-
Lëtzebuergesch léieren. Heiheem. An der Groussregioun. Weltwäit.
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 14. Abrëll 2022 op enger Pressekonferenz am Institut National des Langues (INL) d'Offer an d'Vilfalt vum Lëtzebuergeschen an der Erwuessenebildung, esouwéi dat neit INL-Gesetz presentéiert.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis den 10. Abrëll
An der Woch vum 4. bis den 10. Abrëll ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 8.110 op 6.172 erofgaangen (-24%).
-
Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vun de Kapitel I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung.
Well Gesamtzuel vu gültegen Ënnerschrëften ënner 25.000 läit war d'Ufro vum 2. Februar 2022 fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vun de Kapitel I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung war net erfollegräich.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll 2022
An der Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 9.550 op 8.110 erofgaangen (-15%).
-
Presentatioun vun der neier Publikatioun "XX" vum nationalen Institut fir dat architektonescht Ierwen
Ënnert anerem als Zeie fir de Changement vu sengem Numm huet de Service des sites et monuments nationaux, elo Institut national pour le patrimoine architectural – INPA oder Nationaalt Institut fir dat architektonescht Ierwen, e Buch verëffentlecht, wat 20 Restauratiounsprojete vu Gebaier vum ruralen an urbane Patrimoine dokumentéiert.
-
D'Sam Tanson huet d'Bettina Steinbrügge, déi nei Directrice vum Mudam Luxembourg, fir hir Prise de fonction empfaangen
De 5. Abrëll huet d'Kulturministesch Sam Tanson d'Bettina Steinbrügge fir hiren Amtsuntrëtt als nei Directrice vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean empfaangen.
-
Esch2022: D'Sam Tanson huet déi franséisch, griichesch a litauesch Kulturministere bei enger Visitt empfaangen
Op Invitatioun vun der Kulturministesch Sam Tanson hu verschidden Delegatiounen, déi fir d'Sëtzung vum Conseil de l'Union européenne des ministres de la Culture zu Lëtzebuerg waren, d'Geleeënheet genotzt, fir am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 Esch-Belval ze besichen.
-
D'Sam Tanson huet um Conseil de l'Union européenne des ministres de la Culture deelgeholl
De Conseil ass zu Lëtzebuerg zesummekomm an d'Ministeren hunn d'Diskussioune vun Ufank Mäerz nees opgeholl, wou ënnert anerem iwwert déi schonn adoptéiert an nach weider Mesurë fir d'Ënnerstëtzung vun Artisten a kreative Beruffer – ob Flüchtling oder net – souwéi der ukrainescher Kulturzeen diskutéiert gouf.
-
Consumer Dialogue 2022: Entwéckelt mat eis
Consumer Dialogue 2022: Entwéckelt mat eis De Konsumenteschutzministère organiséiert, an Zesummenaarbecht mat der europäescher Kommissioun, den 27.
-
Wanteraktioun ëm dräi Deeg verlängert
Opgrond vun der Keelt an de Minustemperaturen, déi déi nächst Deeg z’erwaarde sinn, huet d’Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen annoncéiert, dass d’Wanteraktioun (WAK) viraussiichtlech bis en Dënschdeg, de 5. Abrëll 2022, verlängert gëtt.
-
Mesuren déi vum Koordinatiounscomité Tripartite am Logements-Beräich festgehale gi sinn
Fir der Präisdeierecht an dem Drock op d'Kafkraaft vun de vulnerabelste Stéit entgéint ze wierken, gesäit den Accord, deen tëschent der Regierung, der Union des entreprises luxembourgeoises (UEL) an de Syndikater CGFP an LCGB ënnerschriwwe gouf, dräi grouss Mesurë vir, déi souwuel Locatairë wéi och Proprietairen ënnerstëtze sollen.
-
Presentatioun vum Mesurëpak fir d'Ënnerstëtzung vun de Stéit an de Betriber
De Wirtschaftsminister Franz Fayot an d’Finanzministesch Yuriko Backes presentéieren de Mesurëpak fir d’Ënnerstëtzung vun de Stéit an de Betriber, deen nom Koordinatiounscomité Tripartite vum 30. Mäerz 2022 opgestallt gouf. De Livestream fänkt géint 17:15 Auer un.
-
Pressebriefing: Signature vum Ofkommes tëschent der Regierung, der UEL, der CGFP an dem LCGB no der Reunioun vum Koordinatiounscomité Tripartite
No senger Deklaratioun an der Chamber, ënnerschreift de Premierminister, Staatsminister Xavier Bettel den Accord, deen no de Reunioune vum Koordinatiounscomité Tripartite, zesumme mat de Vertrieder vun der UEL, dem LCGB an der CGFP fonnt gouf. No der Ënnerzeechnung fënnt eng gemeinsam Pressekonferenz statt. De Livestream fänkt géint 16:10 Auer un.
-
Kontroll bei den "Agents de transfer"
Eng Kontroll bei den Agents de transfer huet erginn, dass déi Agencen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, sech un d'Virschrëfte vum Code de la Consommation halen. De Ministère mécht d'Konsumenten awer dorobber opmierksam, dass d'Notzung vun de Servicer vun dësen Agence mat héije Käschte verbonne sinn.
-
Stellungnam zum Baustopp op der Ettelbrécker Gare
Am Kader vun den CFL-Aarbechten um ale Gebai vun der Ettelbrécker Gare, gouf den 29.02.2022 op Uerder vum Ëmweltministère e virleefege Baustopp verhaangen. Dëst well fir en Deel vun den Aarbechten déi néideg Autorisatioun gefeelt huet.
- Éischt Säit
- ...
- 28
- 29
- 30
- 31
- 32
- ...
- Lescht Säit