-
Ried zur Lag vun der Natioun – 2024
Ried zur Lag vun der Natioun 2024, den 11. Juni virun der Chamber vum Premierminister Luc Frieden.
-
80. Joresdag vum Debarquement vun den Alliéierten an der Normandie
Op Invitatioun vum President vun der franséischer Republik, Emmanuel Macron, hunn de Grand-Duc an de Premierminister Luc Frieden de 6. Juni 2024 zu Omaha Beach un der internationaler Zeremonie am Kader vum 80. Joresdag vum D-Day an der Normandie deelgeholl.
-
Visitt vum Pilotprojet "Lieu de vie pour personnes en précarité vieillissantes" zu Berbuerg
Den 28. Mäerz 2024, hunn de Premierminister Luc Frieden an de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil Max Hahn de Pilotprojet "Lieu de vie pour personnes en précarité vieillissantes" besicht. Haaptzil vum Projet ass et, Persounen, déi obdachlos waren, am Alter en appropriéierten Ënnerdaach ze proposéieren.
-
Evaluatioun vun der Terror-Menace zu Lëtzebuerg no der terroristescher Attack vum 22. Mäerz 2024 zu Moskau
No der Terror-Attack vum 22. Mäerz 2024, koum d'Koordinatiounsgrupp fir d'Lutte géint den Terrorismus (GCT) op Demande vum Premierminister zesummen, fir d'Menace op nationalem Niveau z'evaluéieren.
-
Perturbatioun vu verschiddene staatlechen Internetsitten (2)
No der DDoS (Distributed Denial of Service) Cyber-Attack, duerch déi verschidde Lëtzebuerger Internetsitten inaccessibel sollte gemaach ginn, koum am Laf vum Nomëtten eng Cellule de crise ënnert der Leedung vun der Ministesch fir Digitaliséierung, Stéphanie Obertin, zesummen.
-
Perturbatioun vu verschiddene staatlechen Internetsitten (1)
Säit de Moien, den 21. Mäerz 2024, gouf et eng Cyberattack op verschidde staatlech Internetsitten. Dobäi handelt et sech ëm eng DDOS-Attack. Eng DDOS-Attack besteet doranner déi informatesch Ressource vum viséierten Affer ze iwwerlaaschten.
-
Livestream vun der Pressekonferenz am Kader vun der Aarbechtsvisitt vum Denys Shmyhal, Premierminister vun der Ukrain
De Livestream fänkt géint 13:30 Auer un.
-
Staatsvisitt vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, a vu senger Fra Eva Pavlová zu Lëtzebuerg - 2. Dag
Op Invitatioun vum Grand-Duc a vun der Grand-Duchesse, sinn de Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik, a seng Fra Eva Pavlová, vum 29. Februar bis den 1. Mäerz 2024 fir eng Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. D'Presidentekoppel gëtt vun enger Delegatioun vun ca. 30 tschecheschen Entreprisë begleet.
-
Staatsvisitt vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, a vu senger Fra Eva Pavlová zu Lëtzebuerg - 1. Dag
Op Invitatioun vum Grand-Duc a vun der Grand-Duchesse, sinn de Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik, a seng Fra Eva Pavlová, vum 29. Februar bis den 1. Mäerz 2024 fir eng Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. D'Presidentekoppel gëtt vun enger Delegatioun vun ca. 30 tschecheschen Entreprisë begleet.
-
D'Regierung lauschtert der Landwirtschaft no
Den Donneschdeg, 8. Februar, huet de Premierminister Luc Frieden zesumme mat der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, an dem Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, Vertrieder aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft empfaange fir iwwert déi aktuell Lag vum Agrarsecteur ze schwätzen.
-
Neie Schwong fir de Wunnengsbau − Ënnerstëtzung fir Leit an Handwierk
Den 31. Januar 2024, hunn de Premierminister, Luc Frieden, de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, an de Finanzminister, Gilles Roth, en éischte Mesurëpak presentéiert, deen haut am Regierungsrot ugeholl gouf.
-
Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 13:45 Auer un.
-
De Luc Frieden op Aarbechtsvisitt beim däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz
Den 8. Januar 2024 war de Premierminister Luc Frieden fir eng éischt Aarbechtsvisitt an Däitschland beim Bundeskanzler Olaf Scholz.
-
Neijoerschried vum Premierminister Luc Frieden
Neijoerschried vum Premierminister Luc Frieden vum 31. Dezember 2023
-
Deklaratioun zum Regierungsprogramm 2023
De Premierminister Luc Frieden hält d'Deklaratioun zum Regierungsprogramm 2023 an der Chamber.
- Éischt Säit
- 1
- 2