Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2014 (version originale luxembourgeoise)

  1. ©SIP / Luc Deflorenne

    Xavier Bettel lors de son discours à la Chambre des députés
  2. ©SIP / Luc Deflorenne

    Déclaration de politique générale sur l'état de la nation de Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État
  3. ©SIP / Luc Deflorenne

    Xavier Bettel lors de son discours à la Chambre des députés
  4. ©SIP / Luc Deflorenne

    Déclaration de politique générale sur l'état de la nation de Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Wann ee gären hätt, datt eppes geléngt, da muss d’Loscht op de Succès méi grouss sinn ewéi d’Angscht virum Échec.

Wann ech haut  virun Iech stinn, dann als Premier vun enger Regierung, vun enger Équipe, déi enorm Loscht op Succès huet. Déi dräi Parteien, déi sech no de Wahle vum 20. Oktober op eng Koalitioun gëeenegt hunn, sinn zu enger eenzeger Équipe zesumme gewuess.

Dräi gläichberechtegt Partner mat enger gemeinsamer Iwwerzeegung: Dat Bescht erreeche fir Lëtzebuerg!

D’Erausfuerderunge si grouss, mä d’Motivatioun fir zesumme Positives ze bewierken ass op d’Mannst genee esou grouss. Et ass vill ze maachen a vill ze veränneren. D’Regierung ass prett, huet sech an de leschte Wochen an d’Dossieren era geschafft, huet éischt Akzenter gesat a gewisen, datt een net nëmmen moderniséiere wëll, mä och moderniséiere wäert.

Wa mer eis mat deene meeschte Länner op der Welt vergläichen, hu mer kee Grond fir eis ze bekloen. Deene meeschte Leit zu Lëtzebuerg geet et net schlecht.

Dat geet awer net duer, well et däerf ee sech awer net alleng op dat konzentréiere wat ass, mä och op dat wat kënnt.

Villes vun deem wat mer hunn, steet op engem wackelege Fundament an dofir muss d’Gewiicht vun deem wat drop steet, reduzéiert ginn.

Zejoert loung d’Staatsschold bei iwwer 11 Milliarden Euro -  11 Milliarden am Joer 2013. Wa sech näischt ännert, klëmmt déi Schold op 15 Milliarden am Joer 2016. Ech ginn net midd ze widderhuelen, wat dat heescht: Dat ass 10 Mol méi, ewéi nach am Joer 2003. Et ass eng Ierfschaft, déi mer eise Kanner net kënnen a net dierfen hannerloossen. Am Budget vum nächste Joer, wäerten eis alleng ronn 800 Milliounen Euro duerch d’Ewechfale vum Commerce électronique feelen an de Staat huet néierens eng Mouk fir dat opzefänken. D’Staatsschold beweegt sech op déi 30% vum PIB duer – en Taux, dee mer zu Lëtzebuerg ni kannt hunn. Esou eng Staatsschold matschleefen, heescht eng enorm Hypothéik opzehuelen op Käschten vun eiser Zukunft, op Käschten vun eise Kanner. Dat ass eis Ausgankssituatioun: Eng Staatsschold déi an de leschte Joeren explodéiert ass, e prévisiblen Abroch bei der TVA wann d’Regelen um Commerce électronique änneren - a wéi gesot, keng Reservë fir d‘Situatioun ze entschäerfen.

De Chômagetaux bäisst sech fest um héijen Niveau vun iwwer 7 % – dat ass nei fir Lëtzebuerg. De Chômage bei deene Jonke beweegt sech ronderëm 20%, an all 8te Bierger vun eisem Land muss als aarm agestuuft ginn oder riskéiert an eng précaire Situatioun ze kommen. Eis Populatioun wiisst, an dat ass gutt esou, mä de Wunnengsbau huet an deene leschte Joeren net Schrëtt gehalen. Eis Populatioun gëtt méi villfälteg, wat engersäits en Atout ass, eis awer och virun nei Erausfuerderunge stellt.  Eise Schoulsystem ass nach net definitiv adaptéiert un déi nei Realitéit, datt bal zwee Drëttel vun de Kanner, déi  hei am Land op d’Welt kommen, eng aner Sprooch ewéi Lëtzebuergesch, als Mammesprooch hunn.

Och dat ass Lëtzebuerg. E Land mat vill Potential a mat groussen Aufgabe fir d’Zukunft.  

Dës Regierung wëllt Responsabilitéit iwwerhuele fir deene Leit, déi hei liewen a schaffe sécher Zukunftsperspektiven ze ginn. Dat gëllt virun allem och fir all déi, déi hei liewen awer nach net schaffen, well se nach an der Schoul sinn. D’Schüler a d’Studente sinn haut zu Lëtzebuerg mat engem Gefill konfrontéiert dat hir Eltere guer net an hir méi grouss Geschwëster zum gréissten Deel och net kannt hunn: Si hu reell Bedenken, ob se no hirer Ausbildung eng Aarbecht fannen – onofhängeg dovun, wéi vill si sech dru ginn a wéi gutt se duerch hir Exame kommen. Wat fréier mat Selbstverständlechkeet verbonne war, huet haut fir vill Jonker eng Notioun vun Onsécherheet, esouguer vun Angscht. Dat kënne mer net acceptéieren an dofir musse mer reagéieren. Wou haut Angscht ass, muss muer Hoffnung sinn.

Här President

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir hunn Iech et virun de Wahle gesot a mir soen Iech et och haut: Mir mussen dat Land hei reforméieren. Mir mussen de Staat reorganiséieren, d‘Administratioune méi effizient maachen, de Privatsecteur ënnerstëtzen an entlaaschten, den Entreprisen d’Méiglechkeet ginn Opportunitéiten ze notzen. An, mir mussen d’Staatsfinanzen erëm an den Equiliber bréngen.

Dat ass eng Evidenz an et wier irresponsabel iergend eppes anescht ze erzielen. D’Bierger vun dësem Land hu verdéngt, datt mir éierlech mat hinne sinn a soen, wéi déi tatsächlech Situatioun vun eisem Land ass a wat mer maache fir eis Zukunft ofzesécheren. D’Éierlechkeet vis-à-vis vun eis selwer a vis-à-vis vun de Bierger loossen eis keen anere Choix. Net méi a net manner versprécht déi nei Regierung an dee Prinzip gëllt och wann et op Käschte vun der perséinlecher Beléiftheet an de Sondagë geet. D’Regierung brauch kee Plus an de Prozentwäerter vun engem Sympathiesondage, mir brauchen e Minus an de Prozenter vum Chômagetaux. Wann dat eent dat anert ausschléisst, da kann ech ganz gutt domadder liewen a meng Regierungskollegen och.

D’Wourecht ass, datt mer zënter Joeren ze vill Suen ausginn, par Rapport zu deem wat era kënnt.

D’Wourecht ass, datt d’Staatsschold esou héich ass, wéi nach ni virdrun.

D’Wourecht ass, datt eist Land an de läschte Joeren u Kompetitivitéit verluer huet.

D’Wourecht ass, datt eise wichtegste Secteur, de Finanzsecteur, staark ënner Beschoss steet.

D’Wourecht ass och, datt mer ze vill onqualifizéiert Leit am Chômage hunn, ze vill Jonker bei der ADEM ageschriwwe sinn, ze vill Eelerer ze fréi an d’Pensioun gedréckt ginn an awer och ze vill qualifizéiert Leit keng Aarbecht fannen, well se net déi Kompetenzen hunn, déi gefrot sinn.

Op der anerer Säit ass et awer och wouer, datt eis Sozialleeschtungen op engem ganz héije Niveau sinn an dat dacks ouni, datt gekuckt gëtt ob, déi Leit, déi Ënnerstëtzung kréien, dës och wierklech brauchen. Mir hunn den déifsten TVA-Taux an Europa an och déi indirekt Steiere si méi niddereg, ewéi d’Moyenne an der EU – a vill méi niddereg, ewéi an de Nopeschlänner.

D’Regierung wëllt d’Land nei opstellen – economesch, politesch a gesellschaftlech. D’Erausfuerderunge sinn enorm an d’Äntwerten op déi vill Froe kënnen dofir och net simplistesch sinn. Gouverner c’est prévoir : Et muss een no vir kucken, wann een eist Land wëll dauerhaft  krisefest maachen,  -  wäit no vir – op jidder Fall méi wäit ewéi déi nächst Ëmfro  oder och déi nächst Wahlen. Mir kënnen eis et net leeschte fir haut eppes ze decidéieren, wat eis a noer oder wäiter Zukunft an eng nei Kris stierzt, just well net richteg geplangt gouf oder Problemer verdrängt ginn. Déi blo-rout-gréng Koalitioun plangt - an zwar nohalteg, dat heescht iwwerluecht a responsabel.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Déi läscht 4 Méint huet d’Regierung intensiv geschafft, geplangt, gerechent a mat villen Acteure geschwat. Déi eenzel Minister a Staatssekretären hu mat hire Leit an den Administratiounen a Servicer diskutéiert an hinnen nogelauschtert. Mir hunn nei Energië fräigesat a wat sech bewäert huet bäibehalen. Déi vill Fonctionnairen, déi zanter Joere mat vill Engagement an hirer Matière schaffen, sinn Experten an hirem Fach. Si engagéiere sech mat Elan fir eist Land virzebereeden op d’Erausfuerderungen déi virun eis leien. Mir hu mat den Acteuren um Terrain, mat den Interessegruppen, mat externe Beroder a mat den direkt Betraffene geschwat fir gewuer ze gi wou de Schung dréckt a wat ee muss maache fir Bloderen ze evitéieren.

Dobäi geet de Staat och weider de Wee fir fir d’éischt bei sech selwer ze spueren, respektiv no neie Recetten ze sichen. Ee Beispill wat ech erausgräife sinn d’Déngschtwunnengen. De Staat huet ronn 800 Wunnengen a sengem Besëtz a verlount déi zu ganz avantagéise Konditioune weider. Et ass geplangt dëse Mechanissem ze iwwerpréiwen. Den Ament gi vill Suen investéiert fir Ënnerhalt a Renovatioun vun dëse Logementer an dat muss een iwwerdenken.

Bei de Staatsfinanzen sti mir um Ufank vun enger neier Politik. Dës éischt Etapp huet ugefaange mat Akzenter, déi mer am Budget vun dësem Joer gesat hunn. Et goufen 231 Milliounen Euro agespuert , d’Fonctionnementskäschte sinn ëm 8,5 Prozent gedréckt ginn. Dat sinn iwwer 50 Milliounen Euro déi de Staat dëst Joer manner ausgëtt fir Konsum a Fonctionnement. Dee kollektiven Effort, dee mir alleguer zesumme musse maachen, gräift deemno, wéi versprach, fir d’éischt emol beim Staat selwer.

De Budget fir dëst Joer ass en Iwwerganksbudget, dee bannent dräi Méint opgestallt gouf. Dee Budget bréngt keng déifgräifend Verännerungen a baséiert och net op enger neier Method. Mir hunn de Projet vun der viregter Regierung geholl an iwwerschafft. D’Budgetsnorm gouf erëm agefouert, esou, datt d’Ausgabe manner séier wuessen, ewéi d’Recetten. Dat war zanter 2008 net méi de Fall! Dat huet och den Avantage datt dëse Budget de Critèrë vum Stabilitéitspakt entsprécht - en net onwichtege Faktor wann et drëms geet déi Stabilitéit ofzesécheren op där mir eist Land wëlle laangfristeg opbauen. Eng kleng an oppen Economie wéi eis, kann an däerf keng Scholdewirtschaft sinn.

Et ass beim Staat net anescht, ewéi bei eis alleguerten doheem. Et kann een net dauerhaft iwwer seng Verhältnisser liewen, mir kënnen net méi Suen ausginn, ewéi era kommen.

D’Depensë beim Staat wuessen dëst Joer nëmmen ëm 3,5 Prozent a ginn domadder méi lues erop, ewéi d’Recetten. Dat féiert derzou, datt d’Staatsschold dëst Joer relativ stable bleift. Domadder gouf eng éischt Consolidéierung vum Budget erreecht. De noutwennege Spuereffort geet beim Budget 2015 weider, de Staat gëtt méi effizient, d’Depensë méi sozial gerecht an eng ëmfaassend Steierreform gëtt 2016 parallel dozou  preparéiert.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet elo de Changement vun der Methodologie bei der Budgetsopstellung an Ugrëff geholl – eng Reform, déi laang iwwerfälleg war. 19 Aarbechtsgruppe schaffen un engem Budget vun der neier Generatioun. Ee Grupp pro Ministère plus véier horizontal – also interministeriell Equipë goufe forméiert. Si schaffe bis Juni konkret Propositiounen aus, wéi ee mat manner Sue méi effizient kann ëmgoen. Dës Gruppe ginn alleguer presidéiert a coordinéiert vu Fonctionnairen aus de jeeweilegen Administratiounen. Si kënnen, do wou dat gewënscht a gefrot ass, och vun externe Beroder ënnerstëtzt ginn. Dat ass näischt, wat ee muss verstoppen an och näischt woufir ee sech muss schummen. Wann de Staat eng Strooss fléckt maachen dat d’Servicer vun de Ponts & Chaussées, wann de Staat eng nei Strooss baut, da gëtt eng Entreprise domat chargéiert. Mir bauen eng komplett nei Zort vu Budget a mir maachen dat mam Support vun Experten, déi déi néideg Experienz hunn.

Déi eenzel Aarbechtsgruppen hu virun e puer Deeg hir Lettres de Mission vum Finanzminister kritt a sinn den Ament mat engem komplette Screening vun den Depensë beschäftegt. Si solle méiglech Weeër ausschaffe fir d’Ausgaben ze drécken an d’Aufgaben ze stäerken : Méi mat manner – an zwar an alle Beräicher.

D’Froen déi all Grupp sech muss stelle sinn:

Wat ass den Objektiv vun der Politik hannert der Depense?

Wat ass dobäi den Interêt vum Bierger?

Wat ass d’Marge de manoeuvre bei den Ausgaben?

Wat sinn d’Resultater, déi mat der Depense kënnen erreecht ginn ?

Wat kann e Co-Finanzement vu privater Säit bréngen?

Esou en Exercice fir eng Radiographie bei der Staatskeess ze maachen, ass e Novum hei am Land a wäert natierlech net einfach esou laanscht d’Ëffentlechkeet, laanscht d’Chamber, laanscht d’Gemengen a laanscht d’Sozialpartner goen. Mir sinn eis bewosst, datt mer dat schwéiert Schëff vum Budget nëmmen an de sécheren Hafe kréien, wa jiddereen hëlleft zéien – an am beschten och um nämmlechte Seel.

D’Regierung hat scho Consultatioune mat de Gewerkschaften a mam Patronat. Dësen Dialog gëtt konsequent weider gefouert an och ausgebaut, wa sech ofzeechent, wéi eng präzis Mesuren d’Regierung wëllt zeréckbehalen.

Eent ass awer elo schonns sécher: Nächst Joer geet et op der Recettësäit fir d’éischt emol ganz séier an de Keller. Dat Damoklesschwäert vum E-Commerce, wat zanter 8 Joer iwwert dem Staatsbudget hänkt, fält d’nächst Joer an domadder feele ronn 800 Milliounen Euro.

Deen integrale Montant kréie mer net opgefaangen , mä de Coup muss ofgefiedert ginn. Mir kommen net laanscht eng Hausse vun der TVA an dofir wäert den Taux op den 1. Januar 2015 em 2 Prozentpunkte klammen. Dat gëllt fir de Regeltaux , dee vu 15 op 17 Prozent klëmmt, dat gëllt och fir déi Tëschentauxen déi vun 12 op 14 Prozent oder vu 6 op 8 Prozent an d’Luucht ginn. Mat engem Regeltaux vu 17 Prozent huet Lëtzebuerg ëmmer nach däitlech déi nidderegsten TVA an der EU an ass och an der Regioun bäi wäitem am attraktiivsten. An Däitschland läit den Taux bei 19, a Frankräich bei 20, an der Belsch, d’selwecht, wéi an Holland bei 21 Prozent.

Dat ass awer nëmmen d ‘Halschent vun der Realitéit. Den Taux super-réduit vun 3 Prozent bleift onverännert op sengem ënneschten Niveau. Dat ass wichteg an et muss kloer sinn wat dat bedeit!

Zwee Drëttel vun all de Produiten, déi een am Supermarché ze kafe kritt, sinn net vun dëser TVA-Hausse betraff. Virun allem natierlech alles wat am Frigo an am Kicheschaf seng Plaz huet, mä och Kannergezai a Kannerschong. Bicher an all aner gedréckte Publikatiounen, falen ënnert den Taux super-réduit vun 3 Prozent. Och iwwregens all Entréesbilljeten fir Musée, Theater a Kino. A virun allem och am Wunnengsbau a bei Renovatiounsaarbechte bleift d’TVA am Fräibetrag bei 3 Prozent.

Beim niddregen TVA-Taux am Logement huet d’Regierung awer e Changement decidéiert. Den Taux vun 3 Prozent wäert sech an Zukunft just nach op den Haaptwunnsëtz bezéien. Jiddereen, deen eng Wunneng fir sech a seng Famill keeft oder renovéiert, profitéiert weider vum Taux-super réduit. Fir d’Acquisitioun oder d’Aarbechten un engem zweete Wunnsëtz oder engem Logement, wat soll verlount ginn, wäert deen niddregen TVA-Taux awer net méi kënnen applizéiert ginn.

Et gëtt ëmmer gesot, d’TVA wier eng ongerecht, well et eng onsozial Steier wier. Jiddereen ass d’nämmlecht betraff,  egal wéivill ee verdéngt oder wéi déi perséinlech Liewenssituatioun ass. Dat ass richteg.  Et ass awer och richteg, datt et duerchaus sozial ass, wann ee grad de Logement bewosst minimal besteiert a Familljen, déi sech en éischt Doheem leeschte vun enger Adaptatioun ausklammert. Et ass och sozial gerecht, wann een d’Artikele vum deegleche Gebrauch weider bewosst minimal an um niddregsten Taux an der EU besteiert.

D’Regierung wëllt donieft eng weider Inkohärenz bei der TVA ofschafen an déi betrëfft eng Rei alkoholesch Gedrénks, déi am Horesca-Secteur verkaaft ginn. Op verschidde Produite gëtt beim Akaf en aneren Taux gerechent, wéi beim Verkaf ufalen. Deen Espace soll et an Zukunft net méi ginn an et gëtt een Taux applizéiert. Allgemeng awer wäert am Horesca weider den Taux super-réduit gëllen! Iessen an net-alkoholescht Gedrénks, wat am Restaurant  oder am Bistro consomméiert gëtt, läit beim Taux super-réduit vun 3 Prozent an dorunner soll sech och näischt änneren.

D’Hausse vun der genereller TVA kënnt also op de Stéchdatum vum 1. Januar. Dat gëtt den Entreprisë genuch Zäit fir sech ze preparéieren a sech ëmzestellen. Et ass eng Erhéijung vun enger indirekter Steier, a se ass, wéi all Konsumsteier, net sozial selektiv. Dësen Ëmstand gëtt dofir och bei enger genereller Steierreform am Joer 2016 berücksichtegt.

Et ass donieft och en Element vun der Steiergerechtegkeet, datt déi Taxen, déi ufalen och effektiv bezuelt ginn. Dofir wëll d’Regierung méi decidéiert géint d’Fraude bei der TVA virgoen. Am neien TVA-Gesetz ginn dofir och wierksam Mechanismë géint d’Fraude agefouert.

Iwwer d’Hausse vun der TVA erwaarde mer eis zousätzlech Recetten an enger Héicht vu ronn 350 Milliounen Euro. Dat Lach am Budget wat duerch d’Ewechfale vum E-Commerce entstanen ass, gëtt domadder awer net komplett gestoppt. Nieft engem Plus u Recetten, mussen a wäerten zousätzlech Mesurë komme fir d’Ausgaben erof ze setzen. All Beräich ass betraff an all Ministère gefuerdert.

An enger weiderer Etapp gëtt de Steiersystem reforméiert an 2017 soll déi komplett Steierreform a Kraaft trieden.  Wat sech elo scho gewisen huet, ass virun allem, datt de System muss vereinfacht ginn. Den Ament ass de Prozess fir Steieren opzehiewe relativ komplizéiert an dacks net effizient. Dat ass sécher een Aspekt un deem geschafft gëtt. Onofhängeg vun de Prioritéiten am Steiersystem u sech.

Wat ech awer schonns kann elo soen, ass, datt d’Iddee vun dem Intérêts notionnells nom Modell, wéi et en an der Belsch gëtt, net wäert zeréck behale ginn. Den Effekt dovunner gouf duerchgerechent mam Resultat, datt de Notze fir d’Economie net am Verhältnis zum Verloscht vu Recettë steet.

Erlaabt mir awer och e Moment op d’Wichtegkeet vum Lëtzebuerger Modell anzegoen, besonnesch wann et ëm de Sozialdialog geet. Mir sinn all d’accord fir ze soen, datt de Sozialdialog déi lescht Joeren éischter suboptimal funktionéiert huet.

Déi Kontakter déi mir als Regierung - déi di eenzel Ministeren an och ech selwer - mat de Sozialpartner haten, hunn eis an eiser Iwwerzeegung bestäerkt, datt dës regelméisseg Gespréicher erëm sollen déi Plaz kréien, déi hinnen an eisem System zousteet.

D’Kompetitivitéit vun eiser Economie an d’Erhalen vun der Kafkraaft vun eise Familljen, sinn an den Aen vun dëser Regierung déi zwou Säite vun enger Medaill. Déi zwee Aspekter sinn ontrennbar matenee verbonnen. Wa mer vu Kafkraaft a vu Kompetitivitéit schwätzen, da si mer zu Lëtzebuerg selbstverständlech direkt beim Sujet Index, en integrale Bestanddeel vun eisem System.

Déi beschte Manéier fir esouwuel Kafkraaft, wéi och Kompetitivitéit ze stäerken, läit an enger wierksamer Bekämpfung vun der Inflatioun. Grad an dësem Bereich hu mir déi lescht Zäit Fortschrëtter gemaach. Dofir stellt sech d’Fro  ob e Weiderschreiwe vun der Indexmodulatioun, esou wéi si fir de Moment am Gesetz virgesinn ass, dee beschte Wee ass fir esouwuel den Interête vum Salariat ewéi deene vum Patronat gerecht ze ginn.

D’Regierung proposéiert de Sozialpartner ze probéieren, nach virum Summer e globalen Accord ze fannen. Dës Kéier ouni gesetzlechen Agrëff an den Indexmechanismus. Een Accord, deen der economescher Situatioun an der Präisentwécklung Rechnung dréit, an de Betriber ewéi och de Beschäftegten eng Planungssécheheet gëtt.

Et ass dann och kloer fir d’Regierung, datt am Fall vun engem neien Derappage vun der Inflatioun zu Lëtzebuerg oder am Fall, wou esou en Accord net méiglech wär, een op e Neits legiféréiere muss.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Wann et ëm den “État de la Nation” geet, féiert zu Lëtzebuerg kee Wee laanscht d’Finanzplaz. Geet et de Banke gutt, geet et dem Land gutt – déi Logik huet zu Lëtzebuerg zanter Joerzéngten d’Politik bestëmmt an déi Relatioun ass nach ëmmer richteg.

D’Finanzplaz ass net eréischt zanter dem Ufank vun der Kris ënner Beschoss mä huet sech zanterhir awer staark verännert. Jo, et ass richteg, datt verschidden Nischen zu Lëtzebuerg net méi ze hale waren, well den Drock vu baussen ze héich war. Dofir gi mer op de Wee vun Informatiounsaustausch an Transparenz. Déi fréier Regierung huet hei déi néideg Schrëtt ënnerholl, ouni Iwwerstierzung a mam Zil, datt déi Lëtzebuerger Finanzplaz keen Nodeel an Europa dierf kréien. Déi Positioun war d’Basis wéi ech am Dezember drop gepocht hun, datt de Conseil européen d’Kommissioun dozou verpflicht Verhandlunge mat den Drëttstaaten opzehuelen. Déi ferm Positioun vun zwou Lëtzebuerger Regierungen huet dann och dozou gefouert, datt den Drock op d’Schwäiz, Lichtenstein, Monaco, Andorra a San Marino geklommen ass. Um leschte Sommet, Mëtt Mäerz, krute mer eng weider Konditioun an de Schlusspabeier vum Conseil. D’EU-Kommissioun gëtt verflicht de Negociatiounsprozess mat den Drëttstaaten weider unzedreiwen a bis Enn des Joers och Resultater virzeweisen.

Fir eis Finanzplaz bedeiten déi rezent Entwécklungen e Changement.

“Eng Ära geet op en Enn”, soen déi eng  - “eng weider Etapp an der Entwécklung vun eiser exzellenter Bankeplaz” soen ech.

Eis Finanzindustrie ass net ofhängeg vum Bankgeheimnis. Mir sinn net drop ugewisen, datt Leit e Kont zu Lëtzebuerg opmaachen, vun deem de Fisque an hirem Heemechtsland näischt däerf wëssen. Daat ass kee Geschäftsmodell op dat eng Bankeplaz, op dat e Land, op Dauer kann opbauen. De Contraire ass wouer: D’Clienten an d’Investisseure froen haut no professioneller Betreiung, no Service an no Qualitéit. Dat net nëmmen hei zu Lëtzebuerg , mä iwwerall op der Welt. Eng Bankeplaz lieft vun hirer Expertise, vun hirer Qualitéit awer och vun hirer Reputatioun. Mir wäerten alles dru setze fir dës Critèren ze erfëllen an déi beschte Reputatioun ze kréien an ze behalen. Déi jéngsten Entwécklunge ginn eis och Recht.

Bis Mëtt lescht Joer ass d’Zuel vun de Banken zu Lëtzebuerg zréck gaangen. Tëscht Juli zejoert an haut, sin awer elo 11 Banken nei op Lëtzebuerg komm, 2 franséischer, 2 englescher, 3 chinesescher, eng schwäizer, eng italienesch, eng brasilianesch an och eng russesch.

Eis Bankeplaz gëtt deemno mei international, méi breet opgestallt an doduerch och erëm méi attraktiv. Mir mussen elo alles dru setze fir déi Evolutioun ze begleeden. Nodeems an deene leschte 5 Joer ronn 1.000 Arbechtsplazen am Bankesecteur verluer gaange sinn, huet d’Situatioun sech zanter dem leschten Trimester 2013 stabiliséiert.

D’Zuelen déi de Statec gëscht publizéiert huet, weisen awer datt de Bankesecteur ufälleg bleift, och wann dës Zuelen op enger Etude aus dem Hierscht 2013 baséieren. Nieft engem negativen Impakt, huet déi nei Transparenz an Neiausriichtung vun der Finanzplaz, déi den Informatiounsaustausch mat sech bréngt och positiv Auswierkungen. Mir ginn doduerch attraktiv fir eng nei Clientèle a mir entwéckelen nei Aktivitéiten.

Mir hunn déi gréisste Fongenindustrie an der EU, an hannert den USA déi zweetgréissten op der Welt. Iwwer 4.000 Fonge si bei eis gezeechent mat engem Volume vun iwwer 2.600 Milliarden. De Lëtzebuerger Fonge geet et erëm besser, d’actifs nets sinn erëm um Klammen; 2 Prozent plus dee leschte Mount a 9 Prozent plus am leschte Joer.

Mir sinn eis bewosst, datt d’Ëmfeld schwiereg bleift a mir wëssen och, datt d’Finanzmäert ufälleg bleiwe fir Onsécherheeten.  Op d’Onstabilitéit op den internationale Marchéen hu mir wéineg Afloss. Mir kënnen awer dofir suergen, datt Stabilitéit a Previsibilitéit weider d’Markenzeeche vun eisem Land bleiwen. Duerch eng gutt Gouvernance an duerch gesond Staatsfinanze schafe mir d’Viraussetzunge fir eisen Triple-A-Rating ze halen. Domat leeë mir d’Grondlag op där eis Economie wuesse kann an eise Sozialmodell vertrietbar bleift.

Déi Stabilitéit wëllt d’Regierung mat alle Moyenë verteidegen. Dës Ambitioun maache mir zum Kompass vun eiser Politik. Dat geet awer net ouni de finanziellen Equiliber erëm  hirzestellen. Net well mir Spuerfanatiker sinn, mä well d’Zukunft vun eisem Land op gesonde Staatsfinanze baséiert.

D’Zukunft opbauen heescht och sech adaptéieren a Lëtzebuerg ass amgaange sech weider ze adaptéieren. Esou ware mer eent vun den éischte Länner, déi d‘Direktiv iwwer alternativ Fongen an nationaalt Recht ëmgesat huet, mir sinn amgaangen eis Gesetzer unzepasse fir d’Expansioun vu Fongen no islameschem Recht méiglech ze maachen. Lëtzebuerg soll donieft als Plattform fir Transaktiounen an der chinesescher Währung, dem Renminbi, ausgebaut ginn. Mir hunn et fäerdeg bruecht déi dräi gréisste chinesesch Banken op Lëtzebuerg ze kréie fir hei hiert Europageschäft ze koordinéieren. Dat ass en Zeechen, datt eng weider Expansioun vun eiser Finanzplaz ugefaangen huet.

Dee Prozess vun Adaptéieren an Entwéckelen ass och nach net ofgeschloss.  Mir musse weider dofir suergen, datt d’Konditioune fir de Finanzsecteur favorabel bleiwen an datt nei Marchéë kënnen erschloss ginn. D’Regierung ass hei um qui-vive an determinéiert alles ze maache fir datt eis Bankeplaz d’Kompetitioun mat anere Finanzzentren an Europa an uechter d’Welt gewënnt. Wa jiddereen ënnert de selwechte Konditioune schafft, sollte mir déi beschte Kaarten hunn – an datt d’Konditiounen iwwerall déi nämmlecht sinn, dofir wäerte mir als Regierung och weider suergen.

Gläichzeiteg kënne mer befreit vun alle Virurteeler eis Finanzplaz am Ausland promouvéieren. Déi zoustänneg Agence Luxembourg for Finance ass esou gutt opgestallt, ewéi nach ni virdrunner fir nei Aktivitéiten an Investisseuren op Lëtzebuerg ze zéien.

Da geet et an der Finanzwelt awer net duer, datt een europäesch an international Konventioune guttheescht a Regelen unhëlt. Dës Upassunge mussen zum richtegen Zäitpunkt kommen an och an d’Realitéit ëmgesat ginn. Eng batter Experienz huet Lëtzebuerg missten am Global Forum maachen, wou mer riicht duerch gefall sinn a “non-compliant” declaréiert goufen. Dat huet eis geschuet an dofir huet déi nei Regierung schonn am éischte Regierungsrot am Dezember e 6-Punkteplang ugeholl fir déi Situatioun ze änneren. Dat ass e Prozess deen eis wäert eng Rei vun Efforte kaschten, deen awer noutwendeg ass.

De Finanzministère schafft  un enger Panoplie vu Gesetzestexter. Déi zwee éischt huet d’Regierung déi lescht Woch ugeholl: Ee Projet de loi iwwert den “Échange de renseignements sur demande en matière de fiscalité” an en zweeten Text, deen d’Regele fir “d’Actions au Porteur” méi kloer definéiert. Zil ass et, fir nach dëst Joer aus der Case vun der non-conformité eraus ze kommen an eis Reputatioun ze stäerken. Et ass dem Finanzminister gelongen, net ouni Méi, awer dank sengem 6-Punkteplang, international Finanzinstitutiounen, ewéi déi Europäesch Investitiounsbank (BEI) oder d’Europäesch Bank fir Neesopbau an Entwécklung (BERD) ze iwwerzeegen, hir Transaktioune weiderhin och iwwert eis Bankeplaz lafen ze loossen.

Eng weider positiv Noriicht aus de leschte Wochen, wat d’Compliance betrëfft, ass, datt Lëtzebuerg haut all d’Recommandatioune vum GAFI erfëllt, dem Aktiounsgrupp géint de Blanchiment - eng Institutioun, déi eis an der Vergaangenheet méi wéi eng Kéier kritiséiert huet, well mer mat eiser Legislatioun a Verzuch waren.

Dës Politik vu Compliance a vu Respekt vun internationalen Normen, zesumme mat den Adaptatioune vun de respektive Gesetzer, ass net aussergewéinlech, mä déi eenzeg déi engem Land mat Triple A würdeg ass. Si gëtt dofir konsequent weider gefouert.

Eist Zil ass eng irreprochabel Finanzplaz. E gudde Ruff ass net nëmmen bei Handwierker dat éischt Verkafsargument. Dofir gëtt an deenen nächste Wochen, och am Finanzministère eng Direktioun geschaf, déi sech em d’Compliance a d’Gouvernance  këmmert. Dat ass e wichtegt Element am Dispositiv vun der Verteidegung vun eiser Bankeplaz, wat eis bis elo gefeelt huet.

Mer sollen eis net exclusiv op eis Finanzplaz verloossen. D’Diversifizéierung vun eiser Economie war schonns en Uleies vun der viregter Regierung an de Wirtschaftsminister Étienne Schneider wäert dës Efforte konsequent weider féieren.  Dofir gouf dee Ministère och nei strukturéiert an a senge Kompetenzen ausgebaut.

Verschidde Secteure gi besonnesch gestäerkt, well se ideal si fir e Land vun eiser Gréisst,  well se sech gutt an dat economescht Ëmfeld afügen oder well se hëllefen de strukturelle Chômage ze bekämpfen. Dat gëllt zum Beispill fir de Beräich vun der Logistik. De Wirtschafsministère huet déi läscht Joere vill Efforte gemaach fir eist Land als internationalen Hub  am Beräich vun der Logistik ze positionnéieren. Déi Politik fänkt un éischt Friichten ze droen. Um fréiere WSA-Site gëtt intensiv geschafft, et gi Gebaier opgeriicht an Infrastrukture geschaf. Elo wou déi Etapp gemeeschtert ass, kënne mir nach méi Energie an d’Promotioun investéieren. Fir d’Attraktivitéit vum Standuert ze stäerken, gëtt de Projet vun der CFL fir den Ausbau vum Containerterminal zu Beetebuerg energesch viru gedriwwen a prioritär finanzéiert.

Déi nei Regierung huet sech och ambitiéis Ziler gesat am Secteur vun den Eco-Technologien. Mir wäerten dëse Beräich zu engem Pilier vun eiser Wirtschaft ausbauen. Et sinn dat wesentlech Initiative fir nei Arbechtsplazen ze schafen a gläichzeiteg sinn se enorm wichteg fir eis Energiebilanz a fir de Klimaschutz. Mir wëllen eis dobäi op zwou Axe konzentréieren: nohalteg Bauen an nohalteg Mobilitéit.

Konkret huet de Regierungsrot säin Accord gi fir eng Participatioun am Conseil National de la Construction Durable. Dëst ass eng Plattform, wou privat an ëffentlech Acteuren zesummekomme fir nohalteg Bauen ze promouvéieren. Mat Hëllef vun dëser Initiativ wäerte mir eist Land zu engem regionale Kompetenzzentrum an deem Beräich ausbauen.

Och wat déi nohalteg Mobilitéit betrëfft,  gëtt Lëtzebuerg als e nationale Centre de Recherche an Europa positionnéiert. Esou huet d’Regierung viru kuerzem e Memorandum mat enger Lëtzebuerger Busentreprise an engem Constructeur ënnerschriwwe fir Hybrid Bussen ënner reelle Konditiounen hei am Land ze testen. Deen Accord gesäit och vir, datt  zu Lëtzebuerg e Formatiouns- an Fuerschungszenter soll entstoen. Dat si konkret Schrëtt, déi beweisen, datt gutt Wirtschaftspolitik och gutt Ëmweltpolitik ka sinn.

De Secteur vum ICT ass e weidere Beräich, wou mir als Regierung an ech selwer als Kommunikatiouns- a Medieminister grousse Wäert drop leeën. Och an der Zäit nom Commerce électronique ginn an deem Secteur d’Luuchten net aus. Et ginn nei Perspektiven a nei Marchéen, wou Lëtzebuerg seng Plaz an Europa an an der Welt elo schonn huet oder awer nach ka fannen. Nach virun der Summervakanz gëtt de Gesetzprojet iwwert den Archivage électronique gestëmmt an ech sinn iwwerzeegt, datt dat eis weider Créneauen opmécht. Och hei wëlle mir Virreider ginn an nei Opportunitéiten notzen. Déi rezent Lëtzebuerger Geschicht ass geprägt duerch eng staark Präsenz am Secteur vun de Medien.

Et ass mat Radio a mat Tëlee ugaang, duerno si mer mat vill Succès an de Satellitesecteur ageklomm.

An deene leschte Joeren hu mer eis du kënnen an der Interneteconomie positionnéieren.  Vill international Firmen hu sech bei eis implantéiert, ufanks zum Deel wéinst der niddreger TVA, mä net nëmmen. Eist Land offréiert allgemeng en attraktive Kader fir Internetentreprisen.

Aner Länner sinn an der Tëscht och amgaange sech op dee Secteur ze konzentréieren a mir mussen alles maache vir un der Spëtzt ze bleiwen.

Mir hunn haut mat eiser Breedbandstrategie, déi de séieren Internet an all Betrib an an all Haus bréngt, e wichtege Schrack no vir gemaach.

Mir kréien international Unerkennung fir d’Qualitéit vun eisen Datenzentren. Dat ass gutt fir eis Economie, well et gëtt den Ament eng grouss Demande fir de séchere Stockage vun Donnéen.  Mir sinn also um gudde Wee fir am Infrastrukturberäich zu engem Leader an Europa ze ginn.

Wa mer awer nach méi genee kucken, mierke mer, datt mer d’Potential vum Internet nach net richteg a net ganz notzen. An de Verwaltunge selwer kann a muss nach vill changéiere fir Prozesser mat Hëllef vun Internet ze vereinfachen. Informatioune kënne méi liicht zougänglech gemaach ginn. Privatleit a Betriber kënne sech vill Weeër spueren, wann den Asaz vun neien Technologie beim Staat méi konsequent ëmgesat gëtt. D’Regierung wäert och en Akzent doropper leeë fir de Staat méi effizient  a méi biergerno ze gestalten.

Als Medien- an Kommunikatiounsminister wäert ech zesumme mam Pierre Gramegna an dem Étienne Schneider och der Regierung e Plang proposéieren, wéi ee Lëtzebuerg kann als digital Gesellschaft opstellen. Mir wëllen eng “ICT Revolutioun” op alle Niveauen: Beim Bierger, bei den Entreprisen a beim Staat selwer.

De Fonctionnement vum Staat gëtt mat Hëllef vun neien Technologie méi efficace. Am Sënn vun enger transversaler Politik, ginn hei all d’Ministèren agebonnen an opgefuerdert matzeschaffen. Mir sichen dofir och de Kontakt mat den Entreprisë fir eng gemeinsam Approche ze definéieren.

Wa mer dat zesumme kënnen ëmsetzen, gehéiert Lëtzebuerg an e puer Joer zu deene Länner an Europa, déi d’Potential vun den neien Technologien am beschte notzen.  Dat bréngt Virdeeler fir d'Bierger a fir d'Entreprisen. Et vermëttelt och no baussen e Bild vun engem modernen, offenen a kreative Land.

D’Bild vun eisem Land, den Image muss sech deementspriechend och weider entwéckelen. Dat betrëfft vill verschidde Beräicher a sécher och d’Kultur. D’Regierung steet zu enger lieweger Kulturszene zu Lëtzebuerg. Et ass dat kee Luxus, deen ee sech leescht, mä e wichtegen Atout vun engem Land – och wann et ëm Standuertpolitik geet. Mir hunn eng kulturell Offer, déi breet an dynamesch ass. An der Groussregioun hunn eis Kulturhaiser eng fest Plaz an a verschidde Beräicher genéisse mer international Unerkennung. Dat soll sech och net änneren!

Gläichzäiteg muss d’Organisatioun vun der Kulturpolitik de Realitéiten ugepasst ginn an dozou gehéieren déi budgetär Realitéiten. Allgemeng feelt et un engem Konzept vun der Kulturentwécklung. En Aarbechtsgrupp am Kulturministère ass amgaangen u genee esou engem Plang ze schaffen. Et gëtt virop eng Bestandsopnam gemaach vun den Haiser an Aktivitéiten am Kulturberäich, fir dann d’Defien an d’Prioritéite vun den nächste Joeren ze bestëmmen. Dat an Zesummenaarbecht mat de Kulturschafenden an och andeems d’Conclusiounen aus dem Pacte Culturel berücksichtegt ginn.

Wéi am Regierungsprogramm festgehalen, ass d’Kulturministesch Maggy Nagel och amgaangen all d’Konventiounen ze iwwerpréiwen. D’Zil vun deem Exercice ass et net fir existent Kontrakter ze kënnegen a Programmer ze sträichen. Et ginn awer Konventiounen, déi vläicht net méi der Zäit ugepasst sinn. Dat zum Beispill well de Public geännert huet oder well déi technologesch Méiglechkeete sech an de leschte Joeren esou entwéckelt hunn, datt eenzel Initiative kee Sënn méi maachen. 

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Eis Wirtschaft muss breet opgestallt a méiglechst dynamesch sinn. Mir musse kompetitiv, performant an effizient sinn. Dat geet net vum selwen an et ass sécher net d’Zäit fir eis et gemittlech ze maachen. Mir mussen eis net nëmmen op déi Beräicher konzentréieren, wou mer haut scho gutt dra sinn, mä eis an engem globaliséierten Ëmfeld behaapten.

Mir setze weider op de Finanzsecteur, d’Entwécklung vum ICT-Beräich, der Logistik, d’ Ecotechnologien, oder och  d’Biotechnololgie. Eisen Asaz gëllt awer och der traditioneller Industrie an dem  Mëttelstand. D’Regierung mécht vill Efforte fir Lëtzebuerg och als Industriestanduert ze stäerken. Et gouf den Haut Comité pour l’Industrie gegrënnt, wou d’Vertrieder vum Secteur regelméisseg mat den zoustännege Ministeren zesummesëtzen a konkret festzeleeën, wou nach Efforten an Initiativen néideg sinn.

Wat fir d’Industrie gëllt, stëmmt och fir eis Kleng- a Mëttelbetriber. Si sinn de gréissten Employeur zu Lëtzebuerg an dat soll och esou bleiwen. Déi bestoend Betriber solle sech kënnen op hir Aarbecht konzentréieren an esou mann, ewéi méiglech op Fichen, Formulairen an Timberen.

Dofir ass et en Haaptuleies vun de Koalitiounspartner all Kompetenzen an Entitéiten vun der „Simplification administrative“ ënnert enger Struktur zesummenzefaassen. Et ass dofir och keen Zoufall, datt de Minister, dee sech ëm den Ofbau vu bürokrateschen Hürden ze këmmeren huet, och Minister vum Intérieur ass. Hien huet direkte Kontakt mat de Gemengen a lokalen Autoritéiten. Donieft war et och nëmme logesch, datt déi verschidde Cellules an Divisioune vun der Simplification administrative zeummengefouert an och an engem eenzege Ministère ënnerbruecht ginn an net, wéi bis elo a getrennte Verwaltunge schaffen. Dat alleng ass schonn eng „Simplificatioun vun der Simplificatioun“.

D’Plateforme interministérielle vun der Simplificatioun huet mat Schaffen ugefaang an zwar ënnert der direkter Verantwortung a Matwierkung vum zoustännege Minister Dan Kersch. Dat ass e wesentlechen Ënnerscheed par rapport zu virdrun an och eng weider Garantie, datt et geléngt.

Als éischt Mesure an deem Kontext  kann ech annoncéieren, datt dat sougenannten „Omnibusgesetz“, aus deem mir en „TGV-Gesetz“ gemaach hunn, nach virun der Péngschtvakanz deposéiert gëtt. Et ass e komplett neie Gesetzprojet, deen och méi wäit geet, ewéi et vun der viregter Regierung ugeduecht war. Et ginn dobäi och Beräicher mat erfaasst, déi bis elo guer net am Bléckfeld waren.

Mä d’Simplifaction administrative ass e permanente Chantier, wou mat engem Gesetz net alles ofgeschloss ass. Mir wëllen hei voll op Dialog an Transparenz setzen an en Internetsite ariichten, wou Bierger an Entreprisen hir Proposë kënne maachen. Dës Virschléi ginn Eescht geholl an et gëtt och Réckmeldung op Virschléi, déi era kommen.

D’Simplification administrative genéisst Prioritéit bei der Regierung. Dofir sollen och déi interministeriell Aarbechtsgruppen, déi fir d’Preparatioun vum Budget 2015 zesumme gesat goufen, d’Fro vun der Vereinfachung um  Ordre du jour stoen hunn.

„Méi mat manner“, heescht och méi  séier a méi einfach mat manner Bürkokratie. Dat wäerten d’Bierger mierken an ze schätze wëssen, grad ewéi eis Entreprisen.

D’Konditioune fir hei am Land eng Entreprise ze grënnen ginn och vereinfacht, den Entrepreneursgeescht gëtt waakreg gerëselt. D’Regierung steet hei fir e Mentalitéitswiessel. Den Independant soll op kengem Punkt benodeelegt ginn, wat mat der Valoriséierung vum Statut ufänkt. D’Grënne vun engem Betrib gëtt méi einfach gemaach – a méi bëlleg. Et gëtt eng société simplifiée agefouert. Déi sougenannten “1-Euro-Gesellschaft”.

D’Zukunft vum Handwierk a vum Mëttelstand bestëmmt och d’Zukunft vum Land. D’Betriber solle manner Zäit mat Pabeiere verbréngen an zum Beispill méi mat der Ausbildung vu Léierbouwen a –meedercher. D’Regierung engagéiert sech an deem Kontext fir e Partenariat, fir eng Beruffsausbildung, déi de Besoinen um Terrain gerecht gëtt.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

D’Regierung steet fir en Zukunftsprogramm, fir e Plang, deen iwwert eng Legislaturperiod erausgeet. Mir denken net a Wahlterminer, mä mir denken un déi Jonk vun haut, déi d’Land vu muer wäerte prägen. Mir denken un d’Kanner, un d’Schüler, un d’Léiermeedercher an d’Léierbouwen a mir denken och un d’Studenten. D’Regierung ass kritiséiert gi fir d’Reform vun der Aide Financière. Ech verstinn datt ee keen Applaus kritt fir eng Mesure, déi dozou féiert, datt verschidde Leit manner Sue vum Staat kréien. Et muss een awer och hei bei der Wourecht bleiwen.

Wéi de System vun de Studenteboursen am Joer 2010 reforméiert gouf, sinn dobäi e puer Ziler verfollegt ginn. Et wollt een de Studente méi Autonomie garantéieren, et wollt ee si als Lëtzebuerger Bierger mat engem eegene Statut stäerken an et wollt ee Suen spueren.

De System ass awer komplett ausgeaart, war net conforme zu europäeschem Recht an domadder onhaltbar. Et hat een am Joer 2010 domat gerechent, datt dës Reform de Staat am éischte Joer 55 Milliounen Euro  géif kaschten. Et waren dunn awer 88 Milliounen Euro an dëst Joer wieren et 178 Milliounen Euro gewiescht. Dat ass eng Depense fir de Staat, déi sech méi wéi verdräifacht huet an dofir e System, dee beim beschte Wëllen net ze finanzéieren ass. D’Regierung huet also net decidéiert iergend eppes ofzeschafen, mä e Feeler ze korrigéieren. Et ass e Feeler geschitt an den zoustännege Minister Claude Meisch huet missen eppes ënnerhuelen. Dat kritt een net anescht erkläert an och net schéi geriet.

Den neie System vun de Studentebäihëllefe fousst elo um Prinzip vu sozialer Selektivitéit, vu Mobilitéit a vun Autonomie. All Student kritt e Basismontant vun 2.000 Euro pro Joer. Déi kritt ee mat der eenzeger Konditioun, datt een op enger Héichschoul muss ageschriwwe sinn.

Zousätzlech kann all Student e Prêt zu exceptionelle Konditiounen ophuelen an enger Héicht vu maximal 6.500 Euro pro Joer. Jiddereen huet esou scho mol iwwer 700 Euro pro Mount zur Verfügung.

Fir jiddereen, deen am Ausland studéiert, kommen nach emol 2.000 Euro Mobilitéitsbourse dobäi. Donieft gëtt et eng zousätzlech Bourse, déi da jee no sozialem Background gestaffelt ass. Dat mat engem Maximalmontant vun 2.500 Euro pro Joer. De Plafong fir vun der Bourse no soziale Critèren ze profitéieren, läit bei 4,5 Mol de Mindestloun. Dat si ronn 8.650 Euro de Mount. All Student, deem seng Eltere manner ewéi 8.650 Euro de Mount verdéngen, kritt also ëmmer nach eng sozial gestaffelt zousätzlech Bourse. 

Dobäi kënnt dann nach eng Hëllef déi gäre vergiess gëtt an déi am Ausland meeschtens net existéiert: De Staat ass bereet bis zu 3.700 Euro Frais d’inscription mat ze iwwerhuelen, 50% Bourse an 50% Prêt.

Jo, et kann ee soen, datt dat alles net duer geet. Jo, et ass fir vill Leit manner ewéi virdrun a Jo, et heescht fir munchereen, datt d’Wunneng méi kleng an de Prêt bei der Bank méi héich gëtt.

Et bedeit awer och, datt jonk Leit fréi léieren op eegene Féiss ze stoen, eege Responsabilitéit ze iwwerhuelen an hir Zukunft plangen. D’Hëllef, déi de Lëtzebuerger Staat de Studenten offréiert ass héich – am Verglach mat anere Länner esou guer exceptionell héich, an  dat ass och gutt esou. Mir spueren net op Käschte vun de Studenten – de Contraire ass wouer. Et ass nach ëmmer eng enorm héich Depense fir de Staat, déi d’Regierung awer fir wichteg a richteg ugesäit.

Lëtzebuerg huet kee Pëtrol a keen Accès zum Mier. Eis beschte Ressource fir de Fonctionnement vum Land ofzesécheren entsteet an de Käpp vun de Leit, déi hei liewen, wunnen a schaffen. D’Recherche ass dowéinster och eng fundamental Noutwendegkeet fir eist Land.

D’Regierung hält un den Objektiver fir d’Recherche zu Lëtzebuerg fest. Mir hunn eis engagéiert en nationale Reformplang den “Luxembourg 2020” ëmzesetzen. D’Investissementer an d’Fuerschung ginn an de nächste Joeren net gekierzt, mä wäerte klammen. Laangfristeg sollen 3 Prozent vum PIB an d’Recherche investéiert ginn – vun ëffentlecher a privater Säit. Bei dësem Renforcement wäert een awer och geziilt virgoen, Objektiver setzen a préiwen op Performancen erreecht ginn.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären

Wéi ech fir d’éischt an d’Chamber gewielt gouf, hate mir zu Lëtzebuerg e Chômagetaux vun 2,7 Prozent. Dat ass quasi Vollbeschäftegung an dat ware mer och nach déi Joeren duerno gewinnt. Wann ech deemools d’Televisioun gekuckt hunn, da goung zum Beispill an Däitschland Rieds vun engem Taux vun knapps 10 Prozent an dat huet mech schockéiert.

Haut huet Däitschland en Taux vun eppes iwwer 7 Prozent. Dat ass ëmmer nach keng Ursaach fir sech ze freeën, mä d’Tendenz an eisem Nopechland weist no ënnen. Zu Lëtzebuerg hu mer an der Tëscht och iwwer 7 Prozent an deen héijen Taux ass leider relativ stable. Dat trotz ville Beméiunge vum Aarbechtsminister an obschonns vill Plaze geschaf ginn. Dës Realitéit an den Deséquiliber mécht eis serieux Suergen.

Am Januar 2006 ware ronn 10.000 Leit bei der ADEM ageschriwwen, haut sinn et der duebel esou vill. E Véirels vun den Aarbechtslose si Jonker ënner 30 Joer. All drëtte Chômeur ass méi laang ewéi 12 Méint ouni Schaff. Dat si Chifferen, déi eis alleguerte solle waakreg rëselen, well et net nëmme Chiffere sinn. Hannert deenen  Zuele stinn Dausende Leit, déi sech beméien an d’Hoffnung net opginn. Et si Familljen, déi seriö Suergen hunn, Elteren, déi keng Perspektiven hunn, jonk Leit, déi scho fréi riskéieren all Selbstwäertgefill ze verléieren.

Et ass eng enorm schwiereg Situatioun an och hei sinn d’Léisungen net einfach. Eis Economie schaaft all Joers nei Aarbechtsplazen, mä de Chômage geet net deemenstspreichend erof. Dat eent Puzzlestéck passt  net op dat anert. Gesicht ginn héichqualifizéiert Leit, an der Offre sinn ze  vill Jonker ouni Qualifikatioun. Dat wëlle mer änneren, well mer et ännere mussen.

Den éischte Schrëtt ass et deene jonke Perspektiven ze bidden a se esou ze encouragéiere fir och eng Qualifikatioun ze erreechen. Mir sëtzen op eng enk Cooperatioun tëscht Staat, Gemeng, Schoul an Entreprisen. En deemenstpriechende Projet ass um Lafen an huet elo schonns 200 Jonken eng Formatioun bruecht. Am Juni leeft de Projet vun der Jugendgarantie un, deen den Aarbechtsminister Nicolas Schmit initiéiert, an och op europäeschem Niveau viru gedriwwen huet. Hei verflichte mer eis deene Jonken ze hëllefen: Bannent 4 Méint, nodeems si sech un d’Autoritéiten adresséiert hunn, kréie si entweder eng Aarbecht, eng Léierplaz, oder eng Méiglechkeet nees an d’Schoul ze goen.

Allgemeng kënnegt sech zu Lëtzebuerg e komplett Ëmdenken un, wat den Edukatiounsystem betrëfft. Schonn zanter e puer Joer gëtt d’Schoul reforméiert, an den Ufuerderunge vun eiser Zäit a vun eiser ganz spezifescher Sproochesituatioun ugepasst. Vill ass scho geschitt an nach vill méi ass an der Preparatioun.

Den Edukatiounsminister Claude Meisch ass fest decidéiert ze erreechen, datt d’Méisproochegkeet net méi als Nodeel, mä als kloren Atout vun eisem Land erkennbar gëtt. D’Capacitéit vun enger Sprooch an eng aner ze wiesselen ass e Markenzeeche vun eisem Land – et soll och e Markenzeechen an eiser Schoul ginn.

Dofir huet d’Regierung och intensiv Efforten an der Bildungspolitik annoncéiert, mä et gëtt net eng eenzeg Äntwert op déi vill Froen, déi sech stellen.

Ënnerschiddlech Biographien  a Liewensspläng vun de Schüler musse berücksichtegt ginn. Et brauch een dann e gemeinsame Point de Départ. Dofir ass d’Kannerbetreiung vu klengem un och en Deel vun der Edukatiounspolitik an dofir mécht et Sënn, datt béides an engem Haus zesummeleeft.

Bei der Fro, wéini e Kand fir d’éischt mat enger Struktur a Kontakt kënnt, ginn et ënnerschiddleg Ausgankssituatiounen.

Et ginn déi Kanner déi hei gebuer sinn, et ginn déi,  déi am Laf vun hirer Scolariséierung op Lëtzebuerg kommen an hei eng Perspektiv solle kréien. An et ginn och déi Kanner oder Jonker, déi um Enn vun hirer Scolariséierung an d’Land kommen  oder nëmme fir eng begrenzte Period hei sinn.

Fir dës Gruppe brauche mer eng adequat schoulesch Offer zu Lëtzebuerg. En Fonctioun vun dëse Fakteure musse mer och d’Sproochenufuerderungen definéieren.

Fir Kanner, déi vun Ufank un an eise Schoulsystem integréiert ginn, muss  gëllen, dat Lëtzebuergesch d’Integratiounssprooch ass.

Et ass eng Viraussetzung fir déi regulär Alphabétiséierung am Cycle 2, also dem fréieren éischte Schouljoer. Bei Kanner mat Migratiounshannergrond mussen déi Joere virdrun aktiv fir d’Sproocheförderung an der Lëtzebuerger Sprooch genotzt ginn. D’Crèchen, de Précoce an de Cycle 1, also déi sougenannte Spillschoul, si gefuerdert a kréien déi néideg Dispositifen. Dozou wäert ënner anerem d’Weiderbildung vum Personal an d’Ausschaffe vun didakteschem Material gehéieren.

Fir Kanner, déi zu engem fréien Zäitpunkt vun hirer Scolariséierung an d’Land kommen a laangfristeg plangen zu Lëtzebuerg ze bleiwen, musse mer Brécken bauen, wéi si de Wee an eisen Schoulsystem kënne fannen. Et gëtt schonn elo Strukturen an déi mussen evaluéiert ginn. D’Regierung ass an deem Kontext am Gaang alternativ Formen vun Alphabetiséierung zë préiwen.

D’Zil dobäi ass, datt d’Kanner am Laf vum Fondamental déi néideg Sproochekompetenzen opbauen kënnen, fir am Secondaire normal orientéiert kënnen ze ginn.

E weidere wichtege Phänomen, dee mer awer net aus den Aen verléieren dierfen ass, datt ëmmer méi Schüler nëmmen eng kuerz Zäit an eisem Land scolariséiert sinn, well se entweder spéit kommen, oder am Laf vun der Zäit d’Land nees verloossen. Dëst ass déi logesch Konsequenz vun enger oppener Economie an enger internationaler Finanzplaz. A fir dës Kanner musse mer och eng Offer schafen. Et ass eng Fro vu Standuertpolitik! Mä et ass virun allem eng Fro vun Zukunftschancen vun deene betraffene Kanner. Vun dëse Schüler kënne mer net erwaarden, dat se den héijen a ganz spezifeschen Sproochenufuerderunge vun eisem Schoulsystem gerecht musse ginn. Mir erméiglechen hinnen de Wee zu enger Qualifikatioun. Den Edukatiounsministère schafft un engem Inventaire vun de Besoinen a vun den aktuellen Offeren, esou wuel vun der ëffentlecher Schoul, der Europaschoul, a vu private Schoulen hei am Land.

D’Educatioun, d’Enfance an d’Jeunesse sinn e grousse Sekteur, dee liewt vum Asaz a vum Know-How vun de Leit déi am Sekteur schaffen.

D’Politik setzt de Kader. Déi vill engagéiert Enseignanten, Educateuren, Moniteuren a Formateuren schafe mat hirer Aarbecht Zukunftsperspektiven. Fir dat bescht ze erreeche muss Hand an Hand geschafft ginn.

„Wann ee séier wëll virukommen, geet een alleng ! Wann ee wäit wëll kommen, geet een zesummen.“

Keng Top-Down Politik, mee eng Politik déi am Klassesall usetzt, a bei däer mer d’Enseignanten als Partner gesinn, déi mer bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Dëse Partenariat gëtt an de nächste Méint a Joeren, sécherlech méi ewéi eng Kéier op d’Prouf gestallt.

Déi nei finanziell a wirtschaftlech Realitéite maachen och am Schoulhaff net Halt.

Am Bildungswiese musse mer kucken, wéi mat manner Sue méi kann erreecht ginn. D’Regierung wëll an de Schoulen net spueren, mä d’Depense solle manner séier klammen. Et ass ee sech eens, datt keng Decisioune geholl ginn, déi sech negativ op d’Qualitéit vun der Schoul an op d’Zukunftschancë vun eise Schüler auswierken.

An deem Kontext huet d’Regierung Gespréicher mat de Gewerkschaften opgeholl. Et ass eisen ausdréckleche Wonsch, zesummen eng Léisung am Interesse vun de Kanner ze fannen, eng Léisung, déi deenen neie finanzielle Realitéite muss gerecht ginn. Ech halen et dann och fir sënnvoll, datt mer iwwert d’Dechargen am Enseignement diskutéieren. Dat awer net alleng mam Bléck op d’Staatsfinanzen, mee virun allem mat Bléck op d’Qualitéit  vun der Schoul.

Mir brauchen experiementéiert a gutt forméiert Enseignanten déi sech fir d’Zukunft vun de Schüler investéieren. Mir hu genee dëss Leit an de Schoulen an hir Erfahrung soll en Atout sinn a keen Hindernis an der Organisatioun vun der Schoul.

Den Educatiounsminister wäert mat de Gewerkschaften zesummen no Léisunge siche fir de System pädagogesch besser a méi effizient ze maachen. Eng Reorganisatioun ass awer onemgänglech an d’Regierung wäert och hei hir Responsabilitéit huelen.  

En anere Punkt op deem ech net acceptéieren, datt mer eis auserneen dreiwe loossen ass d’Aféiere vun engem Wäertunterrecht.

Déi aktuell Coursë vun der morale laïque an der Relioun ginn ersat.  D’Regierung setzt keen Enseignant op d’Strooss an d’Regierung hëllt kengem e Choix ewech. Jiddereen huet d’Recht op seng Relioun, a wann déi jeeweileg Gemeinschaft dat offréiert och op Reliounsunterrecht. D’Elteren an d’Kanner behalen d’Méiglechkeet e Reliounscours ze besichen an d’Gemeinschafte behalen d’Méiglechkeet esou Coursen ze organiséieren. Dat geschitt ausserhalb vum regulären Unterrecht an der ëffentlecher Schoul. D’Regierung ass dernieft awer och weiderhi bereet Raimlechkeeten zur Verfügung ze stellen. Dat ass keng Decisioun géint d’Kierch – et ass eng Decisioun fir Pluralitéit an och fir déi sozial Kohäsioun. D’Schoul soll net zwou Gruppe vu Schüler vuneneen trennen, mä déi Jonk zesummenféieren an de Mateneen stäerken.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Eng gudd Educatiounspolitik ass laangfristeg eng Anti-Chômage a virun allem eng Anti-Jugendchômagepolitik.

Bei all Beméihungen an der Lutte géint de Jugendchômage, dierfe mer net vergiessen, datt och e Véirels vun all de Leit ouni eng Aarbecht iwwer 50 Joer al sinn. Mir mussen hinnen eppes offréieren an hir Aarbecht valoriséieren. Alleng iwwert de Wee vu Beschäftegungsmesuren geet et net. Si musse begleed an esou encadréiert ginn, datt de Schrëtt vum Chômage zeréck an d’Aarbecht fléissend awer och däitlech ass. Schaffe goe muss sech lounen, net schaffe goe dierf keng Alternativ, mä erëm eng Ausnam sinn.

Déi Betraffe selwer ginn an dësem Prozess och selwer an d’Responsabilitéit geholl. Hir Beméihunge gi berücksichtegt, bewäert an och ënnert d’Lupp geholl. Nieft dem Encadrement muss och eng Motivatioun stoen a Flexbilitéit.  D’Regierung huet dowéinst och d’Distanzklausel ofgeschaf, déi ee bis elo konnt invoquéiere fir eng proposéiert Aarbecht ze refuséieren.

D’ADEM bleift den éischten Uspriechpartner an der Lutte géint de Chômage an dës Administratioun gëtt weider verstäerkt.  Zanter  e puer Deeg steet dann och fest, datt et eng Léisung gëtt fir de wierklech akute Plazmangel am Gebai op der Gare ze entschäerfen. Eng rei Servicer ginn an aner Gebaileechkeeten op Hamm transferéiert. Dat verbessert d’Schaffkonditioune vum Personal an och virun allem d’Qualitéit vum Service.

Ech hat an de leschten Deeg och d’Geleeënheet mat de Sozialpartner iwwert d’Situatioun op eisem Aarbechtsmaart an déi noutwenneg Adaptatiounen ze diskutéieren. De Sozialdialog op institutionellem Niveau ass relancéiert. Verschidde Gesetzprojeten déi schonns an der Prozedur sinn – wéi d’Gesetz iwwert de Sozialdialog an de Betriber oder d‘Gesetz iwwert de Reklassement – ginn an den nächste Méint gestëmmt. De Projet de loi iwwer Gestion des Âges an de Betriber, ass d’lescht Woch vum Regierungsrot ugeholl ginn. Déi Initiativ gouf mat de Sozialpartner ofgestëmmt a soll mathëllefen eeler Salariéen an de Betriber ze halen, de Chômage ze bekämpfen an d’Arbechtsbedingungen ze verbesseren.

Mir sinn eng Koalitioun vun der sozialer Responsabilitéit. De Staat muss asprangen, wann et noutwenneg ass – allerdéngs nëmmen dann. Esou wéi de Staat seng Verantwortung hëllt, muss sech och jidder Eenzelnen där Verantwortung stellen.  De Sozialsystem an eisem Land ass reformbedürfteg a muss schrëttweis a gutt iwwerluecht de Realitéiten ugepasst ginn. Dat gëllt fir den RMG, fir d’Chômageindemnitéiten an et gëllt fir d’Sécurité sociale.

Eng schrëttweis Upassung heescht awer och, datt et kee “soziale Kahlschlag” mat der neier Regierung wäert ginn. Wann een néideg Upassunge vu vir eran esou condamnéiert, dann ass dat eng einfach Kritik, awer se ass net berechtegt a se ass och net richteg.

De Staat investéiert e groussen Deel vu sengem Budget an déi sozial Ofsécherung. Dobäi gëllt et mat de Ressourcen esou ëmzegoen, datt de System och nach muer ofgeséchert bleift. An de Beräicher Pensioun, Santé an Assurance Accident sinn déi lescht Joere Reformen ëmgesat oder ugestouss ginn. D’Erausfuerderunge vun der Zukunft verlaangen, datt mer weider genee oppassen, wéi de System sech entwéckelt a net waarden, bis den Zär kuerz virun der 12 steet. D’Liewenserwaardung vun eis alleguert geet an d’Luucht an doriwwer kënne mer eis freeën. Dat bedeit awer och, datt potentiell Käschten an d’Luucht ginn. Fir, datt eis d’Entwécklung net iwwert de Kapp wiisst, musse mer un der Effizienz vun de Sozialleeschtunge schaffen: dat heescht, se musse méi geziilt agesat ginn.

D’Kranken- an d’Fleegeversécherung gëtt moderniséiert fir, datt zum Beispill en Double-emploi evitéiert ka ginn. Dee Leeschtungskatalog gëtt kritesch analyséiert. Eng Prestatioun muss efficace a sënnvoll sinn, wann d’Allgemengheet duerfir soll bezuelen.

Eng Analyse muss net all Kéier nei gemaach ginn, wann e Patient den Dokter wiesselt. Informatiounen iwwert e Patient sinn a bleiwe vertraulech, Medizinner sollen awer iwwert de Wee vum elektronesche  Patientendossier kënnen hir Kenntnisser austauschen. Den Dossier de soins partagés (DSP) dee sämtlech medezinnesch Donnéeën an aner wichteg Informatioune regroupéiert, ass amgaang vun der Agence eSanté ëmgesat ze ginn. Den DSP ass en immenst wichtegt Instrument fir d’Verbesserung an d’Koordinatioun vun de Soinen an der Sécherheet vum Patient bei senger Prise en charge vu sämtleche Prestatairen aus dem Gesondheetsberäich.

An der Gesondheetspolitik steet weiderhinn de Patient am Mëttelpunkt. Jidderee soll weider eng héich qualitativ  Prise en charge garantéiert kréien. Den universellen Zougang zu de Servicer am Gesondheetsberäich bleift eng Grondviraussetzung hei am Land. D’Fro ob ee gutt versuergt gëtt, dierf net a Relatioun stoe mat der Fro, ob een och gutt verdéngt oder gutt assuréiert ass. Fir, datt dat weider méiglech ass, mussen awer och am Spidolswiesen d’Ressourcë beschtméiglechst genotzt ginn. Synergien tëscht de verschiddene Spideeler ginn aktiv ënnerstëtzt. Den  neie Spidolsplang, deen d’Weiderentwécklung an de nächsten 5 Joer bestëmmt, gëtt an de nächste Méint finaliséiert.

D’Regierung begréisst dernieft och, datt geschwënn e Gesetzprojet zum Vote steet mat deem d’Patienterechter gestäerkt ginn an d’Aarbecht vum Dokter erliichtert gëtt. Et kënnt eng Mediatiouns- an Informatiounsinstanz, déi den Dialog tëscht Patient a Medizinner erliichtert a Konflikter evitéiert. An deem Zesummenhang gëtt och en Indemnisatiounsfong fir onverschëllte Schued vun der Behandlung, dem Aléa thérapeutique geschaf.

Wa mer iwwer Gesondheetspolitik schwätzen, erlaabt mer och e Wuert iwwer Krankheeten ze soen. Mir liewen an engem Land, wou eng Diagnos den Ufank vun enger Behandlung ass, wou deene Betraffenen an der Regel ka gehollef ginn.

Eng vun de Krankheeten, mat där praktesch jiddereen a sengem Ëmfeld, an der Famill, am Frëndeskrees, konfrontéiert gëtt, ass de Kriibs. All Joer ginn hei am Land ronn 3.000 nei Fäll bekannt an d’Tendenz geet an d’Luucht. Iwwer 1.000 Fraen, Männer an och Kanner stierwen all Joer u Kriibs zu Lëtzebuerg.

Déi beschte Waff dogéint ass ëmmer nach Präventioun a Fréierkennung. D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch ass amgaang all Aktiounen a Programmer ze optimiséieren an ze  kompletéiere fir dëst an engem éischte globalen nationale Kriibsplang zesummezeféieren. Dëse 5 Joeres- Plang, dee mat all den Akteure  bis de Summer ausgeschafft gëtt, soll all néideg an efficace Moossnamen am Beräich vun der Präventioun, der Diagnostik, dem Traitement, der Fuerschung an der Informatioun vun de Patienten zesummefaassen. Domat hëllefe mer aktiv d’Risikofakteure an nei Kriibsfäll an deenen nächste Joeren erofzesetzen.

Et ginn zu Lëtzebuerg schwiereg Themen an der Gesondheetspolitik. Eent dovunner ass de Suicide. Weltwäit geet d’Zuel vun de Mënschen an d’Luucht, déi sech d’Liewen huelen. Iwwert eng Millioun Leit stierwen all Joer, well si keen Auswee méi gesinn. Bei eis zu Lëtzebuerg geet ee vu ronn 80 Suicidë pro Joer aus. D’Zuel vun den Tentativen ass nach emol bedeitend méi héich a läit bei 1.600 Selbstmordversich pro Joer hei zu Lëtzebuerg.

D’Zuel vun de Mënschen déi enger Belaaschtung net méi Stand halen, déi ënner Depressioune leiden a psychesch krank ginn, geet och bei eis an d’Luucht. All Alter an all Beruffsgrupp ass gläichermoosse betraff. Et gëtt keng Risikogrupp mä vill Leed a Misär. D’Famill an d’Kollege leide mat. Wann et zu engem Selbstmorversuch oder engem Suicide kënnt, fällt eng Welt an de Koup.

D’Regierung schafft dofir ganz aktiv un der Opstellung vun engem nationale Plang fir Suizidpräventioun, deen an den nächste Méint finaliséiert gëtt, sou datt en nach am Laf vun dësem Joer lancéiert ka ginn.

Déi méi schwaach an déi méi krank Mënsche brauchen Hëllef, déi méi staark brauchen heiansdo awer och Ënnerstëtzung. Zu deene Staarken gehéiren och déi Mënschen mat engem Handicap. Si si keng Mënschen “zweeter Klass” mä vollwäerteg Membere vun eiser Gesellschaft, déi déi Autonomie verlaangen, déi hinnen zousteet.

Fir datt déi Leit mat spezifische Besoine méi autonom ginn an hiren eegene Liewensprojete kënne realiséiere, muss de richtege Kader gesat ginn.

Den Ament iwwerschaffe mer d’Legislatioun iwwert d’Accessibilitéit vum ëffentleche Raum. Well mer d’UNO Conventioun iwwert d’Rechter vun de Leit mat Handicap wëllen esou séier wéi méiglech ëmsetzen, muss d’Applicatioun vum Gesetz vun 2001 vill méi vaste ginn.  Dat gëllt besonnesch, wann et em den  Accès zu ëffentleche Gebaier, Sozialwunnengen oder och verschidden Aarbechtsplazen geet.  

De Familljeministère huet, zesumme mam Logementsministère, Kritären ausgeschafft fir, datt op d’mannst 10% vun de Logementer, grad wi och d’Parties communes, accessibel si  fir jiddereen.  Dës Critère wäerten an Zukunft an all Cahier de charges stoe vu Projeten, déi co-finanzéiert ginn.

Mä d’Accessibilitéit ass net ëmmer nëmme physesch: och d’Informatioun muss fir jiddereen accessibel sinn. Mir hunn an deem Kontext décidéiert, e Gebäerdendolmetscher anzestellen, deen de Familljeministère all Administratioun zur Verfügung ka stellen fir Traductiounen. An Zukunft sollen och d’Pressekonferenzen an d’Gebärdesprooch iwwersat ginn, grad wéi och de Briefing nom Regierungsrot a regelméisseg och déi grouss Debaten an der Chamber.

Ech wëll duerfir och haut der Chamber Merci soen, datt d’Debatte fir d’éischte Kéier a voller Längt a Gebärdesprooch iwwersat ginn.

Här Präsident, Dir Damen an Dir Hären,

D’Regierung changéiert d’Approche bei der Familjeförderung. Et ass eng Upassung un d’Realitéit a gläichzäiteg e Paradigmewiessel.

Am Koalitiounsprogramm gouf eng déifgräifend Analyse an en detailléierten État des lieux vun de Familljebäihëllefe versprach.

Mir sinn am Gang déi Analys a Gespréicher mat de Leit aus den Secteuren weiderzeféieren.

Mir hunn net prioritär d’Elteren, mä virun allem d’Kanner am Bléck, wann et ëm Zoulagen an Ënnerstëtzung geet.

Et geet drëms d’Kanneraarmut erof ze setzen an d’Liewensqualitéit vun de Familljen ze verbesseren.

Et geet drëms eng qualitativ héichwäerteg, efficace a finanzéierbar Kannerbetreiung unzebidden. Laangfristeg wëllt d’Regierung op de Wee vun enger Gratis-Kannerbetreiung goen, esou bal déi finanziell Moyenen dat erlaben.

Et geet drëms, datt mir grad déi kleng Kanner teschent 0 an 3 Joer stäerken an hinnen de beschtméigleche Start an d’Liewen garantéieren.

Et geet och  drëms, besonnesch deene jonke Familljen déi Ennerstëtzung a Sécherheet ze ginn duerch eng gudd Kannerbetreiung, déi et hinnen erlaabt Beruff an Famill ënnert een Hut ze bréngen. Dat gëtt hinnen Autonomie a stäerkt eis Sozialsystemer op Dauer. Et ass och meeschtens keng Optioun, mä eng Noutwendegkeet datt déi zwee Elterendeeler respektiv allengerzéiend Mammen oder Pappe musse schaffen goen. Si brauchen Ënnerstëtzung bei der Kannerbetreiung an d’Regierung gëtt hinnen déi Ënnerstëtzung.

Dofir huet d’Familljeministesch Corinne Cahen a sëlleche Gespréicher mat den Acteuren, mat de Sozialpartner an mat den Experten probéiert Weeër ze fannen, fir datt de System finanzéierbar bleift an d’Situatioun vun de Kanner ka gestäerkt ginn. Dat gëllt besonnesch fir déi, déi et am meeschte brauchen.

Virum Hannergrond vun dësen Iwwerléeungen gëtt de System vun der Familljeförderung komplett nei organiséiert. Et wäert méi eng kohärent Politik sinn, wou d’Allocatiounen verstäerkt no soziale Kritären verdeelt ginn.

Den Detail vun dëser Reorganisatioun gëtt am Dialog mat den Acteuren finaliséiert an d’Familjeministesch wäert de Plang an de nächste Méint présentéieren.

An enger moderner Gesellschaft sin och Rollen an d’Responsabilitéiten tëscht Männer a Fraen gerecht verdeelt.

Zu Lëtzebuerg ass d’Glaïchsstellung tëscht deene Geschlechter a ville Beraïcher vum Liewen awer nach wäit ewech vun enger Realitéit. Et si manner Fraen um Aarbechtsmaart wéi Männer, si ginn dacks  manner gutt bezuelt fir déi selwecht Aarbecht an si sinn ënnereprésentéiert op Responsabilitéitsposten, sief dat an der Politik oder an der Wirtschaft. 

Dëss Regierung steet fir e besseren Equiliber tëscht Fraen a Männer. Dofir wärt d’Ministesch vun der Chanceglaïchheet nach virum Summer eng Gesamtstrategie ausschaffen wéi mir kënnen déi ambitiéis Ziler erreechen déi mir eis am Regierungsprogramm gesat hunn.

 Här Präsident, Dir Damen an Dir Hären,

De Logement ass e Sujet, deen all Joer op dëser Plaz nei thematiséiert gëtt. Et goufen vill Initiativen geholl, mä de Problem vun ze wéineg Wunnraum an ze héije Präisser bleift bestoen. Ech maachen an deem Kontext keng Verspriechen – ausser eent: D’Regierung mécht all Effort, ass determinéiert, décidéiert a konsequent an der Approche fir datt an Zukunft jonk Familjen eng Chance hunn fir en Doheem ze fannen. Dat ouni, datt si mussen an d’Grenzregioun plënneren oder sech iwwert d’Mooss verschëlden mussen.

D‘Grondiddee vum Pacte Logement bleift bestoen. D’Gemenge gi vum Staat ënnerstëtzt fir zousätzleche Wunnraum ze schafen. Par contre wäert, hei ewéi iwwerall, verstäerkt drop gekuckt ginn, ob déi investéiert Suen och richteg an efficace genotzt ginn. De Ministère as amgaangen zesummen mam Syvicol e Wee ze fannen, wéi een de Pacte Logement regelméisseg kann evaluéieren.

Natiirlech huet den „Aménagement communal“, deen definéiert wou a wéi dierf gebaut ginn, een direkten Afloss op d’Wunnengsbaupolitik. Et war dann och extrem wichteg, datt d’Regierung sech de „Plan sectoriel logement“ nach eng Kéier genee ugekuckt huet, well deen eng grouss Influenz op den „Aménagement communal“ huet.

D’Regierung huet an enger gemeinsamer Approche bannent kiirzester Zaït extrem vill um „Plan sectoriel logement“ geschafft. De Wunnengsbau gëtt elo do favoriséiert, wou et aus landesplanerescher Siicht sënnvoll ass an de Logement gëtt op deene Plazen defavoriséiert wou eng extrem Urbaniséierung  grouss Nodeeler ging mat sech bréngen. Dës pragmatesch a realistesch Approche huet verhënnert, datt de „Plan sectoriel Logement“ zu engem nët gewolltenen „Wunnengsbauverhënnerungsprogramm“ mutéiert wier.

Esou wieren duerch de Plan sectoriel Logement, wéi e vun der viregter Regierung preparéiert gouf, iwwer 1000 Hektar Terrain als Bauland verluer gaangen. Si wieren als Zone d‘aménagement différée oder Zone Verte zeréckklasséiert ginn. Dat konnt awer duerch gemeinsam Efforte vun de Ministèrë vum Intérieur, der Nohaltgkeet an dem Logement évitéiert ginn.

Et goufen an der Vergaangenheet och keng Berechnungen iwwert den Impakt vun theoretesch opgestallten Konditiounen. Déi Berechnungen sinn elo gemaach ginn. Opgrond vu konkrete Chifferen konnten och politesch Konsequenzen gezu ginn. Et ass dëst vernetzt Denken a Schaffen waat eis viru bréngt, a waat mir als nei Regierung wëllen promouvéieren

Mir ënnerstëtzen dann och weider de nohaltege Wunnengsbau. Allerdengs ginn déi eenzel Hëllefen regrouppéiert – déi ekologesch, déi energetesch an déi sozio-economesch Bäihëllefen ginn zesummengefaast. Dat mécht d’Prozedur vun den Demanden méi einfach, méi séier a méi iwwersiichtlech.  

D’Regierung huet eng Parti weider, an zum Deel fonkelnei, Initiativen op der Lee fir de Problemer am Logement entgéint ze wierken.Dat ass ënnert anerem d’Elaboratioun vu Baulandverträg. D’Ziel vun esou engem Kontrakt tëscht Gemeng a Propriétaire ass et fir d‘Aktivatioun vun Terrainen zäitlech ze defineieren. An der Regel gi Baulandverträg op Terrainen geluecht déi am PAG nei klasséiert goufen a wou et an den Aen vun der Gemeng sënnvoll wier se méiglechst schnell ze bebauen.

Wann  innerhalb vun engem bestëmmten Délai net gebaut gëtt, da gi Sanktiounen virgesinn. En Aarbechtsgrupp am Ministère befaasst sech mat dem Instrument an ass am gaangen Detailer auszeschaffen.

D’Logementsministesch huet och e Baulückeprogramm als Prioritéit definéiert. Donnéen iwwer Baulücke vum Staat, de Gemengen an allen aneren öffentlechen Akteuren ginn zesummegedroen. En eischte Relevé huet de CEPS schon 2010 gemaach. Hei si ronn 37 Hektar fonnt gin. Nächst Schrëtt si, datt d’Loftbiller vun 2013 analyséiert ginn a paralell gekuckt gett wou déi „Baulücken“ sech befannen a wéi se klasseiert sin.

Um Enn geet et drëms d’Offre um Wunnengsmarché an d’Luucht ze setzen, fir esou der Präisexplosioun entgéint ze wierken.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Am Beräich vum Logement gouf et an der Vergaangenheet vill Geflécks. Mir wëllen dat evitéieren an do sinn och schon eenzel Decisiounen geholl ginn. E Beispill ass eng nei Organisatioun am Ministère de l’Interieur wat den „Aménagement communal“ betrëfft. E relativ oncoordinéierte System huet hei zu vill Duercherneen an zum Deel och zu negative Konsequenzen fir de Privatsecteur gefouert. Et gouf eng Cellule fir d’Begutachtung vun de PAP’en eng zweet Entitéit huet dann d’Apporbatioun vun de selwechte PAP’en gemaach. Déi zwou Entitéiten ware kaum a Kontakt mateneen, wat derzou gefouert huet, datt de Sytem dacks blockéiert war – zum Misär vu Gemengen a privaten Promoteuren. Zanter zwee Méint ass et en eenheetleche Service, deen de Gemengen als Berodungsinstanz zur Säit steet. Dësst ass nëmmen een Element vun enger kompletter Neiorganisatioun am Inneministère.

En anert ass d’Ofschafe vun den Distriktskommissariater. Dëse Projet gëtt kuerzfristeg, a ganz sécher nach virun der grousser Vakanz op den Instanzewee geschéckt. Wa mir dat maachen, dann ass et net well mir déi Arbecht, déi hei geleescht ginn ass, net ze schätzen wëssen. Mir sinn awer der fester Iwerzeegung datt dëss Mesure ee wesentlechen Bestanddeel vun der „simplification adminstrative“ ass. Déi kuerz Weeër op déi mir zu Lëtzebuerg esou houfreg sinn, ginn erëm hirgestallt.

Et ass eng eemooleg Chance, datt et an eisem Land tëscht Staat a Gemeng keng weider Instanz gëtt. Iwwer 170 Joer no hirer Aféierung kënne mir haut déi administrativ Iwweraachung  vun den Gemengen duerch Commissariater ofschaafen.

Nieft dësem signifikanten Schrëtt,  kënnt ët an Zesummenarbecht mam Syvicol, zu weideren konkreten Erliichterungen  vun der „Tutelle administrative“. Esou ginn d‘Gemengen opgewert, an Demokratie gestärkt.

Ënnert de Gemengen soll dernieft eng onnéideg Konkurrenz ofgebaut an duerch méi Gerechtegkeet ersat ginn. Dat betrëfft zum Beispill de Verdeelungsschlëssel vun de Suen déi de Staat un d’Gemengen weider gëtt. Dobäi ginn och d’Gemengen an d’Responsabilitéit geholl wat e sënnvollen Ëmgank mat ëffentleche Gelder betrëfft.

Mir wëllen dës Finanzreform an aller Transparenz, an am Dialog mam Syvicol  op de Wee bréngen. En attendant vun enger méi déifgreifender Reform, déi Zaït brauch, soll e bestoënde Konsens awer séier ëmgesat ginn a schonns fir d’Joer 2015 gräifen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

An de leschte Méint ass duerch d’Problematik Monkeler eppes méi ewéi däitlech ginn: Mir sinn un de Limitten. Wa mir et net fäerdegbréngen, eise Wirtschaftswuesstum, eis Siidlungspolitik, eis Mobilitéit, eisen ëffentleche Raum besser a méi nohalteg ze organiséieren, da si mer ganz geschwënn an enger Saakgaas.

Duerfir muss als éischt d’Landesplanung méi efficace ginn. Si brauch e reglementaresche Kader, deen dofir suergt, datt mer an Zukunft eng kohärent Entwécklung kréien.  Eng Entwécklung, wou Schaffen, Wunnen a Fräizäit nees zesummegeféiert gëtt, wou all Duerf, all Uertschaft, all Stad, all Regioun eng  sënnvoll Funktionalitéit kritt. Et gouf sech och am Nohaltegkeetsministère an de leschte Méint intensiv mat de sektorielle Pläng beschäftegt. Et huet ee misse feststellen, datt an der Landesplanung zwar vill gutt Viraarbecht geleescht gi war, mee datt et ganz sécher an der Vergaangenheet un enger kohärenter iwwergräifender politescher Orientéierung gefeelt huet!

Duerfir huet vill Inkohärenzaus de Pläng missen eraus gebotzt ginn. D’Regierung huet dernieft och hir Schwéierpunkten afléisse gelooss. Dat wéi scho gesot, zemools an de sektorielle Pläng vum  Logement an och beim Transport.

Eng gutt Landesplanung ass eng wesentlech Viraussetzung fir eng kohärent, organiséiert an nohalteg raimlech Entwécklung vun eisem Land.

Fir datt d‘Landesplanung awer richteg ka gräifen, brauche mir esou séier wéi méiglech déi 4 primär sektoriell Pläng.

Dëss sinn och esou wäit prett. D’Regierung wäert sech e Freideg an e Samsdeg intensiv mat der Finalisatioun an der Koordinatioun befaassen, ier d’plans sectoriels dann  an de nächsten Wochen presentéiert gin. Fir d’éischt an der Chamber, den 21. Mee an da bei de Schäfferéit, ier se da formal vun der Regierung an déi vum Gesetz virgesinn offiziell Prozedur agereecht ginn. Dëst soll am Juni geschéien, wou d’Pläng dann och am Kader vun enger Enquête publique de Gemengeréit an de Bierger virgestallt ginn. Wann alles gutt geet, sollen se dann als groussherzoglech Reglementer a ronn zwee Joer definitiv a Kraaft trieden.

D’Gemenge gi bei dëser Saach net iwwerfall an hunn nom definitiven Akraafttriede vun de Pläng véier Joer Zäit, fir hir PAGen unzepassen, och wann et muss kloer sinn, datt an Tëschenzäit näischt Contraires méi zu de wesentleche Prescriptioune vun de Pläng däerf geplangt ginn.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Lëtzebuerg ass am Top 5 vun den EU-Länner, wou d’Leit déi meeschten Zäit an de Staue verbréngen. Dat ass schiedlech fir eis Liewensqualitéit, fir eis Ëmwelt an och fir eis Economie an dat muss sech änneren. D’Regierung wäert an de nächste Joeren massiv an d’Mobilitéit investéieren. Zuch, Bus, Tram, Vëlo, Auto a Foussgänger gi besser matenee kombinéiert: Ewech vun dem eendimensionalen Denken hin zu Multimodalitéit. Dat heescht e kombinéiert Notze vun allen zur Verfügung stoende Verkéiersmëttel.  Dat ass et, wat mer brauchen, fir datt mer an Zukunft besser virukommen.

D’Eisebunn brauch méi Capacitéit. Fir datt dat ka geschéien, huet den Nohaltegkeetsminister Francois Bausch virun zwou Wochen de Gesetzesprojet fir d’Verduebelung vun der Beetebuerger Streck an der Chamber déposéiert. Weider Gesetzer kommen an den nächste Méint no: Zum Beispill den Aus- an Ëmbau vun der Ettelbrécker Gare. An der Gare Lëtzebuerg wäert e fënnefte Quai gebaut ginn, deen nieft dem Ausbau vun der Beetebuerger Streck nei Méiglechkeete offréiert. De grenziwwerschreidenden Traffic a Richtung Frankräich gëtt esou weider verbessert. Fir datt d’Gare Lëtzebuerg kann entlaascht ginn, a fir datt ee vu Süden, Westen an Norde besser a méi schnell op de Kierchbierg ka kommen, wäert den Arrêt Pont Rouge séier gebaut ginn – mat engem Funiculaire vir d’Passagéier einfach an séier aus dem Pafendall op de Kierchbierg ze transportéieren. De Projet de loi ass d’lescht Woch am Regierungsrot ugeholl ginn, a wäert geschwënn hei an der Chamber déposéiert ginn.

D’Eisebunn investéiert och nach weider an hiert Material. Esou ginn nach dëst Joer nei duebelstäckeg Automotricë geliwwert, déi dann vum  Wanter un am Kader vun dem neie Rheinland-Pfalz-Takt op Koblenz fueren. Am Stonnentakt, respektiv zu den Haaptzäiten och am Hallefstonnentakt.

Nieft der klassescher Bunn wëllt d’Regierung och séier den Tram bauen. An, a ronderëm d’Stad Lëtzebuerg sinn haut scho 50% vun den Aarbechtsplaze vum Land konzentréiert. Mat Houwald, Ban de Gasperich, Hollerech, Kierchbierg a Findel ginn et weider Entwécklungsgebidder an déi mussen gudd matenee verbonne ginn. Den Tram ass d’Verkéiersmëttel, wat déi Ubannung garantéiert.

D’Regierung huet den initiale Projet korrigéiert an d’Trace vum Findel duerch d’Stad bis op d’Cloche d’Or gëtt elo séier ëmgesat. Den Nohaltegkeetsminister wäert spéitstens Ufanks vum nächste Joer en zweet Finanzéierungsgesetz deposéieren, wat et erlaabt, den Tram schonn an der éischter Phase direkt bis op den Houwald ze bauen. Fir d’Deeler Houwald-Cloche d’Or an Luxexpo-Findel sollen déi entspriechend Gesetzer geschwënn hannendru komme. Esou kann déi ganz Linn vum Findel bis op d’Cloche d’Or fir d’Joer 2020/21 operationell sinn.

Den Tram alleng léist eis keng Verkéiersproblemer, mee ouni den Tram als neit schinnegebonnend Réckgrad am Zentrum wäerte mer ganz sécher d’Verkéiersproblemer net an de Grëff kréien.

A well den Tram nëmmen a Kombinatioun mat Zuch a Bus a Park and Ride eppes bréngt, gi parallel folgend Infrastrukture gebaut:

Néng "plateformes d’échange": si sinn op der Cloche d’Or, bei der neier Gare Houwald, zu Bouneweg, zu Hollerech, op der Gare centrale, op der Stäreplaz, beim Arrêt Pont Rouge, bei der Luxexpo, um Héihenhaff.

Bei dëse Plattforme ginn direkt folgend P&Re gebaut:

4000 Plazen um Héihenhaff beim Findel

1500 Plazen op der Cloche d’Or

500 Plaze bei der Luxexpo.

Doriwwer eraus sollen eng Rei nei gréisser P&Ren an de Grenzregioune gebaut ginn, en éischte mat enger Capacitéit vu 1500 Plazen direkt un der Gare Rodange.

An deem ganze Konzept gëtt de Bus komplett reorganiséiert. Nei tangential Linne sollen déi grouss Aktivitéitszonen direkt matenee verbannen. Esou wäerten vum Mee dëst Joer un esou Héichcapacitéitsbuslinnen d’Aktivitéitszonen am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg ënnereneen an mat der Gare centrale verbannen.

Alleng am Budget dëst Joer gi 14 Millioune méi fir d’Verstäerkung vum Busreseau investéiert, virun allem am Interessi vum Beruffsverkéier. De Bus wäert an Zukunft e ganz wichtegen Zoubrénger zu Zuch an Tram ginn an e wäert déi Regioune besser matenee verbannen, wou et weder Zuch nach Tram gëtt.

Fir dat Ganzt ofzerënnen, soll dat vollt Potential vun der doucer Mobilitéit, dem Vëlo an zu Fouss goen, voll ausgeschöpft ginn. Den Nohaltegkeetsministère huet sech elo duerfir eng nei Cellule de planification ginn a bei der Stroossebauverwaltung gouf eng nei Division de la mobilité écologique geschafen. Dës wäerten, an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen am Land, der doucer Mobilitéit zum Duerchbroch verhëllefen an deementspriechend wichteg nei Mobilitéitsakzenter setzen.

Mir brauchen all dës substantiell Investissementer fir dat Gesamtkonzept fir eng nei Mobilitéit. Dëst si wichteg Entscheedungen, fir datt eist Land sech och an Zukunft nach ka wirtschaftlech weider entwéckelen grad ewéi och fir méi Liewensqualitéit.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Den Zoustand vun eiser natiirlecher Ëmwelt huet an de läschte Joeren an Joerzéngte staark gelidden. Mir gesinn haut, datt den ekonomeschen Wuestum net nëmmen zu materiellen Räichtum bei ville Stéit gefouert huet, mä och aner Konsequenzen huet - Konsequenze fir eis Gesondheet, Konsequenze fir eis Liewensqualitéit a Konsequenzen fir eis Natur. Mir hu begrenzten natierlech Ressourcen, eng begrenzte Fläch an mussen suergsam domat ëmgoen – mir mussen mat manner méi maachen. Mir mussen an dëser Erausfuederung eng Chance gesinn a kreativ an innovativ ginn.

Eis Loft as plazeweis mat ze vill Schadstoffer belaascht. An de Baachen an am Grondwaasser fanne mir ze vill Nitrater an deelweis och Pestiziden aus der Landwirtschaft. An eise Baachen, Bëscher, Wissen an Hecken hunn ëmmer manner Déieren a Planzen Plaz fir ze liewen.

Mir brauchen awer propper Loft, propper Waasser an eng gesond a villfälteg Natur, soss geet et eise Leit a virun allem eise Kanner zu Lëtzebuerg op Dauer net gutt. Loft, Waasser, Buedem, Natur sinn och e Kapital, ëm dat mir eis musse këmmeren. Wa mir net elo déi entstane Retarden ophuelen, da bedeit dat net nëmmen de Verloscht vu Villfalt, eng Gefor fir eis Gesondheet, mä och Käschten - Käschte fir d’Allgemengheet, Käschten fir eis alleguer, Käschten fir eis Kanner.

Mir maachen keng Symptombehandlung, déi nëmmen kascht an net vill bréngt, mä mir wëllen d’Ursaachen zesumme mat de Biirger ugoen. De Verloscht vu Biodiversitéit gëtt ofgebremst. D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an de Staatssekretär Camille Gira wäerten och schnellstméiglech dat iwerschafftent Naturschutzgesetz lancéiren.

De Qualitéitszoustand vun de Lëtzebuerger Gewässer ass alarmant : Nëmmen 7 Prozent vun de Baachen a Flëss an nëmmen 60 Prozent vun de Grondwaasserreservoiren sin an engem gudden Zoustand. Fir dës wertvoll Ressourcen konsequent ze schützen an d'Versuergungssëcherheet vu Lëtzebuerg mat properem Drénkwaasser och an Zukunft ze garantéieren, verstäerkt d'Regierung hir Efforten am Beräich vum präventive Waasserschutz: D'Ausweise vu ronn 80 Drenkwaasserschutzzonen spillt hei eng zentral Roll. 5 Schutzzonen si schonn um Instanzenwee an dësst Joer kommen der nach 10 dobäi.

Déi aktuell Retarde bei Waasser an Naturschutz-Autorisatiouene gi schnellstméiglech opgeschafft.  Mir féieren och am Waasserberäich eng Deklaratiounsprozedur an, ähnlech zu den „Classe 4-Kommodosdéklaratiounen“. Duerch dëss administrativ Vereinfachung gëtt d’Waasserverwaltung méi efficace, well si méi Zäit fir déi wichteg Dossieren kritt. Duerch d‘ Regrouppéieren vun alle Kompetenzen, déi déi natierlech Ëmwelt ugin, duerch d’Integréieren vum Waasser an den Emweltministère, wäerten mir Synergien notzen, fir d’Autorisatioune méi schnell ze gin, ouni awer datt daat Konsequenzen op de Schutz vun der Emwelt huet.

E Beruffsstand, dee per Definioun enk mat der Natur verbonnen ass, sinn d’Baueren an d‘Wënzer. Am Secteur vun der Landwirtschaft geet et den Ament besser, ewéi nach virun e puer Joer. Gläichzäiteg bleift et awer e Beräich, wou eng staatlech Ënnerstëtzung néideg ass. Et ass dofir och eng prioritär Aufgab vir de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen fir de Programme de Développement Rural ze finaliséieren an domatter dem landwirtschaftleche Secteur déi néideg Planungssécherheet ze ginn.

Mir wëssen och datt déi landwirtschaftlech Tätegkeet net ouni Afloss op eis Natur bleift. Deementspriechend sinn och am PDR Instrumenter virgesinn, déi dem Secteur hëllefe sollen, esou ze schaffen, datt dat mat méiglechst wéineg Nuisance fir de Buedem, d’Waasser, d’Loft an de Klima geschitt.

Am selwechte Kontext soll een och de nationalen Aktiounsplang an d’Gesetz iwwert d’Pestiziden  net vergiessen, wou d’Diskussioun hei an der Chamber am Gaangen ass. Hei gëtt eng nei proaktiv Approche gewielt, fir den Asaz vun dëse Mëttelen sou wäit ewéi méiglech ze vermeiden an do wou dat awer muss geschéien, déi néideg Informatioun a Formatioun ze garantéieren.

Vu besonnescher Aktualitéit ass den Ament och  d’Thema „Bauschutt“. Den Erdrutsch op der décharge zu Monnerech, deen eng Fermeture vun dëser Décharge bedingt, zu engem Moment, wou och d‘Décharge zu Helleng voll as, huet zu enger Krisesituatioun am Bausecteur gefouert. Mir hunn am Süden an am Zentrum vun eisem Land keng ausgewisen Plaz méi, fir den Buedem vun den Chantieren ze entsuergen. Mir stelle fest, datt, wat d’Déchargen betrëfft, joerelaang just um Limit geplangt gouf. Dës Regierung wäert dofir suergen, datt am ganze Land déi mëttel- bis laangfristeg Reserven fir Buedemdéponien geschaf gin, wéi se säit dem Ufank der 90er Joër verlaangt ginn.
Mir maachen dat als Regierung net alleng, mir kënnen et awer net alleng maachen. D’Gemengen sin mat gefuerdert, d’Solidaritéit tëschent de Gemengen am Land as essentiell!

D’Regieurng agéiert op zwee Niveauen:

Eéischtens: manner Buedem „produzéieren“ duerch eng Upassung vun der Art a Weis fir ze bauen. Hei sin och d’Gemengen mat de Bauteréglementer gefuerdert.

Zweetens: Méi en dicht Netz vun Buedemdéponien schaafen an esou och d‘Belaaschtung fiir d’Bevölkerung méiglechst kleng haalen. Alleng am Zentrum an am Süden sollen an dëser Legislatur 4 nei Deponien installéiert ginn.

Wa mer bei der Aart a Weis vum Baue méi no Ëmweltkritäre kucken, laang Trajete fir Bauschuttcamionen evitéieren, dann ass dat och aktive Klimaschutz - eng weider Prioritéiet vun der neier Regierung.

De Staat selwer wäert och weider vill mussen an ëffentlech Gebaier investéieren. Mir brauchen nach eng ganz Rei Schoulen a Sozialinfrastrukturen. Mir mussen an Zukunft nach méi effizient bauen an dat am duebele Sënn: finanziell an energetesch.

Finanziell, andeems mer eis Bauprogrammer méi kritesch iwwerpréiwen an ëmmer nees hannerfroen, wat sënnvoll a wat „nice to have“ ass. Och wann an der Vergaangenheet scho vill Ustrengunge gemaach gi sinn, fir méiglechst energieeffizient ze bauen, esou kënne mer do nach besser ginn. Éischt ganz villverspriechend Pilotprojete ginn an den nächste Joere lancéiert. Esou gëtt den neie Lycée vun de Gesondheetsberuffer zu Ettelbréck an dat neit Gebai vun der Forstverwaltung zu Dikrech am “Energie plus”-Standard gebaut. Dat heescht, dës ëffentlech Gebaier produzéiere méi Energie wéi se selwer verbrauchen.

Och d’Sanéierung vun de bestehende staatleche Gebaier gëtt an deem Sënn nei définéiert fir esou och eis CO2-Emissiounen ze reduzéieren.

Dat schaaft ausserdem Aarbechtsplazen an zwar heiheem. Et spuert Suen, well wat mer méi energieeffizient bauen, wat mer mëttel- a laangfristeg u  Fonctionnementskäschte spueren.

Wat eis CO2-Emissiounen betrëfft, wësse mir datt mir méi maachen kënnen, datt mir méi maache mussen. Mir wëssen och, datt mir och méi séier handele mussen.

Weltwäit gekuckt klammen d’Emissioune weider. Och wann Europa de Problem net kann alleng léisen, komme mir net derlaanscht, eis Gesellschaft méi CO2-aarm a méi nohalteg ze gestalten. D’Viirdeeler leien op der Hand : mir gi manner ofhängeg vun den Importe vu fossilen Energieträger, mir schafe Wuesstem an Aarbechtsplazen.

Ech hu mech beim rezente Conseil européen dofir agesat, datt d’EU fréizäiteg déi grouss Linne vun engem ambitiéise Kader fir d’Klima- an d’Energiepolitik bis 2030 festleet. Ambitiéis heescht a mengen Aen e CO2-Reduktiounszil vun op d‘mannst 40 Prozent, sou wéi vun der Kommissioun virgeschloen. Par contre bei der Energieeffizienz a bei den erneierbaren Energiequellen – wou mir eis fir en EU-Zil vun 30 Prozent ausgeschwat hunn – muss d’Kommissioun nach nobesseren.

Niewend der Ëmsetzung vum 2. nationale Klimaschutzaktiounsplang an der Weiderféierung vum Klimapakt mat de Gemengen, schaffen mir och un neien, innovativen Instrumenter. Zum Beispill eng Klimabank, fir zesumme mam Privatsecteur d’Ëmsetzung vun de Moossnamen am Beräich vun der Verbesserung vun der Energieeffizienz a vum Asaz vun den erneierbaren Energiequellen ze accéléréieren.

D‘Subventiounsregimer an dëse Beräicher gi mëttelfristeg iwwerduecht fir nach méi geziilt ze förderen a preventiv géint d’Energiearmut virzegoen.

An der Energiepolitik wëlle mer allgemeng an den nächste Joeren nei Akzenter setzen, andeems mer am Stroum- an am Gasberäich eise Marché besser mat deem aus den Nopeschlänner verbannen. Nieft enger méi staarker regionaler Kooperatioun, triede mer mat Nodrock fir eng méi staark europäesch Approche an der Energiepolitik an.

Fir Bürosgebeier an aner Haiser, déi net fir d’Wunne gebraucht ginn, gëtt den Effizienzstandard vun der Energieklass D op d’Energieklass C verschäerft. Dat fir all nei Funktionalgebaier, deenen hir Baugenehmegung no Mëtt 2015 agereecht gëtt.

D’Regierung féiert eng Energieeffizienz-Obligatioun an, déi d’Stroum- a Gasfournisseuren obligéiert, fir 1,5% Energie bei hire Clienten anzspueren. Heimat versprécht d’Regierung sech en neien Elan fir d’Energiespueren an der Industrie, den Entreprisen a bei de Privatleit. Déi erneierbar Energie wëlle mer weiderhi konsequent ënnerstëtzen, woubäi och gekuckt gëtt wat economesch am meeschte Sënn mécht.

De Staat huet bei der Energie an och an der Klimapolitik eng Virbildfunktioun. An deem Kontext muss een och iwwert eis Politik bei den Accisen um Bensinn nodenken. Den Ëmweltministère ass chargéiert Berechnungen ze coordinéieren fir erauszefannen, wat mëttel- a laangfristegen, a wat de positiven an de negativen Impakt wier, wann den Export vun Diesel a Bensinn géif ofhuelen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Am Beräich vun der Gesellschaftspolitik a vun eisem Justizwiese sti gréisser Evolutiounen un. Zum Deel sinn déi vun der viregter Regierung ugefaang ginn, zum Deel ware se awer och mat der viregter Majoritéit net méiglech.

Wat gutt ass, gëtt weider gefouert, wat muss changéiert ginn, gëtt changéiert, wou et u Wäitbléck gefeelt huet, iwwerhëlt d’Regierung hir Responsabilitéit a bessert no.

An den nächste Woche gëtt an der Chamber d’Reform vum Mariage gestëmmt. Domadde kréien all d’Koppelen - och déi gläichgeschlechtlech - d’Recht sech ze bestueden an hir Léift mat engem festen Engagement fireneen ze bekennen.

Kanner déi zur Adoptioun fräi sinn, kréien dann och d’Recht vun all de Koppelen adoptéiert ze ginn. Scho méi laang dierfen zu Lëtzebuerg Fraen a Männer – onofhängeg vunn hirer sexueller Orientéierung – alleng adoptéieren. Elo gëtt dat och esou bei all de Koppelen, wa se sech bestueden. Dat ass déi bal eestëmmeg Meenung hei an der Chamber. Dofir gouf et och serieux a respektvoll Diskussiounen an der zoustänneger Chamberskommissioun.

E Gesetz un deem sech déi successiv Regierungen zanter 2003 d’Zänn ausgebass hunn, ass d‘Scheedungsrecht. De Projet, deen 2003 deposéiert gouf, ass trotz vill guddem Wëllen an trotz ville konstruktiven Diskussiounen net zu engem Ofschloss komm. De Constat ass haut de selwechte wéi virun 11 Joer: Den aktuelle gesetzleche Kader féiert dacks zu méi Problemer, wéi e léisen soll. Notamment d’Faute, oder d‘Preuve dovunner, ass dacks den Ufank vun Ausernanersetzunge viru Geriicht.

All ze dacks gëtt et dobäi kee Gewënner, mä zwee Verléirer.

D’Regierung ass décidéiert eis Legislatioun iwwert den Divorce ze reforméieren -  séier ze reforméieren. Dobäi wäert d’Faute ofgeschaf ginn, ausser am grave Fall vunn der Violence domestique. Eng Koppel kann da gescheet gi wa se sech eens ass  also am „Consentement mutuel“ oder awer wann et net méi geet, also den „Zerrütungsprinzip“.

Firwat eng Koppel gescheet gëtt, ass net méi relevant a muss deemno och net méi virum Scheedungsriichter erkläert oder begrënnt ginn. Ausser, wéi gesot, de Fall vu Gewalt am Stot.

D’Concertatioun tëscht dem Justizminister an dem Minister vun der Sécurité sociale iwwert dat schwieregt Thema vum Splitting ass amgaangen, well dat och eng Fro ass, déi sech am Fall vun enger Scheedung ka stellen.

Nach dëst Joer ginn entweder Amendementer zum bestehende Projet oder e ganz neie Projet presentéiert.

An nieft dem Mariage an dem Divorce, wëll d’Regierung och aner wichteg Legislatiounen, wéi déi iwwert d’Adoptioun, oder d’Responsabilité parentale oder d’Filiatioun direkt uschléissend zu engem Ofschloss bréngen.

E Gesetz wou d’Ambitioun net héich genuch war, ass dann awer dat iwwert den Avortement. D’Regierung ass der Meenung, datt kee Mënsch a keng Instanz enger erwuessener Frau ze soen huet, wat fir si dat Bescht ass. Eng Fra déi sech d’Fro stellt oder muss stellen ob se eng Schwangerschaft ofbrécht, muss kloer Rechter hunn a keng net-novollzéibar Obligatiounen. Si wëll beroden awer net beaflosst ginn. Si wëll respektéiert an net  bevormund ginn. Dofir huet de Justizminister Félix Braz an Zesummenaarbecht mat der Gesondheetsministesch mat vill Engagement un engem neie Projet de loi geschafft, deen ënnert anerem virgsäit, datt de Schwangerschaftsofbroch aus dem Code pénal gestrach gëtt. Déi bis elo obligatoresch zweet Consultatioun gëtt fakultativ, also e Recht op eng Berodung, wann d’Fra et da wëll.

Bei mannerjärege Frae bleift, wéinst der besonnescher Protectioun déi se verdéngen, d’Situation wuel net onverännert, awer trotzdeem méi no bei der haiteger Léisung. D’Regierung bréngt dat op en Enn wat 1978, viru 36 Joer also, ugefaang gouf: D’Recht vun der Fra selwer iwwert hire Kierper ze bestëmmen.

D’Dräierkoalitioun steet fir eng méi modern Politik a fir eng méi modern Gesellschaft – méi eng oppe Gesellschaft. Dat gëllt och bei der Integratioun vun den Auslänner, déi hei wunnen. Eis Nationalitéitegesetzgebung gouf an de leschte Joere méi wéi eng Kéier ofgeännert. Nach an der leschter Legislaturperiod gouf de Projet deposéiert fir eng weider Ofännerung. D’Regierung ass der Meenung, datt et gutt wier wann eis Legislatioun op dësem wichtege Punkt méi eng grouss Stabilitéit hätt. Dat geet awer nëmme wa mer eis eng Gesetzgebung ginn, déi de Realitéiete gerecht an den Erausfuerderungen ugepasst ass.

Et wier deemno gutt wann d’Chamber, wéi bei der leschter Ofännerung vum Nationalitéitegesetz, eng breet Majoritéit hätt.

Nach virum Summer adresséiert d’Regierung hir Virschléi an dëser wichteger Matière un d’Chamber. Munch Dispositioune vum aktuelle Projet de loi sinn dobäi eng gutt Basis, mä Upassunge sinn awer néideg a sënnvoll. Esou sollen d’Ufuerderungen an der Sprooch a bei der Durée de résidence méi gerecht a méi flexibel ginn.

Changementer kommen och bei engem anere Gesetz, wat eréischt viru kuerzem hei um Ordre du jour stoung : Dat iwwert de Casier judiciaire. Am Kader vum Aféiere vum échange d’informations de casier européen gouf virun engem Joer e Gesetz gemaach, wou de Bulletin 3 ofgeschaf ginn ass. Um Bulletin 2 deen d’Leit elo ufroen – oder ufroe mussen, sti méi Informatiounen drop – zum Beispill och Verkéiersdelikter. Dat huet zanter hier zu enger Rei Verwerfunge gefouert, notamment um Aarbechtsmarché, och well d’Legislatiounen an eisen Nopeschlänner net déi selwecht sinn. D’Regierung ass der Meenung, datt hei iwwert d’Zil erausgeschoss gouf an datt d‘Gesetz muss iweerschafft ginn. Dat soll séier geschéien an de Félix Braz wäert och do geschwënn e Projet de loi deposéieren.

An den nächste Méint ass de Justizminister och intensiv beschäftegt mam Strofvollzuch. Virun 10 Méint gouf de Projet de loi deposéiert deen de Bau vunn enger Maison d’arrêt an der Gemeng Suessem virgesäit. Merci fir déi konstruktiv Diskussiounen an d’Zesummenaarbecht mat de lokale politeschen Autoritéiten.

Wann alles klappt kann den neie Prisong fir Untersuchungshäftlingen Ufanks 2018 a Betrieb geholl ginn. Bis dohinn, mussen noutwenneg Reformen ofgeschloss ginn. Dat ass de Fall fir d’Schafe vun enger Administration pénitentiaire a fir d’Reform vum Strofvollzuch. Déi aktuell Projete musse wéint de villen, och zum Deel berechtegte Kritiken, substantiell iwwerschafft ginn. Déi Aarbechte lafen a ginn an den nächste Méint ofgeschloss.

En essentielle Changement gëtt den Ament hei an der Chamber virbereet – Ënnert der Presidence vum Alex Bodry ginn d’Diskussiounen an der zoustänneger Chamberkommissioun en vue vun der Verfaassungsrevisioun weider. D’Regierung wëllt hei enk mam Parlament zesummeschaffen. Dat ka besonnesch wichteg gi mat Bléck op e geplangte Referendum doriwwer.

Dëst gëtt e wichtege Rendez-Vous mat de Bierger vun dësem Land. D’Populatioun kritt wichteg Froe gestallt, déi och an der Insitutiounskommissioun vun der Chamber preparéiert ginn.

Hei sinn dann och all d’Parteie gefuerdert, d’Medien, an och d’Zivilgesellschaft fir eis all bei der Beäntwertung vun de Froen ze begleeden an ze inspiréieren. Et geet ëm méi, wéi nëmmen en Dialog tëscht Politik a Populatioun. Déi ganz Gesellschaft soll mateneen an d’Gespréich kommen an d’Politik ass en Deel dovunner.

D‘Bierger sollen am Allgemengen nach méi agebonnen sinn, wann et heescht Decisiounen ze huelen a si sollen och e Recht op eng ëmfaassend Informatioun hunn.  Wat den Accès vum Bierger zu Informatioune vum Staat betrëfft, huet Lëtzebuerg groussen Nohuelbedarf. E Gesetz iwwert den Zougang zu  Informatioune schleeft zanter laangem. D’Regierung wäert dee bestehende  Projet elo zeréck zéien an en neien Text presentéieren.

Mir wëllen  e komplette Changement an der Approche: De Bierger soll net nëmmen e Recht op Informatioun hunn, mä de Staat gëtt verpflicht weesentlech Informatiounen zur Verfügung ze stellen, ouni datt de Bierger froe muss.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

De 4. Dezember 2012 huet d’Chamber decidéiert eng Enquêtekommisioun iwwer d’Dysfonctionnementer beim Service de Renseignement,  haaptsächlech aus de Joeren 2004 bis 2008, anzesetzen. Eng Enquêtekommissioun ass ëmmer e grave Schrëtt. Déi Revelatiounen mat deenen d’Land confrontéiert gouf, waren awer net manner grave. D’Chamber huet d’Konsequenzen aus hiren Aarbechte gezunn an en ëmfaassende Rapport geschriwwen. Doranner gëtt festgehalen, datt een der Meenung ass, et sollt zu enger déifgräifender Reform vum Gesetz vun 2004 iwwert de Service de Renseignement kommen.

D’Regierung huet sech dës Rekommandatioun vum Parlament zu Häerz geholl. Mir hunn decidéiert, datt et net duergeet dat aktuellt Gesetz ze reforméieren. Mir brauchen e komplett neit Gesetz fir de Fonctionnement, de Contrôle, d’Rechter an d’Pflichte vum Service de Renseignement nei ze definéieren.

Fir ze verhënneren, datt an Zukunft Dysfonktionnementer am Service kenne geschéien, gëtt de Contrôle total nei organiséiert: Mir gesinn esou wuel eng intern wéi eng extern Kontroll fir. Intern gëtt en Auditeur du Service agesat, deen a senger Funktioun absolut onofhängeg ass. Deen ass responsabel, datt all Reglementer an Déngschtuweisunge strikt befollëgt ginn. Donieft proposéiert d’Regierung datt am Staatsministère en Délégué au Service de Renseignement bestëmmt gëtt. Dat ass eng Instanz, déi vun der Enquêtekommissioun gefrot gouf an eng permanent Kontroll iwwert de Geheimdéngscht huet. De Service steet och an Zukunft  ënnert der Responsabilitéit vum Premier Ministre. Dee gëtt awer bei dëser Missioun ënnerstëtzt vun engem Comité ministériel zu deem de Justizminister an de Minister fir déi intern Sécherheet gehéiert.  

Mir hunn deemno d’Léieren aus der Vergaangenheet gezunn, wat de Contrôle vum Service betrëfft. Mir hunn och op déi Changementer reagéiert déi zënter 2004 geschitt sin, notamment um technologesche Plang, an d’Missioun vum Service de Renseignement un d’Gegebenheete vun eiser Zäit ugepasst. D’Aufgabe sinn net méi déi selwecht ewéi virun 10 Joer: Nei Missiounen a Kompetenze kommen dobäi fir kënnen op déi Entwécklungen a Geforen déi mir haut kennen, ze reagéieren. Dat gëllt besonnesch am Beräich vun der Proliferatioun, dem Terrorismus an hirem Finanzement. Et sinn dëst Menacen, wou e coordinéiert  Zesummeschaffe mat eise Partner noutwendeg ass.

Nei Kompetenzen heescht awer och kloer definéiert Moyenen an eendäiteg Prozeduren. Och dës Beräicher sinn elo am Projet de loi kloer geregelt. Et kann an Zukunft keen Zweiwel méi dru bestoen, wat erlaabt ass am Kader vum Geheimdéngscht senger Aarbecht, wéi eng Aktioune musse spezifesch vum Direkter, a wéi eng vum Comité ministériel autoriséiert ginn - no Consultatioun vun engem Gremium vun 3 Riichter. Dës Prozedur schaaft déi Kloerheet, déi haut feelt, a verhënnert datt Feeler geschéien.

Ech sinn och iwwerzeegt, datt dee verbesserte Contrôle parlementaire, esou wéi een an der Proposition de loi vum Här Bodry virgesinn ass, a vun deem ech mir wënschen, datt en an dëse Projet integréiert gëtt, och fir déi noutwendeg an ëmfaassend parlamentaresch Supervisioun wäert suergen, déi enger moderner Demokratie entsprécht.

Här President,

Ech deposéieren haut de Projet de loi mat deem mir dem Service de Renseignment eng total nei gesetzlech Grondlag wëlle ginn, eng Grondlag, déi de Rekommandatiounen aus dem Rapport vun der Chamber Rechnung dréit; d’Kontroll vum Service: déi interne, déi vun der Justiz, déi vu Säite vun der Regierung an déi vun dem Parlament nei strukturéiert, de Recrutement vum Personal ëmfaassend regelt, d’Aarbechtsmethoden upasst an den Aufgabeberäich kloer definéiert.

Mir brauchen e Service de renseignement deen eise Rechtsstaat schützt virun Iwwergrëff a Geforen déi vun Extremismus, Terrorismus, Proliferatioun a politescher oder economescher Spionage ausginn. Mir brauchen e Service de Renseignement, dee klor weess wou seng Aufgabe leien, awer och wou seng Limitte si wann et ëm d’Methoden an d’Moyenë geet mat deenen hie senger Missioun nokennt.

Deen Text, deen ech Iech haut hei ënnebreeden, gett dësen Uspréch gerecht.

Et ass wichteg, datt d’Bierger Vertrauen an d’Institutiounen, an d’Justiz an och an d’Autoritéiten hunn. E Corps, deen an der Läscht vill an der Diskussioun war ass d’Police. Loosst mech op dëser Plaz fir d’éischt ënnersträichen, datt d’Aarbecht vun de Polizisten héije Respekt verdéngt. D’Beamten an Uniform oder an Zivil maachen hir Aarbecht an dat ass net aussergewéinlech – vill vun hinne maachen awer vill méi. Si hëllefen, ënnerstëtzen, schützen a betreien. Mir brauchen eng gutt fonctionnéierend Police an d’Regierung wëll e gudde Fonctionnement och erméiglechen.

Gläichzäiteg ass d’Police an hirer Struktur an och an hirem Fonctionnement net méi iwwerall der Zäit ugepasst an dofir schafft de Minister Étienne Schneider zesumme mat der Staatssekretärin Francine Closener och u Reformen. Et stinn hei nach weider Berodunge mat de Syndikater un an et gëtt en externen Audit gemaach. Duerno ginn och dës Reformen op de legislative Wee bruecht.

E weidere grousse Chantier ass d’Reform vun de Rettungskräften. De Constat dee muss gemaach ginn ass eescht: trotz dem benevolen Asaz vun Dausende vun  Asazkräften ass momentan net iwwerall garantéiert, datt am Fall vun engem Noutfall, déi adequat Hëllef séier parat steet. De Problem ass erkannt, elo gëtt et héich Zäit eppes ze ënnerhuelen. Den allgemenge Konsens vun der Kreatioun vun engem Etablissement public, wou Staat a Gemengen zesumme Verantwortung iwwerhuelen, gëtt ëmgesat. Hei gi „Protection civile“ a Pomjeeswiesen zesummegeluecht. D‘Regierung wäert a kiirzester Zäit een Organisatiounskonzept op den Dësch leeën, dat en equitable Bäitrag vun deenen 2 Partner – Staat a Gemengen – virgesäit, esouwuel wat d’Finanze wéi och wat d’Verdeelung vun de Responsabilitéiten a wat d‘Entscheedungsprozesser ugeet. 

Donieft wäert an Zukunft d’Grondausbildung an d’Formation continue vun de Rettungskräften eng ganz besonnesch Prioritéit genéissen. Mëttelfristeg geet de Wee an eng Professionaliséierung, déi awer, an dees si mir eis bewosst, ni kann ouni de benevolen Asaz vun eise Fräiwëllege fonktionnéieren. 

An deem Kontext wëll ech hei ënnersträichen, datt d’Regierung decidéiert huet, trotz enger Begrenzung vun den Neiastellunge beim Staat, d’Campagne vun den Astellunge vu professionnellen Ambulancieren ouni Aschränkunge weiderzefueren.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Eis Gesellschaft , wéi mer se kennen a wéi mer se gären hunn, fonctionnéiert net nëmme well jidderee schaffe geet oder an d’Schoul geet, well Elteren no hire Kanner a Kanner no hiren Eltere kucken. Eis Gesellschaft fousst och op engem breeden Engagement, dat dacks vergiess gëtt. De Benevolat.

Ech weess dat ze schätzen an ech wëll haut och vun der Geleeënheet profitéiere fir all dëse Leit Merci ze soen. D’Zuel vun de Fräiwëllege variéiert an de Benevolat selwer huet sech déi läscht Joeren och verännert. Dacks engagéiere sech Leit net méi fir hiert ganzt Liewen an engem Veräin, mä loosse sech awer iwwerzeege fir eng Hand unzepaken, wann Nout um Mann ass. Dat gëtt gär als selbstverständlech ugesinn, et gëtt zu engem Automatismus an et fält eréischt op, wann dësen oder deen, dee seng Fräizäit geaffert huet, op eemol net méi derbäi ass.

Déi sëlleche Pompjeeë, Ambulancieren, Scoutscheffen, Formateuren, Trainer, Dirigenten, Comitésmemberen an esou weider leeschten en enorm wichtegen Déngscht un eiser Gesellschaft a si verdéngen Unerkennung.

Hinne Merci fir hiert Engagement. Ouni si geet et net.

Erlaabt mer an deem Kontext e Wuert och zum Sport ze soen.

De Sport ass ee Wee deen d’Léit zesummeféiert. Et gëtt keng gesellschaftlech Barrièren: Ob jonk oder al, op materiell gutt situéiert oder manner gutt, op Auslänner oder Lëtzebuerger. De Sport integréiert. Eng aktiv Populatioun ass och eng gesond Poulatioun. Donieft ass et ee wirtschaftleche Facteur deen net ze ënnerschätzen ass. Anescht wéi dacks ugeholl, kaschten nei Sportsinfrastrukturen net nëmme Suen, mä si generéieren och Recetten a stäerken de Standuert Lëtzebuerg.

De Sportsminister Romain Schneider huet dofir och e 5-Joresplang iwwer d’Sportinfrastrukturen ausgeschafft. Dat Gesetz war eent vun den éischten, déi vun der neier Majoritéit am Parlament gestëmmt goufen. Fir déi nächst 5 Joer stinn esou 100 Milliounen Euro bereet fir d’Gemenge beim Bau vu lokalen, regionalen an nationalen Sportinfrastrukturen ze begleeden.

D‘Regierung steet zur absoluter Necessitéit fir e nationale Stadion ze bauen. Bis Enn 2014 gëtt an Zesummenaarbecht mat der Stater Gemeng een détailléierten Avant-projet vum neie Stadion presentéiert an och fir Liichtathletik ginn adequat Installatioune realiséiert.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

An zwee Méint sinn Europwahlen. Zu Lëtzebuerg sinn déi fir d’éischte Kéier getrennt vun den nationale Parlamentswahlen. Et ass eng Chance fir sech europäesch Wäerter, op essentiell Sujeten, déi eisen Alldag bestëmmen ze konzentréieren.

Europa ass méi, wéi e wirtschaftlecht Konstrukt. Et ass eng Iddee vu Fridden a vu Fräiheet fir deen et derwäert ass sech anzesetzen, jo esou guer ze kämpfen. Mënschen déi net vun deem Gefill kënnen oder dierfe profitéieren, si bereet hiert d’Liewen op d’Spill ze setzen. Dat gëllt fir déi Dausende Flüchtlingen, déi iwwer verschidde Weeër probéieren an Europa ze kommen an et gëllt rezent fir déi vill Leit an der Ukraine, déi méi no un Europa wëlle sinn.

Et ass ze hoffen, datt aus der aktueller Kris ëm d’Hallefinsel Krim keng weider Konfrontatioun a keen neie Kale Krich wäert entstoen. Weider Spannungen a virun allem een neit Wettrüste géif kenger Säit gutt doen, mä just der ziviler Economie wäertvoll Ressourcen entzéien, déi kënne besser agesat ginn.

Eis Arméi huet sech an de leschte Joeren op Friddensmissioune konnte konzentréieren a mir kënnen nëmmen hoffen, datt dat esou bleift. Ech sinn houfreg op d’Leeschtunge vun eise Jongen a Meedercher, eise Capereel, Ënneroffizéier, Offizéier an ziviilt Personal vun der Lëtzebuerger Arméi, heiheem an dobaussen, wou mir bei Auslandsmissiounen aktiv derbäi sinn: Am Afghanistan, am Kosovo, am Libanon, am Mali, an der Republik Congo an och geschwënn an der Republik Zentralafrika. Kaum eng aner Arméi ass proportional weltwäit esou engagéiert, ewéi eis.

Mä och eis Defense muss hire Beitrag leeschten, fir een ausgeglachenen Haushalt vum Lëtzebuerger Staat ze garantéieren.

D’Regierung steet selbstverständlech zu deene militäreschen Engagementer, déi vun de viregte Regierungen agaange gi sinn, also och zum Militärfliger, dem A400M, deen zesumme mat de belsche Militärfliger op der Base aériene vu Melsbroek bei Bréissel stationnéiert ginn. 

An dësen Zäiten, wou gespuert muss ginn, ass et allerdéngs schwéier ze vermëttelen, datt de Fliiger eis ronn 200 Milliounen Euro ouni TVA kascht.  Dofir schéngt et mer kloer, datt déi ronn 17 Milliounen Euro, déi eise Beitrag zum Aménagement vu Melsbroek duerstellen, duerch Reaménagementer am globale Budget vun der lëtzebuerger Defense musse compenséiert ginn.

Fir den Effort de Defense un international Standarden unzepassen, ass de Fonds d’équipement militaire kontinuéierlech gewuess. Elo ass et un der Zäit, fir dësen Effort op eng méi nohalteg an durabel Basis ze setzen.

Gläichzäiteg dierfe mer eis Investissementer um nationale Plang awer net vernoléissegen : d’Infrastrukture vun der Kasär um Härebierg si veraalt a mussen dréngend renovéiert ginn. Nei Infrastrukture sinn e wichtege Bestanddeel fir d’Fonctionnement vun enger moderner Arméi.

No Jore vun der Investitioun an Expansioun an ëmmer méi militäresch Fähegkeeten, muss elo eng noutwendeg Phas vun der Konsolidéierung kommen. Ënner dem Spuerzwang hunn eis Alliéierten a Partner aus der NATO an der EU op nei, innovativ Solutiounen  am Beräich vun enger méi intensiver multinationaler  Kooperatioun gesat. D’Lëtzebuerger Defense, zesumme mat hire Partner wäert dës nei Pisten exploréieren an och  konsequent ëmsetzen.

Mir wëssen, datt mir militäresch nëmmen e bescheidene Beitrag zu méi Stabilitéit an der Welt liwwere kënnen. Dofir gesi mir eisen Defense- Effort an eise Kooperatiouns-Effort enk matenee verstréckt. Beid Aspekter droen op hir Manéier zu méi Stabilitéit an der Welt bäi. A méi Stabilitéit an der Welt bedeit och mei Sécherheet heiheem.

Duerfir hale mir eis Efforten an der Kooperatiounspolitik a bei der humanitärer Hëllef op deem Niveau vun engem Prozent vum Revenu National Brut (RNB), och wann d’finanziell Situatioun global gesi keng einfach ass. Mir däerfen net vergiessen, datt et vill Leit gëtt an der Welt, deenen et un alles feelt. Zu deene musse mir stoen, aus Solidaritéit a gudden an an schlechten Zäiten.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Déi finanziell Situatioun ass net einfach, de Staat ass op vill Plaze reformbedürfteg, eis Economie ass enger globaler Konkurrenz ausgesat an e klengt Land huet et an engem ëmmer méi grousse Wirtschaftsraum net einfach.

Dat wat zanter e puer Joer als Kris bezeechent gëtt, ass an der Tëscht déi nei Realitéit.

D’Welt ass an de leschten Joeren eng aner ginn.

Mir kënnen deenen ale Realitéiten notraueren oder mir setzen eis mat deenen neien auserneen. Déi Jonk maachen dat scho laang. Patronen aus alle Secteure soen  zum Beispill, datt d’Zuel vun den Demandë fir e Stage ze maachen zanter puer Joer massiv klëmmt. Schüler a Studente si sech bewosst, datt ee muss Efforte maachen, sech beweisen an engagéieren, d’Äerm ropstrëppen an eng Hand upaken.

Vill Jonker acceptéieren dat a loosse sech och net esou séier vu negativen Nouvellen aus der Bunn geheien.

Mir sollen eis e Beispill un deene Jonken huelen.

Lëtzebuerg ass e klengt Land mat enger grousser Zukunft. Ech sinn iwwerzeegt, datt déi Zukunft gutt ausgesäit, loosst eis zesummen dofir schaffen.

Dernière mise à jour