Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 93 Resultater
  1. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen déi groussherzoglech Koppel an hir Kanner souwéi Membere vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2024 un de Festivitéiten deel, déi zu Kielen, Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  2. Den 19. Juni 2024, hunn de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, den Inneminister, Léon Gloden, an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Moossname fir déi geplangten administrativ Vereinfachung, esou wéi den neien ëffentlech-private Partenariat (PPP) fir d'Schafung vun abordabelem Wunnraum virgestallt, déi d'Regierung festgehalen huet fir de Wunnengsbau unzekuerbelen an ze vereinfachen.

  3. Ab der Rentrée 2024/2025 wäerten d'Schüler aus dem Cycle 1 vum Fondamental MATHI entdecken, eng nei Serie vun didakteschem Material, mee virun allem eng nei Method fir Mathematik ze léieren. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet en Dënschden, den 19. Mäerz 2024, un der offizieller Presentatioun vum MATHI-Material um Campus Geesseknäppchen deelgeholl.

  4. Den 18. Juli 2023 huet de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den zweete regionalen Eltereforum zu Beetebuerg offiziell ageweit. Déi offiziell Aweiung vum éischten Eltereforum war den 8. Februar 2023 zu Nidderaanwen.

  5. Vum 12. Juli bis den 22. Juli 2023 kann een d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" an der Neier Galerie vum Shopping-Zenter Belle Etoile entdecken. De Vernissage ass den 12. Juli 2023 ëm 13 Auer a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an de Verantwortleche vun der Belle Etoile.

  1. 1
  2. 2
  3. 3
  4. 4
  5. 5
  6. ...
  7. Lescht Säit