Stellungnam vum Ëmweltministère zum Avis juridique vun der Chamber am Zesummenhang mat der Aktioun SuperDrecksKëscht

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weist dorop hin, dass bis elo de Finanzement an d'Exekutioun vun der Aktioun SuperDrecksKëscht iwwert d'Gesetz vum 25. Mäerz 2005 "relative au fonctionnement et au financement de l'action SuperDrecksKëscht" exekutéiert gouf. Dëst Gesetz ass deemools speziell gestëmmt gi fir de Finanzement an de Fonctionement vun der Superdreckskëscht ze reegelen.

Den Avis vun der Cellule scientifique vun der Chamber, dee gëschter, ouni d'Presenz vun der Madamm Minister Carole Dieschbourg an der Commission du Contrôle de l‘exécution budgétaire virgestallt an diskutéiert ginn ass, an dem Ministère haut vun der Chamber geschéckt ginn ass, kënnt zu enger anerer Konklusioun.

Laut dësem Avis wär d'Gesetz vun 2005 net konform zum Artikel 99 vun der Verfassung, wat awer net der gängeger Praxis entsprécht, an esou och net vun de Virgänger-Regierunge gehandhaabt ginn ass.

Den Avis vun der Cellule scientifique ass ausserdeem contraire zum Avis vum Staatsrot zum Gesetz vun 2005. Dësen approuvéiert "la démarche des auteurs du projet sous revue, tendant à assurer la continuité et la légalité du fonctionnement de la SuperDrecksKëscht".

Et sief weider drop higewisen, dass et kee spezielle Lien gëtt, tëscht der Exekutioun vun der SuperDrécksKëscht an der verfassungspolitescher Fro, déi am Avis vun der Cellule scientifique opgeworf gëtt. D'Fro vun der Interpretatioun vum Artikel 99 vun der Verfassung geet wäit iwwert d'Aktioun SuperDrecksKëscht eraus.

Sollt sech d'Interpretatioun aus dem Avis vun der Cellule scientifique duerchsetzen, wäert den Ëmweltministère selbstverständlech op de Wee vun enger Regulariséierung vun der Situatioun goen.

Den Dossier steet um Ordre du jour vun der nächster Ëmweltkommissioun déi fir e Méindeg de 17. Januar um 15:30 Auer ugesat ass.

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

Aktualiséiert