-
COVID-19: Presentatioun vum Avis vum Experterot iwwert d'Impfflicht
De 14. Januar 2022 presentéiert den Experterot säin Avis iwwert d'Aféierung vun enger Impfflicht géint COVID-19. De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis de 9. Januar 2022
An der Woch vum 3. bis den 9. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 5.643 op 10.680 geklommen (+89%).
-
Upassung vun der CovidCheck.lu-App un déi nei Reegelen vum 2G+-System
Nodeems d'Chamber déi nei Reegelen am Kader vum 2G+-System ugeholl huet, si Persounen, déi ee kompletten Impfschutz vu manner wéi 180 Deeg hunn, Persounen, déi hiren Impf-Rappel kruten, a Persounen mat engem Geheelt-Certificat an Zukunft vun der Testflicht ënnert dem CovidCheck 2G+ befreit.
-
Stellungnam vum Ëmweltministère zum Avis juridique vun der Chamber am Zesummenhang mat der Aktioun SuperDrecksKëscht
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weist dorop hin, dass bis elo de Finanzement an d'Exekutioun vun der Aktioun SuperDrecksKëscht iwwert d'Gesetz vum 25. Mäerz 2005 "relative au fonctionnement et au financement de l'action SuperDrecksKëscht" exekutéiert gouf.
-
Upassung vum COVID-Gesetz
Nom Vott vum Gesetzesprojet N°7943, ass dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 op folgende Punkten ugpeasst ginn.
-
Appel à Candidatures fir den 8. Landschaftspräis vum Europarot
De Kulturministère lancéiert en Appel à Candidatures fir den 8. Landschaftspräis vum Europarot.
-
COVID-19-Impfung: "Booster" fir Jonker ab 12 Joer a Kierzung vum Delai fir d'"Booster"-Impfung op 3 Méint
Opgrond vun der aktueller epideemescher Well an de Risike vun der Omikron-Variant, huet de Regierungsrot op senger Sëtzung vum 7. Januar 2022 decidéiert, den Delai tëscht der "Booster"-Impfung no enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BioNTech/Pfizer) an enger "Mix & Match"-Impfung (AstraZeneca als 1. Dosis an RNA-Impfstoff als 2. Dosis) op 3 Méint ze kierzen, an d'"Booster"-Impfung fir Jugendlecher ab 12 Joer opzemaachen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 27. Dezember 2021 bis den 2. Januar 2022
An der Woch vum 27. Dezember 2021 bis den 2. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.688 op 5.641 geklommen (+110%).
-
Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung.
Well Gesamtzuel vu gültegen Ënnerschrëften ënner 25.000 läit war d'Ufro vum 22. Oktober 2021 fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI. vun der Verfassung war net erfollegräich.
-
Annonce vum neie Verwaltungsrot vu neimënster
No der Confirmatioun vum Regierungsrot huet de Kulturministère d’Éier, de neie Verwaltungsrot vum Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (neimënster) z‘annoncéieren. De Verwaltungsrot huet seng Funktiounen de 15. Dezember 2021 ugetrueden.
-
COVID-19: Kierzung vun der Isolatiounsdauer fir COVID-19-Positiver, Upassung vun der Gültegkeet vun den Impf-Certificater op 9 Méint an Ännerunge beim CovidCheck 2G+-System
De 4. Januar 2022 huet de Regierungsrot e Gesetzesprojet approuvéiert, deen déi maximal Isolatiounsdauer weiderhi bei 10 Deeg festleet, fir Persounen, déi weder komplett geimpft sinn, nach en Impf-Rappel 6 Méint no der Éischtimpfung kruten.
-
Pressekonferenz: Optakt vum "Klima Biergerrot"
De 5. Januar 2022 presentéieren d'Ministere Xavier Bettel, Carole Dieschbourg a Claude Turmes d'Detailer vun dësem Bierger-Bedeelegungsprojet am Kader vun enger Pressekonferenz. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
Livestream: De François Bausch an de Generol Steve Thull presentéieren d'Campagne vun de gratis Antigène-Tester fir Salariéen déi hir éischt Impfdosis kruten
De Vizepremierminister, Verdeedegungsminister François Bausch, an de Chef vum Etat-Major vun der Arméi, de Generol Steve Thull, presentéieren d'Detailer vun der Test-Campagne am Kader vun enger Pressekonferenz. De Livestream fänkt géint 11 Auer un.
-
COVID-19: Delai fir de "Booster" ab haut op 4 Méint reduzéiert an Erëffnung vum neie Pop Up an der Gare Lëtzebuerg
Ab haut ass den Delai fir een Impf-Rappel ("Booster") no enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BionTech/Pfizer) oder mat "Mix & Match" (1. Dosis AstraZeneca and 2. Dosis RNA-Impfstoff) op 4 Méint aplaz 6 Méint reduzéiert.
-
Provisoresch Verlagerung vum Impfzenter an der Victor Hugo Hal an d'Luxexpo The Box
Wéinst technesche Problemer am Impfzenter an der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg, gëtt den Zenter ab dem Méindeg, 3. Januar 2022 an d'Luxexpo The Box verluecht.
- Éischt Säit
- ...
- 36
- 37
- 38
- 39
- 40
- ...
- Lescht Säit