D'Inneministesch reagéiert op d'Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter haut an der Press

D'Inneministesch Taina Bofferding seet sech iwwerrascht, wat d'Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler haut am Lëtzebuerger Wort ugeet am Zesummenhank mat de Schied vum Héichwaasser vu viru genee engem Joer. D'Remarken, dass de Stat op deem Gebitt "katastrofal schlecht geschafft" an dass d'Gemeng "zwar eng Rei Rechnungen eragereecht" hätt, mä dass d'Käschten nach net iwwerholl gi wären, wëll a kann d'Ministesch sou net stoe loossen.

Si verweist an deem Kontext op hir rezent Äntwert (vum 22. Juni), zesumme mat de Ministere Corinne Cahen a Lex Delles, op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierten Octavie Modert, Max Hengel a Léon Gloden. Doraus geet ervir, dass bis de 16. Juni 32 Demandë vu Gemengen erakoumen an eng vun engem Syndikat, dass bis dohi 7 Gemengen an ee Syndikat fir am Ganzen net grad 1,4 Milliounen € entschiedegt goufen, an dass am Ganze Schied an Héicht vun eppes iwwer 21 Millioune gemellt gi waren. An der Äntwert stoung donieft, dass viru ronn engem Mount 24 Dossiere vu Gemengen nach traitéiert gi wären, well d'Dossieren entweder net komplett waren oder awer déi néideg Piècë gefeelt hunn, fir analyséieren ze kënnen, ob déi Schied eligibel wäre fir en Zréckbezuelen oder net. Donieft war et d'Informatioun, dass Gemengen a Syndikater hir Demanden nach bis den 1. Juli areeche kéinten. Dës Prozedur applizéiert sech fir all Gemeng an all Syndikat, déi vum Héichwaasser betraff war, d'selwecht.

Et stellt sech no interner Analys eraus, dass d'Rechnungen, déi d'Gemeng Iechternach am Inneministère eraginn huet, entweder ouni den obligatoresche Mandat de paiement erakoumen oder awer onkomplett waren, soudass de 16. Juni weider Informatiounen ugefrot goufen, déi nach net an der Beaumontsgaass ukomm sinn, woufir en Zréckbezuelen nach net méiglech war.

Donieft erënnert d'Taina Bofferding drun, dass si no den Iwwerschwemmungen a Gemenge war, déi staark ënnert dem Héichwaasser gelidden hunn, dorënner zu Iechternach. Si goung deemno bei d'Leit a bei d'Gemengeresponsabel op den Terrain, fir op der Plaz de Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren engersäits nozelauschteren an hinnen anerersäits Hëllef unzebidde virum Hannergrond vum aussergewéinlechen Héichwaasser. D'deemoleg Ausso vun der Ministesch, dass déi betraffe Gemengen op si ziele kéinten an de Ministère hinne mat gezielte Subsiden ënnert d'Äerm gräife géif, stëmmt nach ëmmer; nach mussen d'Prozeduren agehale ginn. Dofir sinn d'Remarke vum Iechternacher Buergermeeschter als net justifizéiert zréckzeweisen.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert