Xavier Bettel au sujet des mesures budgétaires décidées par le gouvernement

"Mir hu missten d’Handbrems zéien"

Interview vum Frank Goetz (RTL Telé Lëtzebuerg):

[Reportage iwwer d’Familljepolitik]

Frank Goetz: Da begréissen ech elo de Staatsminister. Här Bettel, gudden Owend.

Xavier Bettel: E schéine gudden Owend.

Frank Goetz: Mat Ärer moderner Familljepolitik eckt Dir un. Dat ass dat mannst wat ee ka soen. Iwwerrascht Iech dat?

Xavier Bettel: Neen, well ech mengen, et muss ee sech un d’Realitéiten upassen a mir gesinn, datt an der Familljepolitik – an d’Zuele vum Statec déi nach gëschter bekannt gi si bestätegen dat – datt ëmmer méi Familles monoparentales, an d’Zuele soe bal d’Halschent, vun dëse Familljen un der Aarmutsgrenz riskéieren ze sinn oder schonn dra sinn. An et ass den Ist-Zustand. An do kann een net einfach d’Aen zoumaachen a soen, datt et engem egal ass.

Frank Goetz: Ok, mä vill Leit verstinn Är Decisioun net. Mir kruten och ganz vill Froen an deem Kontext eran. Ech liesen Iech vläicht eng, déi stellvertriedend fir anerer ass.

Firwat ginn déi Fraen a Mammen net belount mat enger Entschiedegung, well se doheem bleiwe fir hir Kanner an domat hire Beruff opginn hunn, an eng Aarbechtsplaz fräi gemaach hunn? Si brauchen dach keng Crèchen oder Maisons Relais.

Xavier Bettel: Wat mécht déi Fra duerno, wann déi Kanner net méi doheem sinn? Dat doten ass à court terme kléngt dat gutt, mä dat ass awer der Fra guer net gehollef.

Ech soen et nach eng Kéier – et ass virdru schonn an Ärem Reportage gesot ginn – eng Hochzäit vun zwee lant bei enger Scheedung. An 90% vun de Familles monoparentaux déi duerno sinn, si Fraen. Déi Frae mussen eng Perspektiv hu fir kënnen ze cotiséieren, fir eng Pensioun duerno ze kréien an net Tributaire si vun enger Allocatioun déi vum Staat ass.

A kommt mir sinn eis eens, an ech soen et jo net alleng, d’Caritas sot et selwer, déi Allocatioun déi d’Leit am Moment kréien, erlaabt et net kënnen en dignet Liewen ze féieren.

An dowéinster menge mir, datt et wichteg ass d’Fra ze encouragéieren, selwer déi Ofhängegkeet vis-à-vis vun hirem Partner an/oder vis-à-vis vum Staat net ze hunn, a selwer eng Onofhängegkeet kënnen ze kréien. Dat ass d’Realitéit upassen.

Et muss een och wëssen, datt deemools, wéi déi Allocatioune geschaf gi sinn, dat an enger Zäit war, wou et weder de Congé parental ginn ass nach Crèchë gi sinn. Dat heescht, an enger Zäit vu viru laange Joren, wou et déi Méiglechkeete net gi sinn. Hei ass et am Fong eng modern Familljepolitik, déi d’Fra soll encouragéieren ze schaffen. Well Dir sot et selwer, no där Zäit wou se sech dann ëm d’Kanner gekëmmert huet wat mécht se dann? Wat mécht se dann, wa se op eng Kéier ab engem gewëssenen Alter an eng Scheedung kënnt? Wat ass d’Situatioun?

A fir d’Leit an d’Précaritéit ze stierzen, ass net déi Politik déi mir wëllen ënnerstëtzen.

Frank Goetz: Elo si jo ganz vill Fraen déi allengerzéiend sinn an déi effektiv riskéieren an d’Aarmut ze rutschen. Wéi wëllt Dir deenen dann elo konkret hëllefen?

Xavier Bettel: Mir wëllen iwwert de ganzen RMG ,an och bei de Familles monoparentaux, déi Situatioun analyséieren. Ech hunn et jo och schonn haut ugekënnegt, datt mir wëlle justement deene Leit déi et haut méi schwéier hu wa se Monoparentale sinn, entgéint kommen. Dat ass d’Realitéit an dat ass dat och wat dës Regierung wëll maachen.

Frank Goetz: Wichteg ass an deem Kontext och d’Betreiung vun de Kanner, mam Zil d’Méisproochegkeet an de Crèchen. 2016, hutt Dir gesot, ass ugepeilt. Ass dat da praktesch iwwerhaapt hinzekréien? Och personalméisseg?

Xavier Bettel: Also, mir hunn eis en Zil gesat. Mir wëllen et och maachen. Dat geet Step by Step.

Ech kennen de Claude Meisch fir en aktive Minister ze sinn, deen och alles wäert maachen, fir datt mir elo, an där Zäit déi eis nach iwwereg bleift, déi Mesurë maachen.

Datt elo vun haut op muer jiddwereen Iech d’Garantie ka ginn, datt déi Crèchëplaze fräi sinn, kann ech net. Mä mir wäerten alles drusetzen, fir datt 2016 op jiddwer Fall genuch Plazen do sinn, an datt och déi Gratuitéit – well Dir hutt virdru gesot, datt mir déi Allocatioun do géifen oschafen. Dir musst wëssen, datt wann eng gratis Betreiung da kënnt, dat vill méi deem klenge Portefeuille dann hëlleft, wéi haut déi Suen déi se mussen investéieren, justement, no enger gewëssener Zäit fir d’Kanner och an eng Betreiung kënnen ze ginn.

Frank Goetz: Mä déi 0,5% Contributioun, déi jo och geduecht ass dofir, wie bezilt déi eigentlech? Mussen déi och d’Frontaliere bezuelen?

Xavier Bettel: Jiddwereen. Et ass op der Pai. Et ass op all Revenu. Et ass op de Loyeren, et ass op all Revenu [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Dann hunn déi och dat Recht op déi Prestatioun, dee Moment.

Xavier Bettel: Dowéinster gëtt jo och déi Zukunftskeess gemaach, well et sinn nach aner Froe wou een iwwert d’Exportabilitéit sech Froe stellt. Hei op jiddwer Fall ass geduecht fir déi Kanner déi hei zu Lëtzebuerg da betreit ginn, och fir déi d’Gratuitéit och virzegesinn.

Frank Goetz: Ok.

[Reportage iwwer d’Logementspolitik]

Frank Goetz: Fänke mir emol bei de Loyerspräiser un. D’Chambre immobilière ass net Ärer Meenung a mengt, datt awer d’Präisser weider an d’Luucht ginn.

Xavier Bettel: Also, ech hu mat anere Leit geschwat déi mir de Contraire behaapten, déi mir soen, datt wann den Amortissement accéléré bleift, a virun allem d’Simplification administrative, dat heescht, datt d’Prozedure méi séier ginn do wou am Moment Suen dann immobiliséiert ginn déi vum Promoteur geplangt sinn, datt dat sech kompenséiere wäert. Wéi gesot, et ass nach ëmmer de Prinzip vun der Offre a vun der Demande.

Hutt Dir déi lescht Zäit mat dem Taux super-réduit vun 3% festgestallt, datt d’Präisser zu Lëtzebuerg erof gaang sinn? Neen. Mir hu gesinn, datt mir zu Lëtzebuerg d’Demande ënnerstëtzen awer mir hunn ni d’Offre augmentéiert. An dës Regierung wëll, an dat ass en ambitiéise Projet, eng 10.000 Wunnenge bauen. An dat ass dat wat haut feelt.

Et kann net sinn, datt haut jonk Familljen an d’Ausland musse plënneren, well se sech zu Lëtzebuerg de Meter carré net méi kënne leeschten. Do vun deenen 10.000 sinn der och ganz vill fir d’Locatioun, et sinn der och fir eeler Leit, et sinn der fir Studentewunnengen, wou mir der och iwwer 1.000 Stéck wëlle maachen. Also, ech si mat där Analys déi do gemaach gëtt fir ze soen, datt elo de Loyer automatesch an d’Luucht geet, net averstan.

Frank Goetz: Dat ass eppes wat d’Leit natierlech och ganz vill interesséiert, an ech liesen do awer fairerweis och déi Fro vir vum Pascal vu Steebrécken.

Wat wëllt Dir konkret ënnerhuelen, fir datt d’Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg erëm erof ginn an den Niveau erreechen, datt sech déi meeschte Leit eng Wunneng an hirem Land hei kënne leeschten?

Xavier Bettel: Ma dat wat mir gesot hunn, dat heescht, datt mir selwer och méi bauen.

Mir wëssen och, datt mir dat net alleng kënne maachen, an dat wat de Vertrieder vun der Chambre immobilière gesot huet ass och ganz richteg. Mir mussen do mat de private Constructeuren a Promoteuren zesummen eis un een Dësch setzen. Et ass net, datt mir muer selwer 10.000 Wunnenge baue kënnen.

D’Prozedure musse vereinfacht ginn. Et kann net sinn, datt een haut tëschent de Prozedure Jore verléiert fir kënnen eng Wunneng och ze bauen. Et ass en ambitiéist Zil. Mir wëssen, datt mir de Pacte Logement, wou jo och Milliounen a Milliounen investéiert gi sinn, ass de Präis erof gaang? Dat heescht, mir hunn am Moment Suen an de Logement gestach, déi awer null Effekt hate vis-à-vis vun der Reduzéierung vun de Präisser.

A wann ech déi lescht Zuelen och nach matgedeelt kréien déi virun e puer Woche bekannt gi sinn iwwert de Präis vum Meter carré zu Lëtzebuerg, ass en nach geklommen. An do ass et wichteg, datt d’Main publique, mat de Méiglechkeeten déi mir hunn, den erschwéngleche Wunnraum wierklech fördert. An dat wäerte mir och maachen.

Frank Goetz: Chefsaach, de Wunnengsbau?

Xavier Bettel: Chefsaach – ech hunn et net gäre wann ee vu Chefsache schwätzt. Ech muss Iech just soen, datt et en Dossier ass [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Dir sidd jo awer Chef vun der Regierung?

Xavier Bettel: Jo, ech si Chef vun enger Regierung, ech hunn eng Equipe, an et ass dat kollegiaalt Schaffen wat et erméiglecht, datt een och efficace weider kënnt. A gleeft mir et, datt ech nach viru manner wéi 2 Wochen mat de responsabele Ministere zesumme mat mir am Ministère souz, justement fir och Informatiounen ze kréien, well et en Dossier ass dee mir immens wichteg ass.

[Reportage iwwer d’Fonction publique]

Frank Goetz: Also d’CGFP ass iwwerrascht hei virun Faits accomplis gesat ze ginn. Firwat krut eigentlech e Staatsbeamten, wann en an d’Pensioun gaangen ass, nach 3 Méint eng voll Pai an duerno eréischt d’Pensioun. Firwat war dat esou?

Xavier Bettel: Dat war esou. Dir wësst jo, datt et 2 Mesurë sinn.

Et ass eng Kéier déi Mesure vum Semestre de faveur, dat heescht, wou och e Minister, en Deputéierten och, wann en ophält nach 3 Méint eng Pai kritt. Dat hält och op. Et ass de Fait, datt, wann ech muer als Staatsbeamten an d’Pensioun ginn, dann nach 3 Méint eng Pai kréien an da réischt meng Pensioun. Dat ass total am Contraire, a Contradictioun mam Privatsecteur. Dat muss ophalen.

An da gëtt et nach eng aner Saach, dat ass mat de Congésdeeg. Wann Dir als Beamten am Januar an d’Vakanz gitt, kritt Dir awer Äre Congé ugerechent, wéi wann Dir bis den 31. Dezember geschafft hutt. An dat muss och proratiséiert ginn.

Dat si Saachen, d’CGFP seet, si wier net ganz happy, mä hei passe mir eis un am Fong un deem wat och am Privatsecteur ass. A wa se soen, Dialog wier net méi gewënscht. Dialog ass gewënscht, mä d’Verantwortung läit och bei der Regierung wa Mesurë musse geholl ginn.

Frank Goetz: Mä an deem Punkt war souwisou keen Diskussiouns-Sputt dann do? Op deem do Punkt?

Xavier Bettel: Ech weess net, ob ech den Accord elo kritt hätt oder net, mä wéi gesot, dat doten ass eng Mesure déi mir op jiddwer Fall fir – a stellt Iech selwer d’Fro, vu wou dat kënnt. Dat heiten hätt missen schonn [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: D’Leit stelle sech natierlech d’Fro.

Xavier Bettel: Ech verstinn och d’Leit, datt se sech d’Fro stellen. An ech mengen, datt dat doten eng Mesure ass déi och awer wierklech novollzéibar ass.

Frank Goetz: An da stelle sech natierlech vill Leit d’Fro, firwat de Staat net nach vill méi mam gudde Beispill virgeet. Do geet et natierlech ëm d’Chamber, de Fonctionnement vum Staat, den Haff. Firwat hei ëmmer déi Kleng bludde mussen an déi aner net.

Xavier Bettel: Also, dat ass och schonn e Cliché deen ech net verstinn, datt gesot gëtt, datt bei deene Klenge gespuert gëtt. Mir, au contraire, kucken, an ech hunn Iech et jo virdrun och scho gesot, datt mir bei deene Leit déi wierklech ganz wéineg hunn näischt ewech huelen. Déi Contributioun, déi vun 0,5, hu mir jo och extra eng Immunisatioun vun engem Deel vum Mindestloun gehat. An ech hunn d’Zuele jo de Mëtteg gesot wat dat och representéiert. Dat heescht, fir elo ze mengen, dës Regierung géif deene Klengen eppes ewech huelen, ass falsch. Den Effort ass en Effort collectif dee muss gemaach ginn.

Frank Goetz: Mä d’Fro ass jo eigentlech net, datt Dir deene Klengen eppes ewech huelt, mä datt Dir bei deenen aneren eppes spuert.

Xavier Bettel: Mä wann Dir 0,5 vun enger méi décker Pai huelt, da bezilt dee méi wéi een deen net vill kritt. Dat heescht, et ass awer – ok, da kréien ech elo gesot, et kéint awer och exponentiell sinn, dat heescht, datt et nach vill méi géif steigen. Et ass 0,5 op all de Revenuen. Een deen haut méi eng déck Pai huet bezilt méi mat 0,5 ,wéi een deen eng méi eng kleng Pai huet.

An da kënnt selbstverständlech d’Fro vun nei Steieren, héich Steieren, eng superräich-Steier, eng Ierfschaftssteier; ech muss Iech just soen, datt déi Pauschal wou ee probéiert ee géint deen aneren hei ze spillen wierklech och dat Falscht ass.

Frank Goetz: Ech mengen, datt hei och méi d’Fro ass bei Gehälter vun Deputéierten, vu Regierungsmemberen?

Xavier Bettel: D’Deputéierten an d’Regierungsmemberen, ech hunn Iech gesot, beim Trimestre de faveur, do zielt dat och. Elo fir ze soen, elo ginn d’Paie vun den Deputéierte gestrach oder gekierzt, oder bei de Ministere gi se gekierzt, dat kléngt gutt. Wann een awer elo mengt, datt ech mat där Kierzung géif et fäerdeg bréngen 11 Milliarde Schold ofzebauen, dat wär e bësse simplistesch.

Ech hunn Iech gesot, do wou bei der Fonction publique déi Mesurë geholl ginn, déi zielen och fir d’Regierungsmemberen an zielen och fir d’Deputéierten. An ech mengen, datt dat och e wichtegen Ensembel ass, well Dir musst och wëssen, datt déi Paie vun de Ministeren an och vun den Deputéierten un der Fonction publique halen. Dat heescht, wann een ofbaut bei deem engen, beim Punkt, riskéiert dat och Konsequenzen ze hu bei deenen aneren. Dat ass net de Wonsch, op jiddwer Fall, vun der aktueller Regierung.

Frank Goetz: Fonctiounskäschte beim Haff?

Xavier Bettel: Fonctiounskäschte beim Haff – also wat am Moment an d’Luucht geet beim Haff ass den Index. Dat heescht, et ass elo net, datt se méi kréie wéi déi Jore virdrun, just fir méi ze kréien, mä et ass un den Index gebonnen. Et sinn d’Joren, d’Anciennetéit déi gebonne sinn.

Also wësst Dir, d’Fro déi jo ganz simplistesch dann och gestallt gëtt, jo, den Haff kascht eis Suen. Et ass awer déi Staatsform déi mir hunn. An et soll kee mengen, et soll kee mengen, datt wa mir eng aner Staatsform hätten, datt déi méi bëlleg wär.

[Reportagen iwwer Reaktiounen aus der Chamber a vun de Gewerkschaften]

Frank Goetz: Vläicht eng éischt Reaktioun op d’Oppositiounspolitiker, déi manifestement hei net sat gi sinn.

Xavier Bettel: Also ech wëll direkt fir déi 2 just de Kader nach eng Kéier setzen.

Mir hunn eng Schold déi vun 1 ½ Milliard op 11 Milliarden geklommen ass. Mir bezuelen am Moment 200 Milliounen Zënsen all Joer fir d’Schold. Ech kéint guer keng Mesuren ënnerhuelen. Ech kéint de Leit soen, komm mir maachen einfach weider e Kapp an de Sand a mir ginn duerch d’Mauer. Dat wier irresponsabel. Dat wier irresponsabel. Déi Verantwortung wëll ech net hunn.

Datt d’Moossnamen déi ee muss huelen net grad déi populäerst sinn, si mir eis all bewosst. Mä et muss ee sech un d’Realitéit upassen. Et kann een net ukënnegen, datt ee gären eng gesond Finanzsituatioun hätt, an awer op där anerer Säit näischt mécht. Dat geet net. Dat ass eng Kéier ugekënnegt ginn, et ass awer näischt gemaach ginn.

Ech sinn net de Premierminister dee bereet ass ze soen, datt zu Lëtzebuerg einfach blannemännerchers weider gefuer gëtt, an egal ass wat muer geschitt. Well déi nächst Generatioune kënne mir net als Scholdegeneratioune betruechten, déi just zeréckbezuelen déi Feeler déi mir gemaach hunn.

Frank Goetz: Mä Dir sidd awer och de Premierminister deen den Tripartitemodell nees nei un d’Rudder wëll kréien. Esou awer wahrscheinlech dann net.

Xavier Bettel: Dat doten ass elo just dat wat iwwert d’Spuermoossnamen, mir hunn awer och aner Punkten diskutéiert, iwwert d’Aarbechtsgruppen déi mir jo och lancéiert hunn, an och iwwert d’Methoden iwwert de Semester européen. Dat doten ass elo eng Réaction à chaud iwwert déi eng oder déi aner Mesure.

Mä ech wëll awer just nach eng Kéier soe wéi den Ist-Zustand ass, an datt déi Mesuren – et soll kee mengen datt ech moies opstinn a mat Freed soen, elo musse mir hei Sue spueren, hei musse mir reforméieren, elo musse mir vläicht Mesuren huelen déi deem engen oder aneren net passt. Mir maachen et net fir eis, mir maachen et fir Lëtzebuerg.

[Interview mam UEL-President Michel Wurth]

Frank Goetz: Also, ganz vill Kritik och vum Patronat. Ech halen elo mol zréck, datt Dir do d’Engagementer net agaange wiert – wéi reagéiert Dir dann dorop?

Xavier Bettel: Ech wëll direkt och fir d’éischt reagéieren, andeem ech Iech awer soen, datt d’Gewerkschafte soen, datt alles op de Leit ass; d’Betriber soen, et wier alles op de Betriber; d’Beamte soen, et wier alles op de Beamten; de Staat seet, e géif selwer bei sech spueren. Et ass een équilibréierte Pak.

Et wier falsch gewiescht fir ze soen, datt hei just op een oder op deen anere soll en Effort gemaach ginn. Den Effort ass kollektiv.

Déi Engagementer déi geholl gi vun dëser Regierung, ginn och respektéiert. Et si beim Statut unique Engagementer geholl gi vun enger virechter Regierung, wou och e Bilan muss gezu ginn. Et muss gekuckt ginn, wat d’Implikatioun vun der Regierung ass, ob déi Engagementer nach gerechtfäerdegt sinn. An da muss een sech selbstverständlech, dofir sinn och déi Negociatiounen do, zesumme mat de Partner un den Dësch sëtze fir ze kucke wéi et weider geet.

Frank Goetz: An déi zukënfteg Wirtschaftskritik vis-à-vis vun de Betriber?

Xavier Bettel: Also, et soll ee just zu Lëtzebuerg net vergiessen, datt, wa mir d’Staatsfinanzen net an de Grëff kréien, d’Attraktivitéit vun dësem Land d’Baach ofgeet. A wa keng Betriber méi op Lëtzebuerg kommen, dann hu mir e Problem, da geet de Chômage an d’Luucht. An da gleeft mir, datt déi schlecht Zuelen déi mir am Moment am Budget hunn, dann nach eis zefridde géife stellen, wann déi nach wieren, well da gëtt d’Situatioun nach vill méi schlëmm.

Dowéinst wéi gesot, mir hu missten d’Handbrems zéien, mir mussen d’Land nees op den Zuch, op déi richteg Schinne setzen, an do ass den Effort collectif wichteg. Ech froen do, datt Egoismus op d’Säit geluecht gëtt a Solidaritéit e Wuert gëtt wat d’Lëtzebuerger mussen, mussen, mussen an den nächste Méint och hunn. Zesummenhalen, zesummen an déi selwecht Richtung, fir datt mir houfreg kënne sinn, datt nach Betriber heihinner kommen, datt jonk Leit nach hei wëlle liewen, dat ass déi Politik op jiddwer Fall déi mir dës nächst 4 Joer wëlle maachen.

Frank Goetz: Här Staatsminister, ech soen Iech villmools Merci, datt Dir haut komm sidd.

Xavier Bettel: Merci.

Dernière mise à jour