National Strategie fir d'Reduzéierung vum Energiebedarf: éischt Moossname fir de Staat, d'Betriber, d'Gemengen an d'Bierger

Op der ausseruerdentlecher Reunioun vum EU-Rot vun den Energieministeren, sinn d'Memberstaaten zu engem politeschen Accord komm, fir tëschent dem 1. August 2022 an dem 31. Mäerz 2023 op eng Reduzéierung vu 15% vum Gas-Bedarf hinzeschaffen an dat an enger éischter Phas op fräiwëlleger Basis. D'Regierung schléisst sech dëse Spuermoossnamen un a rifft zu enger direkter Vigilenz a Solidaritéit vun allen Acteuren op.

De Minister fir Energie a Landesplanung huet, zesumme mat de betraffe Ministèren, éischt Mesuren op nationalem Niveau agefouert, fir d'Sécherheet vun der Energieversuergung vum Grand-Duché ze verbesseren. Dës Moossnamen, déi als Zil hunn an den nächste Méint Energie anzespueren, an ons esou op eventuell Problemer an der Versuergung vu russeschem Gas ze preparéieren, sinn an enker Zesummenaarbecht mat alle betraffen Acteuren ausgeschafft ginn. Si betreffen déi ganz Gesellschaft: de Staat, d'Gemengen, d'Biergerinnen a Bierger an d'Betriber.

1. Staat: Moossname fir den Energieverbrauch ze reduzéieren

Fir den Energieverbrauch an ëffentleche Gebaier ze reduzéieren, schafft de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an enker Zesummenaarbecht mam Ministère fir Energie a Landesplanung den Ament u kloren Instruktioune fir eng méi energieeffizient Gestioun vun de betraffe Gebaier. An dësem Sënn, wäerten all Ministèren eng entspriechend Circulaire kréien.

2. Gemengen: wichteg Acteure bei der Reduzéierung vum Energieverbrauch

D'Gemengen, déi all um Klimapakt bedeelegt sinn, schaffen elo schonn aktiv un enger kontinuéierlecher Verbesserung vun hirer Energieeffizienz, wat zu enger Reduzéierung vun hirem Energiekonsum a gläichzäiteg zu enger Baisse vun den Energiekäschte féiert.

Fir si an hire Spuerbeméiunge weider ze fërderen, wäerten d'Gemenge vum Inneministère an dem Ministère fir Energie a Landesplanung, eng Circulaire geschéckt kréien, mam Titel "Vigilance sur la consommation d'énergie − économies d'énergie", déi e puer konkret Mesurë proposéiert, fir d'Energieeffizienz am Kader vun de Gemengen-Aktivitéite weider ze verbesseren.

Doriwwer eraus wäert, zesumme mat der Klima-Agence, den 8. September e Webinar organiséiert ginn, wou d'Gemenge weider Detailer iwwert dës national Campagne, souwéi d'Moossnamen, déi ëmgesat musse ginn, presentéiert kréien, an nëtzlech Dokumenter zur Verfügung gestallt kréien.

3. Betriber: enken Austausch mat der Regierung

De Ministère fir Energie a Landesplanung an de Wirtschaftsministère si sech hirer wichteger Roll am Beräich vun der Reduzéierung vum nationalen Energieverbrauch bewosst. Gläichzäiteg wësse si och mat wéi enge Limitten d'Betriber konfrontéiert sinn. Dofir sinn si an enkem Austausch mat der UEL, der FEDIL an de Beruffschamberen, fir d'Méiglechkeete vun engem reduzéierten Energiekonsum z'ermëttelen an eng Sensibiliséierungs-Strategie fir hir Memberen auszeschaffen.

4. Bierger: Start vun enger nationaler Campagne am September

All eenzele Bierger a Biergerin gëtt opgefuerdert aktiv un der Reduzéierung vum Energiebedarf matzeschaffen, fir esou d'Onofhängegkeet vun Energie-Importer ze beschleunegen. Am September presentéiert d'Regierung dofir eng grouss national Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne, déi als Zil huet déi ganz Gesellschaft zum Energiespueren unzereegen. Doriwwer eraus, wäert d'Regierung d'Entwécklungen am Beräich vun der erneierbarer Energie weider fërderen.

Weider Informatiounen zur nationaler Campagne wäerten am September kommunizéiert ginn. An der Tëscht, kann een op der Säit www.energie-spueren.lu schonn Tipps zum Energiespuere fannen.

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung

Aktualiséiert