Citations de Jean-Claude Juncker et de Lydie Polfer lors des interviews de fin d'année

A l'occasion des fêtes de fin d'année, le Premier ministre Jean-Claude Juncker s'est adressé aux citoyens du Grand-Duché de Luxembourg, notamment à travers la radio socio-culturelle 100,7 et la radio DNR, ainsi que RTL Télé Letzebuerg.

La ministre des Affaires étrangères Lydie Polfer s'est également prononcée à la fin d'année, notamment au sujet de l'Europe.

Voici une série de citations de Jean-Claude Juncker au sujet des événements qui ont marqué l'année 2001:

Les attentats terroristes du 11 septembre
"Ech mengen den 11. September daat ass esou een Dag, deen esou ass wéi een aaneren amerikaneschen Datum aus den 60er Johren. Jidfereen deen dunn schons gelieft huet wees nach emmer, waat hien gemaach huet, wei hien gewuer ginn ass, das den President Kennedy erschoss gin as. An den 11. September vum Joer 2001 as och esou een Dag - an nach aanescht, well et huet een et direkt erlieft. (...) Aus der Siicht vun haut as vläicht net méi sou direkt nozevollzéien, daas een an der éischter Stonn, wou daat geschitt ass, net woust op daat sech géif op den Territoire vun den Vereeneschten Staaten vun Amerika beschränken oder op daat net den Ufank wär vun enger weltweiter Serie vun Attentater - ergo t'huet een mussen direkt handlen."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001)

"Et get Biller, dei einfach well et se gett, d'Welt veränneren; déi schrecklech Biller vun New York an vun Washington an vun Pitsburgh, dei gehéieren zu der Kategorie, well se een interpelléieren an well een se net lass get. Mee ech hätt u sech gären, wann déi schlemm Biller vun deem Dag sech géiffen lues an lues laszeien vun der Plaatz wou se stattfond hun, an daat mer se géifen huelen fir eisen Bleck mei breed ze maachen - op alles daat waat an der Welt net richteg leeft, waat net richteg geet an waat kromm as. Et stiewen all Dag 30.000 Leit un Honger: daat gesinn mir net, well et net een Bild dovun get, an et get net direkt iwwerdroen - an trotzdeem al Dag 30.000 Leit. Och et muss een probéieren aus deenen Biller vun dem 11. September sech vill kleng Biller ze maachen, iwwert den Misère an der Welt an dann dementspriechend ze reagéieren wéi wann et een grousst Bild wier."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001)

"Le 11 septembre (...) a montré que rien n'est plus comme avant, mais en fait ça fait déjà plus longtemps que les choses ne sont plus comme avant."
(Radio Socioculturelle 100,7)

"Il n'y a rien qui puisse justifier les événements du 11 septembre. L'un des vecteurs du terrorisme international est, sans doute, l'inégalité internationale dans l'ordre économique et peut sans doute être ramené à l'énorme différence entre riches et pauvres"
(Radio Socioculturelle 100,7)

Haut de page

La guerre en Afghanistan
"Vum Ufank un wor kloer, dass déi Ausernanersetzung mam Terrorismus sech net op eng Kampagne am Afgahnistan géif beschränken, mee dass daat iwwer Johren gekuckt an iwwer Johren gezunn, een alldeeglechen Virgang gif gin fir dem internationalen Terror op d'Spuer ze kommen an fir en onschiedlech ze maachen. Sou dat ech mech nii der Illusioun higin hun daat wir zu engem bestemmten Glackenschlag oder zu engem bestemmten Dag eriwwer. Mee et bleift bei der Solidaritéit mat den Amerikaner, well daat waat geschitt as net nemmen sii viséiert, mee och eis demokratesch Ariichtungen matt. Et bleift also bei der Solidaritéit, op et bei onageschränkter Solidaritéit bleiwt, wees ech net."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001)

Haut de page

La situation au Proche Orient
"Mee ouni all Zweifel ass et esou, daat et Felder op der Welt get, dei als Nährbudem fir den Terrorismus emmer rem dengen - an den Nohen Osten ass een dovunner, et ass awer net deen Eenzegen. Den Honger an der Welt, eng ongerecht Weltwirtschaftsurdnung, vill Misère em deen esch net gekemmert gett, Aarmut déi do as an déi mir net zur Kenntnis hulen, och daat sin Felder op deenen Terrorismus kann wuessen an den Nohen Osten natirlech ass een dovunner. (...) Mir mussen den Israelien erklären waat geet an waat net geet an gleichzeiteg awer och een Gespréich an Richtung Palestinenser entweckelen, deenen een muss deitlech maachen, daat déi Israelesch Secherheetsinteressen grad esou eescht ze huelen sinn, wéi den Wonsch vun dem Palestinenseschen Vollek (waat mir deelen an ennerstetzen) fir an engem eegenem Staat kennen ze liewen."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001)

Réforme fiscale
"Also wann dir mengt daat wir fir den Finanzminister Spaas gewiescht fir eng Steierreform ze maachen, dann ierrt der iech. (...) Do geschitt eppes waat muss sin, well et un der Zeit wor a well déi momentan konjunkturell Situatioun eis regelrecht dohinner obligéiert hätt, wann mer net schons souwisou um Wee dohinner gewiescht wiren. An déi Tatsaach, daat mer massiv Steiererliichtungen maachen, andem mer oppassen, daat dat sozial equilibréiert ass, an dass daat den Leeschtungsprofil vun eiser Wirtschaft méi stark an Relief setzt, weisst, daat mer nertirlech wellen, dass méi konsomméiert get. Daat ass wichteg wéinst der demande an desem moment vun konjunktureller "Antrübung", mee mir hun awer och eng helle Wull vun Spuerinstrumenter opgeluecht, déi steierlech avantagéiert sin. Sou dass daat net eng Steierreform as, déi nemmen op konjunktivt Verhaalen géif oofstellen, mee och op méi längerfristeg Planungststabilitéit ausgeriicht as."

(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001)

Wann mer elo awer an deem Moment wou et méi lues geet Steierreformen maan, dann ass daat well d'Politik déi mer an de leschte Johren gemaat hun richteg war, jidderfalls net falsch war. (...) Wann een sech an gudden Zäiten responsabel verhält, dann huet een méi Méiglechkeeten an schlechten Zäiten daat Richtegt ze maachen.
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001)

 Haut de page

Le Luxembourg une île?
"Souguer wann mir eng Insel wiren, waat mir net sin, hätten mir neischt dovunner op, enger Insel ze setzen op der d'Sonn schengt, wann am Rescht vun der Welt de ganzen Zeit reent. Et ass keng Freed fir alleng an der Sonn ze setzen. Nee mir sin keng Insel a mir sin an engem ganz staarken Moosen dovun oofhängeg waat ronderem eis geschitt."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001
)

 Haut de page

Réforme du système des pensions
"Rentepolitik ass awer nii eng extreem selektiiv Politik. Well do geet et séier oft noo de selweschten Reegelen fir jidfereen an wann een daat well änneren dann brecht een eigentlech d'Rentesystematik sou wéi mer se kennen. (...) Ech fannen einfach dass een daat elo huet misse maachen. (...) Ech sin e bessen verdresslech driwer dass mer elo ufänken d'Fraen an zwou Zorten anzedeelen, déi déi dobaussen an der Wirtschaft schaffen, déi déi doheem schaffen. Et ass d'Obfaasung vun der Familjenministesch gewierscht dass een keng Categorien vun Fraen huet, mee dass een allen Fraen déi eng bestemmten Liewensleeschtung erbruecht hun misst eng Unerkennung gin. Et profitéieren déi dovun déi an der Wirtschaft geschafft hun an déi, déi doheem bliwen sin."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001
)

700.000
"Ech hun eigentlech emmer beschriwen dass wann mer esou virun wuesen, dass mer dann giffen, à terme, am Joer 2050 zu 700.000 wieren. Dann muss een haut ufänken virzebreeden fir zu 700.000 ze sin. (...) All Joer brauche mer méi Wirtschaftswuestum, all Joer brauche mer méi Aarbechstplaatzen an all Joer brauche mer dofir méi Immigratioun an all Joer brauche mer dofir méi Bevölkerung. (...) Lo mescht deen 700.000 Awunnerstaat mer awer keng Angscht, daat packe mer wa mer ons richteg unzeleen wëssen.
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001
)

Haut de page

Affaire Wolter/Roemen
"Ech als sochen géif nii ee Presseprozess féieren an et ass jidferengem seng fräi Entscheddung daat ze maachen. (...) An deem Fall hei, ech fannen et net normal dass déi sougenannten Repérage téléphonique gemaat gin. Ech wöll net hun dass d'Leit hei am Land d'Gefill hun dass wann se mat engem telefonéieren, giff daat systematesch retraçéiert gin."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001
)

Haut de page

Gelle Fra 2
"Ech verstin ganz gudd dass déi Leit déi am Krigg waren, an déi déi sech zu der Resistenz zielen, dass déi sech können negativ beréiert spieren. (...) An aanerer Säit muss een awer och Versteestemech hun fir den Emgang déi eng aaner Generatioun mat engem Symbol huet, datt déi nei Generatioun net an déi selwescht Symbolstärkt weist wéi eng aaner Generatioun."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001
)

Haut de page

PISA
"Mir hun emmer an der Illusioun gelieft eis Schoulen sin déi Bescht. Mer hun awer nii evaluéiert, net mat aaneren verglach. Wéi kommen mer dozou fir ze soen eis Schoulen sin déi Bescht. Daat huet domat ze din dass Schüler wann se Universitéitsstudenten gin sin, relativ gudd virun komm sin. (...) Et ass néideg Grondkenntnisser sech besser unzeeegnen wéi daat bis haut de Fall ass, mee wann d'Schoul dobei stoe bleiwt, dann erföllt se hier Roll an der Gesellschaft net. (...) Nemmen liesen waat aanerer schreiwen, daat ass net denken."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001
)

Convention européenne
"Déi besser Léisung wär gewirscht, een ze huelen deen déi selwescht Erfahrung huet mee deen awer méi wäit an d'Zukunft könnt. (...) Europa get eppes wann mer déi Erfahrung déi déi eng hun mat der Begeeschterung zesummeleen déi déi Jonk matbrengen, wobei ech muss soen dass ech heiansdo feststellen dass déi déi méi aal sin méi Begeeschterung hun wéi déi Jonk."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001
)

Haut de page

Euro
"Ech sin impressionnéiert emmer iwert daat waat mer do färdeg bruecht hun. Wéi mer 91 den Vertrag vun Maastricht ennerschriwen hun, hätt ech nii gegleewt dass 12 Länner deen Euro giffen anféieren. (...) Ech hun den Euro nii nemmen gewollt well daat eng wichteg wirtschaftlech an geldpolitesch Saach ass. Et ass fir mech en politeschen message. Et ass Friddenspolitik matt aaneren Mettelen."
(RTL Télé Letzebuerg, 30 décembre 2001
)

Haut de page

Citations de Mme Polfer lors d'interviews de fin d'année au sujet de l'Europe:

"Es geht nicht mehr allein darum Europa für die Bürger zu realisieren, sondern Europa mit den Bürgern, in ihrem Interesse und unter ihrer Beteiligung zu gestalten. Das Europa der Zukunft, das uns allen vorschwebt, ist ein demokratisches, offenes, solidarisches Gemeinwesen, mit dem sich der Bürger identifizieren kann, weil er seine Funktionsweise versteht, und auch das Gefühl und die Sicherheit hat, dass seine Interessen im Vordergrund stehen und die Entscheidungen ihn direkt angehen."
(Luxemburger Wort, 31 décembre 2001)

"Die Luxemburger Regierung fühlt sich durch die Fragebogenaktion zur Zukunft Europas, bei der nahezu 10.000 Haushalte ihre Meinung zum Ausdruck gebracht haben, in dieser Ausrichtung ihrer Europapolitik bestärkt und wird auch in Zukunft an dieser Richtung festhalten, die am besten unseren Interessen in der Union sowie dem Gemeinschaftsinteresse entspricht."
(Luxemburger Wort, 31 décembre 2001)

"Durch die Einberufung eines Konventes, welcher der nächsten Regierungskonferenz konkrete Vorschläge unterbreiten soll, und in den alle Mitgliedsländer und alle Kandidatenländer jeweils zwei Vertreter ihrer Parlamente und einen Regierungsvertreter entsenden, wurde den nationalen Institutionen eine tragende Rolle bei der Vorbereitung der zukünftigen Gestaltung der Union zugesprochen."
(Luxemburger Wort, 31 décembre 2001)

"Die Gemeinschaftsmethode hat die Grundlage für den Erfolg der Union gelegt. Die Gemeinschaftsmethode, die auf dem Gleichgewicht des institutionellen Dreiecks von Rat, Parlament und Kommission beruht, hat es uns ermöglicht, Einheit und Vielfalt der Union zu wahren. Die Erfolge der Union, vom Gemeinsamen Markt bis zum Euro, gründen auf der Gemeinschaftsmethode. Als Union der Bürger Europas und Union der Staaten braucht die sich erweiternde Union weder ihre Grundlagen noch ihre Ausrichtung zu verändern. (Luxemburger Wort, 31 décembre 2001)

Dernière mise à jour