All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1132 Resultater
  1. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.

  2. Op de Walfer Bicherdeeg dëse Weekend ass och de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vertrueden: De SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de lʼInnovation pédagogiques et technologiques) an den ZLS (Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch) hunn e gemeinsame Stand an der Hal 2, wou se virun allem op e puer nei Projeten am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch opmierksam maachen.

  3. De Staatsreseau ass zanter 10h15 erëm accessibel. D'Online-Servicer sinn amgaang retabléiert ze ginn.

  4. An der Woch vum 25. bis den 31. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 981 op 1.118 (+14%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 4.452 Fäll géintiwwer 4.031 an der Woch virdrun (+10%).

  5. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 26. Oktober 2021 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.

  6. D'Gemengefinanze si stabil, an dowéinst sinn d'Gemenge resilient, si belaaschtbar: dat war de Constat am leschte "Conseil supérieur des finances communales" am Inneministère.

  7. An der Woch vum 18. bis de 24. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 786 op 981 (+25%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 4.031 Fäll géintiwwer 3.114 an der Woch virdrun (+29%).

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 38
  4. 39
  5. 40
  6. 41
  7. 42
  8. ...
  9. Lescht Säit