Déclaration du Premier ministre Jean-Claude Juncker suite aux attentats de Londres

Suite aux attentats survenus à Londres en date du 7 juillet 2005, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a sévèrement condamné ces actes terroristes qui ont touché le réseau des transports publics et a exprimé, dans une lettre de condoléances au Premier ministre britannique, Tony Blair, ses sincères condoléances et sa sympathie pour les familles des victimes.

Le ministre des Affaires étrangères Jean Asselborn a également condamné "ces actes barbares" dans une lettre de condoléances adressée à Jack Straw et le ministre de la Justice, Luc Frieden, a adressé de son côté un message de condoléances au ministre de l'Intérieur du Royaume-Uni, Charles Clarke, assurant à la Présidence britannique du Conseil de l'UE le plein support du Luxembourg en matière de lutte contre le terrorisme.

Le ministère des Affaires étrangères a mis en place une hotline pour répondre à toutes les personnes recherchant ou détenant des informations sur la présence de ressortissants luxembourgeois à Londres qui pourraient être affectés par les événements qui se sont produits à Londres.

En hommage aux victimes des attentats de Londres, le gouvernement luxembourgeois a décidé le 8 juillet que les drapeaux seront mis en berne sur les bâtiments et édifices publics pour une durée de 24 heures.

Le 8 juillet, le ministère des Affaires étrangères a informé que d’après les informations reçues des autorités britanniques, aucun ressortissant luxembourgeois ne figure à ce stade parmi les victimes des attentats terroristes.

Lors d'un point presse, le chef du gouvernement luxembourgeois a fait la déclaration suivante:

"Ech hun no deenen Attentater, déi haut de Mueren zu London stattfonnt hun, den Ausseminister an den Justizminister, d’Cheffe vum Geheimdéngscht, der Protection nationale an vun der Police zu enger Drénglechkeetsëtzung an den Staatsminstär gebiede, wéi mer dat üblecherweis maachen, wann Evenementer vun der Sorte stattfonnt hun.

Haut de muere tëscht 8h41 an 9h43 hu 4 Explosioune zu London stattfonnt. Dat, wat mer vun der englëscher Police a vun den englëschen Geheimdéngschter bis elo matgedeelt kritt hun, ass die traureg Sécherhet, dass et 33 Doudeger an 300 Verletzter gëtt. Dee Bilan ass séier provisoresch an all Spekulatioune, no dem feststeet, dass et sech hei em terroristesch Attentater handelt, iwert d'Origine an d’Urheberschaft vun den selweschten verbidden sech fir de Moment, well doriwer keng geséchert Erkenntnisser virleien.

Ech hun am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung dem englësche Premier Tony Blair matgedeelt wie verdrësslech, wie traureg, wie schockéiert, dat mer iwwert die Attentater, die wie sou dacks a wie ëmmer eigentlech Leit treffen, die mat deem Geschehen, wat sech vlait hannert deem Attentat verstoppt, guer naicht ze dinn hunn.

Fir den Terrorismus gëtt et keng Justifikatioun, a wie ëmmer wann dat geschitt, sinn et die kleng Leit, die de Präis bezuelen, hiert Liewen verléiren an dofir si mer haut trotz Meenungsverschiddenheeten an aneren Felder mam Herz an och mam Verstand (...) bei dem englësche Vollek, wat matsen an Europa op eng schwéier Prouf gestallt gëtt. Terroristësch Attentater, vun dene mer wëssen, well mer eis lafend doriwwer an d’Bild setzen an setzen lossen, déi iwwerall an Europa kënne geschéien.

Mir hun zu Lëtzebuerg, wéi der wësst, een Plan d’alerte fir sou Faell: dee Plan d’Alerte hu mer direkt actionnéiert, sou dass all die sensibel Punkten, die ech am Detail net hei well beschreiwe, vun elo un ennert enger stärkerer Bewaachung stinn.

Mir hun eng Hotline am Ausseministär installéiert wou d’Lëtzebuerger kënnen uruffen, déi Leit, déi zu Lëtzebuerg wunne, an wou aner Lëtzebuerger de Moment zu London sinn, sech kenne mellen. Dat ass d’Nummer 49 77 12. Dat ass eng Hotline vum Ausseministär, die vun 5 Auer un fonctionéiert.(Note de la rédaction, prière de consulter le communiqué du 08-07 pour toute information relative à la hotline)

Mir hun eis Servicer vun der Ambassade zu London direkt verstärkt durch Lëtzebuerger Diplomaten, déi mer haut de moien, nodeems dat dat geschitt ass, direkt a Bewegung gesat hunn. D’Ambassade zu London ass ze errechen iwwert d’Nummer 0044 20 72 35 69 61. (...)

Mir hun mat den englesche Servicer, souwuel Polizei, wéi Europol, wéi och Geheimdéngschter, lafende Kontakt.

Bis elo ass net bekannt,  dat ee Lëtzebuerger an deenen Attentater emkomm wier oder dat ee Lëtzebuerger an deenen Attentater verletzt gi wier. Mir suivéieren dat awer Minutt fir Minutt, fir gewuer ze gin op een vun eise Landsleit dovu betraff ass.

An der Folleg vun deenen Attentater hun mer fir muer de muere die sougenannte Krisenzell zesummegeruff. Dat huet keng operativ Bedéitung. Mais mir hun de Beschloss gefaasst virun e Réi vun Méint, dass ëmmer wann eng Situation vun deem Typ sech präsentéiert, mer alleguerten déi Servicer, déi zu Lëtzebuerg zoustänneg si fir de Fall, wou esou eppes giff geschéie, wéi mir dann reagéiren geiffen, wann esou eppes zu Lëtzebuerg geschitt wier.

Mir waren gudd op esou eng Situatioun virbereed, well mer während der Presidence a besonneg während dem Ufank vun der Presidence mat ähnlechen Uschléi zu Lëtzebuerg gerechent haten. Mir maache muer de mueren eng Aart Debriefing fir erauszefannen, wéi hätte mir reagéiert an deenen verschiddenen Dengschtstellen déi dofir zoustänneg sin wann esou een Événement sech zu Lëtzebuerg oofgespillt hätt. (...)

Mir hun dee nexte Sonndeg e Referendum, wat mat sech bréngt, dat mer nach eng Rei vun explikative Reuniounen zu Lëtzebuerg hun. Ech hu der besonneg vill, déi gin elo op ee Minimum beschränkt. Ech hat dat de Mëtteg zu Esch an der Schoul an ech hun dat duerno am Lyçée technique des Arts et Métiers an den owend bei de Gewerkschaften, dat gëtt Veranstaltungen, die mer méi kuerz mussen haalen, wéi dat geplangt war.

Mais ech fannen, et wier net gudd wa mer an engem Moment vun demokratëscher Debatt zu Lëtzebuerg, di selwëcht giffen ennerbriechen. Et ass jo evident, dass stëmmungsméisseg, dat wat elo zu London geschitt, dat iwwerlagert dat, wat mer zu Lëtzebuerg ze soen hun. Dat wat mer ze soen hun, dat soen mer dementspriechend roueg. (...)

Ech hun mech intensiv briefe gelooss vun den mueren 12 Auer un, die ganzen Zeit bis elo vun den Sëcherheetsdengschter zu Lëtzebuerg, Police, Geheimdéngscht, Protection nationale. (...)Mir suivéiren déi Elementer zu Lëtzebuerg, vun deenen mer wëssen, dass se terroristësche Milieue nostin, respektiv zu deene gehéiren, ganz intensiv.  D’Sécherheetssituatioun zu Lëtzebuerg ass ënner Kontroll. Mir gesin am Moment keen Uklamme vun terroristëscher Gefor. (...)"

Dernière mise à jour