Aktualiséiert den
Staatsvisitt vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, a vu senger Fra Eva Pavlová zu Lëtzebuerg - 2. Dag
Op Invitatioun vum Grand-Duc a vun der Grand-Duchesse, sinn de Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik, a seng Fra Eva Pavlová, vum 29. Februar bis den 1. Mäerz 2024 fir eng Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. D'Presidentekoppel gëtt vun enger Delegatioun vun ca. 30 tschecheschen Entreprisë begleet.
Freideg, den 1. Mäerz 2024
Den zweeten Dag fänkt mat enger Visitt vun der NATO Support and Procurement Agency - NSPA zu Kapellen un. Dës Agence regruppéiert d'Aktivitéite vun der NATO am Beräich vun der logistescher Ënnerstëtzung an der Acquisitioun. De President vun der Tschechescher Republik a seng Fra, souwéi de Grand-Duc gi vun der Verdeedegungsministesch, Yuriko Backes, an der Generaldirektesch vun der NSPA, Stacy Cummings, um Sëtz vun der NSPA empfaangen. Um Programm steet eng Presentatioun vun den Aktivitéiten an d'Visitt vun engem Atelier fir Waffesystemer.
An der Europaschoul Lëtzebuerg II zu Mamer ginn de Petr Pavel a seng Fra an d'groussherzoglech Koppel vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an dem Direkter vun der Schoul, Maurice van Daal, empfaangen. Bei enger genereller Presentatioun vum Etablissement a senger schoulescher Offer, hunn d'Presidentekoppel an de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse d'Méiglechkeet un enger Musekopféierung vun tschechesche Schüler deelzehuelen. Doniewent kënne si sech och mat verschidde Projete vun der Schoul familiariséieren an eng Honnerte Kanner mat tschecheschen Originnen aus de verschiddene Sektioune vun der Europaschoul kennenzeléieren.
De Premierminister Luc Frieden huet dono d'Éier de Staatschef vun der Tschechescher Republik a seng Fra am Numm vun der Regierung op e Mëttegiessen ze empfänken. Mat dobäi sinn d'Ministesche Yuriko Backes an Elisabeth Margue. D'Diskussioune konzentréieren sech op déi bilateral Relatiounen op politeschem an ekonomeschem Niveau, souwéi op déi wichtegst Sujete vun der europäescher an internationaler Politik.
Dono gëtt de Petr Pavel um Europäesche Justizhaff (CJUE) vum President Koen Lenaerts empfaangen, wou en tschechesch Riichter a Membere vum Personal kenneléiert.
De President vun der Tschechescher Republik an de Grand-Duc ginn dono an der Handelskummer vum Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, Lex Delles, vum President Fernand Ernster, a vum Generaldirekter Carlo Thelen empfaangen. Am Kader vun engem Business Forum Tschechesch Republik-Lëtzebuerg, halen de Petr Pavel, de Lex Delles an de Vizepresident vun der tschechescher Handelskummer, Radek Jakubský, eng Usprooch. Am Kontext vum Forum gëtt iwwerdeems e Memorandum of Cooperation (MoC) tëscht der Lëtzebuerger an der Tschechescher Handelskummer ënnerschriwwen.
D'Grande-Duchesse an d'Eva Pavlová hirersäits, ginn zesumme mat der Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul, Stéphanie Obertin, um Belval-Campus vun der Uni Lëtzebuerg empfaangen. An der Maison des sciences humaines huelen d'Grande-Duchesse an d'First lady vun der Tschechescher Republik un der Presentatioun vum Epsylon Reseau deel (Experimental Psychology Laboratories Network). Dobäi hunn si d'Geleeënheet déi aktuell Projete vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET), der Fuerschungs- an Transfereenheet fir d'Evaluatioun vu méisproochege Bildungssystemer, kennenzeléieren.
Dono besichen si de Laboratoire fir kognitiv Neurowëssenschaften, wou si Erklärungen zu den neiste Fuerschungen am Beräich vun de mathematesche Kognitiounsstéierungen, sou wéi zum VR Bias-Projet iwwer Iessstéierunge kréien. Um Schluss steet eng kuerz Visitt vum Luxembourg Learning Center um Programm, mat engem Austausch mat tschechesche Studenten a Mataarbechter vun der Uni Lëtzebuerg.
D'Staatsvisitt gëtt mat engem Concert vum Martinů Strings Prague am Cercle Cité ofgeschloss, mat enger Receptioun vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel a vu senger Fra Eva Pavlová zu Éiere vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse, a Presenz vun der ierfgroussherzoglecher Koppel.
Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP)