Discours de Son Altesse Royale le Grand-Duc à la Chambre des députés à l'occasion de la nouvelle session parlementaire 2001/2002

Här Präsident,

Ech freë mech mat Iech an den Députéierten iwwer d'Initiativ, déi mir zesumme geholl hun, fir datt ech selwer soll déi al Sessioun zou maachen an déi nei op maachen.  Dës Kéier fällt de feierlechen Akt mëtten an d'Legislaturperiod.  E gëtt mir d'Geleegenheet, fir nom Trounwiessel mat Iech – an eise Matbierger – iwwert d'Wichtegkeet vun der Chamber an eisem Rechtsstaat an iwwer d'Wäerter vun der Demokratie op en neits nozedenken.

Wat bedeit eis am Alldag 'Demokratie'?  Denke mer nach drunn, datt hir Wuerzelen an der Fräiheet vum Land, an de Fräiheete vum eenzelne Bierger, an der Gerechtegkeet an der Solidaritéit leien?

Den 11. September si mir duerch déi terribel Tragedie, déi Terroristen zu New York, Washington a Pittsburg verschëllt hun, opgerëselt ginn.

Ass d'Lexioun, déi mir doraus zéie sollen, net déi:  keng Ustrengung scheien an ëmmer erëm déi fundamental Wäerter vun eiser Zivilisatioun betounen?

Hu mir net vergiess, datt d'Vollek, a séngem Fräiheetsdrang Revolutioune gemaach huet, fir iwwert e Parlament d'Recht op Selbstbëstemmung ze kréien?

Si mir eis nach richteg bewosst, datt Dir gewielte Vertrieder vum Vollek sidd, an datt Dir deem säi fräie Wëllen duerch d'Stëmme vu Gesetzer an eist deeglecht Liewen ëmsetzt?

Besënne mir eis eegentlech nach drop, datt d'Grënner vun der Demokratie versicht hun, e System ze erdenken, deen op der Deelong vun de Pouvoiren tëschent Parlament, Regierung a Justiz berout, fir esou eng Diktatur ze verhënneren?

Ech hun dës Deeg driwwer nogeduecht, ob d'Fonktionéiere vun eisem demokratesche System eis net zur Routine ginn ass, ob s'eis net zevill selbstverständlech an domat och e wéineg gläichgëlteg gëtt?

Mir wollte vun elo un, no all nei Wal vun der Chamber, dem Wieler weisen, datt mat däer éischter Sessioun en neien Ulaf geholl gëtt, fir dem Wieler säi Wëllen an d'Praxis ëmzesetzen.

Haut de page

Dofir war och nom Trounwiessel d'Iddi opkomm, d'Ouverture vun der éischter Sessioun vun enger neier Legislaturperiod méi feierlech ze maachen an esou d'Wichtegkeet vun de parlamentareschen Aarbéchten ze ënnersträichen.

An deem Moment huet kee vun eis virausgesinn, datt et e schrecklechen 11. September géif ginn, a wéi noutwendeg et eegentleech wir, fir un d'Fondamenter vum Rechtsstaat am Vergläich mat engem Terrorsystem ze erënneren. D'Alliéert hun eng ganz Rei Moossname geholl fir den Terroristen hir Base ze entzéien an doduerch de Rechtsstaat ze schützen. Mée et ass och eis Aufgab fir méi Gerechtegkeet an der Welt ze suergen.

Här Präsident,

An eiser moderner Welt ass et déi natierlech Aufgab vum Staatschef, permament am Dialog mat deenen dräi Pouvoiren, also och mat der Chamber, ze bleiwen.

Dofir hunn ech an deenen éischte Méint vu méngem Règne am Palais de Chamber-Bureau, an der Rei no all Präsidente vun de Kommissiounen ëmfaang.  Si hu mech informéiert, u wat fir Gesetzestexter hir Kommissioune schaffen an iwwer wat fir grouss Erausfuerderunge vum Land si beroden.  Ech konnt mat jidderengem iwwert d'Aarbechtsmethoden, iwwert d'Prioritéiten, iwwert d'Zesummenaarbecht mat de Ministeren, iwwert d'Zesummespill vun der Majoritéit an der Oppositioun schwätzen.  Doraus geet kloer erfir, wat niewent den öffentleche Sëtzunge fir eng gutt Aarbecht geleescht gëtt.  Dës Aarbecht gesäit een net emmer no baussen.  Mee si ass ganz wäertvoll, well si erlaabt den Députéierten, fir sech an den öffentleche Sëtzungen op wiesentlech Aspekter vun der Dagesuerdnung ze beschränken.

Haut koum déi al Sessioun op en Enn an déi néi Sessioun huet ugefaang.  Dat bedeit, datt d'Députéierten eegentlech ëmmer am Déngscht sinn.  Si hun hir héich Missioun emmer.  Eis Verfassung gesäit fir, datt d'Kontrolaufgab, déi d'Chamber vis-a-vis vun der Regierung huet, ouni Ennerbriechung duerchgeféiert gëtt.

Et ass d'Illustratioun vun der Regel, no där en demokratesche System funktionéiert:  nämlech d'Gläichgewiicht tëschent den Institutiounen.

D'Chargen, déi d'Verfassung der Chamber gëtt, kënne vun kengem aneren iwwerholl gin:  Net vum eenzelne Bierger, net vun der öffentlecher Meenong, net vun der Press, net vu privaten Organisatiounen.  Des Aufgabe kënnen net ersat ginn duerch Ëmfroen, duerch Lieserbreiwen, duerch Ënnerschrëftesammlungen, duerch Manifestatiounen.  D'Parlament gëtt esou informéiert an et informéiert sech, mee et kann net op d'Säit geréckelt ginn ënnert

dem Virwand, et misst Plaz maachen, fir engem eenzele Bierger seng Meenung ze vertrieden.  Decisioune vun der Chamber – d'Resultat vun engem Vote, un deem all eenzelnen Députéierte bedeelegt ass – sinn net ze ersetzen. D'Chamber spigelt de Wëlle vum ganze Vollek.  Eis demokratesch Regele wëllen dat esou.

E Staat kann nëmme funktionéiren, wa genee feststeet, bei wiem d'Autoritéit läit.  Wann dat net définéiert ass, da si mer am Arbitraire.  Wa keng Autoritéit gewollt ass, da si mer an der Anarchie.  Mir wëllen dat eent an dat anert net.

Niewent dene wichtege Gesetzer, mat denen d'Chamber sech bis zum Schluss vun hirem Mandat wäerd beschäftegen, muss si och  den Dossier vun der Verfassungsreform opschloen.  Ech sinn iwwerzeegt, datt si dat am Geescht vun der aktueller Konstitutioun, vun eisen Traditiounen a vun den Ufuederunge vun enger moderner Gesellschaft erfëllt .

Här Präsident,

Ech weess, datt eis demokratesch Institutiounen do sin, fir eis Fräiheeten ze erhaalen an eis d'Kraaft ze gin, ze schaffe fir de Fridden an der Welt.

Dernière mise à jour