Subventioun vun den Netzkäschte vum Äerdgas fir Menagë vum 1. Mee 2022 un

Dëse Mëttwoch, 27. Abrëll 2022, huet d'Chamber de Gesetzesprojet ugeholl fir eng staatlech Subventioun vun de Käschten, déi duerch d'Notze vum Distributiounsreseau vum Äerdgas entstinn. Dëse Gesetzesprojet ass Deel vun de Moossnamen déi d'Regierung geholl huet, fir der aussergewéinlecher Hausse vun de Gaspräisser opgrond vun der internationaler Situatioun entgéintzewierken.

Fir déi betraffe Stéit z'entlaaschten, huet d'Regierung decidéiert d'Netzkäschte vum Äerdgas z'iwwerhuelen. Dëst gëllt vum 1. Mee 2022 bis den 31. Dezember 2022. D'Netzkäschte sinn en Deel vum Gesamtpräis fir d'Gaslivraisoun, dee sech nieft de Netzkäschten aus dem Akafspräis fir de Gas selwer souwéi de Steieren zesummesetzt.

Dës Moossnam gëllt automatesch, De Verbraucher brauch keng weider Schrëtt z'ënnerhuelen.

Fir weider Informatiounen zu der Finanzéierung vun de Gas-Reseau Käschte fir Privatstéit, huet de Ministère fir Energie a Landesplanung eng entspriechend Websäit ageriicht: www.subvention-gaz.lu.

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung

Aktualiséiert