-
National Strategie fir d'Reduzéierung vum Energiebedarf: éischt Moossname fir de Staat, d'Betriber, d'Gemengen an d'Bierger
Op der ausseruerdentlecher Reunioun vum EU-Rot vun den Energieministeren, sinn d'Memberstaaten zu engem politeschen Accord komm, fir tëschent dem 1. August 2022 an dem 31. Mäerz 2023 op eng Reduzéierung vu 15% vum Gas-Bedarf hinzeschaffen an dat an enger éischter Phas op fräiwëlleger Basis.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitele IV a Vbis vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 27. Juli 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt.
-
Länneriwwergräifend Koordination vum Nutri-Score: Déi 7 involvéiert Länner adoptéieren e verbesserten Algorithmus fir Liewensmëttel
De 26. Juli hunn déi zoustänneg Autoritéite vun der Belsch, Frankräich, Däitschland, Lëtzebuerg, Holland, Spuenien an der Schwäiz d'Ännerunge vum Nutri-Score Algorithmus fir Liewensmëttel ugeholl, déi vum wëssenschaftleche Comité ausgeschafft gouf. Dës Entwécklunge wäerten d'Effizienz vum Nutri-Score verbesseren fir d'Liewensmëttel am Aklang mat Diätempfehlungen ze klassifizéieren, an doduerch d'K
-
Test vum nationale Warnsystem: Test-Noriicht op d'GouvAlert-App, zonal Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 1. August 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage iwwert d'GouvAlert-App, sou wéi enger Warn-SMS bannent enger bestëmmter Zon.
-
Kontroll vun neie Geschäfter an der Stad an Ëmgéigend: Professionnel kennen a respektéieren d'Reglementer a punkto Präisindikatioun
Bei enger Kontroll vu den neie Betriber, déi dëst Joer an der Stad an Ëmgéigend opgaange sinn, gouf festgestallt, datt déi grouss Majoritéit vun dëse jonke Betriber d'Lëtzebuerger Reglementer a Saache Präisindikatioun kennen a respektéieren.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen IV a Vbis vun der Verfassung
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vun de Kapitelen IV a Vbis vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 18. bis de 24. Juli 2022
An der Woch vum 18. bis de 24. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.830 op 3.577 erofgaangen (-26%).
-
D'Sam Tanson huet d'Resultater vun der Ëmfro iwwert d'Muséespraxis zu Lëtzebuerg virgestallt.
Den 21. Juli 2022 huet d'Kulturministesch Sam Tanson d'Resultater vun der Ëmfro iwwert d’Muséespraktiken zu Lëtzebuerg virgestallt, déi 2021 zesumme mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) lancéiert gouf.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Juli 2022
An der Woch vum 11. bis de 17. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.616 op 4.830 erofgaangen (-14%).
-
D'Inneministesch reagéiert op d'Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter haut an der Press
D'Inneministesch Taina Bofferding seet sech iwwerrascht, wat d'Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler haut am Lëtzebuerger Wort ugeet am Zesummenhank mat de Schied vum Héichwaasser vu viru genee engem Joer.
-
Walrecht bei de Gemengewale fir all d'Residente vum Grand-Duché
D'Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, d'Inneministesch Taina Bofferding, an d'Justizministesch, Sam Tanson, begréissen de Vott vu gëschter an der Chamber zum Gesetz fir d'Ännerung vum geännerte Walgesetz vum 18. Februar 2003.
-
70. Anniversaire vun der éischter Sëtzung vun der "Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier" (CECA) zu Lëtzebuerg
Den 13. Juli 2022, am Kader vum 70. Anniversaire vun der 1. Sëtzung vun der "Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier" (CECA), hat de Rot vun de Kommissären - op Aluedung vun der Lëtzebuerger Regierung - seng wéchentlech Sëtzung op der Gemeng Lëtzebuerg.
-
Waasser: "Phase de vigilance" ausgeléist
Opgrond vun de Wiederkonditioune vun de leschten Deeg an de Previsioune fir déi kommend Woch, rifft de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (MECDD) an d'Waasserverwaltung (AGE) d'Bevëlkerung op, den Drénkwaasserverbrauch esou wäit wéi méiglech anzeschränken an d'Verbëtze vun Drénkwaasser z'evitéieren.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis den 10. Juli 2022
An der Woch vum 4. bis den 10. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.741 op 5.616 erofgaangen (-2%).
-
Diplomiwwerreechung am INL: d'Laureaten vun der dräizéngter Promotioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" kruten hiren Diplom iwwerreecht
2021/2022 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi dräizéngte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert.
- Éischt Säit
- ...
- 24
- 25
- 26
- 27
- 28
- ...
- Lescht Säit