D’Martine Hansen trëfft déi 5 lëtzebuergescher Entitéiten, déi am Beräich fir d’aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll bei Litigen a Konsumentefroen zoustänneg sinn

Treffen mat der Ministesch fir Konsumenteschutz zum Thema vun aussergeriichtlechem Bäileeë vu Sträitfäll a Konsumentefroen.

D’aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll ass eng Alternativ zu traditionelle Geriichtsverfaren, déi drop ofzielt, Konflikter méi séier, méi käschtegënschteg a manner formell ze léisen. An dësem Kontext huet d'Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, sech mat de fënnef lëtzebuergeschen Entitéiten, déi a Konsumentefroen zoustänneg sinn, souwéi dem Centre Européen des Consommateurs Luxembourg a senger Roll als Informatiounspunkt fir déi grenziwwerschreidend an online-Dossieren getraff.

D’Entrevue gouf genotzt fir d’Erfarungen ënnert de Partner auszetauschen, Diskussiounen iwwer Trends ze féieren an een Update ze ginn iwwer de Status vun den Negociatioune vun der Revisioun vun der entspriechender Directive am Conseil.

©Direktioun fir Konsumenteschutz D’Martine Hansen trëfft déi 5 lëtzebuergescher Entitéiten, déi am Beräich fir d’aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll bei Litigen a Konsumentefroen zoustänneg sinn
D’Martine Hansen trëfft déi 5 lëtzebuergescher Entitéiten, déi am Beräich fir d’aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll bei Litigen a Konsumentefroen zoustänneg sinn
vlnr : André Marmann, Médiateur en assurances ; Karin Basenach, Centre européen des consommateurs ; Sophie Steichen, Institut luxembourgeois de régulation ; Sandra Wietor, Institut luxembourgeois de régulation ; Marie Gilmer, Commission luxembourgeoise des litiges de voyages ; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz ; Thainá Dantas, Direktioun fir Konsumenteschutz ; Gianni Pietrangelo, Commission luxembourgeoise des litiges de voyages ; Benoît Juncker, Commission de surveillance du secteur financier ; Marie-Josée Ries, Direktioun fir Konsumenteschutz ; Kelly Mulombe , Centre européen des consommateurs ; Claude Fellens, Médiateur de la consommation ; Marc Fischer, Direktioun fir Konsumenteschutz

Aktualiséiert