuckt, do waart dir zu Bréissel, zu Riga - dat kënnt jo dacks vir wéinst internationalen Engagementer an der Europäescher Unioun, an der Nato - mä Dir gitt awer och heiansdo oder dacks an d’Ausland fir entweder selwer ee Präis ze kréien oder eben, dat ass jo an der Lescht och virkomm, fir eng Laudatio op een aneren ze halen. Bréngt dat dem Land dann eppes? Imageméisseg?

Jean-Claude Juncker: Ech menge jo, well déi Tatsaach, datt een am Ausland ass, besonnesch an deene méi grousse Länner, a Frankräich wou ech vill sinn, mä wat wéineg Echo hei am Land fënnt, gelungenerweis, Däitschland oder Belsch oder Holland oder Éisterräich oder aner Länner - wichteg ass et ëmmer, datt Lëtzebuerg sech erëm zréck op d’europäesch Kaart setzt an dat kann een domat maachen a contrairement zu deem wat vill Leit mengen, ass dat jo net esou, datt ech do dauernd am Ausland géif meng Zäit verbréngen. Wann ee reest, kann ee schaffen, et kann ee mueres fléien an owes erëm sinn oder owes fléien an deen aneren Owend erëm sinn, a vun un datt ech an der Regierung sinn, schaffen ech Samschdes a Sonndes méi wéi 10 Stonnen. Insofern hunn ech iwwerhaapt net d’Gefill, datt duerch déi Reesen, déi ech net maache fir mäi Pleséier, well ech hätt alles kënne kréien an der Welt wat ech gär gehat hätt, dat maachen ech wierklech, fir datt et eis gëtt an dat halen ech fir wichteg, do hunn ech net den Androck, datt dat op Käschte vu menger Aarbecht geet. Déi, déi mech heiansdo owes spéit sichen, wësse wou se mech fannen, dat ass um Büro.

Marc Linster: Här Staatsminister, komme mer nach emol bei d’Schoul, d’Schoul ass a bleift ee Suergekand zu Lëtzebuerg, net nëmme vun der Ministesch an de Proffen, mä virun allem och fir d’Schüler. Zevill Échecen, net genuch Diploméierter, Promotiounscritèren déi andauernd geännert ginn, vu Back to basics geet et eriwwer bei d’Schoul déi Spaass soll maachen. Mä wou et dann elo wierklech higeet, wéi d’Schoul d’Kanner op hir Zukunft soll preparéieren, mat wéi enge Konzepter, Methoden a Programmer, dat hu biswell déi mannste verstanen. Gëtt et do ee globalt Konzept?

Jean-Claude Juncker: Ech halen den Job vum Educatiounsminister fir ee vun deene schwéiersten, déi et an der Regierung gëtt an d’CSV huet jo ëmmer dee Ministère, wéi déi aner gesot hunn, besat.

Marc Linster: Hutt Dir déi aner elo probéiere gelooss oder?

Jean-Claude Juncker: An déi aner, ech schwätze vun dëser Regierung, déi probéieren net, mä déi maachen. A wann ee mécht, dann ass d’Explikatioun vun deem ville wat muss gemaach gi besonnesch schwiereg. Elo lafen iwwer vill Saache Consultatiounsprozeduren, wou et an der Regierung an och net bei der Madame Delvaux virgefaasste Meenunge gëtt. Dës Regierung plangt net d’Revolutioun an der Schoul, mä mir lauschteren awer och wat eis gesot gëtt, vun de Proffesseren, vun den Elteren, vun de Schüler. Mir wësse wat d’Noutwennegkeete vun eiser Zäit sinn an dee Reformprozess, deen ee breeden ass, eng richteg Bildungsoffensive, wann ech dat kann esou soen, déi d’Madame Delvaux féiert - net am nëmme perséinlechen Numm, dat gëtt vun der Regirung gedeelt, mir diskutéieren a mir schwätze jo vill iwwert d’Schoul. Méi wéi jemols virdrun am Regierungsrot gëtt iwwert d’Schoul geschwat. Déi Politik muss gemaach ginn, woubäi Regierung a Ministesch de Leit um Terrain nolauschteren. Deen Androck, do géif mat virgefaasste Meenungen operéiert ginn, do géif net nogelauschtert ginn, do géif net gelauschtert ginn op dat wat gesot gëtt, ass eng falsch Meenung. An ech si mat deem wat do geschitt séier zefridden, well een einfach Kompetenzbiller brauch fir virunzekommen. Doru gëtt aktiv geschafft, well een Ëmorientéierunge brauch, fir aus enger Situatioun erauszekommen, déi op ville Plaze bei hirer Resultatsbildung net zefriddestellend ass. Dat musse mer mat den Enseignanten zesumme maachen, vun deene mer eng héich Meenung hunn.

Entgéint deem wat an deene Milieue jo systematiséiernd duergestalt gëtt, ass d’Ministesch eng Fra déi d’Enseignanten an der Regierung an an der Politik verteidegt - ech verstinn net firwat datt de Géigendeel behaapt gëtt -, ass d’Regierung eng Equipe, déi, wéi ech dat beim Parlament e puermol gesot hunn, ouni datt dat an de Schoulgebeier iwwerhaapt ukënnt, eng héich Meenung vun den Enseignanten huet, mä jiddweree muss sech änneren. Vun der Politik gëtt verlaangt, datt se sech all Dag ännert, vun de Leit déi an de Betriber dobaussen an der Wirtschaft schaffen, gëtt verlaangt, datt se sech all Dag diebelen a quëtschen an ëmänneren. Dat selwecht muss an der Schoul geschéien, geschitt jo och op ville Plazen, well ganz vill Enseignanten mat enorm vill Engagement hir Aarbecht maachen. An et wier gutt, wa se géife verstoen, datt si d’Alliéierte vun der Regierung sinn an d’Regierung hiren Alliéierten ass, anstatt datt sech, an engem relativ irrationale Prozess dorop verstäipt gëtt an der Regierung, de Feind ze gesinn. D’Regierung ass net de Feind vun den Enseignanten an d’Enseignanten an d’Regierung zesumme solle kucke mat deenen anere Partner fir eng Schoul ze kréien, déi gutt ass fir eis Kanner an déi gutt ass fir eist Land. Déi feindlech Stëmmung do huet iwwerhaapt keng Ursaach ëm sech ze gräifen a schued der Schoul méi, wéi all Regierungspolitik hir ka schueden.

Francine Closener: Mä just nach eng Fro zu deem Thema, stellt iech mol vir, no den nächste Wale krit zum Beispill d’DP nees den Éducatiounsministère, da kann ee sech jo awer wierklech virstellen, datt dann erëm alles géif réckgängeg gemaach ginn an dee Moment sinn d’Schüler jo awer dann definitiv a komplett verluer. Oder stitt dir als Garant, datt dat dann net méi réckgängeg gemaach gëtt.

Jean-Claude Juncker: Ech weess jo net ob ech an der nächster Regierung sinn

Francine Closener: Gesat de Fall.

Jean-Claude Juncker: Wier dat esou, wier dat esou wéi et och elo ass, datt ech ëmmer an enger Regierung de Bilan vun där Regierung vu virdru verteidegen. Déi aner kënne jo ëmmer alles soen an alles schlecht maachen, mä deen, dee méi laang dobäi ass, dee ka jo net zouloossen, datt dat wat virdru gemaach ginn ass, alles falsch gewiescht wier. Ech hunn déi Bildungsoffensive vun der DP ni sérieux geholl, well ech net gesinn hu wou se richteg ugesat hätt. Ech hu fonnt, datt d’Madame Hennicot méi fundamental Schoulreforme gemaach huet wéi der duerno gemaach si ginn. Ech stelle fest, datt haut eng Rei vu Kritike geäussert ginn, déi duerchaus och zoutreffen op d’Politik déi an der leschter Regierung gemaach ginn ass. Wa gesot gëtt, dës Regierung géif de Leeschtungsgedanken niddreg hänken, ass dat eng Behaaptung déi net stëmmt, jiddwerfalls ass de Leeschuntgsgedanken an dëser Regierung imminent present, op manst esou wéi en an der leschter Regierung war.

Mir hunn ni gesot, mir wëllten d’Hausaufgaben ofschafen, mir hu gesot mir wëllten d’Hausaufgaben an der Schoulzäit maachen, well ganz vill Kanner, kommen se heem, keen hunn, mat deem se kënnen Hausaufgabe maachen. Nee, nee, nee, dat wat dës Regierung wëllt, ass eng Schoul vun der gesellschaftlecher Integratioun déi grousse Wert op Leeschtung leet. Déi Virstellung, datt aus dem Saz d’Schoul soll Spaass maachen, kann deduzéiert ginn, elo géif nach just Tralala an der Schoul gemaach ginn, ass jo eng falsch. Wat jo gemengt ass a wat jo och gesot ginn ass, dat ass, datt d’Schoul soll Freed maachen. D’Liewe soll ëmmer Freed maachen an ech weess net wouhir déi Virstellung kënnt, datt d’Kanner musse fäerte fir an d’Schoul ze goen. Nee, d’Schoul soll Freed maachen, wat awer net heescht, datt de Leeschtungsgedanken net géif an der Schoul pronéiert ginn an ech kann och näischt gesinn wou dee Leeschtungsgedanken do de Moment géif no ënne bewegen. Ech si mat deem wat do geschitt zefridden, et geschitt am Numm vun der Regierung an et gëtt vu menger Partei och integral gedeelt. Mä mir hätte gären, datt dat a breede Consultatioune mat den Enseignanten, déi meng Héichuechtung hunn, well ech vill Kollegen hunn, déi an deem Beräich schaffen a weess wéi vill datt se schaffen. Datt mer dat mat deenen zesumme solle maachen, dat ass och d’Meenung vun der Ministesch.

Marc Linster: Mir kommen esou lues zum Schluss vun der Emissioun. Nach e puer Froen am Kontext Politiker Jean-Claude Juncker, dir hutt et schonn ugekënnegt, datt dir nach eng Kéier mat an d’Wale gitt a Premier wëllt bleiwen, dozou e puer Froen. Éischtens reizt iech dee Poste vum Premier dann nach effektiv ëmmer nach no esou laange Joren?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech hu gesot, ech géif gäre mäin eegenen Nofolger ginn, wat jo net wëllt soen, datt dat misst esou goen. Et fanne jo Wale statt. Ech hunn am Spaass gesot, dat ass eng Formalitéit. Do hunn dann eminent Publizisten, déi och hei är Cartes blanches méi rout a gréng wéi schwaarz maachen, déduzéiert, ech géif do quasi wëlle putschen. Nee, nee, nee, mir triede fir déi Walen déi nächste Kéier un, dat ass jo nach méi laang, fir weider kënne Verantwortung ze droen. Ech soen net, datt dat een Handwierk ass, dat wat ech do hunn, wat vergnügungssteuerpflichteg wier, mä ech maachen dat gär, well ech, jo, esou naiv sinn ze mengen, datt awer nach, och wann d’Zuel wahrscheinlech ofhëlt, vun de Leit grouss ass, déi fannen datt ech dat, bon, einegermoosse géif esou maache wéi dat gutt gemaach wier. Ech hätt am Liewen aner Saache kënne maachen, wéi jiddweree weess, mä bon, ech sinn ee Lëtzebuerger an dat gefällt mer hei a mir hu jo villes zesummen ze maachen, nei Politiken, zukunftsorientéiert Gestaltungsprozesser ze animéieren an ze féieren an ech maachen dat gär, esoulaang wéi d’Leit mech dat maache loossen.

Francine Closener: Mä der CSV hiren Topscore vun de leschte Walen, an och eben ärt perséinlech Resultat nach eng Kéier z’iwwertreffen, dat dierft jo awer trotz allem ganz schwéier ginn. Fäert Dir dann net, datt dir de Moment verpasst, wou dir ophaalt, wou dir um Sommet vun der Muecht sidd?

Jean-Claude Juncker: Madame Closener, ech hunn elo grad gesot, datt déi Leit déi iwwer 50 Joer al sinn - ech kréien der haut an enger Woch, mengen ech, 52 Joer - net zum alen Eise gehéieren. Ech wëll dat och op mech applizéeirt gesinn. Ech menge schonn, datt d’CSV an ech selwer déi leschte Kéier een aussergewéinlecht gutt Resultat haten, duerch vill Ëmstänn bedingt, och doduerch bedingt, datt mer de Leit näischt versprach hu wat mer net konnten halen. Dir kënnt mer do näischt weise wat mer net respektéiert hätten.

Francine Closener: Mä do goung nach net esouvill riets vu Spuermoossnamen.

Jean-Claude Juncker: Et wier gutt gewiescht och, wann der de „Juncker on tour“, mengen ech, huet dat geheescht, do regelméisseg suivéiert hätt.

Marc Linster: Ech hunn dat suivéiert.

Jean-Claude Juncker: Voilà, Här Linster, an dofir wësst Dir ganz genau, datt ech eng Ried zu Spuerappelle gehalen hunn, zum méi Luesmaachen, datt ech versprach hunn de Leit, ech kënnt e garantéieren, datt näischt géif bäikommen, wat se haut nach net hätten, datt mer alles géife maache fir ee Maximum vun deem ze hale wat se hunn. Ech hunn net den Androck een demagogesch populistesche Walkampf gefouert ze hunn, wéi vill anerer dat hei am Land gemaach hunn. Ech ginn dovun aus, well dat deen normale Prozess ass, datt meng Popularitéitswerter, och well Politik e bësse méi schwiereg ginn ass wéi se vläicht emfonnt ginn ass, datt se virdru gewiescht wieren, sech no ënne wäerten adaptéieren. Déi Ëmfroen déi ech fir ee Phénomène an der Lëtzebuerger Politik halen, déi net gutt ass an déi ëmmer weist, datt ech dee Populärsten hei am Land sinn, wäerten an Zukunft iergendwann weisen, datt dat net méi esou ass. Vu datt ech mech ni mat deene Meenungsëmfroe gebretzt hu wéi se fir mech gutt waren, wäert ech mech och an Zukunft net mat en ausernee setze wa se méi schlecht ginn. Ech ginn dovun aus, datt se méi schlecht sinn, mä ech ginn dovun aus, datt meng Partei, well se eben en extrae Bezuch zu Land an zu de Leit huet, et wäert fäerdeg bréngen, wann se ëm d’Vertraue vun de Leit freet, dat Vertrauen och a méi engem grousse Mooss ze kréie wéi anerer dat hei am Land kréien.

Marc Linster: Här Juncker, et ass awer net esou, datt Dir kengem aneren CSV-Politiker är Nofolleg als Premier géift zoutrauen?

Jean-Claude Juncker: Wéi kéim ech dozou fir ze mengen, no mir géif et kee méi ginn deen dat grad esou gutt géif maachen? Där gëtt et a menger Partei e puer.

Francine Closener: Wee kënnt dann do elo zum Beispill a Fro? Den Här Frieden, den Här Biltgen, den Här Schiltz, den Här Wolter oder vläit de Claude Wiseler?

Jean-Claude Juncker: Madame, ech hunn erkläert, rezenterweis, d’CSV géif mam Jean-Claude Juncker als Spëtzekandidat déi nächst Walen untrieden

Francine Closener: Déi iwwernächst vläicht?

Jean-Claude Juncker: Watfir ee Joer mengt Dir elo genau? Ech muss jo elo net d’Fro vun deenen nächste Jorzingten alleguere matenee beäntwerten. Esoulaang wéi d’Leit mech net fortschécken, sinn ech hei an ech décidéieren, wann d’Leit et net décidéieren, selwer a ganz alleng a mat mir ganz alleng, wéini datt ech ophalen. Entweder soen d’Leit: Juncker bleif, an da bleiwen ech. An da kënnt eng Kéier de Moment wou se soen, falls ech et net selwer mierken, géi, da ginn ech ouni schlecht Gefiller. Mä ier se soen, géi, soen ech, elo ginn ech, well elo hunn ech meng Mëllech ginn. Maacht mir do all Vertrauen, ech ginn net als staatsministerielle Methusalem an d’Lëtzebuerger Geschicht an, mä ech sinn nach ganz jonk.

Marc Linster: Nach een allerlescht Wuert zum Koalitiounspartner dës Kéier: regéiert dir léiwer mat der LSAP oder mat der DP?

Jean-Claude Juncker: Esou stellt d’Fro sech net. Ech regéiere gären als Partei, mir alleguer, mat Leit, mat deene mer eis och perséinlech verstinn. Ech hat ganz gutt Bezéiunge mat ville liberale Ministeren, dat war mënschlech ganz agreabel. Ech hunn extrem gutt Bezéiunge mat alle Ministere vun der LSAP. Dat sinn zwou Parteien, mä dat si virun allem an där Regierung 15 Leit déi probéieren hirt Bescht ze maachen an déi eigentlech net, wéi dat oft schéngt, no Parteilogike funktionnéieren. Ech sinn ëmmer iwwerrascht, wann ech an den Zeitunge liesen, d’CSV zitt d’LSAP, esou wéi d’DP fréier, dauernd [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: über den Tisch?

Jean-Claude Juncker: dauernd iwwert den Dësch. Also ech hunn nach kee gesinn um Dësch do sech zéie loossen. Mir schaffen, menge mer a si mer och iwwerzeegt, fir d’Land. Dat si 5 Leit, dat sinn esouvill CSV-Leit, esouvill Sozialisten. Déi zwou Parteie verdroe sech, an déi Leit si beméit ënnert sech selwer eng Atmosphär ze dégagéieren déi et méiglech mécht déi beschte Politik fir d’Land z’entwerfen. Déi Theorien déi do verzielt ginn, besonnesch am Tageblatt, déi jo déi Zeitung ass déi d’sozialistesch Partei am meeschten attackéiert, well se am Tageblatt déi Sozialisten net gären hunn déi et zu eppes bréngen iwwert de Wee vu Walen, dat Gefill datt d’Sozialisten do géifen niddergeknëppelt ginn, datt déi näischt ze soen hätten, ass net meng deeglech Liewenspraxis. Mir schaffe mateneen a mir regéieren net géinteneen. Mir probéieren anstänneg fir d’Leit hei am Land ze schaffen.

Marc Linster: Et ass véierel op eng, voilà, Här Staatsminister, dat war et fir d’Emissioun vun haut. Mir soe merci, datt dir eis Ried an Äntwert gestanen hutt. Den nächste Background ass haut an enger Woch, da fir den Optakt vum Kulturjoer live aus de Bouneweger Rotonden an Invité ass dann de Robert Garcia. Vun eis, vum Francine a vu mir, nach ee schéine Weekend.

Dernière mise à jour