All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1110 Resultater
  1. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2023 un de Festivitéiten deel, déi zu Gréiwemaacher, Esch-Uelzecht an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  2. "E Monument fir eis Sprooch." Esou nennt de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, deen neie Sproochatlas vum Alain Atten a Claude Schmit. Den 19. Juni 2023 gouf en am Forum Geesseknäppche virgestallt.

  3. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, datt S.K.A. de Grand-Duc haut, de 15. Juni 2023, d'Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun, op hiren eegene Wonsch hin, éierenhaft entléisst.

  4. No senger Vereedegung duerch S.K.A. de Grand-Duc, huet de 15. Juni 2023 eng offiziell Zeremonie vun der Amtsiwwergab stattfonnt, wou déi ministeriell Kompetenze fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun vum Corinne Cahen op de Max Hahn iwwerdroe goufen, deen zum Minister fir Famill an Integratioun an zum Minister fir d'Groussregioun ernannt ginn ass.

  5. De 14. Juni hu sech Experten a wichteg Acteure an der Abtei Neimënster getraff fir iwwert Theme – wéi Passagéierrechter, Kreeslafwirtschaft, Dronen,

  6. Samschdeg, den 8. Juli mécht de Cercle Cité ab 10.00 Auer seng Dieren op, wou nei Weeër vum Konsum opgezeechent ginn. An Dir kënnt gläichzäiteg déi breet Palette vu Servicer a Produkter vun de SIS (sociétés d’impact sociétal) entdecken.

  7. Op der Generalversammlung vun der ULC huet d’Paulette Lenert, Ministesch fir Konsumenteschutz, ee Réckbléck op déi éischt Legislaturperiod vum

  8. Wéi assuréieren eis dräi Verwaltungen eigentlech konkrete Klima- an Ëmweltschutz um Terrain? U wéi enge neien a spannende Projete gëtt geschafft? A wat fir Erkenntnisser gewanne mir dorauser? Dëse Froen widmet sech di 3t Editioun vun den Ëmweltdeeg, op déi de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung all Interesséierten häerzlech an de 'natur musée' invitéiert.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 8
  4. 9
  5. 10
  6. 11
  7. 12
  8. ...
  9. Lescht Säit