Neie Schwong fir de Wunnengsbau − Ënnerstëtzung fir Leit an Handwierk

Den 31. Januar 2024, hunn de Premierminister, Luc Frieden, de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, an de Finanzminister, Gilles Roth, en éischte Mesurëpak presentéiert, deen haut am Regierungsrot ugeholl gouf.

© SIP / Emmanuel Claude (v.l.n.r.) Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung; Luc Frieden, Premierminister; Gilles Roth, Finanzminister
(v.l.n.r.) Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung; Luc Frieden, Premierminister; Gilles Roth, Finanzminister

Säit dem 9. Januar, huet d'interministeriell Ekipp – vertrueden duerch de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, de Finanzminister, de Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, den Inneminister an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit – an individuellen Entrevuen déi verschidde Vertrieder vum Bau- a Logementssecteur getraff. D'Ministeren an hir Ekippen hu sech mat der Handwierkschamber, dem Syvicol, dem Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils (OAI), der Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg (FEDAS), der Chambre immobilière du Grand-Duché de Luxembourg (CIGDL) an dem Mieterschutz ausgetosch.

D'Zil ass déifgräifend Gespréicher ze féieren, fir e globale Mesurëpak auszeschaffen, deen de Secteur vum Wunnengsbau nees ukuerbelt an den Zougang op Wunnraum vereinfacht. Gläichzäiteg soll esou ee Pak déi konjunkturell a strukturell Problemer vum Logement ugoen. An Zesummenaarbecht mat all den ëffentlechen a private Partner, goufe verschidde kuerz-, mëttel- a laangfristeg Moossnamen an de leschten dräi Wochen ausgeschafft. Dës Moossname betreffe souwuel Privatleit wéi och de Bausecteur an d'Investisseuren.

De Premierminister huet ënnerstrach, dass dës Mesuren en dräifacht Zil hunn: de Bausecteur an d'Handwierk stäerken an domat Aarbechtsplazen ze schafen; d'Offer u Wunnraum vergréisseren an esou déi Persounen z'ënnerstëtzen, déi e Logement wëlle kafen oder lounen.

"Dësen éischte Mesurëpak ass eng direkt Ënnerstëtzung fir d'Stéit – souwuel fir d'Locatairë wéi och fir d'Keefer vu Logementer. Gläichzäiteg ginn déi ëffentlech Investissementer fir den ëffentleche Bestand u bezuelbarem Wunnraum auszebauen däitlech erhéicht. De weideren Echange mat allen Uspriechpartner ass villverspriechend", betount de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch.

De Finanzminister Gilles Roth weist sech zouversiichtlech: "Eis war et wichteg schnell ze handele fir dem Bausecteur nees Vertrauen ze schenken an d'Aarbechtsplazen ze erhalen. Ech sinn zouversiichtlech dass mir duerch dëse Mesurëpak der aktueller Tendenz bis zum Hierscht entgéintzewierken. Gläichzäiteg sinn dës Moossnamen eng finanziell Ënnerstëtzung fir Privatleit, déi e Logement sichen.

Communiqué vum Staatsministère, vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung a vum Finanzministère

Aktualiséiert