-
LOD.lu – de Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo och als App!
Dir sëtzt am Bus a kommt net op e Wuert? Dir sidd um Tour a wësst net, wéi ee Clemency op Lëtzebuergesch seet? Dir sidd am Restaurant a frot Iech, wat en Ziwwi ass? Da frot den LOD fir ënnerwee!
-
Ëmsetzung vun der Omnibus-Direktiv - Nei Rechter fir Verbraucher, déi zu Lëtzebuerg wunnen an akafen
E Mëttwoch, den 23. November 2022 huet d'Chamber de Gesetzesprojet 7904 iwwer d'Ännerung vum Verbrauchergesetz gestëmmt fir d'Direktiv (EU) 2019/2161, bekannt als Omnibus, ëmzesetzen. Mam Akraafttriede vun dësem Gesetz ginn d'Rechter vun de Konsumenten erweidert souwuel beim Online Shopping wéi an de Geschäfter.
-
De Comité de Sélection vum Film Fund Luxembourg koum fir seng véierten a leschte Sessioun vum Joer 2022 zesummen
17 Projeten ginn an der 4. Sessioun vun dësem Joer vum Filmfong finanziell ënnerstëtzt . De Comité de sélection huet an dëser Sessioun net manner wéi 28 Projeten analyséiert.
-
Pressebriefing: Weltforum a ministeriell Reunioun vun der OECD
Eng ministeriell Erklärung a weider wichteg Erkenntnisser ginn no der Reunioun op enger Pressekonferenz mam Sam Tanson, Justizministesch a Kerri-Ann Jones, stellvertriedend Generalsekretärin vun der OECD, virgestallt. De Livestream fänkt géint 14:15 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. November 2022
An der Woch vum 7. bis den 13. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 913 erop, par Rapport zu 873 an der Woch virdrun.
-
"Eng turbulent Rees duerch d'Geschicht vum Internationale Weltfraendag": D'Taina Bofferding presentéiert dat neit Kannerbuch "Zaubertru"
De 16. November huet d'Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, en neie Projet virgestallt, deen déi Jonk iwwert déi vill Erausfuerderunge vun de fréiere Generatiounen a Saache Gläichstellung zu Lëtzebuerg soll opklären a sensibiliséieren.
-
Datum fir d'Chamberwalen
D'Regierung wëll déi interesséiert Persounen doriwwer informéieren, datt, entspriechend dem Artikel 134 vum Walgesetz, d'Chamberwale Sonndes, den 8. Oktober 2023 stattfannen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Oktober bis den 6. November 2022
An der Woch vum 31. Oktober bis de 6. November fällt d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 873, par Rapport zu 1.560 an der Woch virdrun.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 24. bis den 30. Oktober
An der Woch vum 24. bis de 30. Oktober fällt d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.560, par Rapport zu 2.384 an der Woch virdrun.
-
150 Joer Reenert: De Reenert am neie Frack!
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 26. Oktober eng Panoplie vun Neiegkeete ronderëm de Reenert presentéiert. Am Kontext vum 150. Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk komme verschidden nei Publikatiounen eraus an do ronderëm ginn eng Rei Evenementer organiséiert.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis den 9. Oktober
An der Woch vum 3. bis den 9. Oktober geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 3.004 erop, par Rapport zu 2.324 an der Woch virdrun. Dobäi kommen 1.246 Re-Infektiounen, dat sinn 29,3% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 876 (27.4%) an der Woch virdrun.
-
Ried zur Lag vun der Natioun 2022
De Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel seng d'Ried zur Lag vun der Natioun 2022 aus der Chamber.
-
Nationale Commemoratiounsdag 2022 – Proklamatioun vun der Regierung
Mir gedenken dëst Joer dräi Anniversairen, déi eist Land a Geschicht markéiert hunn.
-
2. Booster-Dosis a Reouverture vum Impfzenter zu Esch-Belval
Nei Recommandatioune fir eng 2. Booster-Dosis (oder 4. Impfdosis)
-
"D'Offer u Wunnenge vergréisseren!”: Reform vun der Grondsteier a Mobiliséierung vun Terrainen a Wunnengen
Zwee Deeg, nodeems en am Ministerrot ugeholl gouf, hunn d'Inneministesch, Taina Bofferding, de Wunnengsbauminister, Henri Kox, an d'Finanzministesch, Yuriko Backes, haut de Gesetzprojet iwwert d'Grondsteier, d'Mobiliséierungssteier vun Terrainen an d'Leerstandssteier op Wunnenge, sou wéi de Gesetzprojet iwwert de nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen presentéiert.
- Éischt Säit
- ...
- 22
- 23
- 24
- 25
- 26
- ...
- Lescht Säit