De Luc Frieden op Aarbechtsvisitt beim däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz

Den 8. Januar 2024 war de Premierminister Luc Frieden fir eng éischt Aarbechtsvisitt an Däitschland beim Bundeskanzler Olaf Scholz.

  1. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; Olaf Scholz, Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; Olaf Scholz, Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland

  2. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Olaf Scholz, Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland ; Luc Frieden, Premierminister

    (v.l.n.r.) Olaf Scholz, Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland ; Luc Frieden, Premierminister

  3. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; Olaf Scholz, Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; Olaf Scholz, Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland

  4. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; Olaf Scholz , Bundeskanzler  vun der Bundesrepublik Däitschland

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; Olaf Scholz , Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland

  5. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; Olaf Scholz, Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; Olaf Scholz, Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland

D'Visitt gouf mat engem bilaterale Gespréich tëscht dem Luc Frieden an dem däitsche Bundeskanzler agelaut, bevir an enger Aarbechtssëtzung déi europäesch an international Aktualitéit am Fokus stoung.

Am Kader vun dësem Besuch vum Premierminister bei sengem Homolog zu Berlin, konnten déi excellent bilateral Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland ervirgehuewe ginn. De Premierminister huet nach eemol onmëssverständlech ënnerstrach, dass déi nei Regierung och weiderhin enk mat Däitschland weiderschaffe wëll, virun allem an de Beräicher vun de grenziwwerschreidenden a bilateralen, mee och vun den europäeschen Dossieren.

D'Staatscheffen hunn sech och iwwer méiglech Usätz fir eng bilateral Kooperatioun am wirtschaftleche Beräich ausgetosch. Ausserdeem gouf eng verstäerkten Zesummenaarbecht am Beräich vun den erneierbaren Energien thematiséiert.

D'Aarbechtstreffen huet och d'Méiglechkeet gebueden, fir aktuell europäesch an international Themen unzeschwätzen, dorënner besonnesch déi russesch Aggressioun géint d'Ukrain. Iwwerdeems betount gouf wéi wichteg d'Solidaritéit géintiwwer der Ukrain ass, gouf festgehalen dass eng gerecht Verdeelung vun der Laascht souwuel um Niveau vun der EU wéi och vun der NATO fir béid Regierunge vun entscheedender Bedeitung ass.

Am Kader vun dësem Treffen, konnte béid Länner ausserdeem hir Positiounen am Virfeld vum EU-Conseil vum 1. Februar 2024 koordinéieren, wou d'Revisioun vum pluriannuelle finanzielle Kader zu Bréissel am Fokus vun de Gespréicher wäert stoen.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert