Deklaratioun zum Regierungsprogramm 2023

Den 22. November 2023 prononcéiert de Premierminister Luc Frieden d'Regierungserkläerung 2023 virun der Chamber.

  1. ©SIP / Julien Warnand

    Luc Frieden, Premierminister

    Luc Frieden, Premierminister

  2. © SIP / Julien Warnand

    Luc Frieden, Premierminister

    Luc Frieden, Premierminister

  3. © SIP / Julien Warnand

    (v. l. n. r.) Claude Wiseler, Chamberpresident ; Luc Frieden, Premierminister

    (v. l. n. r.) Claude Wiseler, Chamberpresident ; Luc Frieden, Premierminister

  4. © SIP / Julien Warnand

    Luc Frieden, Premierminister

    Luc Frieden, Premierminister

  5. © SIP / Julien Warnand

    Declaratioun zum Regierungsprogramm - Ried vum Premierminister Luc Frieden

    Declaratioun zum Regierungsprogramm - Ried vum Premierminister Luc Frieden

Et gëllt dat geschwatent Wuert

Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken

Här President,

Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken a seng Awunner zesummen halen, dat ass déi Aufgab, déi mir eis fir déi nächst fënnef Joer ginn hunn.

Ech wëll eist Land a Fridde, Fräiheet a Wuelstand an d'Zukunft féieren. Ech si mer bewosst iwwert déi grouss Verantwortung vun der Funktioun als Premierminister, déi de Grand-Duc mer an der Konsequenz vun de Parlamentswale vum 8. Oktober uvertraut huet. Mee an enger parlamentarescher Demokratie ass dat ni eng Responsabilitéit vun enger Persoun eleng, mee vun enger ganzer Regierung a vun engem Parlament virun deem déi Regierung Verantwortung dréit.

Fir mech ass et awer virun allem och eng Verantwortung virun alle Leit déi hei am Land liewen a schaffen, egal wéi hir politesch Iwwerzeegunge sinn. Mir sinn net de Vertrieder vun enger Grupp mee vun dem intérêt général. D'Wale vum Oktober hunn eng staark Koalitioun vun der politescher Mëtt ervirbruecht. Mir wëllen aus där politescher Mëtt eraus esou breet wéi méiglech d'Leit am Land bei eiser Aarbecht iwwerzeegen a mathuelen.

Je voudrais également dire à l'importante population non-luxembourgeoise qui habite et travaille dans ce pays, et dont nous savons et apprécions la grande contribution au développement social et économique de notre pays, que le Gouvernement que j'ai l'honneur de conduire, sera aussi leur Gouvernement. Je chercherai des moyens appropriés pour les écouter, notamment à travers les chambres professionnelles et les nombreuses organisations dans lesquelles ils s'engagent. Leur voix sera entendue.

Eng Regierungserklärung no Walen - besonnesch wann eng nei Koalitioun aus deene Walen ervirgeet- ass ëmmer e spezielle Moment well en neit Kapitel an der Geschicht vum Land opgeschloe gëtt.

Mee dat neit Kapitel baut op op deem, wat vireg Generatioune geleescht hunn. Duerfir ass mäin éischte Gedanken als Premierminister deene Merci ze soen déi fir eis Fräiheet a Wäerter am 2. Weltkrich gekämpft hunn - Wäerter op deene mir kënnen opbauen - grad an dësen Deeg an deenen an der Welt des Wäerter esou brutal a Fro gestallt ginn.

Mir bauen och op op dat wat eis Virgänger an der Regierung an an der Chamber gemaach hunn. Duerfir well ech och all den austriedenden Ministeren an Deputéierte Merci soe fir hiren Engagement, hir Zäit an Aarbecht fir eist Land. Déi nei Regierung wäert an der demokratescher Traditioun vun eisem Land déi institutionell a gesellschaftspolitesch Ännerungen déi an de leschte Jore gemaach gi si voll a ganz respektéieren.

Mir kënnen houfreg sinn op eis Lëtzebuerger Demokratie. Si huet bei de Walen an duerno erëm gutt funktionéiert – dat ass net selbstverständlech wann ee kuckt wat an der Welt geschitt.

Mir wäerten alles maache fir eis Demokratie, eis pluralistesch Gesellschaft, an d'Mënscherechter ze verdeedegen an ze stäerken. D'Demokratie verlaangt Kompromësser, si ass heiansdo duerfir méi lues wéi aner Regimmer, mee si stäerkt laangfristeg d'sozial Kohesioun.

Si verlaangt awer och Versteesdemech fir d'Positioun vun deem aneren, an de Respekt vun der demokratescher Decisioun, besonnesch bei schwéiere politeschen Decisiounen. D'Sich nom Konsens, déi ech als meng Aufgab ugesinn, dierf awer net an der Demokratie zum Stëllstand féieren.

Mir wunnen an engem Land wat eis Demokratie, Fridden a Sécherheet gëtt, mee doru musse mir, och als nei Regierung, all Dag schaffen.

De brutalen Iwwerfall vu Russland op d'Ukrain, de schreckleche Konflikt am Noen Osten, déi rezent gewaltsam Ausernanersetzungen am Kaukasus an am Balkan erënneren eis drun datt Fridden a Fräiheet keng Selbstverständlechkeet sinn.

L'Europe a été inventée comme alternative à la guerre. La table de négociation a remplacé le bruit des armes. Le marché intérieur et l'abolition des frontières intérieures dans l'Union européenne a contribué à notre prospérité économique et facilité notre vie quotidienne. Je confirme ici la ferme volonté du nouveau Gouvernement à contribuer activement à approfondir la construction européenne dans l'intérêt de ses citoyens. Nous souhaitons renforcer l'Union européenne notamment sur les plans politique, économique, sécuritaire, ainsi que sur le plan de la résilience face à des États tiers. L'élargissement de l'Europe, dont nous comprenons l'importance dans le contexte de la stabilité sur notre continent, devra se faire dans le respect des critères de Copenhague, notamment de l'État de droit.

Face à la situation internationale qui remet en question l'ordre international établi au lendemain de la Guerre froide en 1990, le Luxembourg sera un allié fort de l'OTAN pour garantir notre paix et notre sécurité par des moyens politiques et militaires. La relation transatlantique avec notre allié historique que sont les États-Unis d'Amérique – à qui nous devons notre liberté et dont nous partageons tant de valeurs constitutionnelles - sera renforcée.

Dans le monde nous nous engagerons pour la paix, la liberté et le dialogue des cultures et des nations. Nous maintiendrons de bonnes relations avec la Chine, en cohérence avec nos intérêts économiques et nos valeurs - une Chine, dont l'importance politique, économique et technologique mérite notre pleine attention. En matière de coopération au développement, où nous continuerons à consacrer un pour cent du revenu national brut, notre priorité sera le continent africain, dont la stabilité et le développement auront un impact majeur sur notre avenir.

Fir d'Wichtegkeet vun der EU an der NATO fir eist Land ze ënnersträiche ginn ech och schonn d'nächst Woch op Bréissel en Untrëttsbesuch maache bei d'Europäesch Unioun, a kuerz duerno, uganks Dezember, bei d'NATO.

Nëmme wa mer an der Welt Fridden a Stabilitéit hu geet et eis och gutt. Mir hu gesi wéi eng Repercussiounen de Krich an der Ukrain oder d'Instabilitéit an Afrika oder dem Noen Oste fir eis hunn. Mee mir hunn och vill reng national Defie virun eis, déi allerdéngs oft, an enger klenger, oppener Ekonomie, mam Ausland zesummenhänken.

Déi international wirtschaftlech Situatioun ass net gutt. No den neisten Zuele vum internationale Wärungsfong soll de Wuesstum vun Amerika d'nächst Joer bei 1,5 %, dee vu China bei 4% an dee vun der Eurozon bei ronn 1% leien, dat ass vill manner wéi an der Moyenne vun de Jore virdrun, virun allem virun der Covid-Kris. Dat huet natierlech Repercussiounen op Lëtzebuerg an de Statec huet eis an de Koalitiounsverhandlunge méi schlecht ekonomesch Perspektiven duergeluecht wéi dat virum Summer de Fall war.

Mir wëllen e Land wat wirtschaftlech zolidd do steet, well mir als Regierung iwwerzeegt sinn datt nëmme gesond Betriber gutt Aarbechtsplaze schafen an eis déi Moyene gi fir kënnen eng staark an effikass Sozialpolitik ze maachen. Nëmme staark Betriber kënnen och fir sech selwer a fir de Staat déi néideg Moyenen opbrénge fir déi noutwendeg ekologesch an digital Transitioun ze finanzéieren.

Här President,

Eis Sozialsystemer an eise Wuelstand brauche Wuesstum. Mir stinn zu engem nohaltegen an inklusive Wuesstum, engem Wuesstum, deen net ëmmer gläichzestellen ass mat méi Leit a méi Trafic, well och d'Technologie an nei Aarbechtsmethoden hëllefen, Wuesstum mat anere Methoden ze erreechen. En inklusive Wuesstum deen der Entreprise selwer, hire Besëtzer, hire Mataarbechter an der ganzer Gesellschaft ze gutt kennt. Duerfir wëlle mir d'Rahmebedingunge fir d'Betriber verbesseren, mat méi kuerze Prozeduren, méi Dialog mat de Verwaltungen, an engem Etat d'esprit vun de Verwaltunge fir mat de Leit, de Gemengen an de Betriber Léisungen ze sichen. Ech hunn all Minister gefrot fir derfir ze suergen déi administrativ Ofleef a senge Verwaltungen, déi iwwer Joren - oft aus gudde Grënn - entstaane sinn ze iwwerpréiwen, ze kierzen, a Richtlinnen de Verwaltungen ze gi fir e modernen, biergerfrëndlechen, digitalen a schnelle Staat ze schafen. Dat mécht och d'Schaffe vu ville Staatsbeamten, och am Kontakt mat de Bierger, méi flott. Ech wäert reegelméisseg mat de Ministerkolleegen de Point iwwer dëse Fortschrëtt maachen.

Lëtzebuerg an d'Zukunft féieren heescht och Defie vun dem Klimawandel, der Digitalisatioun an der kënstlecher Intelligenz ganz seriö huelen an an all eis Politicke mat abauen. Dëst sinn Erausfuerderungen déi an eisen Ae Moossname verlaangen déi step by step, mat de Leit an net vun uewen erof musse gemaach ginn. Dës Regierung setzt op Erklärung, Iwwerzeegung an Ënnerstëtzung vun de Leit a Betriber, an och do erëm op manner komplizéiert Prozeduren, fir Fortschrëtter ze maachen, virun allem bei den Theeme Klima a Biodiversitéit. D'artificial intelligence wäert eis Gesellschaft fundamental an den nächste Jore veränneren. Ech wäert och selwer mat den zoustännege Ministeren dëse wichtege Sujet mat all senge wirtschaftlechen, sozialen an ethesche Froe behandelen.

Dës Visioun fir eist Land, déi ech elo grad resuméiert hunn, gëtt am Regierungsprogramm deklinéiert. E Regierungsprogramm muss eng Grondausriichtung mee net eng Äntwert hunn op all Fro, well éischtens Koalitiounsverhandlungen aus Zäitgrënn net kënnen dee leschten Detail diskutéieren, mee och well ech fannen datt vill Sujeten eng länger Detailaarbecht verlaangen déi d'Ministeren elo musse maachen, natierlech am Kader vum Koalitiounsaccord, mee och well een haut net alles ka virgesi wat an der Welt an an Europa an den nächste Jore geschitt. E Krich, eng Wirtschaftskris, eng Pandemie ka séier nei Aktiounen néideg maachen. D'Regierung wäert, mat engem staarken Teamgeescht op deen ech vill Wäert leen - dat heescht Kooperatioun tëscht de Ministeren a Ministèren, Léisunge fir d'Land virleeën déi der Zäit ugepasst sinn. Duerfir hu mer och bewosst de Choix gemaach d'Zuel vun de Ministere vu 17 op 15 erofzesetze fir méi effikass virzegoen. Duerfir hu mer och de Choix gemaach bei verschiddenen Politikberäicher déi besonnesch komplex a villsäiteg si méi wéi ee Minister oder Ministère zoustänneg ze maachen, fir dofir ze suergen datt déi ganz Koalitioun un engem Strang an an déi selwecht Richtung zitt; zum Beispill beim Logement, dem Kampf géint d'Aarmut oder der Immigratioun. Ech wäert reegelméisseg déi zoustänneg Ministeren zesummeruffe fir des Politicken koherent an effikass ëmzesetzen.

Eist Zil ass e bessert Zesummeliewen an engem moderne Lëtzebuerg. Dat ass méi wéi e Slogan. E modernt Lëtzebuerg dat heescht, datt mer an der Digitalisatioun, bei den erneierbaren Energien, am Gesondheetssecteur, bei den Infrastrukturen och e gudde Schratt no vir musse maachen. An e bessert Zesummeliewen heescht virun allem d'sozial Kohesioun stäerken an d'Aarmut bekämpfen, Mir brauchen eng dezent Wunneng vir jiddwereen a mir brauche gutt Aarbechtsplazen, net nëmmen nei Aarbechtsplazen, mee och déi, déi mer hunn, do musse mer dofir suergen, dat se bleiwen an sech den neien Defien upassen.

De Gruef tëscht Räich an Aarm dierf net méi grouss ginn an ee vun den Haaptdefien an deem Beräich ass sécherlech de Wunnengsbau. Jidderee kennt d'Evolutioun vun de Präisser an Zënsen déi lescht Joren déi et schwiereg an oft onméiglech maachen, besonnesch fir Jonker oder elengerzéiend Elteren eng Wunneng ze fannen. Un dës Wunnengsbaukris ass elo eng Baukris dobäi komm déi e groussen Impakt op vill kleng a Mëttelbetriber am Bau an Handwierk a ville Beruffer ronderëm de Bau wéi Architekten an Ingenieure mat sech gezunn huet. Zil vun der Regierung ass et nei Impulser ze gi fir datt erëm Beweegung an de Wunnengsbaumarché kennt. Mir wëllen d'Investissementer ënnerstëtze fir d'Offer vu Wunnenge méi grouss ze maachen. Mir wëllen d'Bauaktivitéit erhale fir och do eng sozial Kris ze vermeiden.

Mir wëllen datt déi gréisstméiglech Zuel vu Leit eng dezent Wunneng fir ze lounen oder ze kafe kritt. Duerfir wëlle mer eng Wunnengsbauoffensiv fir den abordabele Wunnengsraum maachen, mat allen ëffentlechen a privaten Acteuren. Fir déi nei Regierung ass et wichteg datt de Staat, d'Gemengen an de Privatsecteur Hand an Hand matenee schaffen. Duerfir wäerte mir kuerzfristeg eng national Logementsreunioun tëscht dem Staat, de Gemengen an dem Bau an Handwierk maache fir dëse gemeinsamen Effort an des grouss national Aufgab beschtméiglech ëmzesetzen.

Mir wëlle souwuel steierlech wéi bei de Prozeduren aktiv ginn. Kuerzfristeg, dat heescht fir d'Joer 2024 scho wëlle mer zäitlech begrenzt, den Taux vum Amortissement accéléré erhéijen, d‘Besteierung vun der Plus-value erofsetzen, en neie Steierkredit 'bëllegen Akt' aféieren an d'Ofschreiwungsméiglechkeet fir Scholdzënsen erhéijen. D'Philosophie vun dëse Moossnamen ass datt erëm Beweegung an de Wunnengsmaart kennt, dat d'Leit Incentive kréien an de Wunnengsbau ze investéieren, datt nei Wunnengen entstinn an esou eng sozial Kris ka verhënnert ginn. Mir wëllen datt vill méi abordabel Wunnengen entstinn. Fir d'Angebot vu Mietwunnengen ze erweidere wäerte mer d'Aufgabe vun den ëffentlechen Acteure verbesseren an d'Kooperatioun mat de privaten Acteure stäerken, mee och d'Gemenge beim abordabele Wunnengsbau méi finanziell an technesch ënnerstëtzen. De Gesetzprojet iwwert de Bail à loyer gëtt fundamental iwwerschafft.

Mir leeën e besonnesche Fokus och virun allem op déi déi fir d'éischt eppes wëlle kafen. Duerfir wëlle mer hei de bëllegen Akt Steierkredit fir déi éischt Wunneng héijen a steierlech Moossname wéi Staatsgarantien iwwerpréiwe fir se fir déi Jonk méi effikass ze maachen. Duerfir wäerte mer och Gespréicher mat der europäescher Kommissioun féiere fir bei der TVA an der Besteierung vun der Plus-value kënnen déi Jonk méi z'ënnerstëtzen.

Ech well och, zesumme mat den zoustännege Ministeren, mat de Banken an de Regulateure vum Finanzwiese Gespréicher féiere fir ze kucke wat ee vu staatlecher Säit, am Respekt vum europäesche Recht, ka méi maache fir datt de Staat de Leit bei de Prête fir de Wunnengsbau - besonnesch bei der éischter Wunneng - kann hëllefen.

Mir mussen awer virun allem méi séier bauen. Duerfir wäerten d'Prozeduren iwwerkuckt a vereinfacht ginn. Op ville Plaze wëlle mer de Prinzip "silence vaut accord" bei den Autorisatiounen aféiere fir datt et méi schnell geet. Mir wëllen och d'Baugeneemegunge méi séier, méi digitaliséiert a méi standardiséiert maachen, och mat der Hëllef vun engem Guichet unique an engem Tracking-System fir de Suivi ze maache bei de Gemengen.

De Schutz vun der Natur huet fir des Regierung en héije Stellewäert. D'Prozeduren an d'Interpretatioune vun der Gesetzgebung an dësem Domaine sinn haut oft exzessiv, ze laang, ze komplizéiert a gi méi wäit wéi déi europäesch Texter. Dat selwecht gëllt iwwregens och fir archeologesch Ausgruewungen do wou soll gebaut ginn. Dat muss anescht ginn. Mir iwwerkucke kuerzfristeg d'Kompensatiounsmoossnamen am Bauperimeter op hir Effikassitéit, Vereinfachung a Proportionalitéit. Duerfir erlabe mer och d'"Natur auf Zeit” ouni datt dorausser nei Kompensatiounsvirschrëften enstinn. Dëst gëllt och a virun allem bei Industriebroochen op deene vill a flott Wunnengen an nei Aktivitéite sollen entstoen. Mir wëllen d'Biodiversitéit an de Quartieren encouragéieren, mee net de Wunnengsbau oder aner Infrastrukturen déi mer dringend brauche blockéieren.

D'Wunnengsoffer ass e wesentlechen Deel vum Probleem vun der Aarmuts- an Aarmutsrisikoproblematik zu Lëtzebuerg. Vill Probleemer bei Leit mat klengen Akommes, bei Allengerzéier, bei Sans-abrien, bei Asylanten entsti ronderëm de Wunnengsproblem. D'Regierung wëllt d'Aarmutsproblematik an all sengen Dimensioune versichen ze reduzéieren. Dat ass net d'Kompetenz just vun engem Minister, mee vun der ganzer Regierung. Duerfir hu mer Organisatioune wéi d'Croix- Rouge an d'Caritas och gläich zu Ufank vun de Koalitiounsverhandlunge gesinn. D'Solidaritéit an der Gesellschaft ass de Schlëssel zur sozialer Kohesioun, zum gudden a friddlechen Zesummeliewen.

Mir wëllen de REVIS, de Revenu d'inclusion sociale an och de Revenu pour personnes gravement handicapées reegelméisseg un d'Evolutioun vun de Gehälter upassen. Dat gëllt och fir de Mindestloun an d'Allocatioun de vie chère. Woubäi et fir d'Regierung kloer ass datt Schaffe sech loune muss. Duerfir muss de soziale Mindestloun ëmmer iwwer dem REVIS leien.

Fir der Aarmut entgéint ze triede wäerte mer och nei Weeër goe fir datt déi Hëllefen och wierklech deene bekannt si fir déi se do sinn. Dat ass haut oft net de Fall. Duerfir wëlle mer versichen e Guichet social anzeféieren an e besseren Echange vun Informatiounen tëscht de Verwaltungen. D'Simplification administrative ass hei e wichtegen Hiewel fir unzesetzen. Mir wëllen och mat de Sozialpartner kucke wéi mer d'Leit déi de REVIS kréie besser erëm an den Aarbechtsmaart kënnen integréieren.

Vill Leit, och déi déi schaffen an e gutt Stéck méi verdénge wéi déi vun deenen ech elo geschwat hunn, struewele mat de finanzielle Moyenen déi se hu fir eens ze ginn. Dat ass natierlech erëm bedéngt duerch de Wunnengsproblem, mee och d'Liewensmëttel an d'Energiepräisser si fir vill Leit eng staark finanziell Belaaschtung. Fir d'Kafkraaft ze erhale wëllt dës Koalitioun den Index a senger aktueller Form bäibehalen. Et ass och e wichtegt Element vum soziale Fridden an evitéiert Streiker wéi mer se wéinst Lounfuerderungen an aneren europäesche Länner ëmmer erëm gesinn. Mee d'Regierung ass sech bewosst datt den Index zwou Säiten huet.

Fir déi déi e kréien, fir déi ass e gutt, mee et muss och een e bezuelen an dat sinn d'Betriber. A besonnesch kleng Betriber oder Secteuren déi staark an der Konkurrenz mam Ausland sinn hunn natierlech do heiansdo grouss Schwieregkeete fir domat eens ze ginn, besonnesch wa méi Indextranchen an engem Joer erfalen. Mir stinn zum automateschen Index wéi e besteet, mee wann e puer Indextranchen an engem Joer erfalen da wëlle mir am Sozialdialog tëscht der Regierung, dem Patronat an de Gewerkschaften diskutéieren, wéi een engersäits kann d'Kafkraaft vun de Leit erhalen an anerersäits de Betriber kann entgéint komme fir hinnen ze hëllefen, datt si och kënne weider iwwerliewen a konkurrenzfäeg bleiwen.

Mir wëlle generell d'Kafkraaft vun de Leit stäerken. Wann ee schaffe geet, da verdéngt ee Geld an dann hëlt een och gären en Deel vun deem Geld mat heem. A besonnesch a schwieregen Zäiten - ech hunn elo geschwat vum Logement, vun de Liewensmëttel- an Energiekäschten - muss d'Steierpolitik och deem rechen droen.

Dës Regierung wëllt d'Leit a virun allem d'Mëttelschicht entlaaschten an d'Kafkraaft stäerken. Dat ass versprach ginn, dat gëtt gemaach. Dat hëlleft och dem Lëtzebuerger Handel, Handwierk, Restauranten a villen anere Betriber. Dofir geet d'Steierlaascht op den 1. Januar 2024 fir jiddereen erof. De Steierbarême gëtt em 4 Indextranche berengegt. Dat ass finanzéierbar a gëtt de Leit méi Kafkraaft.

Aner Steierreduktiounen, besonnesch fir Kleng- a Mëttelrevenuë wëllt d'Regierung an dëser Legislaturperiod maachen, parallel zu weideren Inflatiounsberengegunge vun der Steiertabell. Am Koalitiounsaccord ginn et och eng ganz Rei aner steierlech Erliichterungen, zum Beispill fir déi Jonk, fir de Wunnengsbau oder fir d'Betriber. Mir kucken d'Steierlandschaft ëmmer erëm an dëser Legislaturperiod en fonction vun der genereller Evolutioun vun der Wirtschaft an de Staatsfinanzen an der Evolutioun am Ausland unzepassen.

D'Regierung wëll eng attraktiv Steierlandschaft. Besonnesch well mer vill Leit aus dem Ausland brauchen, déi heihinner schaffe komme fir datt eist Land funktionéiert, musse mer kucken datt bei eis d'Steierlaascht net méi héich ass wei am Ausland. Dat gëllt fir de ganze Steiertarif bis hin zum Steierspëtzesaz. Dëse gëtt aus deem Grond net gehéicht.

Mir wëllen och de sozialen Opstig am Lëtzebuerger Land weider ënnerstëtzen. Dat geet och iwwer d'Steierpolitik an duerfir gëtt vun dëser Koalitioun keng Ierfschaftssteier an direkter Linn a keng Verméigenssteier fir privat Leit ageféiert. Esou huet all Generatioun bësse méi duerch dat wat vun hiren Elteren erschafft ginn ass a schonn do besteiert ginn ass.

Mir wëllen eis Steierlandschaft der gesellschaftlecher Evolutioun upassen. Duerfir wäerte mer an 2 Joer – well dat vill Aarbecht ass - e Projet presentéiere wéi een eng eenzeg Steierklass kann aféieren. An der Tëschenzäit wäerte mer eng steierlech Erliichterung fir déi Leit an der Steierklass 1A aféieren.

Dës Regierung wëll d'Situatioun vun de jonke Leit verbesseren, steierlech, mee och an der Organisatioun vun hirem Familljen- a Beruffsliewen.

Duerfir féiere mer e steierlechen Abattement an fir déi déi am Beruffsliewe just ufänken. Domat kréien si méi finanziell Méiglechkeete fir all déi Depense besser kennen ze maachen déi een huet wann een ufänkt mat schaffen.

Mee mir wëllen och datt d'Leit d'Beruffs- a Familljeliewe besser ënnert een Hutt kréien. D'Wuel vun de Kanner an d'Ënnerstëtzung fir d'Famillje steet am Mëttelpunkt vun eiser Politik. Mir wëllen des Moossnamen am Dialog mat de Sozialpartner ëmsetzen.

De Congé de maternité gëtt flexibiliséiert. Am Accord mat hirem Dokter an hirem Employeur kann eng Fra en Deel vun hirem Congé prénatal an de Congé postnatal ëmwandelen. Mir wëllen de Congé parental auszewäite vu 6 op 9 Méint; fir de Käschtepunkt am Grëff ze behale gëtt de Gesamtrevenu deen een haut fir déi 6 Méint kritt op déi nei Gesamtlafzäit verdeelt.

Verschidde jonk Eltere wëlle wann d'Kanner op d'Welt kommen déi puer éischt Joren doheem si bei de Kanner. Mir respektéieren den individuelle Choix vun all Famill. Fir datt déi Elteren herno eng adequat sozial Ofsécherung hu ginn d'Baby-Jore vu 24 op 36 Méint pro Kand erweidert.

Fir Famill a Beruff besser ënnert een Hutt ze kréien, gi mer Elteren déi Vollzäit schaffen an dat wëllen e Recht op 4 Stonne pro Woch onbezuelte Congé, en Temps partiel familial, bis hier Kanner 13 Joer al sinn, fir esou méi Zäit mat de Kanner kënnen ze verbréngen.

A fir datt d'Kanner gutt opgehuewen si wann se net doheem si ginn d'Betreiungsstrukture weider ausgebaut an de Betreiungsschlëssel besonnesch fir den Accueil vu klenge Kanner gëtt iwwerschafft.

D'Kannergeld gëtt reegelméisseg un d'Inflatioun ugepasst. D'Kannergeld fir Kanner iwwer 12 Joer gëtt no uewen ugepasst.

Mir wëllen datt eis Kanner opwuessen an enger gesonder Ëmwelt. Dat ass fir si a fir eis all wesentlech fir eng gutt Liewensqualitéit. De Klimawandel an d'Biodiversitéitskris si grouss Defië fir eis Gesellschaft. D'Regierung steet zu den internationalen Engagementer an dësem Beräich an zu dem nationalen Energie- a Klima-Plang. Mir wëllen eng ambitiéis, pragmatesch a sozial gerecht Klima- an Ëmweltpolitik. Mee de Wee dohinner wëllt déi nei Regierung fundamental nei ugoen.

Mir wëllen net méi datt iwwerdriwwen a komplizéiert Prozeduren a Reegelen de Fortschrëtt an anere wichtege Beräicher verhënnert, wéi zum Beispill beim Bau vun erneierbaren Energien, abordabelem Wunnraum oder Vëlosweeër fir d'Mobilitéit ze verbesseren. De Prinzip vun der Proportionalitéit an Effikassitéit vun de Reegele gëtt hei eis Guideline. Mir wëllen d'Leit an d'Betriber ënnerstëtzen amplaz alles komplizéiert virzeschreiwen. Eng Ëmwelt- a Klimapolitik déi d'Leit begeeschtert amplaz nervt.

All Prozedure mussen hei iwwerkuckt gi fir se ze vereinfachen, méi schnell ze maachen, ze informatiséieren an ze zentraliséieren a fir och esou kontradiktoresch Äntwerte vun de Verwaltungen ze vermeiden.

De massiven Ausbau vun erneierbaren Energien ass eng national Prioritéit fir d'Regierung. Och hei sinn d'Prozeduren ze laang an ze komplizéiert. Photovoltaik- Anlagen op neie Wunn, Büros- an ëffentleche Gebaier ginn de Standard.

All dëst kascht vill Suen. Mir wëllen d'Leit an d'Betriberbei der energeetescher Upassung vun hirem Haus a bei den erneierbarenEnergie méi ënnerstëtzen. Duerfir féiere mer de Prefinanzement vun den ekologesche Subventiounen an, fir datt d'Leit nach just hiren Deel musse bezuelen an d'Betriber direkt d'Subventioun vum Staat kréien an dat an engem kuerzen Delai. Mir erweideren d'Bonification d'impôt fir d'Betriber déi an d'ekologesch Transitioun investéieren. Mir iwwerkucken d'Critère vunder Klimabank fir Klimaprêten fir se méi effikass a sozial gerechtze gestalten. Mirstudéieren d'Aféierung vun engem Biergerfong un deemd'Leit sech kënne finanziell bedeelegen u grousse Projete vun erneierbaren Energien.

Mir wëllen d'Liewensqualitéit vun de Leit verbesseren. Dobäi spillt d'Gesondheet natierlech eng grouss Roll. Den Accès zurGesondheet wëllt d'Regierung verbesseren. De Prinzip vun der konventionéierter Medezin bleift bestoen. Mir wëlle méi Accent wéi bis elo op d'Preventioun an der Gesondheetspolitik leeën. Mir hu gutt Spideeler. Si gi gestäerkt an hirer Roll fir méi schwéier Krankheeten ze behandelen. Si musse méi Fräiheet kréie beim Akaf vun techneschen Equipementer. Déi ambulant Behandlung ausserhalb vun de Spideeler gëtt ausgebaut. Dat hëlleft de Leit well se mannerwäit musse fueren an d'Waardezäite méi kuerz ginn. D'Gesetz iwwert de Virage ambulatoire gëtt ofgeännert. D'Lëscht vun den Apparater déi d'Dokteren ausserhalb vun de Spideeler dierfen hu gëtt erweidert. Mir bauen d'Poliklinicken uechtert Land a punkto Capacitéiten aus a féieren d'Hospitalisation à domicile mat engem adequate Kader an; si hëlleft ville Kriibspatienten, komplizéierte Schwangerschaften oder de Leit no Operatiounen. Mir verbesseren an acceleréieren d'Digitalisatioun vun dem Gesondheetssystem dee wesentlech ass fir gutt Soinekënnen ze ginn, a mir maachen dat zesumme matalle concernéierten Acteuren.

Fir déi eeler Leit déi Hëllef brauche wëllt d'Regierung och weider investéieren an d'Schafen a Moderniséiere vu Wunnstrukturen aCentre de jours. Zesumme mat den Doktere ginn d'medezinesch Servicer nach verdéift an alles gemaachfir déi bescht Qualitéit vun de Servicer un eis eeler Matbierger andëse Strukturen z'assuréieren anz'iwwerpréiwen.

Politik fir d'Gesondheet a fir den Alter ass wesentlech fir d'Liewensqualitéit a fir eist Zesummeliewen. Mir wëllen datt jiddereen e wierdegt Liewe féiere kann, och am Alter. Duerfir ass d'Ofsécherung vun eisem Pensiounssystem eng wichteg Fro fir d'Zukunft. Mir wëssen all datt och déi oft geféiert Wuesstemsdebatt eng direkt Korrelatioun mat eisem Pensiounssystem huet. D'finanziellSituatioun vun der Sécurité sociale ass och e wesentlechen Deel vun eise Staatsfinanzen. Duerfir wäerte mer an dëser Legislaturperiod eng breet Consultatioun mat der ganzer Gesellschaft iwwert déi laangfristeg Viabilitéit vun eisem Pensiounssystem féieren. Mir hoffen dobäi e gesellschaftleche Konsens ze fannen. Dëst ass eng schwéier mee mëttel- a laangfristeg absolut noutwendeg Debatt fir eist Land.

Mir wëllen eng Politik vun der Inclusioun och fir all déi Leit déi an enger Situatioun vun Handicap sinn. Och hier Strukturen a Méiglechkeete fir um Aarbechts- a soziale Liewen Deel ze huele gi weider verbessert.

D'Gesondheets- a Fleegepersonal mécht eng enorm a wesentlech Aarbecht an eiser Gesellschaft. D'Regierung wäert mat den Acteure kucke wéi mer de Mangel vu Gesondheetspersonalop allen Niveaue kënne reduzéieren, dozou gehéiert Formatioun, eng besser Aufgabebeschreiwung an d'Attraktivitéit vun dëse Beruffer.

Wee Gesondheet seet muss och denken un d'sportlech Aktivitéit. Mir wëllen de Sport an all sengen Dimensiounen ënnerstëtzen, vum Fräizäitsport bis zum Héichleeschtungssport. De Sport huet eng grouss Bedeitung fir eis Gesellschaft an eis Gesondheet, an et mécht Spaass Sport ze maachen an ze kucken. Et hëlleft eis och fir e bessert soziaalt Zesummeliewen.

D'Zesummeliewe gëtt och verbessert duerch d'Kultur déi mer duerch d'ganzt Land wëlle weiderentwéckelen. D'Regierung wëllt eng participativ an inklusiv Kulturpolitik déi méiglechst vill Leit interesséiert a mathëlt.

Zum friddlechen Zesummeliewen, zur sozialer Kohesioun gehéiert och Sécherheet. Et ass eng Prioritéit vun der neier Regierung fir derfir ze suergen datt eise Rechtsstaat funktionéiert an eis Fräiheete garantéiert ginn. Duerfir wäerte mer der Police déi néideg Mëttele ginn: méi Leit, Equipementer a gesetzlech Mëttele fir effikass kënnen anzegräifen. Duerfir gëtt de Platzverweis verstäerkt an ausgedeent. Mir wëllen den ëffentlechenTransport plazeweis duerch Videokameraen a Sécherheetspersonal méi sécher maachen. Mir wëllen datt méi Polizisten um Terrain sinn, bei de Leit. Duerfir gi verschidde vun hiren Aufgaben op aner Servicer iwwerdroen, wéi zum Beispillde Gefaangenentransport. Duerfir féiere mer och eng Zort Gemengepolice an, also eng lokal Policeunitéit innerhalb vun der Police grand-ducale op déi de Buergermeeschter direkt Zougrëff huet am Kader vu sengen Aufgabe bei der ëffentlecher Uerdnung.

Fir datt no der Policeaarbecht och strofrechtlech méi schnell eng Sanktioun bei der Justiz kënnt, féiere mer bei klenge Strofdoten eng méi schnell Geriichtsprozedur an: d'Comparution immédiate. Dat geschitt am Respekt vun de Rechter vun der Defense.

Eng gutt funktionéierend Justiz, déi mer wëllen, muss och personell an digital gutt opgestallt sinn. D'Digitalisatioun vun derJustiz – paperless justice - gëtt virugedriwwen.

Mir wëllen e Staat andeem Diskriminatioune keng Plaz hunn an eis Gesetzgebung am gesellschaftspolitesche Beräich eiser Zäit upassen.

Duerfir gi bei den Adoptiounsprozeduren all Diskriminatiounen tëscht hetero- an homosexuelle Koppelen ofgeschaaft. Duerfir féiere mer e gesetzleche Kader a fir d'PMA (procréation médicalement assistée) an erméiglechen déi och fir eng eenzel Persoun. Duerfir gesi mer vir datt d'Kanner déi aus enger PMA oder enger Leihmutterschaft am Ausland gebuer ginn hei mat alle Rechter wéi aner Kanner unerkannt ginn.

Zu de gesellschaftlechen Erausfuerderunge vun den nächste Jore gehéiert och d'Migratioun. Kricher, politeschen Duercherneen a wirtschaftlech Nout bréngt vill Mënschen aus der Welt an Europa an op Lëtzebuerg. Lëtzebuerg stoung ëmmer als en oppent Land do wat Leit déi wéinst Krich oder Verfolgung fortlafen hëlleft. De Krich an der Ukrain ass hei e rezent Beispill. Des Regierung steet zum fundamentale Recht op Asyl.

Well mir d'Asylrecht seriö huelen, wëlle mer déi Leit uerdentlech bei eis ophuelen. Well eis bestoend Strukture bal voll sinn a fir Tensiounen duerch ze vill Leit op enger Plaz ze evitéiere wäert d'Regierung d'Demandeurs de protection internationalegerecht a solidaresch iwwert d'ganz Land verdeelen. 4 Méint no hirer Demandedierfen des Leit schaffe goen a Wirtschaftssecteuren an deenen et eng Penurie vu Leit gëtt. Des Reegelung gëtt reegelméisseg op hir Effeteniwwerpréift.

Mir kënnen awer leider net all Mënschen, déi net politesch oder Krichs-Flüchtlingen si bei eis ophuelen. Duerfir hu mir net genuch Wunnengen.Dat packt och net eise Sozial- a Gesondheetssystem. Dat riskéiert zu Spannungen an der Gesellschaft ze féieren. Duerfir musse mir dofir suergen datt d'Prozedure fir ze kucken op een de Flüchtlingsstatut kritt oder net méi schnell maachenan d'Decisiounen déi do geholl ginn och applizéieren.

Dëst ass e ganz komplizéierte Sujet mat ville mënschlechen a politeschenAspekter déi mer als Gesellschaft net dierfen ënnerschätzen. De Bléck an d'Ausland weist eis wat alles ka schif lafe wann ee keng kloer Linn huet. Well dëst eng grouss Responsabilitéit ass war et mäi Wonsch datt déi 2 Koalitiounspartner des Politik zesummendroen, ëmmer erëm diskutéieren a wann néideg upassen. Duerfir hu mir d'Responsabilitéiten op zwee Ministèren opgedeelt. Et ass kloer eng Thematik fir déi ganz Regierung - an och fir dëst Parlament.

Här President,

Fir dës Koalitioun hänke Wirtschaft, Soziales an Ekologie enk zesummen. Mir wëllen e besseren Equiliber tëscht dësen dräi Themen erreechen. Déi nei Regierung wëllt eng zolidd a kompetitiv Wirtschaft. Nëmmen esou ass et méiglech eise Sozialstaat ze finanzéieren, nëmmen esou ass et méiglech eis ekologesch an digital Transformatioun ze packen an ze bezuelen, nëmmen esou ass et méiglech, flott a gutt bezuelten Aarbechtsplazen ze hunn.

Mir si fir en nohaltegen an inklusive Wuesstem. D'Regierung wëllt en Ëmfeld dat den Esprit d'entreprise ënnerstëtzt. Mir wëllen eis Finanzplaz als Grondpilier vun eiser Ekonomie weider ausbauen. D'Regierung ënnerstëtzt aktiv d'Entwécklung, d'Promotioun an d'Diversifikatioun vun eiser Finanzplaz, heiheem an an Europa. Mir wëllen eng konkurrenzfäeg Finanzplaz. Grad am Fongeberäich - zum Beispill bei den ETF-Fongen a bei Fongen déi an nohalteg Aktivitéiten investéieren, maache mer d'Rahmebedingunge méi attraktiv fir kënne mat eise Konkurrenten am Ausland matzehalen an eis Leader-Roll am Fongeberäich ze halen.

D'Regierung wëllt all ekonomesch Secteure wéi Industrie, Handel, Handwierk, Servicer weiderentwéckelen an d'Diversifikatiounvun eiser Wirtschaft virun dreiwen. Dobäi spillt déi digital an ekologesch Transitioun eng wichteg Roll. D'Economie circulaire gëtt weider developpéiert. D'Regierung wëllt de Secteur vun der intelligenter Mobilitéit als eng vun de Prioritéite vun der wirtschaftlecher Diversifikatioun ënnerstëtze fir aus eisem Land en europäesche Laboratoire fir autonoomt Fueren ze entwéckelen, ouni dobäi d'Sécherheet vun dem Publicaus den Aen ze verléieren.

D'Handwierk ass e wichtege Pilier vun eiser Ekonomie. Do ginn et vill flott an interessant Beruffer. Mir wëllen d'Handwierksberuffer méi valoriséieren a besser bekannt maachen, duerch Programmer scho bei klenge Kanner an och am Lycée. D'Orientéierung gëtt verbessert a mir wëllen den Diplôme d'aptitude professionnelle DAP fir déi, déi schonn eng Secondaires-Première hunn, méi einfach a schnell zougänglech maachen.

Mir wäerten d'Prozeduren iwwerkucke fir se méi schnell an effikass fir d'Betriber ze maachen. Den administrativen Opwand fir d'Betriber muss erofgoen an all Minister muss dat a sengem Departement, an am Dialog mat de Betriber, kuerzfristeg iwwerkucken. Mir féieren de Prinzip vum 'once only' an, deemno e Betribnëmmen eemol dem Staat verschidden Donnéeë muss ginn amplaz all Kéiers déi selwecht. Dat maache mer och fir d'Bierger a spuert eis all domat vill Nerven, Zäit, Leit a Suen. Déi verstäerkten Digitalisatioun beim Staat ass duerfir e wichtege Chantierfir dat zeerreechen.

Mir wëllen d'Leit encouragéieren a jonk innovativ Entreprisen z'investéieren an des esou an hirer Entwécklung z'ënnerstëtzen. Nieft dersteierlecher Ënnerstëtzung bei der digitaleran ekologescher Transitioun wëlle mer d'Kierperschaftssteier déi d'Betriber bezuelen op d'Moyenne vun dem Steiersaz an den OCDE-Länner mëttelfristeg erofbréngen.

Eist Land, eis Wirtschaft brauch Talenter, gutt Leit fir a ville Beruffer anzesetzen. Déi feelen haut. Mir setzen en Haut Comité fir d'Attraktioun an d'Hale vun Talenter an, wou de Staat an de Privatsecteur kuckt wat muss gemaach gi fir hei déi Leit ze fannen. Och d'Formation continue gëtt staark ënnerstëtzt fir déi richteg Ausbildunge bei de Leit ze hunn. Verschidde steierlech Moossname wéi d'Prime participative oder steierlech Mesure fir Talenter déi nei op Lëtzebuerg komme gi verbessert. A mir wäerte steierlech Moossnamen huele fir Betriber ze ënnerstëtze wann se hire Mataarbechter Wunnengen zu Verfügung stellen.

D'Landwirtschaft an de Wäibau spillen och eng wesentlech Roll an eiser Ekonomie. Mee si spillen och eng wesentlech Roll an engem nohaltegen Ernährungssystem a sinn duerfir wesentlech fir eis Lëtzebuerger Gesellschaft. Duerfir hu mer ochd'Ernährung an den Numm vum Landwirtschaftsministère bäigesat. Och de Baueren a Wënzer wëlle mer d'administratiivt Liewe méi einfachmaachen. Mir iwwerkucke mat hinnen d'Prozeduren, féieren e Guichet unique an an applizéieren och hei de Prinzip vum 'once only'. Mir vereinfachen d'Realisatioun vu Konstruktiounen an der Zone verte déi mat der landwirtschaftlecher Aktivitéit ze doen hunn. Et gëtt och prozedural méi einfach gemaach Saisonsaarbechter anzestellen.

Betriber funktionéiren nëmme gutt wann se gutt forméiert an zefridde Mataarbechter hunn. D'Aarbechtsrecht ass op ville Plazen net méi der moderner Aarbechtswelt ugepasst. D'Regierung leet grousse Wäert op de Sozialdialog mat de Gewerkschaften an den Entreprisen. En ass de Garant vun eisem soziale Fridden a wirtschaftlechen Erfolleg. De Sozialdialog verlaangt, esou wënschen ech mer dat, ënnertenee Respekt a Kompromëssbereetschaft. Esou wëlle mir deen och als Regierung begleeden.

D'Aarbechtswelt huet geännert, d'Liewensorganisatioun vun de Leit och. Duerfir wëlle mer d'Aarbechtsrecht moderniséieren. Den Teletravail gëtt kee Recht a keng Obligatioun. Mee do wou e besteet wëlle mer de steierlechen a soziale Kader zousätzlech verbesseren, och an Diskussioune mat eisen Noperen.

D'Regierung wëllt d'Aarbechtszäitorganisatioun reforméieren an eiser Zäit upassen. De Prinzip vun der 40 Stonnen Aarbechtswoch bleift bestoen. De Plan d'organisation du Travail gëtt iwwerschafft an d'Sonndesasarbecht gëtt vun haut 4 op muer 8 Stonnen erlaabt. Alles dat gëtt mat de Sozialpartner diskutéiert.

De Wee an d'Aarbechtswelt, de Wee an d'Gesellschaft gëtt wesentlech vun der Schoul gepräägt. Vu klengem Alter u bis zum Lycée oder Uni. An der gesamter Educatiounspolitik ass de schwaarz-bloe Fuedem deen, der Diversitéit vun eiser Gesellschaft Rechnung ze droen. Mir wëllen den Eltere vu klenge Kanner eng méi breet Offer vum Accueil bei der Education non formelle ubidden. Mir wëllen datt d'Schoul d'Chancëgläichheet garantéiert an all Kand dee Wee fënnt deen am Beschten zu him passt, onofhängeg vu sengem Hannergrond. De Schoulplang fir de Fondamental gëtt ugepasst fir méi d'Kompetenze vum 21. Joerhonnert de Kanner bäi ze bréngen, wéi Motivatioun, Kreativitéit, Participatioun oder Digitalisatioun. Bei de Sprooche wäerte mer de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung wëssenschaftlech evaluéiere loossen an och am Secondaire wëlle mer de Sproochenuntericht méi flexibel mat méi Choix fir de Schüler organiséieren. Nieft dëse Sproochenneierungen an der klassescher Lëtzebuerger Schoul gëtt, vir de villen neie Kanner déi bei eis kommen aus dem Ausland, och ënnert anerem déi agreéiert Europaschoulen zu Esch an Diddeleng opgemaach. D'Universitéit an d'Recherche gëtt och weider ënnerstëtzt; si si wesentlech fir de wëssenschaftleche Fortschrëtt an hëllefen eis eist Land op d'Defie vumuer ze preparéieren.

De Wee an d'Aarbechtswelt geet iwwert d'Schoul, e geet am Alldag natierlech och iwwert d'Mobilitéit. Bei enger wuessender Bevëlkerung ass dat eng grouss Erausfuerderung. Duerfir wëlle mer d'Capacitéite vun dem Zuchreseau erweideren, de Bus an Zuchhoraire besser op eneen ofstëmmen, den Tram ronderëm d'Stad weider ausbauen. D'Vëlosweeër ginn ausgebaut fir en zesummenhänkenden Reseau vu Vëlosweeër ze schafen a mir versichen datt de Vëlo méi mat ka geholl ginn an den Zuch a Bus fir domat d''last mile mobility' ze verbesseren. Well d'Regierung gären d'Mobilitéit an d'Liewensqualitéit verbessert, wëlle mer de Bau vu Contournementer acceleréieren a regional Parkingen oder Parkinge bei de Grenze schafe fir do méi Leit mat Bus an Zuch op hier Schaff ze bréngen.

Fir all déi Politicke gutt ëmzesetze brauch eist Land gesond an zolidd Staatsfinanzen. Duerfir brauche mir eng gutt funktionéierend Ekonomie déi Aarbechtsplazen a Wuelstand schaaft. Nëmmen esou geet et de Leit an de Betriber gutt a mir kënne mat engem raisonnabele Steierregimm de Staat funktionéieren doen. An all deem wat déi nei Regierung wäert maache wëlle mir derfir suergen dat Lëtzebuerg säin AAA behält. Dëst ass wichteg fir d'ekonomesch Attraktivitéit vu Lëtzebuerg an erlaabt dem Staat zu acceptabelen Tauxe Geld ze léinen. Mir wäerten eis am Kader vun den europäesche Reegele beweegen an eng nohalteg Trajectoire bei der ëffentlecher Schold definéieren; einfach ausgedréckt, d'Schold dierf net irresponsabel wuessen. An och nëmme fir grouss Infrastrukturen déi eist Land stäerken, wéi den abordabele Wunnengsbau oder d'erneierbar Energien. Mir wëllen och alternativ Finanzéierungsformen erunzéie fir verschidde grouss Projeten ze finanzéieren. Dat kënne public-privat Partenariate sinn, Biergerfongen, staatlech Fongen, staatlech Participatiounen a Gesellschaften oder och via eng moderniséiert SNCI oder mat Institutioune wéi zum Beispill der BEI.

Et wier nach vill ze soen, mee et kann een an sou enger Ried wéi dëser jo net alles soen. Ech wollt Iech hei bëssen d'Grondausriichtung soen an e puer Beispiller nennen. De Rescht a vill aner Detailer fannt Dir am Koalitiounsaccord deen um Internetsite vun der Regierung ze fannen ass.

Zesumme mat all de Ministere freeën ech mech mat Iech iwwert de Koalitiounsaccord hei am Parlament ze debattéieren. De Regierungsprogramm setzt de Kader, Detailer gi selbstverständlech an de Gesetzprojeten ausgeschafft - déi schreift een net an e puer Deeg oder Woche vu Koalitiounsverhandlungen.

Här President,

Ech géing och gären mat Iech, an och mam Conseil d'État, iwwert d'legislativ Prozedur schwätze fir des ze verbessere fir e bessere Kalenner vun der legislativer Aarbecht fäerdeg ze bréngen. Ech géing och gäre mat der Chamber driwwer diskutéiere wéi een den Debat iwwert de sougenannten 'État de la nation' ka verbesseren, fir e vläicht thematesch ze straffen an domat méi interessant ze maachen. Mee Dir a mir fänke jo eréischt un, also bleift eis Zäit dofir.

Här President,

An der neier Verfassung - Artikel 91 - ass d'Roll vum Premierminister fir d'éischte Kéier festgeschriwwe ginn. 'Le Premier Ministre coordonne l'action du Gouvernement et veille au maintien de l'unité de l'action gouvernementale'. Dat ass eng kloer Missioun an no dësen zwee wichtege Prinzippien déi do festgehale gi sinn wäert ech meng Roll ausüben.

Deen noutwennege Leadership deen ech mat dëser Roll verbannen heescht fir mech sech informéieren, nolauschteren, diskutéieren, mee dann och entscheeden. Ech weess datt et an der parlamentarescher Demokratie zu ville Sujeten ënnerschiddlech Meenunge gëtt. Dat ass de Räichtum vun eiser Demokratie an duerfir ginn et jo och Choixen fir d'Leit bei de Walen.

Fir dëse Regierungsprogramm ëmzesetzen brauche mir, besonnesch an dëse schwéieren Zäiten, d'Ënnerstëtzung vum Parlament. Mir brauchen Är Propositiounen a Kriticken, och wa mir eis um Enn net ëmmer eens sinn. Mir sinn eis bewosst datt d'Chamber den 1. Pouvoir am Land ass an datt mir virun Iech als Volleksvertrieder, an domat virum Land, verantwortlech sinn. Et ass de klore Wëllen an de Wonsch vun der Regierung e gudden a respektvollen Ëmgang an e staarken Dialog tëscht eisen Institutiounen ze hunn. Ech weess – an dat ass dat wat Lëtzebuerg staark mécht - datt jiddereen heibannen, iwwer all politesch Differenzen ewech, säi Bescht wëllt maache fir d'Wuel vum Land a senge Leit.

D'Regierung wëllt dat och. Mir wëllen Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken an duerfir froen ech d'Vertraue vum Parlament fir dëse Regierungsprogramm an, no Artikel 93 vun eiser Konstitutioun, engagéieren ech d'Verantwortung vun der neier Regierung.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert