All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1110 Resultater
  1. Opgrond vun der Keelt an de Minustemperaturen, déi déi nächst Deeg z’erwaarde sinn, huet d’Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen annoncéiert, dass d’Wanteraktioun (WAK) viraussiichtlech bis en Dënschdeg, de 5. Abrëll 2022, verlängert gëtt.

  2. Fir der Präisdeierecht an dem Drock op d'Kafkraaft vun de vulnerabelste Stéit entgéint ze wierken, gesäit den Accord, deen tëschent der Regierung, der Union des entreprises luxembourgeoises (UEL) an de Syndikater CGFP an LCGB ënnerschriwwe gouf, dräi grouss Mesurë vir, déi souwuel Locatairë wéi och Proprietairen ënnerstëtze sollen.

  3. No senger Deklaratioun an der Chamber, ënnerschreift de Premierminister, Staatsminister Xavier Bettel den Accord, deen no de Reunioune vum Koordinatiounscomité Tripartite, zesumme mat de Vertrieder vun der UEL, dem LCGB an der CGFP fonnt gouf. No der Ënnerzeechnung fënnt eng gemeinsam Pressekonferenz statt. De Livestream fänkt géint 16:10 Auer un.

  4. Eng Kontroll bei den Agents de transfer huet erginn, dass déi Agencen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, sech un d'Virschrëfte vum Code de la Consommation halen. De Ministère mécht d'Konsumenten awer dorobber opmierksam, dass d'Notzung vun de Servicer vun dësen Agence mat héije Käschte verbonne sinn.

  5. Am Kader vun den CFL-Aarbechten um ale Gebai vun der Ettelbrécker Gare, gouf den 29.02.2022 op Uerder vum Ëmweltministère e virleefege Baustopp verhaangen. Dëst well fir en Deel vun den Aarbechten déi néideg Autorisatioun gefeelt huet.

  6. De Ministere fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert den 23. Mäerz 2022 d'Campagne "Fann deng Bün!” fir enger Majoritéit vu Kanner a Jonken d'Méiglechkeet ze ginn, déi vaste Offer vum Enseignement musical ze notzen.

  7. D'Regierung presentéiert, zesumme mat de Sozialpartner, d'Resultater vun der Tripartite, déi aberuff gouf, fir Mesurë géint den Impakt vun der Inflatioun op d’Stéit an d'Entreprisen ze decidéieren. De Livestream fänkt géint 18:00 Auer un.

  8. Den 22. Mäerz 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zesumme mam Prof. Dr Sascha Neuman vun der Uni Tübingen deen éischten "Nationale Bericht iwwert d'Situatioun vun de Kanner zu Lëtzebuerg" virgestallt.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 27
  4. 28
  5. 29
  6. 30
  7. 31
  8. ...
  9. Lescht Säit