All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1098 Resultater
  1. Den "Overshoot day" zu Lëtzebuerg réckelt vum 14. Februar am Joer 2023 op den 20. Februar dëst Joer. Dësen Dag symboliséiert den Zäitpunkt, wou méi natierlech Ressourcen opgebraucht sinn, wéi d'Äerd bis Enn dës Jores regeneréiere kann. Domat ginn dann och zukünfteg Ressourcen nees opgebraucht.

  2. Den Donneschdeg, 8. Februar, huet de Premierminister Luc Frieden zesumme mat der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, an dem Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, Vertrieder aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft empfaange fir iwwert déi aktuell Lag vum Agrarsecteur ze schwätzen.

  3. D'Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit Yuriko Backes an de Prof. Jens Kreisel, Direkter vun der Uni Lëtzebuerg, hunn eng Konventioun ënnerschriwwen, déi den Optakt vun der drëtter Kooperatioun tëscht dem Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), Luxembourg National Research Fund (FNR) a Research Luxembourg ronderëm d'Campagne "Women and Girls in Science 2024" ukënnegt.

  4. "Entgéint der allgemenger Virstellung, ass Kriibs net zwéngend fatal. Et ass wichteg, dass ee sech bewosst ass wat déi wëssenschaftlech nogewise Risikofacteure sinn an dass een zesummen e méi gesonden an equilibréierte Liewensstil ustrieft, fir sech esou am Alldag dëse Risike manner auszesetzen", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

  5. No de rezenten "smishing"-Virfäll bei verschiddenen ëffentlechen Institutiounen, wéi zum Beispill der Usurpatioun vun den Identitéiten LU-Alert, CNS an CCSS, wëll d'Lëtzebuerger Regierung d'Ëffentlechkeet un déi richteg Reflexer bei méigleche Versich vu Bedruch a Form vu gefälschte SMS an/oder Email erënneren. ​

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. ...
  8. Lescht Säit