D'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" an der Belle Etoile

Vum 12. Juli bis den 22. Juli 2023 kann een d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" an der Neier Galerie vum Shopping-Zenter Belle Etoile entdecken. De Vernissage ass den 12. Juli 2023 ëm 13 Auer a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an de Verantwortleche vun der Belle Etoile.

  1. ©MENEJ

    D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Belle Etoile

    D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Belle Etoile

  2. ©MENJE

    D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Belle Etoile

    D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Belle Etoile

  3. ©MENJE

    D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Belle Etoile

    D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Belle Etoile

Dës Wanderausstellung vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.

No der Virstellung vun der Ausstellung den 29. Juni an der Abtei Neimënster ass d'Belle Etoile hir éischt Statioun. Weider bis elo geplangte Statioune sinn: Ëlwen (5. bis 9. August 2023), Miedernach (3. bis 9. September 2023), Forum Geesseknäppchen (29. September bis 4. Oktober) an den Institut national des langues Luxembourg (vum 23. Oktober bis 10. November 2023).

An der Belle Etoile wäert d'Ekipp vum ZLS all Dag vun 10 bis 19 Auer op der Plaz sinn, fir Visiteuren duerch d'Ausstellung ze féieren.

Déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen

Den Titel vun der Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

Op där enger Säit bezitt sech den Titel natierlech op d'Lëtzebuergescht a seng Entwécklung. D'Ausstellung beschäftegt sech mat de Varietéiten, déi et am Lëtzebuergesche gëtt. D'Lëtzebuerger Sprooch ass kee Monolith, mee flexibel, kreativ an a konstantem Wandel.

Op där anerer Säit gëtt d'Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg ausmécht, thematiséiert. Och si ass en integrale Bestanddeel vum sproochlechen Ëmfeld, an deem sech d'Lëtzebuergescht beweegt an evoluéiert.

Pluritheematesch, multimedial a partizipativ

Déi nei mobil Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel, Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune follgend Aspekter ënner d'Lupp geholl:

• Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg

• Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d'Sprooch hautdesdaags?

• Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellen Exponater bitt d'Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.

A véier Sproochen

D'Wanderausstellung besteet aus véier Modüllen, déi ee kann opklappen an déi eng Fläch vu ronn 120 m² an Usproch huelen. D'Texter si véiersproocheg – op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch –, esou datt Kenntnisser am Lëtzebuergesche keng Viraussetzung sinn, fir d'Ausstellung kënnen ze suivéieren.

Communiqué par le ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse 

Aktualiséiert