All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1111 Resultater
  1. D'Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit Yuriko Backes an de Prof. Jens Kreisel, Direkter vun der Uni Lëtzebuerg, hunn eng Konventioun ënnerschriwwen, déi den Optakt vun der drëtter Kooperatioun tëscht dem Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), Luxembourg National Research Fund (FNR) a Research Luxembourg ronderëm d'Campagne "Women and Girls in Science 2024" ukënnegt.

  2. "Entgéint der allgemenger Virstellung, ass Kriibs net zwéngend fatal. Et ass wichteg, dass ee sech bewosst ass wat déi wëssenschaftlech nogewise Risikofacteure sinn an dass een zesummen e méi gesonden an equilibréierte Liewensstil ustrieft, fir sech esou am Alldag dëse Risike manner auszesetzen", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

  3. No de rezenten "smishing"-Virfäll bei verschiddenen ëffentlechen Institutiounen, wéi zum Beispill der Usurpatioun vun den Identitéiten LU-Alert, CNS an CCSS, wëll d'Lëtzebuerger Regierung d'Ëffentlechkeet un déi richteg Reflexer bei méigleche Versich vu Bedruch a Form vu gefälschte SMS an/oder Email erënneren. ​

  4. Wärend haut de Mëtteg an der Chamber iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch debattéiert gëtt, zitt den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) e positive Bilan iwwert d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) am Joer 2023.

  5. Ee Joer nom Akraafttriede vum Gesetz, nodeem d'Bewunner vun engem Gebai verflicht sinn en Dampmelder an de Fluchtweeër an an de Schlofkummeren z'installéieren, erënnert den Inneminister Léon Gloden nach eemol un d'Wichtegkeet vun dëser Moossnam: "Duerch dësen techneschen Tool kann e méigleche Brand sou fréi wéi méiglech detektéiert ginn. En ass zougänglech, a kann all Betraffene warnen a schützen."

  6. Den 23. Januar 2024, huet de Finanzminister Gilles Roth den Deputéierte vun der Finanzkommissioun a vun der Kontrollkommissioun vun der Budgetsexekutioun déi staatlech Finanzlag op den 31. Dezember 2023 presentéiert.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 3
  4. 4
  5. 5
  6. 6
  7. 7
  8. ...
  9. Lescht Säit