Débats parlementaires sur le projet de budget 2009

Le Premier ministre, ministre des Finances, Jean-Claude Juncker, et le ministre du Trésor et du Budget, Luc Frieden, sont intervenus le 3 décembre 2008 à la Chambre des députés à l'occasion des débats consacrés au projet de budget des recettes et dépenses de l'État pour l'exercice 2009.

Extraits de la déclaration du Premier ministre

  • Ech sinn der Meenung, an déi Zuele vu prognostizéiertem Wirtschaftswuesstem an der Eurozon an zu Lëtzebuerg weisen dat, datt Lëtzebuerg, ee Land wat nach net an der Rezessioun ass, ee Land riskéiert ze ginn, wat geschwënn an der Rezessioun wäert sinn.
  • Mir wuessen däitlech méi lues am Joer 2009, wéi mir am Duerchschnëtt vun deene leschten 20 Joer gewuess sinn. Mir kréien däitlech manner Aarbechtsplazen bäi an dem nächste Joer, an am iwwernächste Joer, wéi dat wat mir an der Vergaangenheet gewinnt waren. Mir kréien ee Chômage, deen am Joer 2009, an 2010 däitlech méi héich wäert sinn, wéi deen, dee mir an de leschte Joeren gewinnt waren.
  • Mir wäerten am Joer 2009 (...) méi Defizit maachen, wéi deen Excédent dee mir am Budgetsprojet fir d’Joer 2009 virgesinn hunn. Wéivill, weess ech net. Wéi een e ka contenéieren, maîtriséieren, doriwwer hu mir bestëmmte Virstellungen.
  • Mir wäerte manner Wuesstem hunn am Joer 2009, wéi deen, dee mir ugeholl hu wéi mir am September, Oktober vun dësem Joer de Budget opgestallt hunn. Mir wäerten däitlech manner héich Uelegpräisser hunn, wéi déi déi mir ugeholl hunn, wéi mir de Budget opgestallt hunn. Mir wäerten däitlech manner Inflatioun hunn, wéi déi déi mir ugeholl hunn, wéi mir de Budget opgestallt hunn. Mir wäerten däitlech manner héich Zënsen an der Eurozon hunn, an domat och zu Lëtzebuerg, wéi deen Zënssaz dee mir ugeholl hunn, wéi mir de Budget ugeholl hunn.

Dernière mise à jour