"Jiddweree kann an enger Noutsituatioun hëllefen! Maacht en Éischt-Hëllef-Cours!": D'Taina Bofferding lancéiert en Appel am Virfeld vum nationale Préventiounsdag

D'Éischt Hëllef stoung am Mëttelpunkt vun enger Pressekonferenz de 7. Oktober am Centre d'incendie et de secours (CIS) vu Mamer, kuerz virum 3. nationale Préventiounsdag vum 10. Oktober, deen an deem Zeeche steet. Bei där Geleeënheet gouf deen neien Éischt-Hëllef-Cours virgestallt, dee sech iwwer 16 Stonnen erstreckt an dee 5 Joer gülteg ass. Dëse Cours, deem säi Schwéierpunkt um Praktesche läit an dee sech un den europäesche Standarden orientéiert, gëtt net méi duerch en Examen ofgeschloss. 

  1. ©MINT

    (vu lenks no riets) Dr Jean Beissel, Luxembourg Resuscitation Council ; Taina Bofferding, Inneministesch; Roger Negri, Schäffe vun Der Gemeng Mamer; Alain Becker, Inneministère; Steve Mack, Corps grand-ducal d'incendie et de secours
  2. ©MINT

    (vu lenks no riets) Daniel Jungers, Institut national de formation des secours ; Romain Gales, Institut national de formation des secours; Dr Jean Beissel, Luxembourg Resuscitation Council; Steve Mack, Corps grand-ducal d'incendie et de secours; Taina Bofferding, Inneministesch

Bei dës Offer kënnt neierdings en isoléierte Modul vu 4 Stonnen dobäi, dee sech exklusiv mat der Réanimatioun a mam Gebrauch vun hallefautomateschen Défibrillateure befaasst. De Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) huet e spezifescht Portal via den 112.lu, op deem all d'Coursen déi en ubitt opgelëscht sinn, an op deem sech déi Interesséiert aschreiwe kënnen. Donieft ass eng interaktiv Broschür, an hirer elektronescher Versioun, scho gratis op Franséisch an Däitsch ze kréien. Versiounen an anere Sprooche kommen no.

Wat den Institut national de formation des secours (INFS) vum CGDIS ugeet, sou zielt deen eng 80 fräiwëlleg Moniteuren, déi am Beräich vun der éischter Hëllef aktiv sinn. Ze notéieren ass, datt trotz der sanitärer Kris 2020 net manner wéi 11.037 Leit bei engem vun den 1.004 Éischt-Hëllef-Coursen, déi vum INFS organiséiert goufen, matgemaach hunn.

Zu gudder Lescht huet de Luxembourg Resuscitation Council (LRC) e puer Deeg virum "World Restart a Heart Day" vum 16. Oktober ë.a. den Akzent op d'Wichtegkeet vun den éischte Gestë géintiwwer Affer vun engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand geluecht. Wat méi Leit déi elementar Gestë kennen, wat d'Chancë méi grouss sinn, datt eng Persoun, déi a Gefor ass, iwwerlieft bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass.

Communiqué vum Inneministère an dem Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS)

Aktualiséiert