Le ministre des Classes moyennes, du Tourisme et du Logement, Fernand Boden, invité de l'émission "Riicht eraus" (Radio 100,7)

Serge Kessler: Gudde Mëtteg bei "Riicht eraus". An eiser Emissioun vun haut geet doriwwer rieds firwat d’Bauen an d’Wunnen hei am Land esou deier sinn a wat géint déi héich Präisser soll gemaach ginn. Een anere Sujet ass d’Iddi aus dem Grand-Duché den Akafs- an Handelszentrum vun der Groussregioun ze maachen. An zum Schluss schwätze mer iwwert den Tourismus mat eisem Invité, dem Minister Fernand Boden, dee fir all dës Beräicher zoustänneg ass. Gudde Mëtteg.

Fernand Boden: Gudde Mëtteg.

Serge Kessler: Ufänke wëlle mer awer mat der Aktualitéit. D’Woch vun der Fuesvakanz gouf quasi just vun engem Thema marquéiert, der Flucht vum albanesche Prisonnéier en Dënschdeg zu Schraasseg, Jean-Claude Franck.

Jean-Claude Franck: De Prisonnéier Nuka Kujtim ass zwar nees am Prisong, d’Evasioun ass awer nach ëmmer an der Aktualitéit, op mannst nach bis d’nächst Woch, da mussen de Justizminister an de Prisongsdirekter der Chamberjustizkommissioun Ried an Äntwert stoen. Den Luc Frieden muss dann awer eng nei Versioun vun där Evasioun erzielen, dat huet d’Lëtzebuerger Land gëschter geschriwwen. De Prisonnéiert Kujtim wier der Prisongsdirektioun no net iwwer 3 sechs Meter héich Mauere gesprongen, och d’Aussoen iwwert d’Spezialausbildung an der albanescher Arméi wieren dem Kujtim sengem Affekot no, net onbedingt richteg. Informatiounen déi dann och dat ze confirméiere schéngen, wat de Xavier Bettel a senger séierer Reaktioun gesot hat, den DP Deputéierten hat d’Erklärung vum Justizminister Luc Frieden nämlech direkt als eng Ligge bezeechent. Doropshin huet d’Demokratesch Partei gefuerdert, de Luc Frieden misst de Ressort vum Prisong oftrieden.

Serge Kessler: Äre Ministeschkolleg Luc Frieden steet also staark ënner Drock wéinst sengen Aussoen en Dënschdeg no der Flucht vum albanesche Prisonnéier. Wéi erkläert Dir iech d’Aussoe vum Luc Frieden iwwert de Fluchtwee an d’Arméiausbildung vum Prisonnéier, Aussoen déi jo esou net solle stëmmen?

Fernand Boden: Bon ech mengen dat muss ee mol nopréiwen a kontrolléieren. Ech mengen de Luc Frieden huet ganz sécher den Dossier vun dem Prisonnéier gekuckt gehat ier en déi Aussoe gemaach huet, an ech menge wéi de Prisonnéier erauskomm ass, den Här Frieden war net dobäi, dat kann en nëmme soe vun deem wat e gesot kritt. Ech mengen dat wäert natierlech elo genee examinéiert ginn an dat ass richteg a gutt, datt d’Chamberskommissioun doriwwer soll diskutéieren. Ech mengen et soll een dat genee kucken a wann do eng Schwaachstell am Prisong ass, da muss se eben évitéiert ginn.

Serge Kessler: De Justizminister huet en Dënschdeg vun enger spektakulärer Flucht geschwat. Wat muss een aus esou enger Affaire zréckbehalen, wéi eng Léier muss een doraus zéien?

Fernand Boden: Jo ech mengen et muss een alles maachen, datt, wann dat eng Schwaachstell soll sinn, datt déi eliminéiert gëtt, mä et muss een och kucke wat an esou engem Fall net optimal gelaf ass. Ech mengen et si jo eng Partie Leit, déi hu gesot, si an der Noperschaft, si wären net rechtzäiteg informéiert ginn doriwwer. Ech mengen alles dat wäert natierlech och vun der Polizei a vun dem Justizminister duerchdiskutéiert ginn. A mir kucken dorauser Léieren ze zéien an dat déi nächste Kéier esou ze maachen, datt, ech géif soen, datt all Garantien do sinn, datt d’Leit déi an der Noperschaft wunnen, méiglechst mann a Gefor sinn an datt och, wéi gesot, et ëmmer méi schwéier gëtt fir kënnen erauszekommen a fort ze bleiwen. Ech mengen hei ass jo, Gott sei Dank, géif ech soen, ganz schnell reagéiert ginn, en ass ganz schnell erëm gepëtzt ginn, mä ech mengen et gesäit een, datt déi Leit déi am Prisong sëtzen, eben de Wëllen hunn, verschiddener op jiddwer Fall, fir eraus ze kommen. Definitiv a komplett eliminéiere kann een dat sécher net, mä et muss ee kucke fir alles ze maachen, datt dat bal onméiglech gëtt.

Serge Kessler: Diskussioune ginn et och nach ëmmer ronderëm déi geplangten Aféierung vum Statut unique, Jean-Claude Franck.

Jean-Claude Franck: Et ass schéin a gutt, datt de Premier den Entreprisë versprëcht eppes géint den abusiven Absenteismus z’ënnerhuelen, trotzdem muss d’Käschtenneutralitéit fir d’Betriber garantéiert sinn, dat hat d’CLC dës Woch an engem Communiqué geschriwwen. D’Regierung misst hir Positioune fir den Eenheetsstatut dofir nach eng Kéier iwwerschaffen, wann net, da géif d’Patronat sech mobiliséieren, schlëmmstefalls géifen Aarbechtsplaze verluer goen, well d’Betriber wéinst dem Statut unique hir Aktivitéiten an d’Ausland verlagere missten, esou d’Conféderation du Commerce.

Dës Woch war dann och eng Entrevue tëscht der Regierung an der Handwierkerfederatioun, dat well d’Handwierk déi meeschten Aarbechter beschäftegt. Beim Statut unique geet et jo drëms ee gemeinsame Statut fir déi ronn 280.000 Aarbechter a Privatbeamten ze schafen. Grosso moddo soll den Aarbechterstatut deem vum Employé ugepasst ginn, wouduercher déi Betriber, déi den Ament vill Aarbechter beschäftegen awer eng finanziell Méibelaaschtung fäerten. D’Regierung wëll dofir a Verhandlungen nach e puer Detailer klären, zäitgläich gëtt awer schonn un engem Gesetzesprojet geschafft. Den 1. Januar 2009 soll d’Jorhonnertreform nämlech schonn a Kraaft trieden.

Serge Kessler: Här Boden, Dir waart e Mëttwoch bei der Entrevue mat de Vertrieder vun der Handwierkerfederatioun dobäi. Verstitt Dir d’Bedenke vum Patronat fir d’Aféierung vum Statut unique?

Fernand Boden: Ech menge jo, d’Regierung déi huet jo gesot, an der Tripartite ass et och ofgemaach ginn, éischtens mol, datt de Statut unique soll kommen. Mä zweetens ënner gewëssene Bedingungen, datt d’Gesamteconomie net soll dorënner leide mussen, finanziell. Datt och gewësse Secteuren, wou méi grouss Problemer optauchen, datt deene soll Rechnung gedroe ginn, an ech mengen, d’Regierung huet gesot, mir ginn hei net mam Briecheise vir an de Jean-Claude Juncker, de Premierminister, huet och d’Bedenke vun den Handwierker, en huet hinnen alleguer nogelauschtert, an ech menge mir hunn se och berouegt, datt mir wëllen dat hale wat ofgemaach ass, datt ee soll kucken, fir ebe berechtegten Bedenken an Uleies vu besonnesch klenge Betriber vu gewëssene Secteuren, wéi den Horescas-Beräich oder de Bauberäich, déi ënner anere Konditioune musse schaffen, datt een deem muss Rechnung droen. An ech menge schonn, wa jiddwereen, an dat schéngt awer kloer ze sinn, jiddweree wëllt zum Ziel kommen, jiddweree muss also dann och kucke fir deem anere seng Problemer ze verstoen. An ech menge wann dat gemeinsamt Ziel do ass, wäert et och zu enger Léisung kommen. Ech mengen de Premier huet jo ganz kloer gesot, datt d’Regierung bereet ass ze vermëttlen, net mam Briecheisen doduerch ze goen an ze versiche fir eppes eraus ze fannen, wou jiddwereen awer domat liewe kann, an ech mengen, mat vill guddem Wëllen, wär dat méiglech.

Et ass natierlech eng grouss Reform, et ass jo och net fir näischt, datt dat zanter Jorzéngten net ugepaakt ginn ass. Ech mengen och an der Tripartite wousst jiddwereen, datt et net géif esou ganz einfach goen, et ware vläicht e puer Leit e bëssen ze vill optimistesch. Mä et gesäit een awer datt entretemps, nodeem datt géif ech soen d’Welle mol héichgeschloe sinn, well och heiansdo vläicht Kommunikatiounsschwieregkeeten do waren, mä et gesäit een awer, datt elo jiddweree gesäit, datt d’Regierung bereet ass un dat wat ofgemaach ass och ze kucken zu enger Léisung ze kommen, déi därer entsprëcht an ech mengen et gi jo och Méiglechkeeten, wann esou eng grouss Reform soll gemaach ginn, wou eben deen ee riskéiert vläicht e bësse méi Problemer ze kréie wéi een anere, datt een ebe sicht an engem gesamt Pak och deem seng Problemer hëllefen awer ze léisen, vläicht op eng aner Manéier.

Serge Kessler: A wéi gesäit d’Belaaschtung aus elo fir d’Betriber aus dem Mëttelstandsecteur?

Fernand Boden: Jo et ass ganz evident, datt zum Beispill d’Handwierk duebel esouvill belaascht gëtt wéi de Bankesecteur an aner Secteuren, dat heescht do si Problemer. An et geet jo just drëm fir ze kucken, wéi kënne mer deene Problemer begéinen a wéi kënne mer dofir suergen, datt eben déi Secteuren do net zevill drënner leiden. Ech mengen ee grousse Problem ass ganz evident, datt déi kleng Betriber soen, jo wann ee jo Leit huet, mir hunn nëmmen e puer Leit beschäftegt an dobäi hunn der déi ganz vill krank sinn, déi oft krank sinn, mir mussen da komplett bezuelen a mir kréien net iergendwéi eppes do dogéint, da gëtt dat ee grousse Problem fir eis. An ech mengen dat ass och verstane ginn an ech mengen d’Regierung, de Premier huet dat jo och kloer gesot, datt elo gekuckt gëtt fir zesummen ze kommen an engem Groupe à très haut niveau, wou also d’Presidente vun de Gewerkschaften, vun de Patronen dobäi sin, mat deenen zoustännege Ministeren a wou da gekuckt gëtt fir eben eng Léisung ze fannen, wéi kann een den iwwerdriwwenen Absenteismus, also deen onberechtegten Absenteismus, wéi kann een dee besser an de Grëff kréien, wéi kann een dee vermeiden, wéi kann een dem Patron méi Handhabe ginn, fir dogéint kënnen anzewierken. An ech menge wann do Solutioune fonnt ginn, denken ech, datt déi gréisste Spëtzt ofgebrach ass.

Serge Kessler: Oft geet beim Statut unique rieds vun enger Jorhonnertreform, ass déi Bezeechnung Ärer Meenung no korrekt?

Fernand Boden: Et ass eng wichteg Reform, wéi gesot, et gëtt scho laang dovu geschwat, jorzéngtelaang an elo gëtt se richteg an Ugrëff geholl. Et ass ëmmer komplizéiert fir esou eppes ze maachen. Also jiddwereen deen an der Szen täteg war an ech mengen et gi jo och fréier Gewerkschaftler, déi haut an der Chamber sëtzen, déi hu vun Ufank u gesot, esou einfach wäert dat net goen. Dat ass och richteg, ënner deene Critèren a Konditiounen déi festgeluecht gi sinn, mengen ech awer misst kënnen eng Léisung fonnt ginn, wéi gesot nach, wa jiddweree bereet ass dat Ziel ze erreechen an ech hunn d’Impressioun, datt jiddweree dat och wëllt anhalen, zu deem e sech engagéiert huet an der Tripartite.

Serge Kessler: Dir hutt Mathé a Physik studéiert. Wat sot Dir zu den alarmanten Nouvellen, déi am UNO-Rapport iwwert de Klimawandel stinn?

Fernand Boden: Jo ech mengen dat ass natierlech eppes wat ganz bedenklech ass. Et ass net fir d’éischt, datt iwwert de Klimawandel geschwat gëtt an iwwert d’Problematik dovunner. Ech mengen et si jo eng Rei vu Moossnamen elo an de leschte Joren ergraff ginn, fir den CO2 Ausstouss wesentlech ze reduzéieren. Dat geet net duer, et huet och net jiddweree matgemaach. An ech mengen et huet een d’Impressioun op jidde Fall, datt een och a Kontinenter an och a grousse Länner wéi Amerika, déi virdrun vläicht éischter do réservéiert waren, net wollte richteg mat upaken, datt déi och bereet sinn ëmzedenken, datt se gesinn, datt ee grousse Problem do ass, datt ee muss gemeinsam reagéieren. Et geet net duer wa Lëtzebuerg alleng eppes mécht oder Europa alleng. Do muss jiddweree mathëllefen an ech mengen, och dee Rapport hei, dee wäert ganz sécher munech Leit erëm zum Ëmdenke bréngen. Ech géif soen zu Lëtzebuerg si jo schonn zanter Joren eng ganz Rei vun Efforte gemaach ginn. Ech muss och soen, als Landwirtschaftmsinister, datt och d’Landwirtschaft hire Beitrag dozou leescht. Ech menge mir sinn hei, wat d’Biogasanlagen zum Beispill ubelaangt, ganz gutt do am Verglach zu anere Länner. D’Baueren hunn dat erkannt an ech mengen och, datt d’Notzung vun der Biomasse, datt déi an den nächste Joren der Landwirtschaft eng Chance gëtt an et gesäit een, datt si bereet ass do mat ze maachen an datt si eventuell do och gesäit fir een neie Peiler ze kréien, fir een Akommes an domat och dozou bäizedroen, wéi gesot, de Beitrag vu Lëtzebuerg zum Klimawandel, datt deen och vergréissert a verbessert gëtt.

Serge Kessler: Eng aner Méiglechkeet fir de Kampf géint de Klimawandel gëtt et och am Wunnengsbau, zum Beispill duerch d’Sanéierung vun Albauten. Do géif awer op Regierungsniveau ze wéineg geschéien, huet d’Presidentin vum Mouvement écologique viru ronn engem Joer hei a "Riicht eraus" kritiséiert, d’Blanche Weber.

Blanche Weber (O-Toun): Ech huelen dat ominöst Beispill vun der Albausanéierung. Dat ass een Thema, wou wann Dir elo den Här Boden hei sëtzen hätt oder ech weess net wen, jiddweree géing soen, dat ass wichteg, dat ass gutt, well mir schounen dËmwelt a mer schafen Aarbechtsplazen doran an en plus hu mer nach zu Lëtzebuerg, dat schéngt mer och angesichts Diskussioune wéi TDK an esou, hu mer produzéierend Betriber vun Isolatiounsmaterial. Mir hu Betriber zu Lëtzebuerg, déi Isolatiounsmaterial produzéieren an déi frou wäre wann hiren Ofsazmaart géing klammen. Et geschitt awer net wierklech op Regierungsniveau, datt do berode gëtt, datt Förderprogrammer kommen, datt de Staat selwer seng Gebeier besser isoléiert, datt op d’Gemengen zougaange gëtt. Et fënnt jiddereen et gutt, et fënnt jiddereen et richteg an domadder huet et sech.

Serge Kessler: An haut hu mer de Minister Fernand Boden hei sëtzen. Stëmmt et, datt net genuch an deem Beräich geschitt?

Fernand Boden: Bon ech géif mengen et kann ëmmer a jiddwer Beräich méi gemaach ginn. Mir hunn natierlech eng ganz Rei vun Hëllefsmoossname bereet gestalt fir wa méi energieeffizient gebaut gëtt. Den Ëmweltministère huet Programme wou e finanziell Beilage gëtt, wann een Niddregenergiehaiser zum Beispill baut. De Wunnengsbauministère huet de Carnet de l’habitat geschaf, wou jiddweree kann een Checkup kréie vu sengem Haus wat mi wéi 15 Joer al ass, wou de Staat 75% vun de Käschte vun där Expertise bäileet. Mir hu 40 Architekten an Ingenieure forméiert fir déi Expertisen do ze maachen. Do kritt also deen dee wëllt sanéieren a sengem Haus, dee kritt gesot wou sinn d’Boboen, wou sinn d’Stäerkten an d’Schwächte vun deem Haus, wat muss ee prioritär maache fir méi energieeffizient kënne seng Transformatiounen ze maachen. Och do sinn also Akzenter gesat ginn, fir eben och d’Albausanéierung unzeregen. An ech mengen och de Minister Krecké deen huet ee Reglement op de Wee ginn, fir och de Koeffizient fir ze bauen, fir och méi energieeffizient ze bauen, huet heen op de Wee ginn. Do wäerte méi streng Moossnamen, ech géif soe vum nächste Joer un, wahrscheinlech kommen. An ech hunn och scho gesot, datt op jiddwerfall nëmmen déi Leit nëmmen nach Bauhëllefe kréie vum Wunnengsbauministère, déi sech deene Critèren a Konditiounen och beugen an déi och anhalen, esou datt ech der Meenung sinn, datt op enger ganzer Rei vu Pläng versicht gëtt fir dat ze maachen. Mir hunn och schonn zanter ganz laange Jore fir d’Gemengen een Albausanéierungsprogramm agefouert am Gesetz vun 1979, dat si ganz héich Bäihëllefe virgesinn, fir al Quartieren ze sanéieren. Mir hunn 3 oder 4 Gemengen déi ugefaangen hunn dat ze maachen, déi mer ënnerstëtzen doranner. Mir maachen och Appelle fir am Kader vun der Wunnengsbaubeschafung, fir do eben net nëmmen nei ze bauen, mä och bestehend Haiser ze renovéieren, ze restauréieren, wéi gesot. Och d’Bäihëllefe sinn esou ëmmodelléiert ginn, datt wann een nei baut, datt een net méi kritt wéi dat fréier de Fall war, wéi wann een een Haus keeft, dat renovéiert a restauréiert, astandsetzt, fir eben dran ze bauen, esou datt eng ganz Rei vun Akzenter gesat gi sinn.

Also ech kann nëmme soen, datt mer op zwee Pläng mussen och an Zukunft viruschaffen, dat ass dat eent, dat ass ebe kucken, datt méi gebaut gëtt, mä zweetens awer och déi bestehend Bausubstanz, fir déi besser ze notzen. An och an dësem Projet de Loi, dee mer elo fäerdeggestalt hunn, do sinn eng Rei vu Moossname virgesinn, fir ebe wéi gesot déi bestehend Bausubstanz, fir déi besser kënnen ze notzen, fir d’Leit ze encouragéieren, fir a bestehend Bausubstanz z’investéieren, besonnesch fir se ze vermieten. Mir hunn een neit Mietgesetz gemaach am leschte Joer. Alles dat soll wéi gesot an d’Richtung goen, fir bestehend Bausubstanz, fir dat a Stand ze setzen, fir dat erëm besser bewunnbar ze maachen, méi Qualitéit doranner ze offréieren, mä virun allem awer och fir méi energiebewosst eben déi Renovatiounen ze maachen.

Serge Kessler: A mir bleiwen direkt beim Thema bauen a wunnen. Enn Januar hutt dir de Pacte logement présentéiert. Am Gesetzesprojet sinn eng Rei vu Mesurë virgesi fir d’Bauaktivtéit unzekuerbelen a fir d’Präisser vu Bauplazen a Wunnraum an de Grëff ze kréien. Staat a Gemenge sollen eng besser Maîtrise iwwert Grond a Buedem kréien, hofft Dir. Dat grousst Ziel ass et datt wunnen hei am Land méi präiswert gëtt.

Eng Fro virop, wat ass an de leschte Jorzéngte schief gelaf oder anescht gefrot, wat gouf verpasst ze maachen, fir z’évitéieren datt d’Präisser fir Terrainen, Haiser a Wunnengen esou staark geklomme sinn an haut nach ëmmer klammen? Plus 5% bannent engem Joer.

Fernand Boden: Jo ech mengen, datt permanent vill gemaach ginn ass. De Wunnengsbauministère deen huet versicht iwwert déi Mëttelen déi en huet, dat si Wunnengsbaubäihëllefen, fir do de Leit et méi liicht ze maachen zu engem Eegenheem ze kommen an déi Akommesplafongen, och d’Montante si permanent an d’Luucht gesat ginn. Et sinn nei Moossnamen dobäi komm. Ech soen nëmmen TVA 3%, dat ass eemoleg. Ech géif och soen, d’Héicht an de Fächer vu Wunnengsbauhëllefen déi hei am Land ugebuede ginn, déi sinn eemoleg an Europa. Dat huet och ganz vill Leit dozou gehollef fir zum Eegenheem ze kommen. Et dierf een net vergiessen, datt 70% vun de Stéit hei am Land een Eeegenheem hunn. Dat ass ee Prozentsaz, deen och mat deen héchsten ass a ganz Europa. Dat heescht, et ass scho villes gemaach gi fir ze hëllefen.

Mir hu Steiermoossname gemaach virun 2002, fir méi Terrainen op de Maart ze kréien, andeem datt d’Plusvaluen vill manner staark besteiert ginn. Mir hunn ee Gesetz gemach vum 8. November 2002, wou mer eben d’Gemengen encouragéiert hunn, och de subventionnéierte Wunnengsbau fir do méi staark matzehëllefen. Wann eng Gemeng Mietwunnenge mécht, kritt se 75% vum Wunnengsbauminister bezuelt. Wann eng Gemeng Investitioune mécht, Infrastrukture schaaft oder Terraine keeft, kritt se 50% bäigeluecht. Also et sinn eng ganz Rei vu Moossnamen ergraff gi fir d’Gemengen ze encouragéieren. Ech muss soen, datt vläicht net genügend bewosst war an vläicht net genuch Wëllen do war vu jiddwerengem fir eng Hand mat unzepaken, fir gezielt virunzegoen. Dat ass vläicht richteg, mä ech mengen schonn, datt d’Bauen a sech awer net esou wesentlech méi deier ginn ass. Mir hu jo och den Observatoire de l’habitat agefouert, deen analyséiert vun 2003 u jo d’Entwécklung vun de Präisser. Also d’Baue selwer ass an de leschte Joren net wesentlech méi staark gewuess wéi d’Inflatioun. Mä wat virun allem problematesch ass, dat ass de Problem vun dem Bauland. D’Baulandpräisser déi sinn net gebremst ginn, déi si weider an d’Lut gaangen. Ee grousse Problem ass ebe wéi gesot, datt eng ganz Partie Leit ganz vill Terrainen hunn, se au compte goutte ausginn, fir datt se eben héichbleiwen a fir datt au contraire zum Ausland, och zum Nopeschausland, d’Gemengen an de Staat eben net esouvill Terrainen hunn, datt se se kënne gezielt op de Marché ginn an doduerch d’Präisser kënne staark erofdrécken.

Dofir war et néideg, datt iwwert dat wat gemaach ginn ass, eraus, nei Moossnamen ergraff ginn, déi och net jiddwerengem gefalen. Mir wëssen dat, mä ech mengen et ass wichteg, datt net nëmmen d’Offer vergréissert gëtt, wat scho wichteg ass. Mir hu jo een Ziel gesat, fir nodeem datt mer elo während 30 Joer op ronn 2400 Wunnenge pro Joer waren, op 3000 a méi ze kommen. Dat wäert ganz sécher een Impakt op de Präis hunn. Wa vill méi gebaut gëtt, wäert dat een Impakt hunn an et gesäit ee jo och, datt déi Moossnamen déi mer ergraff hunn an de leschte Joren, datt déi dozou gefouert hunn, datt zanter 2002 d’Zuel vun de Baugenehmegungen ëm méi wéi 50% an d’Lut gaangen ass.

Et gesäit ee schonn, de Prozess ass am gaangen, mä et muss een nach déi Problemer déi bestinn ausmerzen. Et ass ee Gesetz gemaach gi fir d’Prozeduren ze verbesseren. Dat huet natierlech an enger Ufanksphase éischter kontraproduktiv Problemer mat sech bruecht. Wann déi nei PAGen do sinn, dat ass jo d’Gesetz vun 2004 iwwer d’Bebauungspläng, wann déi do sinn déi nei Bebauungspläng, da wäerte sécher d’Prozedure méi schnell goen. Mä entretemps wou déi al nach bestinn an nei Prozedure fir PAP-Lotissementer do sinn, ass do ee gewëssene Problem, deen ass jo scho verbessert ginn. Och an dësem Gesetzesprojet gëtt erëm eng Kéier dat Gesetz vun 2004 eng Kéier ofgeännert an den zoustännege Minister, de Jean-Marie Halsdorf huet jo och schonn e puer Tables ronde gemaach, wou e gesot huet, virun Enn 2007 wëll ech nach eng Kéier kucke wat si nach vläicht Problemer, datt een och do eng Ännerung ka virhuelen, fir datt net duerch verlängert Prozeduren an iwwerdriwwe laang Prozeduren eben d’Bauen nach méi deier gemaach gëtt. Ech mengen dat war d’Ziel vun deem Gesetz, mä et huet bis elo leider Gottes säin Ziel nach net erreecht.

Serge Kessler: Voila, mir kommen nach gläich op déi nei Mesuren ze schwätzen. Am Oktober 2005 awer hat de Premier Jean-Claude Juncker zouginn, datt heen als Staats- a Finanzminister zanter 1991 beim Versuch gescheitert wär d’Wunne fir jiddwereen hei am Land erschwénglech ze maachen. De Premier huet vun engem perséinlechen Échec an der Wunnéngsfro geschwat. Dir sidd zanter 1995 fir de Logement zoustänneg, ass et deemno och fir Iech ee perséinlechen Échec.

Fernand Boden: Bon ech mengen et ass kee frou wann ee gesäit, datt d’Bauland esou deier gëtt an sech esou entwéckelt huet wéi dat elo geschitt ass. Wéi gesot, mir hunn alleguer versicht Moossnamen an d’Wee ze leeden, wou mer gemengt hunn déi hätte méi ee staarken Impakt, ech hunn der eng Partie opgezielt. De Jean-Claude Juncker selwer als Finanzminister huet jo déi Steiererliichterung gemaach wou d’Plusvalue ganz wéineg besteiert ginn, déi ee kritt wann een Terraine verkeeft. Dat huet dozou gefouert, datt méi Terraine verkaaft gi sinn, mä et huet awer net dozou gefouert, datt d’Präisser méi bëlleg gi sinn, wat mer gehofft haten. Dat heescht, déi Suen, déi d’Leit agespuert hunn déi verkaaft hunn, déi sinn net weidergereecht ginn un déi déi se kaaft hu fir drop ze bauen an dofir menge mer, datt mer méi contraignant Moosname mussen ergräifen, fir dat Ziel do z’erreechen. Mir hätte gären, datt eng besser Maîtrise vu Staat a Gemengen op Grond a Buedem soll kommen. An datt eben d’Gemenge méi Méiglechkeete kréien an de Staat och, fir méi Terraienn kënnen z’offréieren zu méi gënschtegen Konditiounen an eventuell och deenen entgéintzewierken, déi eben Terraine wëlle leie loossen, well se hoffen datt se nach méi deier ginn.

Serge Kessler: Och d’LSAP huet sech virgëschter op enger Pressekonferenz mam Pacte logement beschäftegt. D’Sozialiste stelle sech hannert de Pakt. Et géif akuten Handlungsbedarf ginn, well an de leschte Joeren zwee Feeler geschitt sinn, seet de Parteipresident Alex Bodry.

Alex Bodry (O-Toun): Et ass net fäerdeg bruecht ginn, éischtens, vun de Kräfte vum Maart z’erreechen, datt d’Baulandpräisser zu Lëtzebuerg, d’Bauen an d’Wunnen zu Lëtzebuerg, erschwinglech bleift fir eng grouss Majoritéit vun deene Leit déi hei zu Lëtzebuerg liewen, respektiv déi wëllen op Lëtzebuerg wunne kommen, och déi däerf een net vergiessen. An op där anerer Säit ass et awer och een Echec vun den nationale Politiken an deem Beräich iwwert déi lescht 10, 12 Joer. Wann ee bedenkt, datt praktesch an engem Zäitraum vu knapp 10 Joer et zu enger Verdueblung komm ass an der Regel vun de Baulandpräisser hei zu Lëtzebuerg. An datt een och nach muss feststellen, datt och déi Entwécklung no uewen nach ëmmer net gebremst ass.

Serge Kessler: Elo wär déi richteg Richtung ageschloen, soen d’Sozialisten, allerdéngs misst de Mesurëpak an den nächste Wochen nach nogebessert ginn. Gëtt et do nach Spillraum?

Fernand Boden: Bon ech menge mir hu jo an der Regierung dee Projet guttgeheescht. Mir haten och eng Reunioun, eng interfraktionell Reunioun CSV mat de Sozialisten, wou wéi den Här Bodry elo grad gesot huet, de Projet an de groussen Zich guttgeheescht ginn ass. Ech mengen esou ee Projet dee wesentlech Neierunge bréngt, ka sécher op deem engen oder anere Plang nach verbessert ginn. Ech mengen et ass kee Projet, oder bal kee Projet, deen esou an der Chamber gestëmmt gëtt wéi en déposéiert ginn ass. Ech mengen hei gëtt Neiland betratt an do si mer offe fir all positiv Ureegung. Dofir hu mer jo och nach Avisen agefrot, déi och nach sollen hir Meenung dozou ausdrécken. Also ech menge schonn, datt d’Richtung stëmmt, dat seet praktesch jiddweree, vun der Majoritéit op jidde Fall, an ech mengen och datt et net anescht geet, datt ee gesäit datt d’Kräfte vum Maart, wéi de Bodry gesot huet, net spillen. Ech menge wee verkeeft hätt gären, dat wat e kritt, an dofir muss een ebe kucke fir d’Offer ze vergréisseren, wéi gesot, an de Staat an d’Gemenge mussen Handhabe kréien, fir do méi staark anzewierken. An ech mengen, datt besonnesch d’Gemengen och een Ëmdenkprozess gemaach hunn. An de leschte Joere ware si net ëmmer esou doropper aus fir alles ze maachen, fir d’Prozeduren ze beschleunegen a fir och selwer ze kucken zu Terrainen ze kommen, déi se kënnten zu gënschtege Konditiounen op de Maart ginn. Mä ech hunn d’Impressioun, datt och déi Ustéiss déi komm sinn, vun der Regieurng aus, och de Projet de Loi ass jo schonn am Mee a groussen Zich ass e schonn ugekënnegt ginn, datt deen en Ëmdenkprozess bruecht huet.

Schonn ier de Projet déposéiert ass, hu mer, et wäerte praktesch 45 Gemenge sinn, déi sech spontan bei eis gemellt hunn a soten, mir wëllen e Pakt mat der Regierung maachen, mir sinn eis och eiser Verantwortung bewosst. Ech menge si hu jo och eng legal Verpflichtung iwwer d’Gesetz, datt si musse fir déi Leit déi an hirer Gemeng liewen, suergen datt se eng Wunneng kréien. Si sinn also mam Staat an engem nämlechte Boot, an ech denken, datt se eben, wa Staat a Gemengen zesummen, wierklech zielstrebig kucke fir do Remedur ze schafen, wou muss Remedur geschaf ginn, datt mer do de Problem och kënne lues a lues an de Grëff kréien. Dat geet net vun haut op mar, dat wësse mer alleguer, mä ech menge schonn, datt déi Moossnamen déi elo virgesi si kënnen dozou bäidroen. Et ass ee starkt Signal fir déi déi bis elo ebe wollten Terraine leie loossen, mat der Hoffnung datt se méi deier géife ginn.

Serge Kessler: De Wunnengsbaupakt ass näischt anescht wéi de schrëftleche Beweis vun engem totale Mësserfolleg vu bal 30 Joer CSV Bautepolitik, huet et iwwerdeems Mëtt Februar um Oppositiounsbriefing bei der Demokratescher Partei geheescht, den DP Fraktiounschef Charel Goerens.

Charel Goerens (O-Toun): Fir de Rescht stelle mer fest, datt no bal 3 Jorzéngte vum selwechte Minister ëmmer versicht ginn ass fir Neel mat Käpp ze maachen, mer nach ëmmer ee Rieseproblem hunn. Woubäi mer zouginn, datt de Problem net einfach ass, well mer een atypeschen Zouwuess hu vun der Bevölkerung hei am Land, mä da muss ee sech déi Prozedure ginn. D’Gemenge si wichteg Acteuren, et soll een déi an d’Lag versetzen, fir dat ze maachen an dat éischt wat ee muss maachen, eiser Meenung no, dat ass, et soll een déi déi wëllen Initiativen huelen, net genéiert fir dat ze maachen. Zweetens ass och ee bëssen ee Widdersproch an der Regierung hirer Duerstellung selwer. Am Ufank ass gesot ginn, wann Dir 1% Croissance hutt, nee wann Dir Croissance hutt an Ärer Bevölkerung, da kënnt Dir am Fong gehollef kréien, 6700 Euro, wann Dir, mengen ech esou ass de Betrag, wann Dir an enger IVL kompatibler Gemeng wunnt a 4500 an deenen anere Gemengen. Elo gëlt dat anscheinend nëmme just, wann een en Zouwuess huet dee méi grouss ass wéi 1% vun der Bevölkerung. Déi Leit déi doropper tabléiert haten, déi sinn natierlech elo, déi komme sech e bësse geleimt vir, well se do net déi néideg Berechenbarkeet gesinn an deem Ganzen. Mais enfin, d’Erausfuerderung bleift. Mir kucken elo mol. Wann déi Saach do soll esou fantastesch si wéi se présentéiert gëtt, bon, da gi mer e mol eng Chance. Mir mengen awer, datt eis Bedenken awer net onberechtegt sinn.

Serge Kessler: Op wéi ee Populatiounswuesstum bezitt sech dann elo déi geplangte finanziell Hëllef fir d’Gemengen.

Fernand Boden: Ech mengen dat war vun Ufank u ganz kloer. Et ass ëmmer gesot ginn, mir ginn dovun aus, datt mer een normale Wuesstum hu vun 1%. Do brauch d’Gemeng iwwerhaapt keng Ustrengungen ze maache fir deen ze kréien. Wa se Ustrengunge mécht fir méi wéi 1% Wuesstum ze kréien, da leeë mer eppes bäi an da leeë mer déi 4500, respektiv déi 6750 Euro pro Awunner, deen iwwert dee Wuesstum vun 1% eraugeet, leeë mer bäi. Ech mengen dat war vun Ufank u kloer an ech fannen et e bësse bëlleg fir elo dorauser eng grouss Saach wëllen ze maachen. Mä wat ech awer och muss soen, ech hunn dat och an der Chamber dem Här Bettel op seng Remarque gesot, déi den Här Goerens och gemaach huet, zanter 28 Joer huet d’CSV, et ass net deeselwechte Minister, mä d’CSV hat d’Responsabilitéit am Wunnengsbauministère, dat wär een Echec. Ech muss soen, zanter 28 Joer ass d’DP, stellt se de Buergermeeschter an der Stad Lëtzebuerg an dee gréisste Problem dee mer hunn, ass eben d’Stad Lëtzebuerg gewiescht. Normalerweis wiisst eng Haaptstad duebel esou schnell wéi de Rescht vum Land. Hei ass ee Wuesstum gewiescht vun 1,3% an de leschten 30 Joer duerch d’Land, an der Haaptstad ass an de leschten 30 Joer d’Bevölkerungszuel net an d’Lut gaangen, mä se ass erofgaangen. Normalerweis hätt se missten op manst ëm 2% sinn. Wann se ëm 2% gewuess wier a se wär esou gewuess, wa Wunnengsbau geschaf gi wär an der Stad Lëtzebuerg, da wäre 40.000 Leit haut méi zu Lëtzebuerg, dat heescht op manst 15.000 Wunnengen hätte misste méi gebaut ginn a der Stad Lëtzebuerg an ech muss och soen, wann ee schonn e bësse polemesch ass, da muss een och kucke wou sinn d’Responsabilitéiten. Also de Wunnengsbauminister kann net d’Gemenge forcéiere Prozeduren ze beschleunegen, ka se net forcéiere fir dofir ze suergen, datt Aktioune gemaach ginn, wéi zum Beispill, datt ee Baugebot ausgestalt gëtt wat scho laang besteet. Mä ech géing soen, dat ass Polemik, dofir sinn ech och frou, datt d’Stad Lëtzebuerg bereet ass fir mat eis ee Wunnengsbaupakt ze maachen, well se erkannt hunn, datt ee Problem do ass, datt och si mussen agéieren. Et gi ganz vill Reserven hei an der Stad Lëtzebuerg a wann d’Stad Lëtzebuerg matmécht, hu mer schonn ee ganz wichtege Partner am Boot, dee virdru manner am Boot war.

Serge Kessler: Wéivill Wunnenge wäerten dann an Zukunft pro Joer hei am Land mussen entstoen, vu déi ekonomesch Croissance, d’Créatioun vun neien Aarbechtsplazen an dem Ziel, datt déi nei Plaze just zu 40% vu Frontaliere solle besat ginn?

Fernand Boden: Jo ech menge mir hunn hei ee grousse Problem am Land, dat ass, datt mer méi schnell wuesse wéi iergend een anert Land. Et komme vill Leit hei an d’Land, déi wëllen hei schaffen, déi wëllen hei liewen. En zweete Phénomène dee kënnt dobäi, deen och relativ staark ausgeprägt ass, d’Stéit gi méi kleng. Mir hu virdru praktesch 2,9 Leit an engem Stot gehat, haut hu mer nach 2,5 Leit an engem Stot. Dat huet dozou gefouert, datt vill méi Haiser musse gebaut ginn. Mir hunn eng Bedarfsprognose gemaach, wou festgestalt gëtt, datt praktesch alleng 800 Wunnenge pro Joer musse gebaut ginn, fir deem dote Phénomène Rechnung ze droen. Mir hunn och, wéi gesot, eng Bedarfsprognose gemaach bis 2021, wou een natierlech muss mat Hypothesë virgoen. Wann d’Bevölkerungswuesstum esou weider geet, wa mer also 2021 op 534.000 Awunner wären, da misst ee praktesch 3000 bis 3400 Wunnenge pro Joer maachen, fir deenen zwee Trenden do ze begéinen. Also esouwuel wann et nach géif weider goen, wann d’Zuel vun de Memberen an engem Stot nach géif weider erofgoen, staark erofgoen a wann déi Awanderung géif esou weidergoen, wéi se bis elo war, esouguer nach liicht méi staark, da misst ee wéi gesot 3000 Wunnengen an e bësse méi bauen. Dat ass och dat Ziel wat mer eis gesat hunn. Mir hoffen, datt mer vun deenen 2400 déi mer an de leschten 30 Joer waren op déi 3000 kommen. Ech hu gesot, wann ech d’Zuel vun de Baugenemegunge kucken, hunn ech eng gutt Hoffnung, datt dat sech esou entwéckelt. An ech mengen och déi Moossnamen déi elo ergraff ginn, am Projet de Loi, wou jo ugereegt gëtt fir méi ze bauen, dat ass ee grousst Ziel, net nëmmen de Staat a Gemengen mä virun allem och d’Privatpromoteuren, et si jo déi déi am meeschte bauen, wa si ugereegt gi méi schnell ze bauen, fir jiddwereen, an de Staat an d’Gemengen hëllefe fir kënne méi schnell ze bauen, datt och Oplagen do si fir méi präisgënschteg ze bauen, datt och Saachen duerch dëst Gesetz ewechgeholl ginn, déi d’Baue méi deier gemaach hunn. Zum Beispill gewësse Gemengen hunn iwwerdriwwen Taxë gefrot wann ee wollt do bauen. Dat gëtt alles e bëssen an deem Projet de Loi hei gëtt dat e bëssen éliminéiert, esou datt ech hoffen, datt mer awer iwwert déi 3000 Wunnenge kommen. Ech hunn drop higewisen, datt elo praktesch 45 Gemenge sech spontan bereet erkläert hu fir matzemaachen an ech menge wa Staat a Gemengen Hand an Hand schaffen, an zielorientéiert schaffen, wa se e bësse méi Maîtrise iwwer Grond a Buedem kréien, wa se och bereet sinn Taxen anzeféieren, déi eben déijeneg bestrofen, wéi aus spekulative Grënn hir Terraine laang zréckbehalen, ech mengen da kréie mer de Problem awar lues a lues an de Grëff.

Serge Kessler: Dir hutt de Privatsecteur ugeschwat, d’Unioun vun de Propriétairen an de Verband vun de Bauentrepreneure kritiséieren déi geplangte Besteierung vun onbebautem Terrain, gefaart ginn hei Nodeeler fir de private Secteur an eng weider Hausse vun de Präisser. Wéi reagéiert Dir op dës Kritiken un de Mesurë géint d’Baulandspekulatioun?

Fernand Boden: Jo, also ech mengen, déi Leit déi vill Terrainen sech ugeeegent hunn an déi se wëllen au compte goutte zréckbehalen, Leit déi mat Terraine spekuléieren, déi sinn natierlech net frou iwwert de Projet. Dat ass ganz evident, mä ech mengen d’Entrepreneuren déi misste ganz frou sinn. Ech hat gesot, déi missten am Fong ënnert de Plafong sprangen, well wa bis elo 2400 Wunnenge pro Joer gebaut gi sinn an elo sollen der méi wéi 3000 gebaut ginn, gëtt also d’Baugeschäft, gëtt ugereegt, et gëtt méi gebaut. Or, mir wëssen alleguer, de Bausecteur ass ee ganz wichtege Secteur am Handwierk an der gesamter Economie. Do misst eng Ureegung kommen an ech mengen dofir verstinn ech am Fong net hir grouss Befierchtungen. Et ass natierlech evident, datt de Staat an d’Gemengen an de Fonds de Logement elo méi Méiglechkeete kréie fir sech Terrainen unzeeegenen, well se ee Virkafsrecht kréien, well se och steierlech Avantage kréien, mä ech menge wann och d’Gemeng den Terrain keeft, baut si jo net selwer drop. Et geet jo drëm, datt si deen Terrain méiglechst schnell vu Privatpromoteueren erschléisse léisst, doropper baue léisst, mat engem Cahier de charges an an deem Cahier de charges ebe steet, datt dat wat herno de Verkafspräis ass duerf gewësse Grenzen net iwwerschreiden. Dat heescht, et ass ganz sécher, datt d’Marge bénéficiaire, déi haut awer ganz staark ass bei verschiddene Betriber a wou nach Loft dran ass, datt déi vläicht erofgedréckt gëtt. Datt dat net jiddwereen zefriddestellt, dat verstinn ech, mä ech mengen dat ass awer deen eenzege Wee fir och e bëssen un de Baupräisser kënne fréckelen ze goen, datt se no ënne ginn a besonnesch jo och dofir ze suergen, datt déi iwwerdriwwe Marge bei de Baulandpräisser, datt déi erofgesat gëtt.

Serge Kessler: Wéini soll Äre Projet dann an der Chamber gestëmmt ginn? Geet et nach duer fir dat wéi geplangt virun der Summervakanz ze maachen?

Fernand Boden: Ech si jo een Optimist, dofir hunn ech gemengt mat guddem Wëlle vu jiddwerengem misst dat kënnen nach virun der grousser Vakanz gestëmmt ginn, mä wéi gesot d’Majoritéit
steet hannert dem Projet. Ech hoffen, datt no an no och jiddwereen agesäit, datt dee Projet hei ee vun den eenzege Méiglechkeeten ass, fir wéi gesot dee Pakt mat de Gemengen och fäerdeg ze kréien, och dozou bäizedroen, datt méi schnell gebaut gëtt, datt d’Baulandpräisser kënnen e bëssen erofgedréckt ginn. De Staatsrot ass natierlech och een Acteur. De Projet wäert ech an der nächster Woch déposéieren, wéi gesot mir hunn nach gewaart op een Avis an ech hat hinnen Zäit gi bis déi nächst Woch. Da gëtt en déposéiert an ech menge schonn, datt wann zielstrebeg dru geschafft gëtt an ech denken schonn datt och d’Chamberskommissioun direkt wäert ufänke mat schaffen, da misst alles prett sinn, fir datt wann den Avis vum Staatsrot do ass, datt e ka gestëmmt ginn. Also ech ginn nach ëmmer dovunner aus, ech hoffen datt ka virun der Summervakanz gestëmmt ginn, wann net, dann awer direkt soubal d’Chamber erëm eng Kéier ufänkt.

Serge Kessler: Nach eng lescht Fro zu dësem Volet, wéi eng Gedanke ginn Iech duerch de Kapp, wann Dir héiert, datt ëmmer méi Lëtzebuerger an d’Nopeschlänner wunne ginn an esou zu Grenzgänger ginn, einfach well d’Wunnen hei am Land fir si ze deier ginn ass?

Fernand Boden: Jo ech mengen dat huet een net ganz gären, obschonn et och keen Drama ass, wann ee 5 Kilometer vun der lëtzebuerger Grenz ewech wunne geet. Mä ech menge schonn, datt mer och Léiere mussen dorauser zéien. Et gëtt jo aggressiv Propaganda gemaach vun esou Gemengen, vu Bausparkeesen aus Däitschland, fir ebe Lëtzebuerger dohinner ze lackelen. Do hunn d’Gemengen Terrainen sech ugeeegent, déi se kënnen elo op de Maart ginn. D’Bauspuerkeesen déi hëllefe bauen, do sinn also eng Rei vu Facteure, déi mer leider Gottes hei net am Land hunn, déi d’Baue méi bëlleg maachen. Dofir mengen ech, ass hei dat Gesetz och dofir virgesinn, fir eben deem entgéintzewierken, datt d’Gemengen d’Méiglechkeet kréien, fir méi Terrainen ze kréien. Si kréie jo och méi héich Bäihëllefen fir dat ze maachen, si kréien och nei Méiglechkeete fir ee Baugebot auszespriechen. Wann an enger Uertschaft, am Zentrum oder gutt geleeën, Terrainen einfach net bebaut ginn, datt se do kënnen ee Baugebot drop maachen, wa bannen dräi Joer näischt geschitt ass, datt se kënnen Taxen drop leeën oder d’Gemengen iwwerhaapt emol allgemeng d’Méiglechkeet kréien, fir kënnen Taxen opzehiewen, wa fäerdeg erschlosse Bauplazen einfach näischt doropper geschitt, wa se leie gelooss ginn, an der Hoffnung, datt se nach méi wert ginn. Oder wa Wunnengen eidel stoe gelooss ginn, méi wéi 18 Méint, einfach ouni richtege Grond, dat d’Gemeng d’Méiglechkeet kritt fir do eng Taxe opzehiewen. Fir also éischtens mol eidelstoend Wunnenge méi schnell bewunnt ze kréien a fir dofir ze suergen, datt d’Bauplazen déi fäerdeg erschloss sinn, wou d’Allgemeinheet jo dran investéiert huet, well d’Erschléisse kascht jo Geld, wou se keng Contrepartie kritt, well keen eng Taxe bezillt op engem Terrain deen net bebaut ass, datt d’Gemengen also d’Méiglechkeet kréien do eng Taxe opzehiewen an am Fong déi e bëssen zur Vernunft ze kréien, déi aus spekulative Grënn hir Terraine leie loossen.

Serge Kessler: Eriwwer da bei dat zweet grousst Thema vun eiser Emissioun "Riicht eraus". De Grand-Duché soll zum Handelspol vun der Groussregioun ginn. An der Tripartite war am Abrëll d’lescht Joer décidéiert ginn, datt d’Regierung deementspriechend Promotiounsaktivitéite vum Lëtzebuerger Commerce ënnerstëtzt. Ufank vum Mount gouf eng Konventioun ënnerschriwwe vum Minister Fernand Boden an dem President vun der Conféderation du Commerce, dem Erny Lamborelle. De Staat léisst sech d’Efforten 2007 an 2008 am Total eng 5 Milliounen Euro kaschten. Den Handel selwer soll gutt 800.000 Euro bäisteieren. Lëtzebuerg soll also zur éischter Handels- an Akafsadress an der Groussregioun gemaach ginn. Virop soll eng Analyse vun de Stäerkten a Schwächten vum Lëtzebuerger Handel realiséiert ginn, duerno gëtt et da konkret, wéi eng Mesurë si geplangt?

Fernand Boden: Jo, ech mengen déi Aktioun do, déi geet zréck och op d’Diskussiounen an der Tripartite, wou driwwer geschwat ginn ass, wéi kënne mer et maache fir eis Economie méi kompetitiv ze maachen. Ee wichtege Secteur ass ouni Zweifel den Handelssecteur an déi Secteuren déi och domadder verbonne sinn, wéi den Tourismus Secteur, den Horesca-Secteur, d’Handwierk méi allgemeng, an do ass gesot ginn, mir wëllen eng Offensive starten, fir aus Lëtzebuerg, net nëmme Stad Lëtzebuerg, mä Lëtzebuerg allgemeng, den Handelspol vun der Groussregioun ze maachen. D’Regierung huet gesot, mir si bereet dat finanziell ze ënnerstëtzen, mat 2,5 Millioune während deenen zwee Joer. Och d’Conféderation du Commerce oder den Handel insgesamt, dee leet 830.000 Euro bäi pro Joer, dat heescht, zweemol déi 830.000 Euro. Dat ass schonn ee Montant mat deem een eppes kann ufänken. Et geet also elo net drëm fir einfach ganz schnell nëmmen Publicitéit ze maachen, ze werben dofir, och wann dat net onwichteg ass. Et gesäit een, datt zum Beispill d’Stad Tréier ganz staark wirbt hei fir Lëtzebuerger Clienten op Tréier ze kréien. Och dat wäert geschéien, mä et geet drëm eng Moossnam z’ergräifen, déi méi laang, méi nohalteg ass, déi laang Wierkung huet, fir ze kucken, wéi Dir gesot hutt, Etuden ze maachen, wou si d’Stäerkten an d’Schwächten, wat sinn d’Besoine vun de Clienten, woufir geet de Lëtzebuerger an d’Ausland a woufir kommen d’Auslänner hei op Lëtzebuerg akafen. Wéi si mer am Präisvergläich, dat ass eng Etude déi zwar net direkt heimadder finanzéiert gëtt, mä déi vum Statec aus gemaach gëtt, fir ee Präisvergläich ze maachen an der Groussregioun fir och eben ze kucken, wou sinn eis Stäerkten, eis Schwächten an dann Aktiounen ze starten, fir wéi gesot, eis Lëtzebuerger Clienten ze fideliséieren.

Do gëtt et eng Rei vu Méiglechkeeten, et ass vun och dem Accueil, dem Service geschwat ginn, dee soll verbessert ginn. D’Formatioun vun de Geschäftsleit, vun de Leit déi an de Geschäfter schaffen. Jee et gëtt eng ganz Rei, eng Panoplie vu Moossnamen ergraff, fir eben dofir ze suergen, fir Lëtzebuerg méi attraktiv ze maachen, d’Lëtzebuerger ze fideliséieren an och Friemer méi heihinner ze kréien. A wéi gesot, et ass net nëmme fir d’Stad Lëtzebuerg, et gëtt och gekuckt wéi kann een d’Touristenzentren zum Beispill, wéi kann een anerer, d’Stad Esch, wéi kann een aner Zentren eben zu engem Pôle attractif maachen. Dat comportéiert natierlech och, datt mer och musse Geschäftspole kréien, mir gesi jo och, datt auslännesch Chaînen och agesinn, datt Lëtzebuerg een interessante Marché ass, datt se bereet sinn hei ze investéieren. Och dat muss ee considéréieren, och mat begleeden, vläicht e bësseen emdenke par rapport zu deem wat fréier gemaach ginn ass. Also et geet drëm fir interessant Lokomotiven ze kréien awer och dofir ze suergen, datt d’Stadzentren méi belieft ginn, datt se méi attraktiv ginn, och do méi Synergië gemaach ginn. An ech géif soen, de City-Manager, dat ass jo och ee gutt Beispill fir ze kucken, datt ee ka méi coordinéiert Aktioune kréien, datt ee kann och wéi gesot de Stadzentrum méi attraktiv maachen. Och dat ka mat finanzéiert ginn.

Serge Kessler: D’Onfrëndlechkeet am Lëtzebuerger Handel gouf schonn als eng vun de Schwächten détectéiert, huet esouguer den CLC President zouginn. Wéi kann een, Ärer Meenung no, esou eng Schwächt an de Grëff kréien?

Fernand Boden: Ech hu grad drop higewisen, ech mengen et ass jo och virun enger Rei vu Joren eng Aktioun gemaach ginn, "smile", fir datt eben och op Frëndlechkeet Wert geluecht gëtt, och eng ganz Rei vu grousse Geschäfter, déi forméieren hir Leit, fir eben de Service um Client ze verbesseren. Mir wëllen dat elo och mat dëser Aktioun verallgemeineren. An et ass jo och als éischt Aktioun esou een Award virgesinn, ee Präis virgesinn, wou d’Cliente selwer sollen déi Geschäfter eraussichen, deenen se wëllen dee Präis do ginn, fir déi schéinst Vitrinen, fir den Accueil, d’Frëndlechkeet, datt mer also och gewuer ginn, wat hätten d’Clienten am Fong gären, wou sinn se zefridden domat an ech mengen esou soll mat dëser Aktioun eben dofir gesuergt ginn, datt Lëtzebuerg duerch eng Rei vu Moossnamen méi attraktiv, méi interessant gëtt. A wann do Schwächten do sinn, well mer zum Beispill feststellen, datt an deem engem oder anere Beräich d’Präisser méi deier si wéi am Ausland, da muss een deem natierlech entgéintwierken an déi Schwächten ausmerzen. A wann ee gesäit datt gewësse Secteuren ee Problem hunn, da muss ee kucken an Iwwerleeunge maachen, wat kënne mer fir déi Secteure méi konkret a méi gezielt maachen.

Serge Kessler: Dem Statec no kafen d’Leit hei aus dem Land ronn d’Halschent vun hirem Miwwel am Ausland, 27% vun de Kleeder an ëmmerhin nach 14% vun de Liewensmëttel. Hunn dës Zuelen Iech iwwerrascht?

Fernand Boden: Bon ech mengen net, ech hu scho virun enger gewëssener Zäit gesot, beim Textil wësse mer, datt dat 25 bis 30% sinn, dat wärt och net komplett kënnen eliminéiert ginn. Et si jo och Auslänner déi heihinner akafe kommen, mir mussen dat och net vergiessen. Dat ass jo och net do erfaasst ginn a mir wëlle jo kucken, datt och méi Auslänner eben heihinnerkommen. Et wäert ëmmer esou bleiwen, datt d’Leit gäre mol iwwert d’Grenz eraus akafe ginn, fir mol eppes, do si mol vläicht aner Marken, aner Produiten. Mir mussen ebe kucken, wat hätten d’Cliente gären. Et si jo och Leit déi aus dem Ausland bei eis kommen, well mir Produiten hunn déi si net hunn, fir do eben déi Schwächten auszemerzen. Wou ee Problem ass, dat ass am Miwwelsecteuer, dat wësse mer scho méi laang a wéi gesot do hu mer an der leschter Zäit, Gott sei Dank, géif ech soen, deen een oder anere gehat deen doranner méi staark investéiert huet, mä mir hu wéi gesot do nach net dee grousse Fësch hei u Land gezunn.

Et gëtt heiansdo gesot IKEA wär net op Lëtzebuerg komm, well mer ee Moratoire gehat hunn, dat stëmmt natierlech net esou. IKEA huet an hirer Strategie eben net virgesi gehat fir op Lëtzebuerg ze kommen, si hu jiddefalls ni eng Demande gemaach am Ministère, am Mëttelstandsministère. Si wieren natierlech ganz wëllkomm gewiescht an et ass schwéier fir aner esou grouss Chaînen ze kréien, déi ebe kënnen do eng staark Konkurrenz sinn. Mä mir gesinn awer, datt sech och am Miwwelsecteur dat eent oder dat anert deet. Mir wäre frou, wa sech do nach méi géif doen a wéi gesot et ass jo kee Moratoire schonn zanter enger Zäitche méi do. Do kënnten also nei Leit sech mellen oder bestehend Geschäfter kënnten eben och sech esou ausdehnen an ausbauen, datt dat méi attraktiv ass. Mä mir hunn eben do wéi gesot de Pech e bëssen, datt IKEA op der däitscher Grenz scho méi laang war, op der franséischer Grenz scho méi laang war, elo op der belscher Grenz ass, datt mer een aneren, Möbel Martin, fir en ze nennen, datt mer deen op der Grenz sëtzen hunn. Dat heescht, et si staark Konkurrenten, jenseits vun de Grenzen a si sinn net hei am Land. Dat ass ee Problem. Am Miwwelsecteur ass dat ouni Zweifel esou an do muss een natierlech hoffen a wënschen, datt mer och do deen een oder anere mol kréie wäerten, dee bereet ass ze investéieren a wéi gesot mir si gäre bereet fir dat favorabel ze examinéieren.

Serge Kessler: An deem heite Kontext ass natierlech och erëm iwwert méi lang Ouvertureszäite vun de Geschäfter rieds gaangen. Dat aktuellt Gesetz léisst a Saachen Ouvertureszäite scho vill zou, hutt Dir op der Pressekonferenz ufanks vum Mount ënnerstrach. Jidderee misst awer e wéineg gudde Wëlle weisen. Wéi hutt Dir dat gemengt?

Fernand Boden: Jo ma ech menge mir hunn, zanter Joere si mer am gaange well dat Gesetz eng gewësse Flexibilitéit zouléisst, fir ze kucken, datt d’Sozialpartner solle mateneen diskutéieren a solle Solutioune fannen. Mir hunn der schon eng ganz Partie fonnt. Ech mengen et sinn eng ganz Rei vu Samschdeger, déi wichteg si fir d’Geschäftsleit, do ass bis 8 Auer op. Mir hunn een Dag an der Woch bis 9 Auer op. All Dag ka bis 8 Auer op sinn. Mir hu méi Sonndeger op wéi iergendeen Nopeschland, do si mer also méi op. Am Dezember zum Beispill ass jo dann, wann d’Haaptgeschäftsaktivitéit ass, ass praktesch all Samschdeg an all Sonndeg op. Dat hunn d’Sozialpartner mateneen ofgemaach an ausgehandelt. A mir hunn och gesot, datt mer bereet wieren déi eng oder aner Ouverture ze maachen, mä d’Sozialpartner solle mateneen diskutéieren a Solutioune fannen. Mir fannen datt dat de richtege Wee ass an ech hunn och selwer gesot, datt ech bereet si fir eng Demande vun der Stad Lëtzebuerg, dem Beroder vun der Union commerciale vun der Stad Lëtzebuerg, datt eventuell deen een oder anere Sonndeg Mëtteg kënnt nach zousätzlech op sinn, esouguer all Sonndeg Mëtteg an enger gewëssener Branche. Mä da muss awer kloergestalt sinn, fir wat fir eng Branchen ass dat, während wat fir enger Zäitdauer ass dat an ech mengen do musse mer nach Donneeë kréien an ech sinn och der Iwwerzeegung, datt mer do och ee gemeinsamen Nenner kënne fannen, fir eben dat méi attraktiv ze maachen. Ech mengen ech kommen aus enger Touristenuertschaft, Sonndes mëttes sinn d’Geschäfter meeschtens zu Iechternach op, net all, mä déi déi wichteg sinn, fir datt Liewen an der Stad ass. Doduerch komme vill Leit op Iechternach, si kommen akafen, doduerch kënne Leit méi agestalt ginn, wéi wa se déi Zäit net ophätten. Si maachen do ee Chiffre d’affaires dee méi grouss ass wéi vläicht zwee dräi Deeg an der Woch, wou da vereenzelt Secteuren an der Stad, och wichteger an der Stad, et ass jo een Attraktiounszentrum, ech schléissen dat guer net aus, mä et muss natierlech kloer sinn, datt och d’Geschäfter matmaachen. Et mécht kee Sënn, wann een oder zwee Geschäfter opmaachen, fir do eng allgemeng Öffnungszäit dofir hirzeginn. Ech mengen dat ass net sënnvoll. Dofir mengen ech schonn, datt een dat muss e Gesamtpaquet kucken an ech géif och soen, datt eis Gesetz eng ganz Rei vu Méiglechkeeten zouléisst. Ech weess, datt erëm Gespréicher tëschent de Sozialpartner amgaange sinn, datt mer do wäerte Solutioune fannen an ech hunn och net ausgeschloss, wann deen een oder anere Punkt muss am Gesetz geännert ginn, datt mer dat dann och vläit maachen. Also mir soen net, dat Gesetz ass perfekt an do kann näischt dru geännert ginn, au contraire mir hunn ëmmer Ouverturë gemaach. Wann do Solutiounen néideg sinn, fir ebe Lëtzebuerg méi attraktiv ze maachen, si mer bereet fir op dee Wee ze goen, mä dat soll am gréissere Konsens sinn, well et muss een och kucken net nëmmen do no de Wënsch vun de Geschäftsleit, mä et muss ee kucken, wat sinn d’Besoinen vun de Clienten a wat sinn d’Besoine vun de Leit déi an de Geschäfter schaffen an do muss een iergendwéi ee gewëssene gemeinsamen Nenner fannen, an ech mengen dat ass dee bessere Wee.

Serge Kessler: Dir hutt mir d’Stëchwuert Tourismus scho ginn, op der Vakanzefoire am Januar hat Dir gesot, datt Dir wéinst dem Kulturjoer drop hofft, datt 2007 een neit Rekordjoer fir de lëtzebuerger Tourismus gëtt. Confirméiert sech dës Hoffnung? Wéi gesinn déi éischt Zuele vun de Buchungen aus?

Fernand Boden: Jo also ech mengen 1995, wéi Lëtzebuerg Kulturhaaptstad war, hu mer déi héchsten Zuel vun Iwwernuechtunge gehat. Mir hu gesinn, dat Joer ass och ee kollektive Sprong gemaach ginn am kulturellen Tourismus. Lëtzebuerg ass erkannt ginn, datt do vill kulturelles ugebuede gëtt, et sinn och eng ganz Rei vun Aktioune gestart ginn, vun neien Infrastrukture geschaf ginn an ech denken, datt mer elo esouguer nach besser ausgeriicht sinn, fir och 2007 elo nach eng Kéier ee qualitative Sprong am kulturellen Tourismus ze maachen. Dat ass ee wichtegt Segment vun dem lëtzebuerger Tourismus. Mir hunn nei Infrastrukture geschaf, wéi zum Beispill de Pei-Musée, wéi d’Philharmonie, wéi d’Rockhal, Neumünster, jee iwwer Land sinn eng ganz Rei vun interessanten Infrastrukture geschafe ginn. Den Industriekulturtourismus ass ee wichtegt Element ginn, wou och flott Attraktioune gemaach gi sinn. Ech menge schonn, datt dat hei misst ee Joer ginn, wou nei Leit op Lëtzebuerg kommen, déi méi kulturell interesséiert sinn a mir mussen natierlech dat Joer notzen, datt déi Cliente fideliséiert ginn, datt se erëm kommen an am Dezember si jo esou Enquêtë gemaach ginn, wat sinn d’Reservatiounen déi fir 2007 gemaach gi sinn, do war praktesch iiwwer ee Véierel vun deene Réservatiounen, déi dee Moment gemaach waren, déi hate mam Kulturjoer ze dinn. Esou datt ech denken, dat misst schonn een Impakt ginn, mer missten een neie Record, hoffen ech, vun Iwwernuechtunge kréien. De Problem deen ass, datt jo praktesch nëmme kënnen Iwwernuechtunge gemooss ginn, mä et komme ganz vill an ëmmer méi Touriste fir een Dagesséjour op Lëtzebuerg, déi eventuell och eppes, an ee Concert kommen, déi fueren oft owes awer erëm heem, oder soss eng kulturell Manifestatioun kucke kommen oder eppes kulturelles besichtege ginn. Dat kréie mer net esou richteg gemooss. Mä et mierkt een awer, och aus den Aussoe vun den Acteuren um Terrain, an de leschte Joere besonnesch deen Dagestourismus, datt dee ganz staark zougeholl huet a mir hoffen natierlech, datt och an dësem Joer deen Dagestourismus ganz staark zouhëlt a wat mer jo wëssen, dat ass, datt Clienten déi eemol hei waren, datt déi erëmkommen. Mir hu belsch Clienten, déi kommen 20 Joer op déi nämlecht Regioun, oft an dat nämlecht Haus erëm, dat heescht, si fille sech wuel hei. An et geet eben drëm dat Kulturjoer ze notzen, fir Leit op Lëtzebuerg opmierksam ze maachen, déi soss eventuell net heihinner komm wären. A wa se mol bis hei waren, se dann zefridden ze stellen an ech mengen dat maache mer. Mir hu ganz gutt Infrastrukturen hei geschaf, mir hu ganz villes unzebidden, mir hu ganz vill Acteuren déi sech vill Méi maachen, fir d’Clienten zefridden ze stellen. Also ech menge schonn, datt déi Leit déi heihinner kommen, datt déi dann och gären erëmkommen. Mir si kee Land, wëll ech och nach eng Kéier soen, wou een dräi Wochen higeet oder 14 Deeg higeet. Et kommen ëmmer méi Leit, déi e puer Deeg bleiwe an ech mengen et geet och drëm fir déi heihinner ze kréien. Besonnesch de kulturellen Tourismus ass een Tourismus deen net mat der enker Saison zesummenhängt, mat deem schéine Wieder, dat kann dat ganzt Joer duerch gemaach ginn. Dat heescht also, mir hunn eng Verlängerung vun der Saison erreecht, mir hoffen, datt déi och hei nach ka weider ausgebaut ginn.

Dann hu mer nach zwee aner Felder Kongress- a Seminairetourismus, dee jo och enk mat dem Kulturtourismus verbonnen ass. Also ech mengen deen huet sech gutt entwéckelt, misst och dëst Joer nach besser ginn. An dann natierlech ass eis Haaptstäerkt, wann ech géif dem lëtzebuerger Tourismus seng Stäerkte géif resuméieren an dräi Wierder géif ech soen: Natur, mir hunn eenzegaarteg Promenanden, also aktiven Tourismus, mam Velo fueren, VTT Circuiten, also do hu mer eemoleges unzebidden. Dat Zweet dat ass d’Kultur. Wéi gesot, mir hunn an der Natur an eise Slogan ass jo e bësse „Kultur läit an eiser Natur“. Et ass e bëssen zweedeiteg, bewosst zweedeiteg gemaach, datt mer kulturell Intérêten hunn, mä awer och an der Natur, an der schéiner Natur, ganz sehenswürdeg kulturelle Patrimoine hunn, deen derwert ass besicht ze ginn, deen och touristesch gutt genotzt gëtt. An dann dat drëtt ass Gastronomie. Ganz vill Leit déi kommen heihinner fir eben och un der lëtzebuerger Liewensqualitéit deelzehuelen an do spillt d’Gastronomie eng ganz wichteg Roll a wéi gesot, wa mer am Ausland esou e besse werben, maache mer dat och e bësse fir op déi lëtzebuerger Eenzegaartegkeet hinzweisen an am Fong geholl ass et ee Schnëttpunkt vun zwee Kulturreim sinn an datt mer soen, mä an der Gastronomie, mir huelen d’Qualitéit vun de Fransousen, déi kombinéiere mer mat der Quantitéit vun den Däitschen. Also kommt op Lëtzebuerg, do kritt Dir eppes gebueden, dat ass eemoleg. Déi Vielfalt op klengem Raum, ech mengen et ass dat wou mer versichen domat ze werben an och elo déi kulturell Vielfalt op engem klenge Raum, deen natierlech dëst Joer méi grouss ass, well och d’Groussregioun matspillt. Mä dat misst och fir d’Groussregioun en wichtegt Attraktiounsjoer ginn an ech menge Leit déi zu Tréier sinn, kommen och op Lëtzebuerg a Leit déi op Saarbrécke gi sinn och ganz schnell zu Lëtzebuerg. Also ech mengen, mir kënnen nëmmen dovu profitéieren wa vill Leit an d’Groussregioun kommen an dann och een Ofstiecher hei op Lëtzebuerg maachen a vläicht d’nächst Joer méi laang op Lëtzebuerg kommen.

Also ech erwaarde mer scho munches vun dem Kulturjoer. Mir wëlle jo och versiche fir d’Kulturjoer ze notzen, fir wéi gesot, och doriwwer eraus, Clienten ze fideliséieren, och Datebanken opzestellen, vun deene Clienten déi elo dëst Joer heihinnerkommen, fir datt mer se kënnen uschreiwen a se doduerch fideliséieren.

Serge Kessler: Voilà, Dir hutt mer elo erzielt wéi Lëtzebuerg no bausse vermaart gëtt. Wéi een Image huet d’Tourismusland Lëtzebuerg dann Ärer Meenung no an Europa an an der Welt?

Fernand Boden: Ech géif soen op klengem Raum villes unzebidden, qualitéitsorientéiert. Mir wëllen d’Leit un der Liewensqualitéit deelhuele loossen an natierlech Natur a Kultur wéi ech scho gesot hunn. Dat sinn eis Haaptmerkmalen an et ass natierlech net einfach fir ee klengt Land sech am groussen Ausland als Touristendestinatioun bekannt ze maachen. Dofir si mer frou, datt mer heiansdo gréisser Eventer hunn. Zum Beispill eng Présidence hëlleft eis natierlech och doropper hinzeweisen, mä och ganz sécher d’Kulturjoer wäert een Element sinn, wat eist misst hëllefe méi present ze sinn an de Käpp vun de Leit, datt Lëtzebuerg och eng Tourismusdestinatioun ass. An ech menge schonn, datt Lëtzebuerg sou villes unzebidden huet, interessantes oder e bëssen anescht ass wéi anerer, duerch seng Klengheet, seng Vielfalt op klengem Raum, duerch säi Qualitéitsugebuet, d’Propretéit, d’Sécherheet, sinn Elementer déi haut ëmmer méi wichteg ageschat ginn. Alles dat sinn Trëmp déi Lëtzebuerg unzebidden huet. Also ech menge schonn, datt Lëtzebuerg munnech Atouten huet. Mir hunn eis bis elo och net schlecht verkaf an engem Marché dee ganz konkurrenzéiert ass. Heiansdo mengen d’Leit de Tourismus géif vum selwe goen. Nee dat ass ee Marché deen ass ganz staark konkurrenzéiert, et ginn Ugebueter jo gemaach an Destinatiounen zu Präisser vun deenen ee bal dreeme kann. Dofir mir mussen op d’Qualitéit pochen, mir kënne eis net als Bëllegland ubidden. Mir mussen natierlech kucken, datt mer präischgënschteg sinn, datt mer d’Relatioun Qualitéit Präis, datt déi stëmmt a wann dat de Fall ass, mengen ech schonn, datt Lëtzebuerg och an Zukunft kann am Tourismusberäich säi Match maachen.

Serge Kessler: Vum 10. Juni un verbënnt den TGV Est Lëtzebuerg mat Paräis an dat da mat héijer Vitesse, dat heescht et ass just nach eng Fuerzäit vu gutt 2 Stonnen. Wat erhofft Dir Iech doduerch fir de lëtzebuerger Tourismus?

Fernand Boden: Jo mir si schonn zanter enger Rei vu Joren am gaangen am Paräiser Raum, fir do méi gezielt Publicitéit ze maache fir Lëtzebuerg als Tourismusdestinatioun. Dat heescht do spillt den TGV eng ganz wichteg Roll, also och mam Auto ass ee schnell iwwert d’Autobunn zu Lëtzebuerg. Och dat ass ville Paräisseer net esou bekannt an déi an dem Raum do liewen, mä den TGV ass natierlech e ganzt wichteg Vehikel fir eben och méi Leit op Lëtzebuerg ze kréien. Dat geet elo méi schnell, an ech mengen d’Fransousen, dat ass eng Natioun déi nach dozou beweege misst sinn, fir mol heiansdo een Ofstiecher op Lëtzebuerg ze kommen, wat do jo eng Stäerkt ass, hei kënnen se an hirer Heemechtssprooch schwätzen, si gi verstanen, si kréien och esou geäntwert. Ech mengen niewent deem franséische Raum ass naiterlech och deen däitsche Raum ee ganz wichtege Raum an do hu mer gesinn, datt déi méi aggressiv Publicitéit déi mer an de leschte Jore gemaach hunn, och dozou gefouert huet, datt méi däitsch Cliente kommen. Ech menge béid sinn eis wëllkomm a mir hoffen natierlech, datt den TGV déi besser Ubannung iwwert den Zuch, datt déi dozou ka féieren, datt och méi Leit eben, déi net wëlle mam Auto kommen, datt déi eben och iwwert den Zuch kënnen op Lëtzebuerg kommen a mir hoffen natierlech, datt do Acteuren, déi och am Tourismusberäich täteg sinn, do am ONT mat dra sinn, wéi zum Beispill den CFL, datt déi och sollen hir Kontakter notzen, fir ebe méi Auslänner, méi Fransousen op Lëtzebuerg ze kréien.

Serge Kessler: Et ass gläich eng Auer, nach zwou leschte Froen awer, Här Boden Dir sidd gläich zanter 28 Joer ouni Paus Minister, wéi huet de politesche Stil sech bannent de leschten 3 Jorzéngten hei am Land verännert?

Fernand Boden: Jo et ass e bësse méi hektesch ginn. Ech mengen d’Mediepräsenz ass vill méi staark wéi dat soss de Fall war. Soss konnt ee vläicht heiansdo e bësse méi laang waarden ier ee reagéiert huet. Et konnt een heiansdo vläicht e bësse méi fundéiert dann och reagéieren. Mä ech menge schonn, datt sech net alles geännert huet. Ech mengen et muss een ebe kucke säi Bescht ze maachen, et muss ee kucken e bëssen Akzenter kënnen ze setzen. De Problem ass just, datt d’Dagesgeschäft am Fong esou hektesch ginn ass, datt een dat heiansdo vermësst, datt een Zäit huet fir mol sech zréckzezéien, e bëssen z’iwwerleeën, méi laangfristeg Perspektiven opzezeechnen an dann och méi laangfristeg Aktiounen ze starten. Ech mengen et ass dat wat ee sech haut vläicht misst zum Virsaz huelen, och mol heiansdo an engem Gremium vu gewësse Leit, déi ebe wëlle gewëssen Akzenter setzen, sech zréckzezéien, sech ze beroden an da wéi gesot Perspektiven opzezeechnen. Mä soss fannen ech, datt dat eng ganz interessant Aufgab ass an ech menge se fëllt ee ganz aus. Et huet een heiansdo net esou schéi Momenter, mä ech mengen wéi ech weess ass et ee ganz interessante Beruff an ech mengen an der Politik ass ëmmer Neies do. Also et ass all Dag eng nei Iwwerraschung déi kënnt an dat hält ee mengen ech och jonk.

Serge Kessler: Bis déi nächst Chamberwahlen 2009 sinn et fir Iech da ronn 30 Joer Regierungsmemberschaft. Dee Moment hutt Dir 65 Joer, hutt dir wëlles 2009 nach eng Kéier mat an d’Wahlen ze goen?

Fernand Boden: Dat musse mer kucken.

Serge Kessler: Dat heescht, wéini fällt do eng Décisioun?

Fernand Boden: Ech kann Iech dat elo net soen. Also ech fille mech nach jonk. An aktiv.

Serge Kessler: Dat heescht et geet weider?

Fernand Boden: Ech denken.

Serge Kessler: Ok, an dat war et fir eis Emissioun "Riicht eraus" vun haut. Een neie Rendez-Vous ass haut an enger Woch.

Dernière mise à jour