80. Joresdag vum Debarquement vun den Alliéierten an der Normandie

Op Invitatioun vum President vun der franséischer Republik, Emmanuel Macron, huelen de Grand-Duc an de Premierminister Luc Frieden de 6. Juni 2024 zu Omaha Beach un der internationaler Zeremonie am Kader vum 80. Joresdag vum D-Day an der Normandie deel. Si ware begleet vum President vun der Chamber, Claude Wiseler, vun der Verdeedegungsministesch, Yuriko Backes, sou wéi vum Chef d'État-Major vun der Arméi, dem Generol Steve Thull.

  1. © SIP / Julien Warnand

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister ; de Grand-Duc ; Volodymyr Zelensky, ukrainesche President ; Charles Michel, EU-Rotspresident ; Madame Zelensky

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister ; de Grand-Duc ; Volodymyr Zelensky, ukrainesche President ; Charles Michel, EU-Rotspresident ; Madame Zelensky

  2. © SIP / Julien Warnand

    Zeremonie zum 80. Joresdag vum D-Day

    Zeremonie zum 80. Joresdag vum D-Day

  3. © SIP / Julien Warnand

    (v. l.n.r.) Brigitte Macron ; Luc Frieden, Premierminister ; Emmanuel Macron, franséische President

    (v. l.n.r.) Brigitte Macron ; Luc Frieden, Premierminister ; Emmanuel Macron, franséische President

  4. © SIP / Julien Warnand

    Zeremonie zum 80. Joresdag vum D-Day

    Zeremonie zum 80. Joresdag vum D-Day

  5. © SIP / Julien Warnand

    (de g. à dr.) Brigitte Macron ; S.A.R. le Grand-Duc ; Emmanuel Macron, président de la République française

    (de g. à dr.) Brigitte Macron ; S.A.R. le Grand-Duc ; Emmanuel Macron, président de la République française

  6. © SIP / Julien Warnand

    Zeremonie zum 80. Joresdag vum D-Day

    Zeremonie zum 80. Joresdag vum D-Day

  7. © SIP / Julien Warnand

    Zeremonie zum 80. Joresdag vum D-Day

    Zeremonie zum 80. Joresdag vum D-Day

  8. © SIP / Julien Warnand

    Empfang vum Grand-Duc duerch den Emmanuel Macron

    Empfang vum Grand-Duc duerch den Emmanuel Macron

  9. © SIP / Julien Warnand

    (v. l. n. r.) Claude Wiseler, Chamberpresident ; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch

    (v. l. n. r.) Claude Wiseler, Chamberpresident ; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch

  10. © SIP / Julien Warnand

    Foto vun den Invitéeën

    Foto vun den Invitéeën

  11. © SIP / Julien Warnand

    (v. l. n. r.) Justin Trudeau, kanadesche Premierminister ; Luc Frieden,  Premierminister

    (v. l. n. r.) Justin Trudeau, kanadesche Premierminister ; Luc Frieden, Premierminister

Den Debarquement an der Normandie markéiert en entscheedende Moment an der Geschicht vum Zweete Weltkrich an Europa. No schwéiere Kämpf, kënnen déi alliéiert Truppen hei e Landepunkt op der Küst an der Normandie erstellen. Vun do aus droen si wesentlech zur Befreiung vun Europa an zur Chute vum Naziregimm bäi.

An dësem Kontext ënnersträicht de Premierminister: "Dat Europa wat mir haut kennen existéiert nëmmen opgrond vum Courage, vum Engagement a vun der Afferbereetschaft vun den alliéierten Zaldoten. Hinne verdanke mir dës Victoire, an déi Veteranen, déi haut bei eis sinn, sinn Zäitzeie vun deem wat virun 80 Joer hei d'Geschicht markéiert huet. Dës Commemoratioun erënnert eis dorun, dass alles gemaach muss ginn fir de Fridden ze erhalen, an dass Fräiheet keng Selbstverständlechkeet ass."

Ënnert den Alliéierten landen de 6. Juni 1944 och siwe Lëtzebuerger op der Küst an der Normandie. Kuerz drop gi si vun hire Landsleit ënnerstëtzt, déi an der Brigade Piron engagéiert sinn, eng belsch-lëtzebuergesch Brigad déi am August 1944 un der "Bataille de Normandie" deelhëlt an esou zur Befreiung vun der Belsch a vun Holland bäidréit (September 1944 bis Mee 1945). Am Ganzen déngen 126 Lëtzebuerger wärend dem Zweete Weltkrich an der Brigade Piron.

D'Zeremonie war eng Geleeënheet fir deene Persounen ze gedenken, déi am Zweete Weltrich un der Säit vun den Alliéierten gekämpft hunn. D'Presenz an Temoignagë vu Veteranen, déi mat den Alliéierten beim Debarquement an der Normandie dobäi waren, hunn der Zeremonie eng besonnesch Bedeitung ginn.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert