-
Presentatioun vun der nationaler Energiespuercampagne "Zesumme spueren – Zesummenhalen"
Den 8. September 2022, hunn de Minister fir Energie Claude Turmes, d'Inneministesch Taina Bofferding, an de Minister fir Mëttelstand Lex Delles, zesumme mam Vertrieder vum Syvicol, Serge Hoffmann, dem Vetrieder vun der Handelskummer, Fernand Ernster, an dem Vetrieder vun der Handwierkschamber, Alexander Kieffer, déi national Energiespuercampagne virgestallt.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 29. August bis de 4. September
An der Woch vum 29. August bis de 4. September bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert mat 715 Persoune par Rapport zu 777 an der Woch virdrun.
-
Entrevue tëscht der Inneministesch Taina Bofferding an der Amicale vun de Pompjeesveteranen
D’Inneministesch Taina Bofferding hat de 6. September 2022 e konstruktiven Austausch mat Vertrieder vun der Amicale vun de Pompjeesveteranen.
-
Nei Impfstoffer géint de COVID-19 a Reouverture vum Impfzenter an der Victor Hugo Hal
An der Woch vum 5. September erwaart d'Lëtzebuerger Regierung d'Liwwerung vun ugepassten Impfstoffer vun de Pharmakonzerner Pfizer a Moderna.
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an de Minister fir Energie Claude Turmes informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 13 Auer un.
-
Summerschool 2022: Schoulesch Retarden ophuelen an d'Rentrée gutt preparéieren
Mat dëser drëtter Editioun vun der Summerschool bidden déi ëffentlech Schoulen um Enn vun der Grousser Vakanz erëm fräiwëlleg a gratis Nohëllefscoursen un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 22. bis de 28. August
An der Woch vum 22. bis de 28. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 751 op 777 eropgaangen (+3%).
-
Oppene Bréif vum François Bausch zum Ausbau vum Tram
An de leschte Wochen ass an der Presse vill iwwert den Ausbau vum Tram an der Neipuertsgaass geschwat ginn. D'Diskussioun huet et op der enger Säit un Kontext gefeelt, anerersäits goufen och einfach Ënnerstellunge kommunizéiert déi ech esou net wëll onkommentéiert loossen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis de 21. August
An der Woch vum 15. bis de 21. August goufen 751 Persoune positiv op COVID-19 getest.
-
Informatiounen iwwert déi ab dem 01.08.2022 gëllent Neierunge bei der Loyerssubventioun
D'Gesetz, dat eng Upassung zur Erhéijung vun der Loyerssubventioun virgesäit an soumat een Deel vum Tripartitesaccord vum Fréijoer ëmsetzt, ass den 1. August a Kraaft getrueden. Bei der Ëmsetzung vun de neie Grenzwäerter huet sech allerdéngs erausgestallt, datt an der Versioun vum Text, deen an der Chamber deposéiert a gestëmmt an am Journal officiel verëffentlecht gouf, e materielle Feeler steet.
-
Ee Fall vun Afepouke bei engem klenge Kand konfirméiert
De Gesondheetsministère konfirméiert ee Fall vun enger Infektioun mam Afepoukevirus bei engem Kand. D'Kand ass an engem stabillen an onberouegenden Zoustand a befënnt sech an Isolatioun.
-
Afepouken d'Impfungen, déi iwwer déi europäesch Agence HERA bestallt goufen, sinn ukomm
Wéi am europäesche Kontrakt iwwer de gemeinsamen Akaf virgesinn, sinn 1.400 Dosissen op Lëtzebuerg geliwwert ginn. D'Impfunge sinn iwwer HERA, déi europäesch Agence fir d'Virbereedung an d'Reaktioun op gesondheetlech Noutfäll, bestallt ginn.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 01. bis de 07. August
An der Woch vum 01. bis de 07. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.000 op 1.310 erofgaangen (-34%).
-
Aktualiséierung vun der Broschür "À propos... Sproochen zu Lëtzebuerg" vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung
Den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) huet d'Broschür À propos... Sproochen zu Lëtzebuerg nei publizéiert. Dës Verëffentlechung ass Deel vun der Serie "Apropos", déi verschidden Aspekter vum Grand-Duché beliicht.
-
D'Madame Josée Kirps gouf als Presidentin vum International Council on Archives (ICA) ernannt
D'Josée Kirps, Directrice vum Lëtzebuerger Nationalarchiv, gouf viru kuerzem zur Presidentin vum International Council on Archives (ICA) fir déi nächst véier Joer ernannt.
- Éischt Säit
- ...
- 24
- 25
- 26
- 27
- 28
- ...
- Lescht Säit