"Dampmelder rette Liewen": D'Taina Bofferding erënnert un d'Dampmelderflicht an alle Wunninge vum nächsten 1. Januar un

Méi wéi 4 Joer no der Presentatioun vun der Campagne "E passt op Iech op: den Dampmelder" huet d'Inneministesch Taina Bofferding haut op enger Pressekonferenz drun erënnert, dass vum 1. Januar 2023 un Dampmelder an all Wunning am Grand-Duché Flicht sinn.

  1. ©MINT

    Dampmelder virum CGDIS-Demohaus

    Dampmelder virum CGDIS-Demohaus

  2. ©MINT

    (v. l. n. r.) Taina Bofferding, Inneministesch ; Alain Klein, Chef vum Departement Preventioun/CGDIS

    (v. l. n. r.) Taina Bofferding, Inneministesch ; Alain Klein, Chef vum Departement Preventioun/CGDIS

  3. ©MINT

    (v. l. n. r.) Taina Bofferding, Inneministesch ; Alain Klein, Chef vum Departement Preventioun/CGDIS

    (v. l. n. r.) Taina Bofferding, Inneministesch ; Alain Klein, Chef vum Departement Preventioun/CGDIS

  4. ©MINT

    Dampmelder

    Dampmelder

Och wann den Notzen an d'Bedeitung vun Dampmelder onbestridde sinn, huet d'Ministesch d'Locatairen a Proprietäre vu Wunningen an Haiser dozou opgeruff, sech dem Gesetz unzepassen. Dampmelder sinn nämlech e Préventiounsmëttel fir jiddereen, dat de Bewunner vun all Wunning beim Ausbroch vun engem Feier alarméiert, fir dass e sech séier kann a Sécherheet bréngen. "Et geet ëm Är Sécherheet an Äert Iwwerliewen, an et ass wichteg, dass Dir elo sou en Apparat installéiert, fir de Fall, dass Dir nach keen hutt", sot d'Taina Bofferding op der Pressekonferenz, déi och am Zeeche stoung vum nationale Préventiounsdag vum 10. Oktober. An der Moyenne kënnt all Joer ee Mënsch ëm d'Liewen, haaptsächlech op Grond vun Dampvergëftungen. Bränn an der Nuecht kënnen d'Affer am Schlof iwwerraschen, an Damp erwächt net, mä bewierkt de Contraire.

Aus deem Grond hat d'Regierung d'Initiativ ergraff, fir d'Installéiere vun Dampmelder a Wunningen zur Flicht ze maachen, a si gouf dobäi duerch international Zuele bestäerkt: D'Installéiere vun Dampmelder reduzéiert d'Zuel un Affer an eisen Nopeschlänner ëm bis zu 25%!

D'Websäit rauchmelder.lu gëtt fir den 10.Oktober op Grond vun de ville Froen, déi un de Ministère, v.a. awer un de Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) geriicht goufen, aktualiséiert. Am Kader vum nationale Préventiounsdag sinn d'Pompjeeë vum CGDIS, déi an der Préventioun aktiv sinn, de Méinden, 10. Oktober, op engen 10 Plazen uechtert d'Land present, fir d'Populatioun iwwert d'Noutwendegkeet vum Installéiere vun Dampmelder z'informéieren.

Communiqué vum Inneministère a vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS)

Aktualiséiert