-
Impfcampagne fir Lycéesschüler ab dem 18. Oktober 2021
De Gesondheetsministère, den Héije Kommissariat fir national Sécherheet an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend starten, zesumme mat de Lycéeën, eng Impfcampagne fir Jugendlecher.
-
"Jiddweree kann an enger Noutsituatioun hëllefen! Maacht en Éischt-Hëllef-Cours!": D'Taina Bofferding lancéiert en Appel am Virfeld vum nationale Préventiounsdag
D'Éischt Hëllef stoung am Mëttelpunkt vun enger Pressekonferenz de 7. Oktober am Centre d'incendie et de secours (CIS) vu Mamer, kuerz virum 3. nationale Préventiounsdag vum 10. Oktober, deen an deem Zeeche steet. Bei där Geleeënheet gouf deen neien Éischt-Hëllef-Cours virgestallt, dee sech iwwer 16 Stonnen erstreckt an dee 5 Joer gülteg ass.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. September bis den 3. Oktober
An der Woch vum 27. September op den 3. Oktober ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe bei 591 (+0.2%) stabel bliwwen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 2.421 op 2.827 geklommen ass (+17%).
-
Sécherheet op mengem Teller, Editioun 2021: véier nei Filmer iwwert Liewensmëttelsécherheet
Am Kontext vu senger pluriannueller Campagne "Sécherheet op mengem Teller" publizéiert de Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet vum 5. Oktober 2021 un déi 2. Serie vu Filmer zum Thema Liewensmëttelsécherheet. Um Menü vun dësem Hierscht: d'Risikoanalys a Liewensmëttelkontrollen.
-
Fälschung vu Produite geziilt bekämpfen an de Schutz vum Kosument stäerken
De Finanzminister Pierre Gramegna an d'Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert, hunn den 30. September 2021 eng gemeinsam Aarbechtsvisitt bei d'Douane zu Beetebuerg gemaach.
-
Internationalen Dag vun den eelere Leit: Wëllkomm an der digitaler Welt
Dëse Freideg, 1. Oktober, gëtt an der ganzer Welt den internationalen Dag vun den eelere Leit gefeiert. Dëst Joer hunn di vereenegt Natiounen d'Thema "Digital Egalitéit fir all Alter" an de Fokus gesat.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis de 26. September
An der Woch vum 20. bis de 26. September ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 542 op 590 (+9%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.421 Fäll géintiwwer 1.857 an der Woch virdrun (+30%).
-
Mäin Offall – Meng Ressourcen: Déi national Offall-App ass do
Säin Offall richteg entsuergen – dobäi soll déi nei App Mäin Offall – Meng Ressourcen hëllefen. Den digitalen Offallkalenner erënnert de User drun, seng Poubelle virun d'Dier ze stellen an eng interaktiv Kaart weist all verfügbar Sammelplazen am Land un, ob Container, mobil Sammlung oder Ressourcenzenter.
-
Gratis PCR-Tester fir Persounen déi sech net impfe loosse kënnen
Fir et Leit, déi sech net impfe loosse kënnen, ze erméiglechen, weiderhi vu gratis PCR-Tester ze profitéieren, huet de Regierungsrot decidéiert, fir en neie geziilten Testprogramm mat "COVID-19 PCR-Test-Bongen" anzeféieren.
-
Leitbild Nordstad 2035 – 5 ëffentlech Informatiounsversammlunge
De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, an de Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, presentéieren Elementer vum Leitbild Nordstad 2035 an d'Nordstad Mobilitéitskonzept am Kader vu 5 ëffentlechen Informatiounsversammlungen a Präsenz vun de Nordstad Buergermeeschteren.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. September
An der Woch vum 13. op den 19. September ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe bei 542 stabel bliwwen, géintiwwer 553 an der viregter Woch (-2%), wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.477 op 1.857 geklommen ass (+28%).
-
Presentatioun vum Projet de loi zur Mise en place a Koordinatioun vun der Liewensmëttelpolitik
De gemeinsame Gesetzesprojet vum Konsumenteschutzministère an dem Ministère fir Landwirschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung viséiert d'Mise en place zu Lëtzebuerg vun enger kohärenter a partizipativer Liewensmëttelpolitik.
-
"Ech kann dat och": Online-Banking-Coursë fir Senioren
Presentatioun vun den neien Online-Banking- Coursë fir Senioren ënnert dem Titel "Ech kann dat och".
-
Publicatioun vun der Etude zum Lëtzebuerger Enforcement am Optrag vum Konsumenteschutzministère
Publicatioun vun der Etude zum Lëtzebuerger Enforcement am Optrag vum Konsumenteschutzministère De 4. Oktober gëtt a Präsenz vun der Madame Lenert eng
-
Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung
Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass déi temporär Restriktioun fir d'Arees an de Grand-Duché vu Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi hire Wunnsëtz ausserhalb vun der EU hunn, bis den 31 Dezember 2021 inklusiv verlängert gëtt.
- Éischt Säit
- ...
- 40
- 41
- 42
- 43
- 44
- ...
- Lescht Säit