Fernand Boden et Erna Hennicot-Schoepges sur les 25 ans de l'Association des Cercles d'etudiants luxembourgeois

ZOOM: D'ACEL feiert dest Joer hiren 25. Anniversaire, dir huet si iwwer fill Joeren begleed. Waat ass ierch haut nach an Erennerung vun der Zeit?

Erna Hennicot-Schoepges: D'Reunione mat de Vertrieder vun der Acel waren ennerschiddlech - jee no deem wei d'Problemer waren. Lieweg wäre se op jiddefall, a wann d'Studente mat deene praktesche Saache kommen wei z. B. Kontrollen op de Grenzen (fir d'Schwäiz) oder Delaie fir d'Aschreiwungen, Wunnengsproblemer an d'Subsiden, dann hu mer probeiert Leisungen ze fannen. Ganz besonnesch intensiv war d'Zesummenaarbecht wei mer dat neit Gesetz fir d'Aides financieres virbereet hunn. Am Ministcrc war de Service deemools nach net esou professionell, wat mat deem neie Gesetz besser ginn ass.

Fernand Boden: Fird'eischt mol well ech der ACEL ganz häerzlech fir hire 25. Gebuertsdag feliciteieren. Et ass schonn eng grouss Leeschtung, eng Studentenorganisatioun 25 Joer laang um Liewen ze erhalen, a wa se dann no 25 Joer nach sou lieweg an äerdeg ass wei d'ACEL, verdengt dat Luef an Unerkennung.

Ech hat 1984 an duerno ganz interessant Diskussioune mat deene jonke Leit, dei d'ACEL deemools gegrennt an opgebaut hunn. D'Problemer, iwwert dci diskuteiert gouf, waren net ganz ennerscheedlech zu deene vun haut. D'Wiel an d'Finanzeierung vun de Studien, d'Zouloossung zu den Universitäten an Heichschoulen an d'Wunnmeiglechkeeten am Ausland waren emmer Haaptuleies vun de Studenten.

Des Diskussiounen hunn iwweregens dozou gefouert, datt an engen wat de Statsbudget übelaangt, schwieriger Zäit de sougenannte "budget de l'etudiant" zweemol ausgebaut a geheicht ginn ass.Virun allem awer hu si mat derzou bäigedroen, datt no laange Virbereedungsaarbechten d'Gesetz vum 1. Abrell 1987 iwwert de CPOS, de freiere Service vun der "Orientation scolaire et Services sociaux" emstruktureiert an hirn d'Meiglechkeete ginn huet, fir deene Studenten, dci op auslännesch Universiteite goe wollten, mei a besser Informatioune kennen ze ginn. 1987 huet dese Service och dci eischt Studentefoire organiseiert, wou d'ACEL äifreg matgeschafft huet. Dat huet iwweregens och derzou gefouert, datt d'ACEL 1988 dei eischt Publikatiounen erausginn huet an zwar de LEO, de Guide des villes universitaires an de Guide du futur etudiant.

ZOOM: Als demoleg Ministesch/demolegen Minister war Dir jo och stännege Gaascht op deene verschiddene REE-Len. Kennt Dir eis do villäicht un e puer scheinen Erliefnesser deel huele loossen?

Erna Hennicot-Schoepges: D'REEL war emmer eng Geleeenheet, fir mei enke Kontakt mat de Studenten ze kreien. Schweierpunktthemen hunn ugefaangen de Kader vun den eegene Problemer ze depasseieren. Esou huet et ugefaange mat mei allgemengen Diskussiounen iwwer wirtschaftlech a gesellschaftspolitesche Problemer vu Letzebuerg.Wien, München, si mir besonnesch a gudder Erennerung, an zu Aachen waren de Grand-Duc and d'Grande-Duchesse dobäi. Eise Statschef huet den Tram gesteiert an d'Letzebuerger Studenten hunn deemools e Chouerzesummegesat,fir ganz feierlech a chic opzetrieden. Si hu gewisen, datt si och musikalesch op der Heicht waren!

Fernand Boden: Ech ka mech nach gutt un dei eischt REEL erenneren, dei am November 1984 zu Karlsruhe op eng ganz flott Aart a Weis organiseiert gouf. Desen eischte Rendez-vous vun de Vertrieder vun de Letzebuerger Studentenorganisatioune war gelongen a huet Courage gemaach fir d'Zukunft. Nieft engem interessante Gedankenaustausch mat de Studenten hate mer gutt Gespreicher mat de Responsabele vun der Stad a vun der Uni Karlsruhe, dci op der REEL präsent waren. Mir konnte mat Freed feststellen, datt eis Studenten zu Karlsruhe ganz a quer net onbeleift waren an datt si iwwerduerchschnettlech gutt Resultater op der Uni ze verzeechnen haten.

Bei dese Gespreicher mat den Autoritcitc konnte mer och dar enger oder anerer Doleance, dei d'Karlsruher Studenten eis zougedroen haten, wei zum Beispill d'lmmatrikulatiounsproblemer vun hiren Autoen, zu enger zefriddestellender Leisung verhellefen.

Allgemeng well ech zu de REELe soen, datt si sech am Laf vun de Jore bewährt hunn als e groussen a wichtegen Treffpunkt vun de Letzebuerger Studentevertrieder, wou ennereneen a mat Politiker an Experten iwwer aktuell Problemer a Froen, dci d'Studenten interessieren, diskuteiert an awer och uerdentlech zesumme gefeiert gett. Dofir steft de Wäibauminister jo och emmer nees gären e puer Keschte Letzebuerger Wäin.

ZOOM: Wei gesitt Dir d'Entweckelung vun der ACEL no Arer Zäit als Ministesch/Minister?

Erna Hennicot-Schoepges:D'ACEL huet et vun engem Dachverband zu enger fester Struktur bruecht, dei en echt Matsprochrecht erschafft huet. Dat ass wichteg fir all dei politesch Responsabel. Fir d'letzebuerger Studente gett et jo spezifesch gemeinsam Problemen dei näischt mat der ideologescher Tendenz vun de Studenteveräiner ze dinn hunn. Dofir ass d'ACEL e wichtege Gespreichspartner fir all politesch Responsabel. Et wir och wichteg, fir emol europäesch Themen opzewerfe wei Mobiliteit, Bologna an Erasmus.

Fernand Boden: Ech kann nemmen ennersträichen, datt d'ACEL sech fir eng Studentenorganisatioun, dei mat engem permanente Wiessel vun hire Membere konfrontiert ass, ganz gutt entweckelt huet. Si huet et fäerdeg bruecht, mat Nodrock d'lnterete vun de Letzebuerger Studenten ze vertrieden an hir villsäiteg Aktivseite stänneg auszebauen an ze verbesseren, wei d'Organisatioun vun der REEL, d'Präsenz op der Studentefoire an d'lnformatiounsbroschüre vu Studente fir Studenten. Si huet och net gezeckt, sech den neien Erausfuerderungen ze stellen, dci duerch d'Schafung vun der Uni Letzebuerg op si zoukomm sinn.

D'ACEL gett vun alle concerneierte Kreeser unerkannt an eescht geholl. Dat ass de beschte Beweis, datt si am Laf vun de Joren zolidd Aarbecht geleescht huet.

ZOOM: Wei gesitt Dir de Stellewäert vun der ACEL par rapport zum Letzebuerger Student op der UNI.Iu an och am Ausland?

Erna Hennicot-Schoepges: Fir d'Uni.lu ass et en Zukunftsprojet. Wann Heichschoulstudien an eisern Land e spezielle Charakter hunn duerch d'Diversiteit vun den Nationalitäten, da soll ee vun deem anere sengen Erfahrunge profiteiere kennen. F.B. D'ACEL ass haut, mci wei jee, e wichtegen Acteur a Gesprächspartner am Letzebuerger Heichschoulwiesen. Si ass d'Stemm vun de Letzebuerger Studenten an domat den incontournabeleVertriedervun hiren Intereten am In- an Ausland.

Et ass e grousse Virdeel fir eis Studenten, wa si eng staark Organisatioun hunn, déi hir Interesse gutt vertrett. An och fir d'Politiker an dci Responsabel vun der Uni Letzebuerg ass et mei einfach, Partnerschaften anzegoe mat enger Vereenegung, vun dar si wessen, datt si representativ ass, schonn jorelaang eng zolidd Aarbecht am Interet vun de Studente gemaach huet a bereet ass, nei Aufgabe beim Opbau vun der Uni Letzebuerg ze iwwerhuelen.

ZOOM: Wat wënscht Dir der ACEL fir hiren Gebuertsdag?

Erna Hennicot-Schoepges: Der ACEL wenschen ech e scheine Succès fir hiren Anniversaire. Vläicht keint och emol ugeduecht ginn, wei dNetz vun deenen, dci am Ausland "hanke" bleiwen, a muenchmol op ganz dichtege Posten erem ze fanne sinn, konsequent opgebaut keint ginn. Vill Kompetenze ginn eisern Land verluer, well mer net mei wessen, datt mer iwwer d'ganz Welt verspreet Experten an Spezialisten hunn. Als "Alumni Acel" geif vläicht dat entstoen, wat bis elo net zustane koum.

Fernand Boden: D'ACEL an hir Membere kennen houfreg sinn op dat, wat si an deene 25 Joer geleescht hunn an ech sinn iwwerzeegt, datt si dese ranne Gebuertsdag gebührend feiere wäerten. Dat ass och verdangt.

Ech wenschen derACEL natierlech all Guddes fir d'Zukunft. Ech war frou, wann eis Studenten och weiderhin trei zur ACEL geife stoen, fir datt si d'Stëmm vun de Letzebuerger Studente bleiwen an hir Interesse beschtens vertriede kann.

Dernière mise à jour