Ried zur Lag vun der Natioun – 2024 Einfach. Besser. Modern.

Ried zur Lag vun der Natioun 2024, den 11. Juni virun der Chamber vum Premierminister Luc Frieden. Et gëllt dat gesprachent Wuert.

© SIP / Emmanuel Claude

Här President,

Dir Dammen an dir Hären Deputéiert,

Den 22. November d'lescht Joer hunn ech hei am Numm vun der neier Regierung gesot dat mir eis d'Zil ginn hunn fir Lëtzebuerg fir d'Zukunft ze stäerken. Dass mir wëllen eist Land a Fridden, Fräiheet a Wuelstand an d'Zukunft féieren. Dat bleift eist Objektiv, dorunner schafft d'Regierung all Dag – heiheem an am Ausland zënter eiser Vereedegung.

Mir maachen dat an engem geopoliteschen Kontext vu Kricher an Europa an u senge Grenzen – an der Ukrain an am Noen Osten. An engem Kontext vu Spannungen, staarker Konkurrenz a Mësstrauen tëscht de gréisste Länner vun der Welt. All dat huet Repercussiounen op eis Natioun.

D'sozial Kohäsioun vun eiser Natioun, eis ekonomesch Zukunft an enger Welt wou oft méi no sech wéi nom allgemengen Interêt gekuckt gëtt, de Klimawandel deen eng Ëmstellung verlaangt, an déi geféierlech Sécherheetslag an der Welt mussen duerfir all Dag an eis Gesamt-Iwwerleeungen an Handlungen mat afléissen. D'Lag vun der Natioun, d'Zukunft vun eiser Natioun hänkt dovun of.

Dës Ried zur Lag vun der Natioun op déi neiste Wirtschaftsprognosen oder Budgetszuelen ze limitéieren géing ze kuerz gräifen, net déi eigentlech Fro beäntweren.

D'Ried zur Lag vun der Natioun ass virun allem eng Occasioun fir Recul vum politeschen Alldag an den deeglechen Noriichten ze huelen. Fir eise Fokus vum Detail ewech op dat Ganzt ze werfen. Et ass eise Rendez-vous tëscht gëschter an haut. Eiser Vergaangenheet an eiser Zukunft.

Politik ass gestalten, an net just verwalten. Vill vun eise Matbierger maachen sech Suergen em d'Zukunft, ëm hir eegen an déi vun hire Kanner, em déi vun hirem – vun eisem – Land a vun eisem Europa.

  • Mir denken un d'Suerg, dass mam Krich an der Ukrain, de Fridden iwwerall an Europa a Gefor ass an dass d'Länner an der europäescher Gemeinschaft sech géigesäiteg erëm méi friem ginn.
  • Mir denken un d'Sich no enger Wunneng an d'Hoffnung op en Eegenheem, déi ëmmer méi schwéier ze realiséiere sinn.
  • Mir denken un d'Gefill, dass ee mat senge Probleemer eleng do steet an dass et an eiser Gesellschaft méi normal gëtt als éischt no sech ze kucken an net noeneen.
  • Mir denken un d'Suerg eng Aarbechtsplaz ze fannen, déi et engem erlaabt e suergefräit Liewen ze féieren.
  • Mir denken un de Klimawandel, dee riskéiert eise Planéit an eis Liewensbasis zum Kollaps ze bréngen wa mir eis Emissiounen net an de Grëff kréien.

Mir gesinn all déi Suergen. Mir verstinn se. Mir fillen se mat. Mee ech soen iech och: d'Zukunft ass net fixéiert an se ass net virbestëmmt. D'Zukunft geschitt net, mir schafen se.

Och d'Generatioune virun eis hunn dat gewosst an hunn d'Defie vun hirer Zäit ugeholl a gemeeschtert. Am Ufank vum 20. Joerhonnert. Nom zweete Weltkrich. Wärend der Stolkris, der Finanzkris. Dat soll eis Kraaft an Optimismus ginn. Och mir hunn d'Méiglechkeet – an d'Aufgaab – eis eegen Zukunft ze gestalten. A mir wäerten dat maachen.

Ech well haut an dëser Ried zur Lag vun eiser Natioun net all Politikfeld uschwätzen. Dat ass am Kader vum Regierungsprogramm, vum Koalitiounsaccord gemaach ginn. All Politikfelder si wichteg an Deel vun engem Ganzen. Mee ech well haut just op e puer grouss Themebléck agoen, déi mir an den nächste puer Wochen a Méint prioritär wëllen ugoen.

 

Här President,

D'Welt ronderëm Lëtzebuerg ännert sech. Dat fänkt an der Europäescher Unioun un.

Trotz Divergenze gouf et ëmmer eng gemeinsam Ambitioun déi europäesch Integratioun virun ze dreiwen. De Friddensprojet, de Bannemaart, den Euro, de Schengenraum, e gemeinsaamt europäescht Parlament.

Mir begréissen dass e Sonnden bei den Europawalen hei zu Lëtzebuerg d'politesch Mëtt, déi pro-europäesch Parteien, e gutt Resultat gemaach hunn. Och am Gesamtbild vum Europäesche Parlament stellen ech mat Satisfaktioun fest, dass weiderhin zwee Drëttel vun allen Deputéierte pro-europäesche Parteien vun der politescher Mëtt ugehéieren.

Mee mir stellen och fest dat an eisen Nopeschlänner d'Europaskeptiker méi staark gi sinn. Verschidde Leit hunn d'Gefill dass Europa keng Äntwerte méi liwwert. Dës Skepsis mécht sech breet am selwechte Moment wéi d'Gewiicht vun Europa an der Welt d'Tendenz huet ofzehuelen. D'EU-Bevëlkerung mécht haut 6 % vun der Welt aus. Viru 50 Joer waren et nach 10%. Déi 10% hunn deemools nach all véierten Dollar an der Welt erwirtschaft, haut ass dat just nach all sechsten.

An awer – oder éischter grad dowéinst – läit d'Zukunft vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun. An enger staarker, gestäerkter Europäescher Unioun. 

Vis-à-vis vun den anere grousse Muechten an der Welt – Amerika, China, Indien, dem afrikanesche Kontinent – kënnen déi europäesch Länner nëmmen zesummen eng Roll spillen.

Mir stinn zesummen oder falen eenzel. Dat gëllt fir all d'EU-Länner, mee et gëllt virun allem fir Lëtzebuerg. Eisem Land säi Wuelstand baséiert op enger stabiller, friddlecher a globaliséierter Welt. Eis Gesellschaft ass am Alldag enorm enk mat sengen Nopere verbonnen. Keen anert europäescht Land lieft d'Oppenheet esou wéi d'Hémecht vu Schengen.

Vill vun de groussen Zukunftsfroen kënne mir nëmmen mat eisen Noperen an Alliéierte ugoen. Mir mussen an eise politeschen Decisiounen europäesch denken.

Mir mussen europäesch denke bei der Wirtschaft. D'Basis vun eisem Wuelstand ass den europäesche Bannemaart. A Wuelstand gëtt et fir eis nëmmen an enger kompetitiver EU, déi mat den Amerikaner a Chineese mathale kann.

Dofir begréisse mir déi Haaptrecommandatiounen vum fréieren italieenesche Premierminister Enrico Letta fir den europäesche Bannemaart ze stäerken.

  • Mat engem neien Effort fir d'Barrièren tëscht eisen Ekonomien ofzeschafen déi eis Produiten onnéideg deier maachen, sou wéi de Geoblocking oder Restriktiounen beim Choix vum Fournisseur.
  • Mat enger gemeinsamer Spuer- an Investitiounsunioun, déi et attraktiv mécht fir d'Bierger an europäesch Betriber, virun allem a kleng a mëttelgrouss Betriber, ze investéieren.
  • Mat enger Recherche ouni Grenzen tëscht den EU-Länner déi eis d'Basis gëtt fir zu engem weltwäite Leader an der digitaler an ekologescher Transitioun ze ginn.

An all deene Punkte muss Europa d'Liewe vun de Leit an de Betriber méi einfach maachen. Duerfir wëlle mir eis beim Bannemaart dofir asetzen dass net iwwerreglementéiert oder onnéideg zentraliséiert gëtt.

Mir mussen och europäesch denke beim Klimawandel. Jo, mir maachen eis Efforten zu Lëtzebuerg. Mee d'CO2-Emissioune mussen iwwerall op der Welt reduzéiert ginn wa mir wëllen d'Paräisser Ziler erreechen. Dofir ënnerstëtze mir der EU hir Efforte fir gemeinsam Klimaziler fir 2040 ze definéieren déi eis zesumme Richtung Klimaneutralitéit bréngen. An dofir setze mir eis an dass déi noutwenneg grenziwwerschreidend Energie-Infrastruktur an Europa méi schnell gebaut gëtt.

A mir mussen europäesch denke bei der Défense. Dat well hannert de Grenze vun eiser Europäescher Unioun d'Welt nach vill méi am Wandel ass. Deen inakzeptabele russeschen Ugrëff op d'Ukrain huet eis aus eiser kollektiver Illusioun vum definitive Fridden an Europa gerappt.

Dat ass zwar dat flagrantste Beispill, mee leider net dat eenzegt Zeeche dass den internationale System hannerfrot gëtt. Dass d'Wäerter vu Fräiheet an Demokratie international ugeschloe sinn. An et mécht kloer dass d'Welt manner sécher ass. Se ass manner sécher an der Sahelzon, am Noen Osten, an der Ukrain. Sahel, Israel-Palestina, Ukrain. Déi Plazen schéngen all wäit ewech. An se sinn awer sou no.

Se sinn no an eisen Häerzer, well mir dat Leed an der Welt net ignoréiere kënnen. Se sinn no an eiser Gesellschaft, well mir ronn 7000 Mënschen bei eis Schutz virun dësen Draame bidden. Se sinn no an eiser Ekonomie, well mir wéinst dëse Konflikter ronn 10% méi fir eis Wuere bezuelen wéi nach 2019. Se sinn no an eiser Kooperatiounspolitik, well mir säit Joren do humanitär Hëllef leeschten. A se si geographesch méi no wéi ee sech dat oft bewosst ass. Kiew läit ronn 1700 Kilometer vun hei. Dat ass genau sou wäit wéi Lissabon.

Dës Konflikter bréngen eis virun e schwieregen, mee eendeitege, Constat. De Fridden dee mer gemengt haten dat en an Europa definitiv wier nom Enn vum 2. Weltkrich an nom Enn vum kale Krich ass ni definitiv.

Des nei traureg Realitéit zwéngt eis zu engem Politikwiessel. Mir mussen haut eis Défense fir muer stäerken. Och hei zu Lëtzebuerg. Mir maachen dat net fir Krich ze féieren, mee fir Krich ze evitéieren. Duerch eng credibel Ofschreckung. Dofir brauche mir eng Verdeedegungspolitik déi sech an eis Bündnisser innerhalb vun der NATO an der EU aschreift, ouni dobäi déi national Besoinen aus den Aen ze verléieren.

Am Juli 2023 huet Lëtzebuerg – déi viregt Regierung – sech bei eisen NATO-Partner dozou engagéiert eis Défenseausgaben op 2% vun eisem Bruttonationalakommes erop ze schrauwen. Esou wéi déi aner NATO Länner dat och schonn haut oder geschwënn maachen. Mir maachen dat well mir iwwerzeegt sinn dass mir soss riskéieren spéider e vill méi héije Präis ze bezuelen: deen vun eiser Fräiheet an eisem Fridden. 

Mir maachen dat och net well mir mengen dass eise Bäitrag den entscheedenden Ënnerscheed mécht. Et ass grad ëmgedréint. Grad well mir wëssen, dass mir eis eleng net verdeedegt kréien si mir Deel vun engem Bündnis.

Dat ass d'Lektioun vun eis Lëtzebuerger vum 2. Weltkrich. Ech hu vill dorunner geduecht wéi ech d'lescht Woch mam Grand-Duc an der Normandie, op enger beweegender Zeremonie deene villen amerikaneschen an aneren Zaldoten Merci gesot hunn, déi virun 80 Joer do débarquéiert hunn fir eis eis Fräiheet erëm ze ginn. Den Asaz vun all deenen déi sech fir eis Fräiheet agesat hunn dierf ni vergiess ginn.

D'NATO an d'Europäesch Unioun si fir eis, no deem schrecklechen 2. Weltkrich, de Garant ginn vu Fridden a Sécherheet. Bei mengem Untrëttsbesuch beim NATO Generalsekretär hunn ech gesot dass mir drun denke géingen dat Zil vun den 2% vum RNB zu deem sech Lëtzebuerg engagéiert huet iwwer déi nächst 10 Joer ze erreechen. Wéinst der internationaler Situatioun a wéinst den Engagementer vun all eisen NATO Partner annoncéieren ech iech haut dass d'Regierung decidéiert huet dat Zil vun den 2% pro Joer schonn 2030 ze erreechen.

Um NATO Sommet zu Washington am Juli dëst Joer wäert ech zesummen mam Ausseminister an der Défenseministesch dës Zäitschinn – 2% bis 2030 – an seng grouss Orientatiounen eisen NATO Partner virleeën.

Wéi ugekënnegt wäert d'Défenseministesch och des Pisten, un deenen si mat eiser Arméi an aneren um schaffen ass, an déi sech zum Deel iwwer eng Rei Joren hinzéien, mat der zoustänneger Chamberkommissioun an den nächsten Deeg diskutéieren.

Des Investissementer wäerten sech an d'Efforte vun eisen Alliéierten aschreiwen, mee och eis selwer stäerken. Si betreffen esouwuel déi méi klassesch militäresch Investissementer, wéi och Aspekter wéi d'Cybersecherheet déi ëmmer méi eng grouss Roll unhëlt, oder eisen Know-how am Satellite Beräich.

Bei all dësen Ausgaben wäerte mir versichen, dass och eis national Wirtschaft vun dësen Investissementer profitéiert, besonnesch Betriber déi eng Kompetenz hunn déi esou wuel fir zivil wéi fir militäresch Zwecker kënnen an der europäescher Défense nëtzlech sinn.

Mir hoffen dass mir bei dësem fir eist Land groussen an och ganz ongewinnten Effort op e méiglech breede Konsens am Land ziele kënnen.

Eis Sécherheet hänkt awer och direkt mam Ausgang vum Krich an der Ukrain zesummen. An enger Welt wou ee Land dat anert einfach iwwerfale kann, sinn och mir manner sécher. D'Ukrainer bezuelen säit iwwert 2 Joer mat hirem Liewen fir hir Fräiheet. Mee och fir eis Fräiheet, fir de Respekt vum internationale Recht, fir Grenzen déi net kennen duerch Waffegewalt geännert ginn. Lëtzebuerg wäert weider mat sengen Alliéierten un der Säit vun der Ukrain stoen.

Nëmme wa Russland gesäit, dass et um Terrain keng Chance op Erfolleg gëtt, wäert de Wee un de Verhandlungsdësch attraktiv ginn. Mir wëlle mat der Ukrain an eise Partner de Wee zu Fridden a Stabilitéit an Europa erëm hierstellen. Duerfir ginn ech och dëse Weekend mat villen aneren Staats- a Regierungschefen op d'Friddenskonferenz iwwer d'Ukrain an d'Schwäiz. Si wäert net op ee Coup de Fridde bréngen. Mee si soll op mannst eng éischt Etapp sinn op engem komplizéierte Wee zu Fridden op eisem Kontinent.

D'Welt ganz no ronderëm eis ass dramatesch. Mir mussen eist dozou bäidroen eng besser Welt ze gestalten, dobaussen an och heiheem. Alles hänkt enk zesummen. Dofir gehéiert zu enger responsabeler Aussepolitik och deene Leit zur Säit ze stoen déi viru Krich flüchten. A mir halen och weider un eisem traditionellen Engagement fest fir 1% vun eisem RNB fir Entwécklungshëllef ze ginn.

De Mënschen e bessert Liewen ze bidden. Dat ass d'Aufgab vun der Politik, an déi Missioun huele mer eescht.

 

Här President,

Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken, heescht dofir och sech den Defien am Logement stellen.

Wa mir vun Zukunft schwätzen, dann ass en Doheem eng vun de gréisste Prioritéiten vun der perséinlecher Zukunft. Well eng Wunneng ass méi wéi véier Maueren an en Daach iwwert dem Kapp. Et ass en Doheem fir sech selwer a seng Famill. Eng Plaz fir sech wuel ze spieren. Eng Plaz voller Erënnerungen. An dofir och e Stéck vum Liewe selwer.

Mir verstinn dofir ganz gutt dass d'Schwieregkeet eng bezuelbar Wunneng ze fannen déi gréisste Suerg vu villen vun eise Matbierger ass. Déi nei Regierung ass dëse Probleem als éischt Prioritéit ugaangen.

  • Fir d'Leit am Bausecteur, hu mir mat der Kurzzäitaarbecht vill Aarbechtsplazen ofgeséchert.
  • Fir d'Locatairen, hu mir d'Loyersbäihellefen gehéijt a fir méi Leit zougänglech gemaach.
  • Fir d'Offer vu Wunnengen unzekuerbelen, hu mir en ambitiéisen ëffentlechen Opkafprogramm gestart. An Héicht vun enger hallwer Milliard Euro bis 2027.
  • Fir déi, besonnesch déi Jonk, déi wëllen eng Wunneng kafen, hu mir de Bëllegen Akt fir Éischtkeefer eropgesat. An d'Subventioun vun den Zënsen um Prêt an d'Luucht gesat fir de Leit ze hëllefe mat de méi héijen Zënsen eens ze ginn.
  • Fir privat Investissementer a méi Wunnengen ze encouragéieren, hu mir en neie Bëllegen Akt fir Investisseure agefouert. An d'bail à loyer Gesetz ofgeännert.
  • A mir hunn d'lëtzebuerger Banke mat an d'Boot geholl fir hiren Deel dozou bäizesteieren dass nei Residencen net um Finanzement scheiteren.

Dat waren éischt wichteg Schrëtt fir d'Kris vun de leschtem Joer ze stoppen, mee elo musse mir strukturell Moossnamen dobäi setzen. Mir mussen haut d'Jalone setze fir dass wunnen zu Lëtzebuerg och an 10 Joer nach méiglech ass. Dat fir eis sozial Kohäsioun an eis wirtschaftlech Attraktivitéit.

Dës Regierung ass ugetruede fir méi a méi séier ze bauen. Mir hunn dofir de Chantier vun der administrativer Vereinfachung lancéiert. E Chantier dee gären ëmfuer gëtt. Ze komplex, ze kontrovers. Mee et ass awer genau hei wou de Schong dréckt. Jiddereen hei bannen an am Land weess dass mir ze vill an ze schwéierfälleg Prozeduren hunn.

Den Aarbechtsgrupp iwwert Prozeduren, deen no der nationaler Logementsréunion agesat gouf, huet seng Reuniounen ofgeschloss. Ech soen allen Acteuren Merci fir déi intensiv Aarbecht. Mee och fir de gemeinschaftleche Geescht andeem tëscht dem Staat, de Gemengen an dem Privatsecteur diskutéiert gouf. Jiddereen huet säin Deel bäigedroen.

Eng éischt Mesure, d'Verlängerung vun de Baugeneemegungen vun engem op zwee Joer, huet d'Regierung schonn deposéiert. Doriwwer eraus annoncéieren ech iech haut en 10- Punkten Aktiounsplang, deen engem Paradigmen- a Mentalitéitswiessel an de Logementsprozeduren entsprécht. Beim Staat a bei de Gemengen. An ouni dobäi d'Qualitéit ze vernoléissegen.

  • Wéi am Koalitiounsaccord festgehalen, féiere mir de Prinzip vum "silence vaut accord” an. D'Gemenge si bereet dëse Schratt mat eis ze goen, wa mir de selwechten Effort um Niveau vum Staat maachen. Dofir schaffe mir elo intensiv dorun dëse Prinzip um nationalen Niveau do anzeféieren wou en net am Widdersproch mam europäesche Recht ass. An der Tëschenzäit proposéiere mir nach dëst Joer Bagatellgrenzen bei de Baugeneemegungen a bei staatlechen Autorisatiounen. Esou wäert een an Zukunft guer keng Autorisatioun méi brauchen, voire just nach eng Notifikatioun maache mussen, fir kleng Aarbechten wéi eng nei Fënster oder kleng Photovoltaikanlag. Doriwwer eraus, ginn d'Prozeduren beim Staat a bei de Gemengen mat neie strikten Delaie besser encadréiert. Dës Moossnamen wäerten elo schonn en Impakt hunn op d'Schnellegkeet mat där gebaut gëtt, mee mir wëlle mam "silence vaut accord” à moyen terme nach e Schratt méi wäit goen.
  • Zweetens, ginn d'PAG a PAP-Prozeduren, déi haut am Duerchschnëtt 12 Méint daueren, zu enger eenzeger Prozedur fusionéiert an domat op maximal 8 Méint verkierzt. Wann e PAP-Projet eng punktuell Verännerung am PAG benéidegt, wäert dat an Zukunft dann och an enger Prozedur gemaach ginn. A bei ronn engem Véierel vun de méi klenge Projeten féiere mir eng ganz nei vereinfacht PAP-Prozedur an déi nach méi kuerz wäert sinn. A well d'Diskussiounen ronderëm d'Infrastrukture fir en neie Quartier oft laang daueren, féiere mir do en Delai légal vu 6 Méint an.
  • Drëttens, wäert et bis 2025 en nationaalt Standard-Bautereglement ginn mat eenheetleche Reegelen. D'Gemenge wäerte weider kënnen urbanistesch Detailer definéieren fir dem Bild vun hiren Uertschaften Rechnung ze droen. Mat méi eenheetleche Reegelen vermeide mir ganz vill prozedural Feeler a Bauprojeten kënne méi schnell a méi bëlleg gebaut ginn.
  • Véiertens, mir wëllen dass et Schluss ass mat de widderspréchlechen Normen déi de Staat de Leit virschreift. Duerfir schafe mir eng nei Kommissioun tëscht der ITM, dem CGDIS an dem Familljeministère déi en eenzegen Uspriechpartner fir de Bauhär ass an och an Zukunft Bauprojete gemeinsam aviséiert fir Onstëmmegkeeten ze evitéieren. An der selwechter Iwwerleeung integréiere mir de Service national de la sécurité dans la fonction publique an d'ITM.
  • Fënneftens, wäerten all Autorisatiounsprozeduren op enger eenzeger Plattform zentraliséiert an digitaliséiert ginn. Op Basis vum Prinzip "once-only”, muss ee seng Donnéeën nëmmen nach eemol afëllen. Op dëser Plattform wäert een och eng personaliséiert Lëscht vun den néidege Prozedure fir säi spezifesche Projet kréien. Dat erliichtert d'Prozeduren an de Suivi fir d'Bierger, d'Betriber an d'Administratiounen enorm. Dëse Mammutprojet wëlle mir an den nächsten 24 Méint ofschléissen.
  • Sechstens, ginn déi néideg Gesetzesännerungen fir de Remembrement ministériel nach virum Summer an der Chamber deposéiert. Haut kann en eenzele Proprietaire de Bau vun engem ganze Quartier blockéieren a säin eegenen Interessi iwwert dee vun der Gesellschaft stellen. Mat dëser Mesure kritt den Inneminister d'Méiglechkeet esou engem Proprietaire säin Terrain ze réckelen fir dass de Projet ka starten.
  • Siwentens, schafe mir méi Flexibilitéit bei der Gestioun vum Bauschutt. Och dat wäert d'Effizienz steigeren an evitéieren dass d'Camionen queesch duerch d'Land fuere mussen.
  • Mir hunn eis och engagéiert fir d'Ëmweltprozeduren ze vereinfachen ouni den Naturschutz ze vernoléissegen. Den Naturschutz muss a senger Globalitéit geduecht ginn fir dass en och eng breet Akzeptanz bei de Leit huet. Andeems mir dës Makro- Approche huelen wäerte mir d'Unzuel un Ëmweltétuden a Kompensatiounsmesuren déi en eenzele Bauhär maache muss substanziell reduzéieren. An dësem Sënn proposéiere mir de Prinzip vum "Natur auf Zeit” am stättesche Raum nach virum Summer. Dat wäert dem Proprietaire vun engem Terrain erlaben Gehecks a Gestrëpps opkommen ze loossen ouni ze fäerten dass säi Projet doduerch net méi méiglech oder méi deier gëtt. Esou Biotopen mussen dann am stättesche Raum net méi kompenséiert ginn. Am Géigenzuch sollen 10% vun engem neie Wunnquartier fir Gréngflächen reservéiert ginn oder gréng Diecher solle benotzt ginn. Dat mécht eise stättesche Raum méi gréng a verbessert d'Liewensqualitéit.
  • Mat der nengter Moossnam, wäerte mir nach dëst Joer als éischt Land an der EU de Prinzip vun der "compensation une fois pour toutes” proposéieren. Dëst ass eng einfach Léisung fir d'Juegdrevéier vu verschidde geschützten Déieren an der Bauzone generell an ouni eenzel Etude fir de Bauträger ze kompenséieren. D'Juegdrevéier gëtt dann op Staatsterrainen kompenséiert wou keen héijt landwirtschaftlech Potenzial besteet. Dat kombinéiert mat engem Pestizidverbued op deenen Terrainen.
  • An als zéngte Moossnam hiewe mir de Seuil, ab deem eng Etude vun den Ëmweltinzidenzen fir en neie Bauprojet muss gepréift ginn, vun 2 Hektar op 4 Hektar. D'Erfarung vun de leschte Jore weist, dass nëmmen een eenzegen vu 14 Dossieren an där Gréisstenuerdnung eng komplett Etude gebraucht huet. Doduerch dass de Screening ewech fält gewanne mir dacks Woche, voire Méint, an de Prozeduren.

Silence vaut accord. Once-only. Digital first. Natur auf Zeit. Compensation une fois pour toutes. Dir gesitt, dës 10 Moossnamen setze grouss Prinzippien vun eisem Koalitiounsaccord ëm a moderniséieren substanziell eis Wunnengsbauprozeduren.

D'Prozedure gi méi einfach, méi digital a méi kloer. An dofir gi se méi schnell.

 

Méi schnell bauen kënnt de Leit ze gutt, well et ass den eenzege Wee wéi mir laangfristeg jidderengem säi Recht op eng Wunneng assuréiere kënnen. Méi bauen gëtt oft mat manner Liewensqualitéit gläichgesat. Mee dat muss net sou sinn.

Wann et duerchduecht ass, féiert e gutt geplangten urbane Milieu nämlech zu méi Liewensqualitéit an net zu manner. E méi dichte Wunnquartier ass nämlech och méi attraktiv fir de Commerce. Et bedeit e Bäcker an der Nopeschschaft. E Coiffeur. Eng Apdikt. Méi kuerz Weeër op dës Plazen heescht Zäitgewënn. Zäit fir d'Famill. Fir sech. Fir en Hobby.

Eist Land brauch méi Wunnengen, méi séier. Et feelt eis net u Plaz. Mir hunn haut schonn am Bauperimeter Plaz fir iwwert 100.000 nei Wunnengen. Mir mussen dës Terrainen mobiliséieren. Dofir wäerte mir un der Iddi vun der un der Mobilisatiounssteier festhalen an déi néideg Amendementer zum Gesetz nach dëst Joer an der Chamber deposéieren. An dofir hu mir fir dëst Joer d'Besteierung vun der Plus-Value op de Verkaf vu besteeënde Wunnengen reduzéiert.

Mee, ech soen et nach eemol, d'Offer vu Wunnengen ass a bleift fir déi no Zukunft en akute Probleem. A wat ee manner verdéngt, wat de Probleem méi akut ass.

Mir mussen dofir och méi abordabele Wunnraum schafen. Aus deem Grond huet d'Regierung schonn d'steierlech Avantagen verbessert fir eng Wunneng an eng Gestion locative sociale ze ginn, wou de Loyer däitlech ënnert dem Marchéspräiss bleift.

A mir wäerte bis Ënn dës Joers eng Upassung vum Text iwwert den Logement abordable – den Artikel 29bis vum Gesetz iwwer den aménagement communal – an der Chamber deposéieren. Déi momentan Reegelen schafen oft abordabel Wunnengen déi ze grouss an domat awer erëm ze deier sinn. Dofir wäerte mir dat änneren fir dass méi abordabel Wunnengen entstinn.

Mir wëllen awer och hei nei Weeër goen. Dofir starte mir e puer Projeten déi de Privatsecteur mat abannen. Fir méi abordabel Wunnengen ze kréien.

Op der enger Säit, sollen ëffentlech Promoteure kënne Wunnengen, déi de Privatsecteur op sengem eegenen Terrain baut, fir 20 Joer lounen amplaz se ze kafen. Dat zu engem Präis ënnert dem Marché mee iwwert dem "loyer abordable”. Den ëffentleche Promoteur verlount déi Wunneng dann zum besteeënden Loyer fir abordabel Wunnengen un eligibel Leit weider. De Staat iwwerhëlt den Ënnerscheed tëscht deenen zwee Loyeren an huet dofir no 20 Joer e Virkafsrecht.

An am Kader vun engem weidere Pilotprojet, wëlle mir dëse Modell och fir Betriber opmaachen déi Wunnenge fir hir Salariéen baue wëllen.

Mam drëtte Pilotprojet wëlle mir en neie Wee goen. An zwar soll de Privatsecteur op ëffentlechem Terrain abordabele Wunnraum bauen, deen dono un déi ëffentlech Promoteure fält. Mir hunn dofir schonn zwee méiglech Terrainen identifizéiert. Och hei ass eist Ziel méi a méi séier abordabelen Wunnengsraum ze schafen.

Den Inneminister, den Ëmweltminister an de Logementsminister wäerten dës Initiativen am Detail de Chamberkommissiounen an den Acteuren am Wunnengsbau an den nächste Woche virstellen.

 

Här President,

All dës Aktiounen am Logement sinn immens wichteg. Net just fir jidder Awunner Zougang zu enger Wunneng ze ginn. Mee och well d'Bezuele vun der Wunneng an där ee lieft, de gréisste Käschtepunkt fir déi meeschte Stéit zu Lëtzebuerg ass. Bei den 20% vun eiser Bevëlkerung déi am mannste verdéngen geet méi wéi all zweeten Euro op d'Wunneng.

An dat mécht eis Logementspolitik och zu engem wichtege Pilier vun der Aarmutsbekämpfung – eng weider Prioritéit vun dëser Regierung. Et ass eng Prioritéit well en ze groussen Deel vun eiser Bevëlkerung säit e puer Joer dem Aarmutsrisiko ausgesat ass, oder aarm ass, an duerfir net mat kënnt an eiser Gesellschaft.

De Familljeminister schafft intensiv um nationale Plang fir d'Präventioun an de Kampf géint d'Aarmut. Dëse wäert eng transversal Approche zur Aarmut an all senge Facetten definéiere. Well de Kampf géint d'Aarmut ass eng Investitioun an d'Zukunft vum ganze Land.

Et ass virun allem eng Investitioun an eis gemeinsam Zukunft wa mir d'Situatioun vu Kanner verbesseren, déi am Aarmutsrisiko liewen. Haut sinn dat ronn 30'000 Kanner. E Véierel vun all eise Kanner. Kanner déi deels net gesond iessen oder hire Gebuertsdag feiere kënnen. Zu Lëtzebuerg.

D'Kanner haut an sou enger Situatioun ze loossen ass eng verpassten Zukunft fir d'Kand an domat eng verpasste Chance fir eis ganz Gesellschaft. Dofir hunn de Familljeminister an ech iwwert déi leschte Woche vill Acteure vum Terrain, wéi Croix Rouge, Caritas, Unicef an anerer getraff a gutt nogelauschtert. Si maachen eng groussaarteg Aarbecht fir eis Gesellschaft. Mir mussen dës Acteuren an eis Politikgestaltung an dësem Beräich mat abannen an dëse Problem zesummen upaken.

No dëse Consultatioune stelle mir fest, dass, grad wéi beim Logement, déi administrativ Vereinfachung och bei der Aarmutsbekämpfung e Kärstéck vun der Léisung muss sinn. Et geet dofir net ëm méi Hëllefen, mee ëm besser Hëllefen. Hëllefen déi bei de Leit ukommen. Mir brauchen eng Politik vun der Efficacitéit, net der Popularitéit.

Schonn haut ass quasi d'Halschent vun den ëffentlechen Ausgaben fir d'Sozialpolitik. Mee eis Moossnamen erreechen oft net déi, déi se am meeschte brauchen. Bei der "subvention de loyer” – grad do wou d'Hëllef haut am néidegsten ass – kréien zum Beispill dräi Véierel vun den eligibele Leit d'Suen net.

Oft fänkt de Probleem schonn domat un dass d'Leit net wësse wat fir Hëllefen hinnen zur Verfügung stinn. Dofir goufen déi éischt Aarbechte lancéiert fir e guichet social unique an eng digital Plattform mat enger Iwwersiicht vun alle Sozialhëllefen ze schafen.

Am Kader vun de Viraarbechte fir den Aktiounsplang géint d'Aarmut wäert de Familljeminister och am Dialog mat den Offices sociaux d'Sozialhëllefen vereinfachen an harmoniséieren fir dass se och wierklech do ukomme wou se gebraucht ginn. Mee fir e wierklechen Duerchbroch brauch et och hei eng nei Approche.

Dofir maache mir e Paradigmewiessel an der Aart a Weis wéi mir eis Hëllefen opstellen. An dat andeems mir déi gesetzlech Basis fir de "once-only” Prinzip beim Staat schafen. Dëse Gesetzesprojet, deen d'Digitalisatiounsministesch virun der Summerpaus wäert deposéieren, dréint de momentane System komplett op d'Kopp. Et wäert an Zukunft net méi um Bierger si fir d'Dokumenter ëmmer erëm zesummen ze droen, déi e fir seng Demande brauch. All d'Informatiounen an Dokumenter déi de Staat schonn huet, musse vun der Administratioun selwer zesummegedroe ginn. Dat wäert d'Zuel vu Refusen wéinst onkompletten Dossieren drastesch reduzéieren.

A mir ginn nach e Schratt méi wäit.

Wou elo de Bierger all Hëllefe muss selwer kennen an ufroen, wäerten an Zukunft d'Administratiounen kënne bei aneren Administratiounen nofroen wéini eng Persoun eligibel gëtt fir eng Hëllef. De Staat kann da proaktiv dem Bierger ee Formulaire schécken. A wéinst dem "once-only” Prinzip, ass dee Formulaire a ville Fäll schonn am viraus vun der Administratioun ausgefëllt. Am beschte Fall, muss de Bierger just nach ënnerschreiwen.

Mir wëllen Schluss maachen mam administrativen Dschungel an deem sech virun allem déi vun eis verlafen, déi et sech am mannsten erlabe kënnen. Dat ass eng Politik vun der Effikassitéit. Eng Politik wou déi finanziell Hëllefe bei deene ukommen déi se brauchen.

Déi materiell Situatioun ass awer just eng Facette vun der Aarmut. Well Aarmut huet och immens Impakter op d'Gesondheet an d'Educatioun vun eise Kanner. An dat e Liewe laang. Wéi een Acteur um Terrain et resuméiert huet: Aarm mécht krank a krank mécht aarm. Dat kann eis net egal sinn. Dat dierf eis net egal sinn.

Wa mir den Däiwelskrees vun der Aarmut wëllen duerchbriechen, da musse mir och bei der Gesondheet usetzen. Dofir wäert d'Gesondheetsministesch am Ufank vum nächste Joer e Plang virstellen deen aus der "médecine scolaire” eng "santé scolaire” mécht. Mir wëlle proaktiv e gesonde Liewensstil bei de Schüler promouvéieren an en adequaten Accès zu präventiver Medezin fir all eis Kanner erméiglechen.

Virun allem wäerte mir dat soziaalt Ëmfeld an déi mental Gesondheet vun eise Kanner an de Vierdergrond stellen. Dat mat der Zilsetzung méiglech Problemer an enger integréierter Approche unzegoen, mat engem medezinesche Volet, enger Assistance sociale, an dem Kontakt mat den Elteren.

Enger Etude vun der Uni no, ass all fënneft Kand zu Lëtzebuerg am Risiko eng Depressioun ze entwéckelen. All drëtt Kand weist Symptomer vun Angschtgefiller. Dat sinn Zuelen déi eis all interpelléiere mussen. D'Kandheet soll eng suergefräi Zäit sinn. Net eng Zäit vun Depressioun an Angscht.

Mee et ass net just bei eise Kanner a Jugendleche wou mir usetze mussen. Déi mental Gesondheet ass e Sujet fir all Alterskategorie. D'Gesondheetsministesch mécht dat dofir zu enger vun hire Prioritéiten fir déi nächst 12 Méint. Mir musse bei all Hiewel usetzen, vun der Präventioun bis zum Traitement.

A fir den Däiwelskrees tëscht Aarmut a Gesondheet och bei den Erwuessenen ze duerchbriechen, wäerte mir am Hierscht de Pilotprojet vun enger "couverture universelle des soins de santé” auswäerten a wa méiglech zu engem permanenten Deel vun eisem Sozialnetz maachen.

Domat géifen déi vulnerabelst Leit an eiser Gesellschaft, notamment Sans-Abrien, en Accès zu engem Dokter an zu Medikamenter kréien. An och eng CNS-Kaart fir Stigmatisatioun virzegräifen.

Mir schaffen all Dag dodrun, dass zu Lëtzebuerg keen an der Aarmut oder op der Strooss liewe muss. Sou huet am Dezember eng véiert "halte de nuit” hir Dieren opgemaach an ech war mam Familljeminister eng nei Struktur zu Berbourg besichen, wou 22 Better fir eeler Sans-abrien zur Verfügung gestallt ginn.

Eng sozialgerecht Politik déi no vir kuckt – eng Regierung déi haut iwwert d'Sozialpolitik vu muer nodenkt – passt sech och ëmmer erëm un d'Evolutiounen an der Gesellschaft un. Dofir wäerte mir an den nächste Méint eng Rei grouss Projeten lancéieren déi eis Politik un dës Entwécklungen upasse wäert.

Engersäits musse mir der Realitéit Rechnung droen, dass d'Familljekompositioune vun haut méi divers sinn ewéi nach virun 20 Joer. Et gëtt virun allem ëmmer méi Kanner mat just engem Elterendeel doheem. Dofir hu mir eis am Koalitiounsaccord virgeholl bis d'Joer 2026 e Projet ze presentéiere fir eng eenzeg Steierklass ze schafen.

Fir d'Monoparentaux'en awer net eleng mat hire finanzielle Suergen ze loossen bis dësen ambitiéise Projet ofgeschloss ass, mécht de Finanzminister geschwënn eng Propose fir si schonn ab dem 1. Januar 2025 steierlech ze entlaaschten.

Och dat ass e weidert Puzzlestéck an eiser Strategie géint d'Kanneraarmut, well all fënneft Kand zu Lëtzebuerg lieft an engem Stot mat just engem Elterendeel – dat ass de véierthéchsten Taux an Europa an duebel sou héich wéi an Holland oder der Schwäiz.

Doriwwer eraus suerge mir dofir dass och d'Adoptiounsrecht deene méi diverse Familljecompositioune Rechnung dréit.

Eng weider nei Realitéit ass dass mir haut méi laang liewen. Dat ass eng erfreelech Evolutioun. Mee eng déi mir als Gesellschaft encadréiere mussen. Dofir musse mir eng breet Debatt iwwert eise Pensiounssystem féieren. Vill Leit sinn bal esou laang an der Pensioun wéi se abezuelt hunn. Eise System ass haut gesond mee muss och fir déi zukünfteg Generatiounen ofgeséchert bleiwen. De System muss also als Ganzt diskutéiert ginn, och Rechnung droend eiser demographescher a wirtschaftlecher Entwécklung.

Ab dem Hierscht wäert d'Ministesch fir sozial Sécherheet bilateral Gespréicher mat de Gewerkschaften an de Betriber féieren. Mee an der Sich no engem breede Konsens wäerte mir och proaktiv d'Gespréich mat där Generatioun sichen déi am wäitste vun der Pensioun fort ass, mee am längsten mat de Konsequenzen vun eisen Decisioune liewe muss. Mam Jugendparlament. Mat de Jugendparteien. Mat de Studentevertrieder. Mat de Leit am Land.

A fir déi breet Gesellschaft mat anzebannen, wäert d'Ministesch och op Konferenzen an Table-ronden alueden. Mir wënschen eis eng grouss Participatioun vun alle Bierger. Fir eng gemeinsam Basis fir dës Debatt ze hunn, schafft de Conseil économique et social grad un engem Avis, deen nach dëse Summer finaliséiert gëtt.

Egal ob a wéi eng Reformen aus deem Debat ervirginn ass eent kloer: Eng staark Allgemengversécherung fir jiddweree bleift d'Kärstéck vun eisem Pensiounssystem. A muss jidderengem erlaben vertrauensvoll a Richtung Pensioun ze kucken. Dat ass eng Fro vu Solidaritéit a sozialer Kohäsioun am Sënn vum Generatiounevertrag.

A mir loosse keen op der Streck. Dofir féiere mir och eng "allocation complémentaire” fir eeler Leit an. Mat dëser Hëllef, déi den "accueil gérontologique” ersetzt, wäerte mir eisen eelere Matbierger mat manner Akommes besser finanziell ënnert d'Äerm gräifen fir hinnen den Zougang zu enger Plaz an engem Altersheem an e Liewen an Dignitéit ze assuréieren.

Eng drëtt Realitéit där mir Rechnung droe mussen ass d'Vereinbarung vum professionellen a privatem Liewen. D'Leit an d'Betriber wëllen, a brauchen, haut eng aner Aarbechtsorganisatioun.

Déi zoustänneg Ministeren schaffen an deem Sënn un engem gemeinsame Mesurepak, dee bis Enn des Joers soll stoen. Dozou gehéiert d'Flexibilisatioun vum Congé de maternité, den temps partiel familial, d'Organisatioun vun den Aarbechtszäiten oder och nach eng Neireegelung vun der Sonndesaarbecht, esou wéi des Mesuren am Koalitiounsaccord festgehale gi sinn. Heizou féieren déi zoustänneg Ministeren an den nächste Méint Diskussiounen mat de Sozialpartner.

Zur sozialer Kohäsioun gehéiert och eist friddlecht a séchert Zesummeliewen. Sech halen un déi Reegelen déi de Staat an d'Gemengen sech ginn. Duerfir ass de Staat do, duerfir ass d'Police do. Well Sécherheet a Fräiheet, Sécherheet a friddlecht Zesummeliewen Hand an Hand ginn, a well awer och eis Populatioun wiisst, setzt Regierung d'Zuel vun de Kandidaten pro Promotioun bei der Police vun 160 op 200 erop. Genuch Police bedeit Visibilitéit a reegelméisseg Präsenz um Terrain.

Duerfir fänkt de Pilotprojet vun enger "unité de police locale”, enger Gemengepolice, nach dëse Summer an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch un. Des Unitéit ass keng Police nieft der Police, si gëtt Deel vun der Police grand-ducale.

D'Police brauch och e klore juristesche Kader fir kënnen ze handelen do wou et néideg ass. Duerfir wäert den Inneminister nach dëst Joer de Projet de loi mat engem verbesserten Platzverweis deposéieren an d'Justizministesch wäert de Code pénal moderniséieren fir en efficace Moyen géingt déi aggressiv Mendicitéit ze schafen.

 

Här President,

D'Architektur vun eisem Sozialsystem definéiert sech a groussen Zich ronderëm eng Aarbechtsplaz. D'Krankekeess, de Chômage, de Pensiounsregimm. Eist Sozialnetz ass gespaant ronderëm d'Aarbechtsplaz. Et kann een dat Soziaalt net vum Wirtschaftlechen trennen. Dat heescht engersäits dass Aarbecht sech loune muss.

Mir sinn ugetruede fir de Leit méi Netto vum Brutto ze loossen, fir d'Kafkraaft ze stäerken. Dofir huet déi nei Regierung d'Steiertabell dëst Joer em 4 Indextranchen berengegt. Jee no Familljecompositioun, léisst dës Ännerung de Leit bis zu 1.100 Euro pro Joer méi an der Täsch.

Ab dem 1. Januar 2025 wäert d'Steiertabell em weider 2,5 Indextranchen berengegt ginn. Dat wäert nach eemol jidderengem méi Kafkraaft ginn. Dës Mesure mécht wirtschaftlech a sozial Sënn.

Mee dat Wichtegst bleift als éischt mol eng Aarbecht ze hunn. An dofir mussen Aarbechtsplazen geschafe ginn. D'Wirtschaft dréint méi lues. 2023 – just éier des Regierung ugetrueden ass – hat Lëtzebuerg eng Rezessioun. An d'ekonomesch Perspektiven a ganz Europa bleiwen ënnert der historescher Moyenne. An déi digital Transitioun gëtt oft mat skepteschen Aen gesinn, trotz allem positive Potenzial.

Dofir musse mir eis haut op d'Aarbechtswelt vu muer preparéieren. D'Ekonomie vu muer wäert anescht sinn wéi déi vun haut. Änlech Suerge gouf et och bei aneren Transitiounen. Beim Stroum. Beim Auto. Beim Computer. Virun 20 Joer gouf et knapps Internet. Haut kennt oder benotzt zum Beispill jiddereen d'Servicer vun Amazon. Mee esou e Beispill weist och wat doraus kann entstoen: Amazon huet méi wéi 4000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg geschaaft.

Wat ëmmer wouer war a wouer bleift ass, dass Aarbechtsplaze do geschafe ginn, wou et Wuesstem gëtt. A Wuesstem entsteet do wou e Land e kompetitive Kader bitt. Den Terme vun der Kompetitivitéit gëtt oft als Synonym vu Sozialofbau an Aarbechtsplazverloschter gesinn.

Mee Kompetitivitéit ass näischt Negatives. Et beschreift jidder Land säi beschte Versuch an engem bestëmmte Secteur besser ze sinn wéi aner Länner. Dat wëll des Regierung fir eist Land a fir Europa. Dës Konkurrenz ass fir jidderee vu Virdeel. Et féiert zu Innovatioun. Zu bessere Präisser a besserer Qualitéit.

Eis Kompetitivitéit muss ee gesinn vis-à-vis vun aneren europäesche Länner. Mee och als Deel vun der ganzer EU vis-à-vis vum Rescht vun der Welt. An Europa als Ganzt huet an de leschte Joren u Kompetitivitéit verluer. De PIB pro Kapp an Amerika huet iwwert déi leschte Joren all eenzel grouss europäesch Ekonomie iwwerholl.

Dësen Trend riskéiert sech ze verschäerfen. Mir sinn nämlech och an de Secteuren vun der Zukunft manner kompetitiv ginn. Bei den erneierbaren Energien. Bei der kënschtlecher Intelligenz. China dominéiert 80% vum globale Marché vun der Produktioun vu Photovoltaikanlagen. Eng chineesesch Firma ass mëttlerweil de gréisste Verkeefer vun elektreschen Autoen. De Silicon Valley an Amerika dominéiert weider den Tech-Secteur. No Google, Apple an Amazon ass ChatGTP dat neiste Beispill vun hirem Virsprong.

Fir eis Kompetitivitéit ze erneieren, brauche mir virun allem zwou Saachen. Engersäits ee kompetitive legalen a steierleche Kader. An anerersäits Strategien fir Ecosystemer a spezifesche Secteuren.

De legale Kader ass oft an Europa an zu Lëtzebuerg komplex, voire ze komplex. Och hei brauch et e Mentalitéitswiessel. Weg vun der Iwwerreglementatioun. Zeréck bei de gesonde Mënscheverstand. D'Reegele mussen de Firmen hëllefen ze wuessen. Net hire Wuesstem ausbremsen.

Virun allem eis kléng a mëttelgrouss Betriber dierfen net un engem Bürokratie-Burnout ënnergoen. Well do entsteet d'Majoritéit vun eisen Aarbechtsplazen. An doru schaffe mir. All Dag. Zu Bréissel an heiheem.

  • Fir dass e Saisonsaarbechter net méi laang op seng Pabeieren waarden muss wéi d'Saison dauert, wëllen mir des Prozeduren nach dëse Summer beim Wäibaudësch vereinfachen.
  • Fir dass d'Baueren hir Zäit um Feld an net um Büro verbréngen, bréngt d'Agrikulturministesch nom éischte Landwirtschaftsdësch ee Gesetzesprojet an d'Chamber fir de bürokrateschen Opwand fir eis Baueren ze reduzéieren.
  • Fir dass eis PME'en déi beschtméiglech Konditiounen hunn sech ze entwéckelen, presentéiert de Wirtschaftsminister nach dëst Joer eng Revisioun vun der loi-cadre fir PME'en a schafft un der administrativer Vereinfachung fir eng Firma ze grënnen.

E kompetitive Kader geet och op déi spezifesch Besoin'en vun ënnerschiddleche Betriber an. Jee no Secteur a Gréisst vun de Betriber. Sou gëtt e Land och méi kompetitiv duerch Innovatioun. An Innovatioun fänkt oft mat enger gudder Iddi an enger Start-up un. Mee nieft enger gudder Iddi brauche Start-upen och finanziell Hëllefen a kompetent Mataarbechter. Hei wäert de reglementareschen a fiskale Kader an noer Zukunft verbessert ginn.

Mee och bestoend Betriber innovéiere stänneg. Dofir begréisse mir dass d'bonification d'impôt fir esou Aktivitéiten schnell gestëmmt gouf. Mee mir kucken elo fir dat nach méi effikass ze gestalten. A fir all d'Betriber wäert de "once only” beim Staat den administrativen Opwand verréngeren an domat eis Kompetitivitéit stäerken.

Nieft méi einfache Reegelen brauchen eis Betriber och e steierlech attraktive Kader. Dofir wëllen mer de Steiersaz fir Betriber un den internationalen Duerchschnëtt upassen. D'Regierung proposéiert duerfir fir de Kierperschaftssteiersaz ab dem 1. Januar 2025 vun 17 op 16 % erofzesetzen.

All dës Mesuren stäerken eis Kompetitivitéit. Se ginn eise Betriber erëm Sécherheet. Fir ze plangen. Ze investéieren. Ze expandéieren. An fir esou Aarbechtsplazen ze schafen. Mee Kompetitivitéit spillt net just um Niveau vun der ganzer Ekonomie. Se spillt och an all Secteur.

Wa mir wëllen dass Lëtzebuerg weider vill a gutt Aarbechtsplazen schaaft, da musse mir geziilt a strategesche Secteuren e performanten Ecosystem ubidden. Mir hu schonn esou en Ecosystem am Secteur vun den Daten an der Kommunikatioun. Dee baue mir konsequent weider aus. 

Ee vun de gréissten Acteuren an dësem Beräich – d'SES, wou de Staat eng Bedeelegung dran huet – huet virun zwee Méint decidéiert Intelsat opzekafen. Dat ebe grad fir sech méi staark am Satellitten an Date-Segment vun der Zukunft ze positionéieren. Dat stäerkt dës historesch Firma mat weltwäitem Sëtz zu Betzder. An dat stäerkt de ganzen Ecosystem ronderëm d'Satellitten an de Weltall hei am Land.

Lëtzebuerg zeechent sech awer och duerch d'Sécherheet vu sengen Datenzentren aus. E Véirel vun all den Datenzenteren mat héchster Sécherheetsqualifikatioun an Europa stinn haut zu Lëtzebuerg. Zur Sécherheet gehéiert haut och d'Souveränitéit vun den Daten. Et ass haut wichteg, dass een Kontroll doriwwer huet, duerch wéi eng Länner d'Daten transitéieren. Hei positionéiere mir Lëtzebuerg als Pionéier, notamment am méi breede Kader vun der Europäescher Unioun.

Am Hierscht wäert de Projet Clarence vu LuxConnect a Proximus live goen. Dëse Projet offréiert déi éischt déconnectéiert Cloud-Solutioun déi Daten exklusiv op europäeschem Buedem stockéiert a geréiert.

An dësem Kontext, ass Lëtzebuerg och Deel vum europäesche Projet fir e Cloud-Edge Continuum ze schafen. Eng Infrastruktur déi ënnert anerem néideg ass fir d'autonoomt Fueren ze erméiglechen – eng weider Aktivitéit déi mir zu Lëtzebuerg developpéiere wëllen. Dofir mécht am Hierscht zu Biissen en Incubateur um Automobility Campus seng Dieren op, dee Firmen an dësem Beräich ënnerstëtze wäert.

An deem Secteur si mir och frou, dass nieft Lyten, och Pony.ai sech engagéiert huet fir sech zu Lëtzebuerg nidder ze loossen. Pony.ai ass e Leader am Beräich vum autonome Fueren an Amerika an a China. An dës Firma bréngt elo hiren europäesche Sëtz a Recherchezenter op Lëtzebuerg. 

Fir ebe grad esou Recherche ze erméiglechen, brauche mir och héich performant Computeren als e weidert Puzzlestéck am Ecosystem. Dofir preparéiere mir d'mise en place vun engem Supercomputer vun der neier Generatioun deen de Meluxina ersetze wäert. A mir ginn e Schratt méi wäit. Mir hunn am Mäerz eis Kandidatur gestallt fir de Standuert fir een vun den éischten Quantecomputeren an der EU ze ginn.

Dir gesitt, eis Aktioune sinn all Deel vun enger integréierter Approche. Eng Approche mat engem kloren Zil: Lëtzebuerg zu engem Leader an der Datenekonomie ze maachen. Wa mir wëllen e Leader sinn, da musse mir eis och eng Strategie ginn fir den Essor vun der kënschtlecher Intelligenz ze begleeden. Eng Technologie déi vu Villen als nächst industriell Revolutioun beschriwwe gëtt. Un där Strategie schaffe mer. D'Zil ass et dës nei Technologie an den Déngscht vun eise Bierger ze setzen. Fir eng besser Liewensqualitéit a besser Servicer.

Dësen Datenecosystem ass och wichteg fir eisen Finanzsecteur, déi dreiwend Kraaft an eiser Ekonomie. Mir wëllen dës Erfollëgsgeschicht weider schreiwen. Och hei brauch et Kompetitivitéit, well eis Konkurrente schlofen net.

Dofir gëtt de legislative Kader vun alternative Fongen an "digital assets” moderniséiert. Oft sinn et kleng legislativ Upassungen déi de ganzen Ënnerscheed maachen. Mir positionéiere Lëtzebuerg och am Beräich vun den aktiv-geréierten ETF Fongen duerch d'Erofsetze vun der "taxe d'abonnement” fir dësen Typ Fongen ab nächstem Joer. Dëst ass e Marché mat immensem Potenzial, deen an der EU nach relativ onentwéckelt ass.

De legale Kader ass déi eng Saach. Mee dësen Ecosystem brauch och Talenter. Déi musse mir selwer trainéieren an och aus dem Ausland unzéien. Dofir wäerte mir d'Schaafen vun zwee nei Masterstudiegäng op der Uni.lu ënnerstëtzen – een am Actuariat an een an de "private assets” –, zesumme mat de Beruffsorganisatiounen ACA an ALFI.

D'Finanzplaz brauch Spezialisten a mir sinn do an enger haarder Konkurrenz mat London, Parais, Frankfurt an Dublin. Duerfir wëllen mer nach dëst Joer, fir d'Steierjoer 2025, d'prime participative an de régime d'impatriation iwwerschaffen a méi attraktiv maachen.An innerhalb vum Secteur schaffe mir och weider um Eosystem an der finance durable. Ënner anerem, mam weltwäit éischten Accélérateurprogramm fir Firmen déi geziilt gréng Finanze mat digitaler Innovatioun verbannen. Oder mat der Ambitioun fir iwwert d'”finance verte” eraus ze goen an eng Virreiderroll am Beräich vun der Finanzéierung vu soziale Projeten ze iwwerhuelen.

Iwwert eis Finanzplaz ka Lëtzebuerg esou e groussen Impakt an der Welt hunn. Notamment am globale Kampf géint de Klimawandel.

 

Här President,

Eis Gesellschaft an eis Ekonomie brauchen all Dag vill Energie. En vue vum globale Klimawandel, musse mir kucken dass sou vill wéi méiglech dovunner aus ëmweltfrëndleche Sourcen kënnt. Dofir musse mir haut iwwert d'Energie vu muer schwätzen.

De Krich an der Ukrain, esou wéi scho fréier Spannungen am Noen Osten, hunn eis och gewisen, dass mir duerch eisen Energiemix den internationalen Developpementer ausgeliwwert sinn.

D'Präisser sinn 2022 duerch d'Wechfaalen vum russesche Gas an Ueleg an d'Luucht geschoss an et gouf en Präisdeckel op all Energien en place gesat. Dee gëllt bis den 31. Dezember dëst Joer. Dësen huet de Leit a Betriber an dësen exceptionnellen Ëmstänn ënnert d'Äerem gegraff.

Well déi meescht Energiepräisser gefall sinn an de leschte Méint, falen déi meescht Energiepräis Deckelen ab dem 1. Januar 2025 ewech. Mee mir halen de Stroumpräisdeckel nach 2025 bäi, well de Stroum an der Kris fir e puer Joer kaf ginn ass, an déi héich Akafspräisser hunn nach 2025 hir Repercussiounen. Mir maachen dat op eng sozial gerecht Manéier.

Engersäits hëllefe mir alle Stéit andeems mir just fir d'Joer 2025 d'Halschent vun der projezéierter Hausse iwwerhuelen – also 30%. Domat bleift de Stroumpräis an de selwechte Barragen wéi an eisen Nopeschregiounen.

Anersäits, ënnerstëtze mir geziilt déi Leit mat manner Akommes duerch dräi cibléiert Mesuren. D'prime énergie gëtt verdräifacht fir déi aktuell Bénéficiairen a geet da progressiv erof. De "crédit d'impôt énergie” fir Revis-Empfänger gëtt op 90€ eropgesat. An de Staat iwwerhëlt och fir 2025 en Deel vun den Energiekäschten vun den Altersheemer fir dass d'Präisser déi d'Leit musse bezuelen stabil bleiwen.

Dës Mesuren, fir déi mir ronn 50 Milliounen Euro an de Grapp huelen, wäerten de Leit mat manner Akommes dobäi hëllefen mat deene Käschten eenz ze ginn, déi net iwwert de Stroumpräisdeckel couvréiert sinn. Och dës Mesuren muss een am Kontext vun der Aarmutsbekämpfung gesinn.

Mir fiederen den Effet vum héije Stroumpräis awer och of mat engem A op eis Klimaziler. Aus enger Klimaperspektive, ass déi beschten Energie natierlech déi net gebraucht gëtt. Sou huet Lëtzebuerg tëschent dem Abrëll 2023 an Mäerz 2024 bal 8% manner Stroum verbraucht wéi an de Joren virdrun. Dat ass eng positiv Entwécklung a muss weider gefërdert ginn.

Mee fir d'CO2-Emissioune substanziell ze reduzéieren, musse mir virun allem vu fossillen Energien ewech. An eriwwer op déi nohalteg Energien. Vu Kuelen a Gas op d'Photovoltaik. Vun der Petrolsheizung op d'Wärmepompel. Vum Bensinner op den Elektroauto. All Joers kënnt neie grénge Stroum un d'Netz. All Joers gi Wärmepompelen installéiert. An all Joers ginn Elektroautoe kaaft. Dat ass gutt.

Mee mir wëlle méi schnell virukommen. Mat enger pragmatescher Klimapolitik. Mat Ureizer déi de Leit Loscht maachen mat ze maachen. Dofir investéiere mir massiv an erneierbar Energien. Eleng dëst Joer wäerten 2.5 Milliarden an d'Ëmsetzung vum Nationale Energie- a Klimaplang fléissen. Dat ass esou vill wéi nach ni. A fir Planungssécherheet ze ginn, hu mir decidéiert fir iwwert de "mécanisme de compensation” d'Käschte vu gréngem Stroum bis 2028 ze stabiliséieren.

An dofir féiert dës Regierung en neie Klimabonus-Regimm an, deen ab dem 1. Oktober gräife soll. Bis dohinner wäerten déi aktuell Reegele gëllen, wann d'Chamber domat d'accord ass.

  • Well et bei der energeetescher Effizienz vun eisen Haiser nach grouss Efforten brauch, gëtt déi finanziell Ënnerstëtzung fir d'energeetesch Renovatioun vu Wunnhaiser – also de Klimabonus Wunnen – bäibehalen. Bei de Photovoltaikanlagen hale mir de Basisregimm vun 50% Finanzéierung bäi. Dat well Photovoltaikanlagen generell méi bëlleg gi sinn an den Invest an d'Installatioun och mat 50% finanziell attraktiv bleift.
  • Mir passen de Klimabonus Mobilitéit ab dem 1. Oktober enger Rei Entwécklungen un.

o   Éischtens – an dat ass eng gutt Entwécklung – sinn Elektroautoen an de leschte Joren méi bëlleg ginn. Dofir kritt een an Zukunft fir en Elektroauto eng maximal staatlech Hëllef vu 6000 Euro. Dat ass liicht manner wéi bis ewell, mee relativ zu de Käschte vun de meeschten Elektro-Autoen dat selwecht.

o   Zweetens gëtt de Critère fir dës Zomm ze kréien méi ekologesch gestaffelt. Bei Autoen mat bis zu 16 Kilowatt Verbrauch pro Stonn pro 100 Kilometer kritt ee bis zu 6000€. Tëscht 16 an 18 Kilowatt 3000€. A bei engem ganz décke Motor, leet de Staat näischt bäi. Eng Ausnam gëtt et fir gréisser Elektroautoen fir Familljen mat 3 oder méi Kanner.

o   Drëttens, erhéije mir d'Zäit déi een den Auto hale muss fir eng Subventioun ze kréien vun engem op dräi Joer. A mir féieren eng Primm vun 1500€ fir elektresch Occasiouns-Autoen an déi méi wéi 3 Joer hunn. Béid Ännerunge wäerten dozou bäidroen dass en Zweetmarché vun Elektroautoen entsteet. Dat mécht se engersäits méi attraktiv an anersäits reduzéiert et de Ressourceverbrauch.

  • Elektresch Vëloen sinn eng flott Saach an d'Zil vu méi Elektrobiken am Verkéier ass largement erreecht. 80 000 Elektro Vëloen si bis ewell vum Staat subsidiéiert ginn. Bei den elektresche Vëloen kommen duerfir och Ännerungen: Ab dem 1. Oktober dëst Joer gëtt nach just de Kaf vu sougenannte Cargo-Bikes finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Well dës sinn am Alldag am stättesche Raum fir jonk Famillen eng reell Alternativ zum Auto. D'Leit déi d'”allocation de vie chère” kréien, kréien och weider eng finanziell Ënnerstëtzung beim Kaf vun engem Vëlo, dat ass Deel vun eiser Strategie géint d'Aarmut a fir d'sozial Inklusioun.

Suen aleng ginn awer net duer fir eis Klima Ambitiounen ze realiséieren. Och hei brauch et eng Politik vun der Effikassitéit fir e Gang méi héich ze schalten. E Mix aus finanziellen Hëllefen an einfache Prozeduren ass eng staark Kombinatioun fir schnell Fortschrëtter ze maachen.

Engersäits féiere mir, wéi scho gesot, eng Bagatell Reegelung an bei de Baugeneemegungen fir Photovoltaikanlagen. Wien esou eng Anlag well, soll déi och kréien. Ouni grouss administrativ Démarchen. Laangfristeg ass eng Photovoltaikanlag um eegenen Daach nämlech net just gutt fir d'Emwelt mee och de beschte Schutz géint d'Entwéckelunge vun de Energiepräisser.

A fir de Leit Loscht op d'Energietransitioun ze maachen, entwéckele mir bis Ënn des Joers en neien Tool fir den Eegeverbrauch vu Photovoltaikstroum besser verständlech ze maachen.

Mee de Probleem ass och hei eng ze komplizéiert Prozedur. Déi an dësem Fall dozou féiert dass Demanden net schnell genuch traitéiert ginn. Virun allem bei der Renovatioun vum Haus ass dat net gutt, well d'Käschte schnell iwwert 50.000 Euro klammen.

Domat schrecke mir vill Interessenten of. Entweder et streckt een alles vir oder et hellt een e Prêt op. Dann ass de Choix séier gemaach. Well et ass kee richtege Choix. Fir vill Leit ass weder virstrecken, nach e Prêt ophuelen, eng wierklech Optioun.

Wa mir eng Klimapolitik mat de Leit wëllen, da kann de Staat d'Leit net ausbremsen. Dofir schafft den Energieminister dorun de Prefinanzement fir d'Klimahëllefen anzeféieren. An enger éischter Phase wäert d'nächst Joer de Prefinanzement fir Photovoltaikanlagen kommen.

D'Prioritéit bei den technesche Viraarbechten ass et sécher ze stellen, dass de Prefinanzement och schnell bei de Betriber ukënnt. Mir hu kengem gehollef wa mir de Retard dee mir haut bei de Privatpersounen hunn elo einfach op d'Betriber iwwerdroen.

De Prefinanzement ass am Geescht vun enger Klimapolitik déi d'Leit mat op de Wee hellt. Mee fir esou eng Klimapolitik brauche mir och pragmatesch Reegele bei grousse Wand- a Solarinstallatiounen. A kee versteet d'Prozeduren – an hir Limitatiounen am Alldag – esou gutt wéi d'Acteuren vum Terrain. Dat ass hei net anescht wéi am Logement.

A genau wéi am Logement organiséiere mir dofir dëst Joer eng breet Consultatioun vum Secteur a vun de Gemengen fir d'Prozeduren ronderëm d'Wand- a Solarenergie eemol komplett op de Leescht ze huelen.

Mat engem kloren Zil. Méi schnell méi Wandrieder a méi PV-Anlagen autoriséieren.

Esou eng gemeinschaftlech Approche huet bei der nationaler Logementsréunioun hir Friichte gedroen. An se wäert och hei zu konkrete Resultater féieren. Well se entsprécht dem Lëtzebuerger Erfollëgsmodell vun Dialog an Zesummenaarbecht.

An och wann déi grouss Photovoltaik-Anlagen haut schonn e méi grousse Succès hunn, wäert den Energieminister am Hierscht e grousse Photovoltaiks-Daag organiséieren. Hei ginn Innovatiounen a Best-Practice Beispiller presentéiert. Zesumme mam a fir de Secteur.

A mir lancéieren an den nächste Méint zwou nei Ausschreiwunge fir grouss Photovoltaik- Anlagen. Mat neie Louse fir innovativ Iddien, sou wéi eng Photovoltaikanlag déi an d'Fassade integréiert ass.

Mir wëllen Innovatioun an alle Beräicher vun der erneierbarer Energie erlaben a proaktiv fërderen. Dobäi dierfe mir eis dann och net vun eisen eegene Reegele limitéiere loossen déi heiansdo schwéier novollzéibar sinn.

  • Sou zum Beispill bei der Iddi fir Wandrieder a Photovoltaikanlagen méi no nieft den Autobunnen ze bauen. Déi zoustänneg Ministere erwaarden nach dëse Summer éischt Resultater vun enger Etude, déi d'Photovoltaikpotenzial vum Lëtzebuerger Autobunnsnetz estiméiert.
  • A mir wäerten d'Reegele fir de Bau vu Wandrieder a vun Industriezonen besser harmoniséieren fir dass energieintensiv Betriber sech direkt selwer mat gréngem Stroum versuerge kënnen.
  • A bei der sougenannter Agri-PV, wäerte mir d'Auswäertung vun der Pilot- Ausschreiwung ofschléissen. Mam Zil den Impakt op de landwirtschaftlechen Ertrag ze minimiséieren.

Op Basis vun deenen Analysen wäert d'Regierung decidéieren wéi dës Iddie kënne viru gedriwwe ginn. Selbstverständlech ass et eis wichteg, dass all dës nei Iddien am Aklang mam Mensch, der Natur an der Sécherheet realiséiert ginn.

Eng Klimapolitik ass nëmmen erfollegräich wa se d'Leit mathëlt. An se hëlt d'Leit nëmme mat wa se net op Käschte vun eisen Aarbechtsplazen oder eisem Sozialmodell geet. Mir kënnen keng Klimapolitik um Réck vun eiser Kompetitivitéit maachen. Dofir musse mir och der Wirtschaft hëllefen dëse Schratt mat ze goen. Iwwert d'Klima-Agence, Luxinnovation an den Klimapakt.

An iwwert en neie Gesetzesprojet deen de Wirtschaftsminister am Mee deposéiert huet an deen eis Betriber bei Investissementer am Kader vun der ekologescher Transitioun nach besser finanziell ënnerstëtzt. Nieft méi einfache Prozeduren an dem deelweisen Aféiere vum "silence vaut accord”, hu mir d'finanziell Enveloppe an d'Portée vun den Hëllefen erweidert, déi elo och den Ausbau vun Hydrogène-Infrastrukturen an den Akaf vun elektresche Camionnetten couvréiert.

Mir mussen och spezifesch eis Industrie bei der Transitioun ënnerstëtzen. Well d'Industrie bleift e wichtegen Deel vun eiser Wirtschaft a Souveränitéit. Dofir huet de Wirtschaftsminister mat den Acteuren um Terrain eng gemeinsam Feuille de route ausgeschafft, déi dës Transitioun begleede wäert.

Et ass zum Beispill wichteg, dass Lëtzebuerg un den internationalen Hydrogènes- Réseau ugeschloss ass. Well dat eng villverspriechend Energie ass fir Schwéierindustrie, wéi zum Beispill eis Stoolindustrie, ze decarbonéieren.

Dofir sinn ech frou, dass no Echangen mat eisen hollänneschen a belsche Partner, d'Creos un engem grenziwwerschreidende Projet Deel hëlt fir iwwert déi nächst 10 Joer eng Hydrogène-Infrastruktur an der Groussregioun mat opzebauen.

Fir méi erneierbare Energie heiheem ze kréien gëllt et och mat eisen europäesche Partner enk zesummen ze schaffen. Duerfir hunn ech dëse Sujet och bei menge rezente Gespréicher mat dem portugiseschen an dem hollänneschen Premier beschwat. Hei kennen nei Kooperatiounen entstoen.

All dat wäert eis Offer un erneierbaren Energien komplettéieren an ass domat en integralen Deel vun eiser Strategie fir aus Lëtzebuerg e Land mat vill méi erneierbarer Energie ze maachen.

 

Här President,

Dat sinn e puer Haaptziler fir déi nächst 12 Méint.

  • Fir eng Politik déi sech un déi nei geopolitesch Realitéit adaptéiert a gemeinsam mat eise Partner de Fridden an d'Fräiheet an Europa schützt.
  • Eng Politik déi d'Prozeduren vereinfacht an domat d'Basis leet fir méi Wunnengen méi séier ze bauen.
  • Eng Sozialpolitik déi sech ëm déi bekëmmert déi et am meeschte brauchen an d'Armutsbekämpfung konsequent ugeet.
  • Fir eng Steier-, Finanz- a Wirtschaftspolitik déi Aarbechtsplaze schaaft an de Wuelstand generéiert mat deem mir eise Sozialmodell bäibehale kënnen.
  • A fir eng Klima- an Energiepolitik déi d'Leit an d'Betriber mathëlt um Wee an eng CO2- neutral Zukunft.

An all dëse Beräicher gi mir nei Weeër. Op dësen neie Weeër si mir schonn e gudde Schratt no vir komm. Ech weess dat verschiddener heibanne an dobaussen am léifsten hätten dat eise ganze Koalitiounsprogramm elo schonn, no 8 Méint, ëmgesat wier.

Mee Politik mécht ee Schratt fir Schratt. Besonnesch an enger lieweger Demokratie wéi mir eng sinn. Dofir awer net mat manner Ambitioun oder Elan. Den Erfolleg moosst een um Enn vun enger Legislaturperiod. Am Ganzen.

Ech hunn haut net all Thema ugeschwat wat fir eis Zukunft wichteg ass. Mee des Deklaratioun ass jo net en neien Koalitiounsaccord. Et ass e Lagebericht um Ufank vun enger Amtszäit vun dëser Regierung an en Ausbléck op e puer wichteg Elementer vun den nächsten Méint. Si schreift sech an de Regierungsprogramm vum November d'lescht Joer.

Wéi all Regierungserklärung wäerten déi eng se gutt an déi aner manner gutt fannen. D'Stärkt vun der pluralistescher Demokratie läit jo doranner dat et eng Konfrontatioun vun ënnerschiddlechen Iddien zu den Erausfuerderungen vun eiser Zäit a vun der Zukunft gëtt.

An duerfir freeën ech mech op d'Debatten – des Woch mee och duerno - mat Iech als gewielte Vertrieder vum Vollek, mee och iwwer dëst héijt Haus eraus, mat alle Leit hei am Land iwwer all déi Themen.

Mir sinn houfreg op d'Lëtzebuerger Demokratie an mir wëllen a mussen se all Dag stäerken. Fir d'Demokratie ze stäerken well ech d'”commission consultative des droits de l'homme”, déi haut bei mir am Staatsministère ugesidelt ass, un dës Chamber rattachéieren, fir dat hir wichteg Avisen am legislativen Prozess nach méi Attentioun kréien.

A fir Diskussioun an der Demokratie esou breet wéi méiglech ze maachen, deposéieren ech nach virum Summer e Gesetzesprojet fir der Press e gesetzlech verankert Recht op Informatioune ze ginn, fir dass si d'Allgemengheet beschtméiglech informéiere kënnen.

Et geet hei net nëmmen em Informatiounen. Et geet och net nëmmen em Transparenz. Am Kär geet et em Vertrauen. Eng Politik mat de Leit a fir d'Leit kann een nëmmen am Vertrauen an am Dialog maachen.

Dat heescht net dass een ëmmer muss bei allem mat jidderengem d'accord sinn. No all Diskussioun mussen Entscheedungen getraff ginn, well soss bleift eis Land stoen. Dat ass d'Aufgab vun der Regierung an der Chamber.

Här President,

Eis Gesellschaft steet virun enger Rëtsch Erausfuerderungen. Mir kënnen eis et einfach maachen an dës Defien ignoréieren. Et ass einfach. Et ass confortabel. Et ass berouegend. Mee et ass nëmmen haut einfach, confortabel a berouegend. Muer wäert et dofir ëmsou méi schwéier, ëmsou méi onkomfortabel an ëmsou méi beonrouegend sinn.

D'Aufgab vun der Politik ass et Zukunft ze gestalten. Loosst eis dës Zukunftsgestaltung am Interêt vun eisem Land gemeinsam, a virun allem respektvoll, diskutéieren.

Ech soen Iech Merci.