D'Regierung lauschtert der Landwirtschaft no

Den Donneschdeg, 8. Februar, huet de Premierminister Luc Frieden zesumme mat der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, an dem Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, Vertrieder aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft empfaange fir iwwert déi aktuell Lag vum Agrarsecteur ze schwätzen.

  1. ©SIP / Julien Warnand

    Luc Frieden, Premierminister

    Luc Frieden, Premierminister

  2. ©SIP / Julien Warnand

    (vu l. no r.) Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit; Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau

    (vu l. no r.) Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit; Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau

  3. ©SIP / Julien Warnand

    (vu l. no r.) Guy Feyder, President vum Direktiounscomité, Landwirtschaftskummer; Paul Funck, Vize-President vum Direktiounscomité, Landwirtschaftskummer; Guy Krier, President vun der Organisation professionnelle des vignerons indépendants (O.P.V.I.), Privatwënzer; Pol Gantenbein, Generalsekretär, Landwirtschaftskummer; Jean-Claude Muller, President vun der Fédération Horticole Luxembourgeoise (FHL), Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin a.s.b.l. (LUV)

  4. ©ME

    (vu l. no r.) André Loos, General Koordinateur vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau; Luc Frieden, Premierminister; Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

    (vu l. no r.) André Loos, General Koordinateur vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau; Luc Frieden, Premierminister; Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

  5. ©SIP / Julien Warnand

    Entrevue vun der Regierung mat Vertrieder aus der Landwirtschaft

    Entrevue vun der Regierung mat Vertrieder aus der Landwirtschaft

  6. ©SIP / Julien Warnand

    (vu vir, vu l. no r.) Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau; Luc Frieden, Premierminister, Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a Biodiversitéit

    (vu vir, vu l. no r.) Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau; Luc Frieden, Premierminister, Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a Biodiversitéit

  7. ©ME

    Luc Frieden, Premierminister

    Luc Frieden, Premierminister

  8. ©SIP / Julien Warnand

    Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau

    Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau

  9. ©SIP/ Julien Warnand

    Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

    Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

Bei dëser Entrevue huet de Luc Frieden betount, dass d'Regierung d'Uleiesse vum landwirtschaftleche Secteur eescht hëlt. En huet erkläert: "Eng nohalteg a robust Lëtzebuerger Landwirtschaft ass essenziell fir eis, fir dass eis Baueren d'Moyenen hu fir qualitativ héichwäerteg lokal a saisonal Produkter ze produzéieren."

De Premierminister weist sech och zefridden iwwert d'Ukënnegung vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, fir zesumme mat der belscher Presidence Léisungen auszeschaffen, fir déi administrativ Laascht vun de Baueren ze reduzéieren. "Ech begréissen dës Initiativ à rechnen domat, dass dës Propositioun sou schnell wéi méiglech um europäeschen Niveau iwwerpréift gëtt", huet hie weider erkläert.

D'Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, huet nach eemol confirméiert, dass Lëtzebuerg sämtlech aktuell Hëllefe fir d'Landwirtschaft bäibehält. Weiderhi wëll déi nei Ministesch prioritär sämtlech bestoend Prozeduren iwwepréiwe fir se ze vereinfachen a méi transparent ze gestalten, fir esou déi administrativ Laascht vun de Landwirtschaftsbetriber ze reduzéieren.

De Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, huet bestätegt, dass seng Servicer weiderhin am Dialog an an enger proaktiver interministerieller Kooperatioun wäerten zesummeschaffen, mam Zil eng kloer a realistesch Trajectoire unzegi fir den Ëmweltimpakt vun de Baueren ze reduzéieren.

De Premierminister huet sech ausserdeem zefridde gewisen, dass den Dialog tëscht dem Agrar-, Gaarden- a Wäibausecteur an der Ministesch fir Landwirtschaft mat der Organisatioun vum éischte "Landwirtschaftsdësch" de 4 Mäerz elo institutionaliséiert wier. E weis sech zouversiichtlech, dass déi zoustänneg Ministere fir Landwirtschaft an Ëmwelt, Martine Hansen a Serge Wilmes, am Austausch mam Secteur déi néideg Léisunge fanne wäerte fir déi aktuell Problemer vum Secteur unzegoen.

Ofschléissend hunn déi dräi Ministeren hir Ënnerstëtzung fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft, de Gaardebau an de Wäibau nach eemol ënnerstrach a betount: "Mir lauschteren dem Secteur no, haut an och an Zukunft!"

Communiqué vum Staatsministère, dem Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

Aktualiséiert