RTL an de Lëtzebuerger Filmfong si frou matzedeelen wéi eng Projeten ënnerstëtzt ginn am Kader vun den 3 Appeller, déi fir den Developpement vun TV-Konzepter a Formater gemaach goufen. Dës sollen d'Zesummenaarbecht tëscht dem Lëtzebuerger Filmfong an RTL verstäerken an den Developpement vu Serien encouragéieren, déi op der nationaler Tëlee diffuséiert ginn.
![Visuel vum Appel à projets vun RTL an dem FFL](http://gouvernement.lu/dam-assets/images/actualites/2022/04-avril/22-filmfong/202204221603320000.jpg/_jcr_content/renditions/original)
Visuel vum Appel à projets vun RTL an dem FFL
Vun 31 Projeten déi agereecht goufen, kréien 5 Projeten eng Hëllef fir den Développement vun insgesamt 200.000 Euro.
Hei ass d'Lëscht vun de Projeten déi selectionnéiert goufen a mat jeeweils 40.000 Euro ënnerstëtzt ginn:
1. Fiktiouns-Serien
- Am Déiwen Däischteren – Auteuren: Eric Lamhène a Rae Lyn Lee
- Plus One – Auteur: Emile V. Schlesser
2. Kannerserie
- 3,2,1, Go! – Auteur: Laurent Witz
3. Krimi-Serien
- Marginal – Auteur: Frédéric Zeimet
Lazarus – Auteur: Bernard Michaux
Communiqué vum Fonds national de soutien à la production audiovisuelle