COVID-19: Kierzung vun der Isolatiounsdauer fir COVID-19-Positiver, Upassung vun der Gültegkeet vun den Impf-Certificater op 9 Méint an Ännerunge beim CovidCheck 2G+-System

(Opgepasst: D'Ännerungen hei drënner trieden eréischt a Kraaft wann d'Gesetz gestëmmt gouf!)

Isolatioundauer

De 4. Januar 2022 huet de Regierungsrot e Gesetzesprojet approuvéiert, deen déi maximal Isolatiounsdauer weiderhin bei 10 Deeg festleet, fir Persounen, déi weder komplett geimpft sinn, nach en Impf-Rappel 6 Méint no der Éischtimpfung kruten.

Fir infizéiert Persounen, déi geimpft sinn oder hiren Impf-Rappel scho kruten, proposéiert de Gesetzesprojet d'Isolatiounsdauer op maximal 6 Deeg ze kierzen, virausgesat dass déi betraffe Persounen 2 Antigène-Schnelltester maachen, an dëst jeeweils um 5. a 6. Dag vun hirer Isolatioun, an dass béid Testresultater negativ sinn.

Gültegkeet vun den Impf-Certificaten

Am Accord mat der Europäescher Kommissioun, gëtt déi allgemeng Gültegkeet vun den Impf-Certificaten op 270 Deeg (9 Méint) fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt[1].

CovidCheck 2G+ System

De Gesetzesprojet, deen de 4. Januar 2022 vum Regierungsrot approuvéiert gouf, proposéiert, dass ënnert dem CovidCheck 2G+ System d'Testflicht fir follgend Persounen an Zukunft opgehuewe gëtt:

  • déi, déi ee kompletten Impf-Schutz hu vu manner wéi 180 Deeg;
  • déi, déi hiren Impf-Rappel scho kruten; an
  • déi, déi e Geheelt-Certificat virweise kënnen.

[1] Cf. Artikel 1, Punkt 27, vun der Gesetzesännerung vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert