-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 26. September bis den 2. Oktober 2022
An der Woch vum 26. September bis den 2. Oktober geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 2.324 erop, par Rapport zu 1.300 an der Woch virdrun.
-
"Dampmelder rette Liewen": D'Taina Bofferding erënnert un d'Dampmelderflicht an alle Wunninge vum nächsten 1. Januar un
Méi wéi 4 Joer no der Presentatioun vun der Campagne "E passt op Iech op: den Dampmelder" huet d'Inneministesch Taina Bofferding haut op enger Pressekonferenz drun erënnert, dass vum 1. Januar 2023 un Dampmelder an all Wunning am Grand-Duché Flicht sinn.
-
Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vun de Kapitele IV a Vbis vun der Verfassung
D'Iwwerpréiwung vun de Resultater vun der Ënnerschrëftesammlung vun all Gemeng ergëtt Follgendes:
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. September 2022
An der Woch vum 19. bis de 25. September geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.300 erop, par Rapport zu 999 an der Woch virdrun.
-
Offiziell Aweiung vum Guichet unique vun der Maison de l'orientation
Nodeems d'Maison de l'orientation 2021 vun der Stäreplaz an d'Gebai vum Educatiounsministère an der rue Aldringen geplënnert ass, gouf de 27. September 2022 de Guichet unique vun der Maison de l'orientation vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch a vum Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, offiziell ageweit.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. September 2022
An der Woch vum 12. bis den 18. September geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 999 erop, par Rapport zu 757 an der Woch virdrun.
-
Reaktioun vum Ëmweltministère, der Waasser-, Ëmwelt an Naturverwaltung zum Incident vun der Biogasanlag zu Gonderange
Gëschter sinn eisen éischten Erkenntnisser no, opgrond vum enger defekter Dichtung, eng ronn 3.000 Kubikmeter Digestat aus der Biogasanlag zu Gonderange ausgelaf. Op der Plaz waren d'AGE (Administration de la gestion de l'eau), d'AEV (Administration de l'environnement), d'ANF (Administration de la nature et des forêts), de CGDIS an d'Police fir hir respektiv Kompetenzberäicher.
-
Geriichtsurteel betreffend d'Naturschutzgesetz: A wéiengem Fall kann ech eng nei Demande erareechen?
Gëscht gouf a ville Kommunikatiounen do driwwer geschwat dass Refusen zu Modifikatiounen u Gebaier déi legal an der Gréngzone stinn kéinten nei evaluéiert ginn.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis 16. Oktober 2022
An der Woch vum 10. bis de 16. Oktober geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 2.855 erop, par Rapport zu 3.004 an der Woch virdrun.
-
Pressebriefing: D'Membere vum Klima-Biergerrot presentéieren hir Propositioune fir géint de Klimawandel virzegoen
De 15. September presentéieren d'Representante vum Klima-Biergerrot d'Propositioune virun der Press. Den Här Raphaël Kies, Fuerscher op der Universitéit Lëtzebuerg a Member vum Begleedungscomité vum Klima Biergerrot, gëtt bei där Geleeënheet detailléiert Erklärungen zum Mandat vum Klima Biergerrot. De Livestream fänkt géint 12 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. September
An der Woch vum 5. bis den 11. September bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert, mat 757 Persoune par Rapport zu 715 an der Woch virdrun.
-
Pressebriefing: Bilateral Berodungsgespréicher mat de Gewerkschaften an dem Patronat
No de bilaterale Reuniounen tëscht der Regierung an de Sozialpartner am Hibléck op d'Negociatioune wärend der Tripartite, informéiert de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel d’Press iwwert den aktuelle Stand vun den Diskussiounen. De Livestream fänkt géint 18:00 Auer un.
-
Luxembourg Defence Open Air Days: d'Lëtzebuerger Defense invitéiert op d'Virféierung vun hirer Loft-Flott
De Weekend vum 1. an 2. Oktober, vun 10 bis 16 Auer, invitéiert d'Direktioun fir Verdeedegung den interesséierte Public am Kader vun de Luxembourg Defence Open Air Days op eng Presentatioun vun der Lëtzebuerger Loft-Flott um Findel.
-
D'Réserve sanitaire vun der Regierung gëtt fir d'Betreiungspersonal aus dem Senioreberäich an déi breet Ëffentlechkeet opgemaach
De Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an de Gesondheetsministère gi bekannt, dass d'Réserve sanitaire, déi am Kader vun der COVID-19-Pandemie opgestallt gouf, elo och fir weider Persounen opgeet.
-
Léier Lëtzebuergesch Online – LLO.LU En neien Outil fir Lëtzebuergesch: digital, weltwäit a gratis
Den 9. September 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesumme mat der Direktesch vum Institut national des langues (INL), Maisy Gorza, op enger Pressekonferenz déi nei Léierplattform fir d’Lëtzebuerger Sprooch LLO.LU virgestallt.
- Éischt Säit
- ...
- 23
- 24
- 25
- 26
- 27
- ...
- Lescht Säit